19.11.2013 Aufrufe

Zwou Laatsche géint ee Puer Schung

Zwou Laatsche géint ee Puer Schung

Zwou Laatsche géint ee Puer Schung

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

3. Der Däiwel ass lass!

Um ganze Wee fir heem hat de Jempi just d'Zoé viru

sengem geeschtegen Ae gesinn. Hie krut et einfach net aus

sengem Kapp. Bei alles, wat hien erbléckst huet, bei alles, u

wat hie geduecht huet, ëmmer huet hien och un d'Zoé

missen denken. Dat war scho komesch; esou eppes war dem

Jempi nach net virkomm.

Hie konnt et bal net gleewen, mee esou muss et sech ufillen,

wann een sech verléift!

Knapps hat hien doheem d'Dir opgemaach, du sinn him déi

Gedanken iewer och schonns verflunn.

Scho vun der Strooss aus hat hien d'Bomi Elisabeth héiere

fluchen an d'Bomi Anne-Marie kräischen. Aus der Stuff

koume Geräischer wéi bei enger Formel-1-Course.

Séier ass de Jempi zu der fiischter Dir eragesprongen. Wat

sollten d'Bomien dann dës Kéier gestëbst hunn?

Et war de Robbi, o mei, wou konnt hien dat nëmme

vergiessen! De Robbi ass die klenge Botzroboter, dien de

Jempi fir d'Bomien an der leschter grousser Vakanz

konstruéiert huet an dien hinne beim Botzen hëllefe sollt.

De Jempi hat en iewer esou programméiert, datt wann e

während zwou Stonnen dem Jempi seng Stëmm net ging

héieren, hien alles verkéiert sollt maachen: amplaz de Stëbs

ze suckelen, späitzt hien de Stëbs eraus, amplaz

d'Botzwaasser opzedréchnen, schwämmt hien neies aus

www.roland-meyer meyerr@gms.lu 20

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!