Nr. 9 – Juli 2008 - Lintgen
Nr. 9 – Juli 2008 - Lintgen
Nr. 9 – Juli 2008 - Lintgen
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Schüleraudition an Diplom-Iwwerreechung

Den 13. Abrëll war a Präsenz vum

Här Paul Scholer, Direkter vun der

UGDA-Museksschoul, dem Här

Georges Herr, Scheffe vun der Lëntgener

Gemeng, der Madame Martine

Gruber, Conseiller, dem Här

Jean Ewen, Präsident vun der Lëntgener

Fanfare, d’Schülerauditioun

vun der Lëntgener Museksschoul.

Bei deer Geleeënheet kruten och 52

Schüler hir Diplomer vum Schouljoer

2006-2007 iwwerreecht.

Duerch d’Auditioun an d’Diplomiwwerreechung

am gutt gefëllte

Veräins haus huet d’Madame

Catherine Napoli-Kremer, responsable

locale vun der Lëntgener

Museksschoul, gefouert.

Als éischt hunn d’Schüler aus der

classe d’initiation à la musique vum

Här Sam Koob mat engem flotte

Programm vu Lidder an Dänz gewisen,

wéi begeeschtert si scho vun

der Musek sinn. D’Solfègeklass (année

préparatoire) vun der Madame

Monique Sturm huet ganz originell

2 Variatioune vum „Hänschen

Klein“ presentéiert, an d’Schüler

aus dem 1. an 2. Joer Solfège vum

Här Patrick Hartert hu mat „Le petit

cireur d’Harlem“ e Stéck aus dem

Jazz-Répertoire opgegraff.

Och d’Schüler aus den Instrumenteklassen

konnten, eleng oder am

Duo, weisen, wat si scho geléiert

hunn an deene jonke Schüler déi

verschidden Instrumenter virféieren:

Klarinett aus der Klass vun

der Madame Francine Sosson, Saxophon

soprano an alto aus der

Klass vun der Madame Nadine Diedenhofen,

Trombonn aus der Klass

vum Här Jean-Marie Thein, Querflütt

aus der Klass vum Här Patrice

Bach, Percussioun aus der Klass

vum Här Gilles Wagner, Trompett

a Bügel aus der Klass vun der Madame

Marie-Paule Toussaint.

Als Ofschloss huet de Jugendensembel

vun der Fanfare, ënnert

der Leedung vum Här Patrick Molitor,

nach e puer flott Stécker gespillt.

6 de Gemengebuet