19.11.2013 Aufrufe

Zwou Laatsche géint ee Puer Schung

Zwou Laatsche géint ee Puer Schung

Zwou Laatsche géint ee Puer Schung

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

„Dajee, séier an d’Höhl!“

„Em dës Zäit?“ De Jempi kuckt op d’Auer. Et ass halwer

elef. Elo kann hien dach net einfach an d’Höhl. „Spënns du?“

„Et ass elo net de Moment, fir ze diskutéieren, wien hei

spënnt!“ Esou resolutt hat de Jempi d’Zoé nach net erlieft.

„Entweder bass du um elef Auer an der Höhl, oder du fiers

mar wierklech an d’Heem. An da gesi mir eis net méi erëm.

Hues du dat verstanen?!“

De Jempi wousst net, wat hien äntwerte sollt. Dat eenzegt,

wat hien nach erauskrut, war: „Jojo, bis herno!“ Dunn huet

hien agehaang a fir d’éischt emol guer näischt gemaach. Hie

soutz einfach op sengem Bett an huet viru sech gestierkt.

„Aktioun Plutoman“... a wat soll dat da sinn? Sollt d’Zoé sech

eppes iwwerluecht hunn? Sollt hatt eng Iddi hunn? Sollt

hatt iewer een Auswee aus diem Schlamassel font hunn?

Wéi de Blëtz war de Jempi elo aus dem Bett. Séier an

d’Gezei gehopst a bei d’Höhl gerannt.

Dobausse war et kal, an de Jempi war frou, datt hie seng

waarm Wanterjakett ugedoen hat.

„Bass du endlech do!“ huet d’Zoé hien empfaangen, an och

d’Kätti soutz ënner den Hecken an huet an der Keelt

geziddert.

www.roland-meyer meyerr@gms.lu 36

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!