15.10.2015 Views

ESP_Brochuere_2015_2016

You also want an ePaper? Increase the reach of your titles

YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.

De Buergermeeschter

vun MERTERT huet d‘Wuert

E puer Gedanken virun dem neie Basketchampionnat.

Als Buergermeeschter vu Mäertert-Waasserbëlleg ass et eng besonnesch Éier e

puer Gedanken virun dem neie Championnat an dëser Broschür ze schreiwen.

Et ass kee spezielle Jubiläum, keng extra Festivitéit, an dach ass et nom Season

Opening schonn e spezielle Moment, wann de Fusiounsveräin EastSidePirates

eng Broschür publizéiert, an där déi nei Saison virgestallt gëtt an sech nei Ziler

gesaat ginn.

Respekt virun deenen, déi mat Viraussiicht a Wäitbléck d'Potentialer vun den

zwéin Traditiounsveräiner vu Berbuerg a Waasserbëlleg zesumme geféiert hunn.

Bemierkenswärt ass och, an dat weist d'Taktgefill vun den Dirigenten, dass am

Moment vun der Fusioun kee Member am Veräin d'Handduch geworf huet.

Zwéi Veräiner déi an hire Gemengen respektéiert an unerkannt waren an

exzellent sportlech Resultater op nationalem Plang opzeweisen haaten. Ech

erënnere mech och gäer un déi international Optrëter vun der Dammenéquipe

vum “B.B.C. Les Espérants” Waasserbëlleg.

De neie Veräin huet sech verstäerkt a bléckt op eng spannend Saison viraus. Ech

wënschen den EastSidePirates eng erfollegräich Saison.

Meng Felicitatiounen un all déi Leit, Spillerinnen a Spiller, Traineren a fräiwëlleg

Hänn, déi zu all deem bäi gedroen hunn, a weiderhin vill Erfolleg an hirem

Engagement a Komerodschaft a Frëndschaft an hirem Veräin.

Gust Stefanetti

Buergermeeschter

Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg

7

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!