CSV Fréiseng - Op de Punkt - Mäerz 2020
- No tags were found...
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Mäerz 2020
OP
de
Punkt.
KONTAKT- AN INFORMATIOUNSBLAT VUN DER CSV FRÉISENG
EDITO
XORRO 2020
Hallo, ech sinn et erëm, äre Xorro, de Besserwësser vum
Déngscht. T’ass jo nawell flott dat Theaterstéck, am Volleksmond
Gemengerot genannt, kënnen op Video ze kucken. Wéi,
dir wosst net dass dat ewell opgeholl gëtt? Dobäi ass et einfach
wéi Bonjour: just op de Site www.frisange.lu goen, an da
spréngt de Video engem praktesch an d’An. Do gesäit een
interessant Saachen dran. Zum Beispill wann de Mongelli an
den Arend do an hirer „comedia dell’arte“ optrieden. Elo hätt
just nach gefeelt, wa se Enn Februar am Gemengerot, Fuesent
oblige, och nach Masken ugedoen hätten.
Verkleet, wéi an der Fuesent, ass och de Schäfferot. Virun allem
wann et heescht eng nohalteg Politik ze maachen. Si hu
sech, fräi nom H.G. Wells, als „les hommes invisibles“ verkleet,
an dat am Juni! De 4. Juni 2019 war nämlech zu Esch déi 7.
Editioun vum Dag vum Klimapakt. D’CSV war natierlech dobäi
an ech och. An déi dräi aus dem Schäfferot? Genau, déi waren
do als „les hommes invisibles“. Wéi wann den Thema net wichteg
genuch wier.
Wichteg war dofir awer d’Ausso vum Buergermeeschter am
Gemengerot vum 19. Dezember 2019. De Mann sot wuertwiertlech
dat heiten: “mir kucken net no hannen, mir kucken no vir“.
Här Beissel, dann huelt Iech dat zu Häerz an haalt op ëmmer
erëm der aler Majoritéit, all Kéier wann déi an hirer Oppositiounsroll
un Iech pickt, als Äntwert ze ginn, tëscht 2011 an
2017 wier näischt geschafft ginn. Kuckt no fir, net no hannen,
an investéiert déi vill Sue wou an der Keess sinn. Oder wëll Dir
an d’Gemengegeschicht als Uespelter Dagobert Duck agoen,
deen op senge Mënz sëtzt?
GENERALVERSAMMLUNG
A schliisslech ass mer opgefall, datt se bei de Schwaarzen am
Gemengerot elo anescht ronderëm den Dësch setzen, säit de
Schiltz duerch de Jacoby ersat gouf. D’Schwéiergewiicht vun
der CSV setzt elo nieft de Bloen hirem politesche Schwéiergewiicht.
Wann déi Säit vum Dësch eng Schaukel wier, da géif déi
awer ferm no riets ausschloen. Dann hätte Beissel a Mousel
e schwéiere Stand op där aner Säit, a souguer mat der Hëllef
vum neie Gemengesekretär wier et schwiereg, dat Ganzt
erëm an d’Gläichgewiicht ze kréien. Rieds ausschloe so Dir?
Kee Problem! Wësst der, den décke Bloen war fréier méi en
décke Schwaarze wéi den décke Schwaarzen haut en décke
Schwaarzen ass. Leeft do eng? Kommunal wéi national? Mëllt
Iech wann Dir wëllt mat mir wetten.
Oh, an dann hat ech jo bal dat heite vergiess. Wéi kann et sinn
datt eis 2 Sozialisten, wéi anscheinend fréier op nationalem
Plang, net méi maache wéi d’CSV wëllt? Déi Rout fannen de
Budget 2020 nämlech gutt a stëmme mat, obwuel se an hirem
Blat virdrun näischt gutt fonnt hunn, während déi Schwaarz
eng diametral opposéiert Meenung hunn an duergéint stëmmen.
Fréier hätt de Juncker bei sou Differenzen mat der
Fauscht op den Dësch geschloen. A firwat halen d’CSV-Conseilleren
dann hir Fauscht an der Täsch? Dat kann et dach net
sinn. Geschwënn molen ech méi Käppi rout.
An domat schéi Summervakanz. Well bis d’CSV déi nächste
Kéier bei mech op Besuch kënnt, leeft nach vill Waasser
d’Gander erof! Fréier sinn ech alt dräi mol am Joer no menge
geheimen Observatioune gefrot ginn. D’CSV wäert sech dach
wuel net der Aarbechtsvitesse vun der aktueller Majoritéit
ugepasst hunn ...
19 MAËRZ UM 19. 30 AUER
PRÉAU CENTRE POLYVALENT DE HELLANGE
CRAUTHEMERSTROOSS L-3334 HELLANGE
MAM FRANK ENGEL, PARTEIPRESIDENT
VERKÉIERS CHAOS
BEI DER FRÉISENGER
SCHOUL
Duerch de Bau vun dem neie Gemengenhaus ass viru kuerzem
d’Skaterpist ofgerappt ginn. Op dës Plaz kënnt elo de provisoresche
Parking “Kiss and go” fir d‘Elteren. Hei ass awer just
un den Auto geduecht ginn. Foussgänger mussen an Zukunft
zwëschen den Autoen duerch goen fir an d’Schoul ze kommen.
An der Gemengerotssitzung vum 29.01.2020 huet d’CSV
op dës onglécklech Situatioun higewisen. Mee d’Prioritéit vun
der aktueller Majoritéit ass ebe beim Auto. Déi douce Mobilitéit
ass net virrangeg, Foussgänger mussen also an Zukunft
gutt oppassen op dëser Plaz.
PARALYSIE DU TRAFIC PRÈS
DE L’ÉCOLE À FRISANGE
Dû aux travaux de construction de la nouvelle mairie, la piste
des skateurs a été démontée pour y aménager un parking provisoire
« Kiss and go » pour les parents. Malheureusement les
responsables n’ont pensé qu’aux voitures, les piétons devant
se frayer un chemin à travers les autos pour arriver à l’école. Le
CSV s’est référé à cette situation lors du conseil communal du
29.01.2020. Mais la majorité actuelle continue à donner priorité
à la voiture et non pas à la mobilité douce. Les piétons doivent
donc dorénavant être sur leurs gardes à cet endroit.
FRISANGE.CSV.LU
/CSV SEKTIOUN FRÉISENG
14 GRËNN FIRWAT D’CSV DE BUDGET
2020 NET MAT GESTËMMT HUET
D’CSV huet géint de Budget 2020 gestëmmt:
- Well näischt am soziale Wunnengsbau geschitt;
- Well näischt wéinst dem ville Verkéier an eisen Uertschafte
passéiert;
- Well et keen neie Scoutschalet gëtt;
- Well d’Maison Relais net misst aus Containere bestoe,
mee scho laang en definitive Projet fir den Ausbau kéint
do sinn;
- Well d’Mobilité douce an d’Vernetze vun eisen Dierfer mat
Vëlosweeër keng Roll spillt;
- Well net dru geduecht gëtt a Gebaier ze investéiere fir
Wunnengen „en réserve“ ze hunn wann eppes passéiert;
- Well sech keng Gedanken iwwert e CIPA (Centre intégré
pour personnes agées) an eiser Gemeng gemaach ginn;
- Well eise Fuerpark net konsequent op Elektromobilitéit
ëmgestallt gëtt;
- Well nach ëmmer nëmmen am Summer richteg no de
Gréngfläche gekuckt gëtt;
- Well kee politesche Wëllen do ass fir d’Veräiner ze responsabiliséieren
a fir déi horrent Fonctionnementskäschte
vun der neier Sportshal an de Grëff ze kréien;
- Well bis ewell weder bei der Ënnerstëtzung fir eis Veräiner
nach bei de verschiddene Subside fir Privatleit eppes gemaach
gouf obwuel d’Gemengefinanzen et erlaben;
- Well de Klimapakt an Nohaltegkeet keng grouss Roll spillt;
- Well nach ëmmer keen Ënnerstand beim Kierfecht zu Uespelt
geplangt ass;
- Well d’Käschte fir d’Feierlechkeeten vum “700ten Doudesdag
vum Péiter vun Uespelt” net transparent sinn mee op
verschiddene Posten am Budget verstoppt ginn.
14 RAISONS POUR LESQUELLES LE CSV
N’A PAS VOTÉ EN FAVEUR DU BUDGET 2020
Le CSV n’a pas voté le budget 2020 :
- Car aucun logement social n’est prévu;
- Car rien ne se passe pour résoudre les problèmes de trafic
dans nos villages;
- Car il n’y a pas de projet pour un nouveau chalet des scouts;
- Car l’extension de la maison relais ne devrait pas être constituée
de containers, mais un projet concret pourrait exister
depuis longtemps;
- Car la mobilité douce et le raccordement de nos villages avec
des pistes cyclables ne jouent pas de rôle;
- Car il n’a pas été pensé à investir dans des logements “en
réserve” pour des besoins futurs;
- Car aucune réflexion n’est faite sur un CIPA (Centre intégré
pour personnes âgées) dans notre commune;
- Car il n’y a pas de concept pour faire passer le parc automobile
communal à l’électromobilité;
- Car les espaces verts ne sont toujours correctement entretenus
qu’en été;
- Car aucune volonté politique existe pour responsabiliser les
associations locales et pour maîtriser les coûts de fonctionnement
exorbitants du nouveau hall sportif;
- Car jusqu’à présent rien n’a été fait au niveau des subsides
pour les associations locales et pour les résidents en vue
de les faire profiter de la bonne situation financière de notre
commune;
- Car le pacte climat et le développement durable ne joue pas
un rôle important;
- Car un abri au cimetière d’Aspelt n’est toujours pas prévu;
- Car les coûts pour les festivités du 700e jour anniversaire de
la mort de Pierre d’Aspelt ne sont pas transparents, mais ont
été cachés parmi plusieurs postes budgétaires.
KIERFECHSTROOSS ZU UESPELT
D’Kierfechstrooss zu Uespelt war Joere laang fir den Duerchgangsverkéier
gespaart. Elo gëtt dës Strooss erëm dofir fräi
ginn. Sou huet et déi aktuell Majoritéit décidéiert. D’Oppositioun
vun CSV an LSAP hu vehement dogéint gestëmmt. Mee
“Är Équipe” mam DP-Solist Carlo Raus fannen et eng gutt
Léisung fir den Transitverkéier an den Duerfstroossen erëm
fräi fueren ze loossen, nom Motto: All Awunner vun Uespelt
soll ënnert dem gläichen Trafic leiden, net nëmmen Awunner
vun der Péiter vun Uespelt-Strooss.
Mir als CSV fannen dës Entscheedung e komplett falscht Signal.
Mir wieren eis géint den Duerchgangsverkéier an eisen
Uertschaften a fuerderen dass dëse sech op d’ Haaptachse
soll limitéieren.
KIERFECHSTROOSS À ASPELT
La Kierfechstrooss à Aspelt était barrée depuis des années
pour le trafic de transit. La majorité actuelle a cependant décidé
de la rouvrir à nouveau. L’opposition du CSV et du LSAP
ont exprimé avec véhémence leur désaccord avec cette décision.
Mais « Är Equipe » en collaboration avec le soliste du
DP, Carlo Raus, se réjouissent de cette décision pour ouvrir
les rues du village de nouveau au trafic de transit, fidèles à la
devise : Chaque habitant d’Aspelt doit souffrir du trafic, non
seulement les habitants de la Péiter vun Uespelt-Strooss.
Pour le CSV cette décision va dans la mauvaise direction.
Nous nous opposons à tout trafic de transit dans les rues de
nos villages et nous exigeons que celui-ci doit se limiter aux
seuls axes principaux.
DEN ËFFENTLECHEN
TRANSPORT, KENG
PRIORITÉIT FIR DE
SCHÄFFEROT
De Schäfferot war seng Meenung zum ëffentlechen
Transport vum Mobilitéitsministère gefrot ginn. De
Minister wollt wëssen wat ee ka besser maachen.
Laut dem Schäfferot leeft an eiser Gemeng alles optimal
a Verbesserungen wieren net néideg. Obwuel
eis Gemeng all Dag vun enger Blechlawin iwwerrannt
gëtt, war et der Majoritéit nämlech net wichteg op
dës Ufro ze äntweren.
Eng méi attraktiv Gestaltung duerch Upassung vun
den Horairen, nei Busarrêten, eng direkt Buslinn an
de Süde vum Land oder eng besser Ubannung vun
Helleng si just e puer Beispiller wou de Schäfferot
hätt kéinte reagéieren, mee awer net gemaach huet.
LE TRANSPORT PUBLIC, SANS INTÉRÊT
POUR LE COLLÈGE ÉCHEVINAL
Le Ministère de la Mobilité avait lancé une enquête
sur le transport public auprès des communes pour
savoir ce qui pourrait être amélioré dans le futur.
Notre collège échevinal était d’avis qu’aucune amélioration
n’était nécessaire. Bien que chaque jour notre
commune soit prise d’assaut par de longues files
de voitures, la majorité n’a pas jugé nécessaire de
répondre à l’enquête.
Une organisation plus attractive du transport public
par une adaptation des horaires, des arrêts supplémentaires,
une ligne directe pour relier notre commune
au sud du pays ou un meilleur raccordement de
Hellange sont juste quelques exemples que le collège
échevinal aurait pu communiquer au ministère.
DRÉNKWAASSERVERSCHWENDUNG AN EISER GEMENG
Am Joer 2018 sinn 825.000 Liter pro Dag un Drénkwaasser
verbraucht ginn an eiser Gemeng. Dat entsprécht engem Duerchschnëttsverbrauch
vun 179 Liter pro Dag pro Persoun bei
4.612 Awunner. Verkaaft ginn awer nëmmen 558.000 Liter pro
Dag. Wou geet d’Differenz vun 267.000 Liter (33% vum Drénkwaasser!)
all Dag hin? Ob eis Nofro hi si mir gewuer ginn, dass
Gemengegebaier keng eege Compteuren hunn. Och op de
Chantieren ass keng Kontroll do wat verbraucht gëtt. Fuiten
am Réseau sinn onbekannt oder ginn net erkannt.
Mir als CSV hunn op dëse Mëssstand higewisen an hoffen dass
an Zukunft duerch eng besser Kontroll net esou liichtfankeg
mat dëser wäertvoller Ressource ëmgaange gëtt.
GASPILLAGE D’EAU POTABLE
DANS NOTRE COMMUNE
En 2018 environ 825.000 litres d’eau potable par jour ont été
consommés dans notre commune, ce qui équivaut à une consommation
moyenne journalière de 179 litres par habitant (pour
un total de 4.612 habitants). Or uniquement 558.000 litres par
jour sont facturés. Qu’est-ce qui se passe donc avec la différence
de 267.000 litres (environ 33% de l’eau potable) ? Suite à
notre demande nous avons été informés que les bâtiments
communaux ne disposent pas de compteurs. Il en est de même
sur les chantiers. Les fuites éventuelles au niveau du réseau ne
sont pas connues non plus.
Le CSV a attiré l’attention sur ce fait lors du conseil communal
et nous espérons qu’un meilleur contrôle sera fait dans le futur
afin de limiter autant que possible le gaspillage de cette ressource
si précieuse.