Views
2 years ago

ESP_Brochuere_2015_2016

4

De Buergermeeschter vun MANTERNACH huet d‘Wuert Léif Basketsfrënn, T'ass mir als Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach eng Freed fir ë puer Wuert fir Äer Broschüre zë schreiwen. Den Basket ass säit Jahrzéngten een festen Bestanddeel vun der Berbuerger Sportswelt. Ët war den Basketsklub ënnert hierer éiweger Präsidentin Henriette KLEIN déi fir deen néidegen Drock gesuergt huet datt zu Berbuerg eng Sportshaal gebaut gin ass, Sportshaal an däer sie jo an deenen Jahren virun allem a Punkto Dammenbasket grouss Erfolleger zë verzeechnen haaten. Vu dass den fräiwëllegen Engagement respektiv d'Bénévolat nët méi esou héich am Kurs stinn an ëmmer méi Leit ët virzéihen sëch aus dem Veräins- an öffentlëchen Liewen zeréckzëzéihen, war ët eng Fro vun Noutwendegkeet, vun Iwwerliewensnoutwendegkeet fir eng Fusioun zë maachen. Déi Fusioun, déi vun Berbuerger Säit vun der Präsidentin Henriette KLEIN an dem Sekrétaire Gast WEIS aktiv virun gedriwwen gin sin, huet dann zu deem Resultat gefouert datt ët zu engem Veräin mat deem flotten Numm „EAST SIDE PIRATES“ komm ass. Bei Gelegenheet vun der Grëndung haat ëch mir erlaabt zë soën datt den Jean Philippe d'Arnould et de Soleuvre, genannt Schangflëpp, een Berbuerger Idol aus den fréiheren Zäiten, sëch am Graaf ëmdréinen géif wann ën den Numm vun „Piraten“ héieren géif. Wéi och ëmmer, wënschen ëch dem Veräin vill Succès, vill Freed an maachen och een Appell un d'Elteren fir den Veräin zë ënnerstëtzen bei Gelegenheet vun hieren Manifestatiounen well d'Elteren mussen sëch bewosst sin, datt d'Veräiner fir sie eng wichteg Aufgab iwwerhuelen. Ëch wëll doroper nët weider agoën an hoffen datt d'Saison deen Verlaaf hëllt deen Dir Iech alleguerten wënscht. Henri FRANK Buergermeeschter vu Manternach 5

l'Estartit
WEG40143 – Pirates & Privateers - Speed-Freak
HB Special Production Series - Huet Brothers
LVI-Info
Jacaru German Customer Catalogue 2017
104011 acus counter-Piracy p5
Deadstorm Pirates SDX Brochure - BMI Gaming
COLLECTION HOMME FEMME // PRINTEMPS.„T„
Impact of a Dive Mask on - Canada-Newfoundland Offshore ...
Frieda Datte Waer continued - American Morgan Horse Association
ProsecutingPiratesReportDigital_2
The Pirate's Chantey - PirateAlumni.com
fetch.php?media=logo:pp-eu-manual
GUIDE PRATIQUE
éducation
L’école et l’apprentissage de la citoyenneté
LES PHOTOS D’ENFANTS