September
11 September 2012 8. Editioun Scolaires a Juniors - F.C. Brouch
11 September 2012 8. Editioun Scolaires a Juniors - F.C. Brouch
- No tags were found...
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Virwuert vun de Presidenten

FC Brouch a Jugendkommissioun

VIRWUERT TOURNOI DES JEUNES 2012

Als President vum F.C. Brouch freeën ech mech iwwert d’Dynamik

vun eisem Veräin am Jugendberäich. Déi nei gegrënnte

Jugendkommissioun ënnert dem President Patrick Doemer schafft

mat Begeeschterung am Sënn vun de Kanner a Jugendlechen aus

eiser Gemeng an den Nopeschgemengen.

Allerdings sinn ech nach ëmmer der Meenung, datt et misst méiglech sinn, datt

d‘Jugendkommissioune vun der U.S. Béiwen an dem F.C. Brouch an enger éischter

Etapp ganz enk a konstruktiv zësummeschaffen an an noer Zukunft souguer eng eenzeg

Kommissioun ustriewen. Ech si mer bewosst, dass dat am Moment nach e fromme

Wonsch ass, mee ech ginn d‘Hoffnung net op, datt verstänneg Leit och verstänneg

Gedanke féieren.

E ganz grousse Merci den Traineren Vibeke a Serge Merges, Georges Gilson, John

Thilmany, Luc Meisch a Charel Heusbourg. Net ze vergiessen, de Sacha Doemer an de

Jerry Weber, déi bei deene ganz Klenge gehollef hunn.

Jules Wampach

President F.C. Brouch

Léif Jugendspiller a Sportsfrënn

D’Jugendkommissioun vum F.C. Brouch ass de Januar 2012 an

d’Liewe geruff ginn an ënnerstëtzt elo d’Organisatioun vun dësem

Turnéier. Mir erwaarden eis flotte Fussball op dësem Dag a wënschen

allen Equippen bonne Chance, grad esou wéi fir d’Saison 2012-2013.

De Fair-Play soll un éischter Plaz stoen.

Mäin éischte grousse MERCI geet un d’Organisateure vun dene leschte 7 Joeren.

E grousse MERCI och un all d’Equippen mat hiren Traineren, den Arbitteren, eiser Gemeng,

den Elteren, eise Sponsoren an alle Leit, déi eng Hand mat ugepakt hunn, dësen Turnéier

op d’Been ze stellen. Ouni är Ënnerstëtzung wär dëst alles net méiglech.

Patrick Doemer

President Jugendkommissioun F.C. Brouch