21.02.2014 Views

Numéro 3 - Differdange

Numéro 3 - Differdange

Numéro 3 - Differdange

SHOW MORE
SHOW LESS

Create successful ePaper yourself

Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.

Henriette

Ech sinn zu Nidderkuer

gebuer. Mä mäi Papp

war Belsch. Mir haten

2 Geschäfter. Mäi

Papp war Schneider.

Meng Mamm an ech

haten eng Epicerie.

Ech hunn 2 Schwësteren

an 3 Bridder a mir

hunn all an enger Strooss

gewunnt. Mäi Brudder war

Schoulmeeschter mat 19 Joer. Zu

Uewerkuer war e Schoulmeeschter, deen Zeecheproff

ginn ass, a mäi Brudder huet deen ersat. Während

dem 2. Weltkrich si mer ëmgesidelt ginn. Si hunn eist

Geschäft ewechgeholl.

Celeste

Rotoloni

Ech sinn zu Héiseng

gebuer mä säit 1946

liewen ech zu Déifferdeng.

Ech war Béierhändler

an hu Porte

à porte gemaach. Dofir

kennen ech vill

Leit. Wann ech elo kucken,

ass Déifferdeng

mat der Zäit besser

ginn. Virun allem fir

d’Jugend. Awer och

fir d’Senioren.

José Almeida

Camilla Mersch

J’ai 90 ans. Je suis d’origine portugaise. Mon fils aîné est venu au

Luxembourg en premier. Ensuite moi. Je participe beaucoup à des activités

comme aujourd’hui. Ma fille m’y emmène. Mais l’été, j’aime aussi aller

me promener. Je prends le bus jusque dans le centre-ville. Le Diffbus,

c’est une des meilleures choses qui ait été faite dans notre commune. J’ai

cinq enfants, 8 petits-enfants, 6 arrière-petits-enfants et 4 arrière-arrièrepetits-enfants.

Jamais mon fils aîné et moi n’aurions imaginé fonder une famille

aussi grande dans ce beau pays.

Des informations plus amples concernant

les activités destinées aux personnes âgées

peuvent être obtenues à travers le Seniorentelefon

au 58 771-1301 ou au 621 21 21 08.

Pour tout renseignement au sujet

du projet Seniors +:

Jean-Paul Reuter

Office social

Tél.: 58 771-1550

jean-paul.reuter@differdange.lu

Ech sinn am Eislek

gebuer. Mir waren zu

Dikrech vun 1940 bis

1947. An duerno zu

Déifferdeng nom

Krich. Wat

d’Entwécklung vun

Déifferdeng ubelaangt,

ass wierklech

vill gemaach ginn.

Et ass schéi ginn.

Deemools ware mer

zu Uewerkuer an do

ware keng Geschäfter.

Et war ee Bäcker

do, mä deen ass fortgaangen. Keng Epicerie. Mäi Mann

war Kommissär. En ass 64 gestuerwen. Ech hunn ni geschafft.

A mengem Alter maachen ech net méi vill Aktivitéiten.

Meng Bee sinn net méi esou gutt. Ech bastelen

awer nach ëmmer.

Salvatore Ianizzi

Ech liesen immens vill, am Moment virun allem däitsch an englesch. Ech interesséiere mech

och fir Anatomie. An ech kann onendlech zielen, ouni midd ze ginn. Philosophie ass d’Basis

vum Liewen. Een dee Philosophie studéiert huet, dee kann iwwert alles schwätzen. Ech si

virwëtzeg fir ze wëssen. Par rapport zu fréier, liewe mer all an engem Paradies. D’Leit

wëssen dat just net. Dat ass de Problem. Wann s de am Paradies op d’Welt kënns, ass

et schwéier ze wëssen, datt s de am Paradies bass. Fréier war et ganz schlëmm. Mat

9 Joer hunn ech missten am Bësch Holz schneide goen. Mir hate keen Elektresch.

De Problem ass, datt kee Mënsch zefridden ass am Liewen.

7

DM_2013_03_ver1.indd 7 26.02.2013 13:20:50

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!