66EME CONFÉRENCESMusek kenntkeen Handicap“.“Yves Stephany, journaliste radio 100,7E professionellen, musikaleschen Ensembel, dee justaus Musekerinnen a Museker mat Behënnerungzesummegesat ass, ënner der Leedung vun engemChef mat Behënnerung - dat ass de Resound Ensemblevum Bournemouth Symphony Orchestra. Den Orchestermécht vir, wéi Inclusioun ka gelieft ginn.Den James Rose ass staark kierperlech beanträchtegt- hien ass op de Rollstull ugewise vir sech fortzebeweegen,an am Alldag kann hie just mat Hëllef vun engem Assistentiessen, sech undoen an op d’Toilette goen. Wann hieschwätzt ass hien nëmme ganz schwéier ze verstoen.Awer den James ass Dirigent vum Resound Ensemblevum Bournemouth Symphony Orchestra. Den Orchesterhuet decidéiert, Behënnerung net als medezinescheProblem ze betruechten, mee et vun engem soziale Pointde vue ze gesinn. Et wier d’Gesellschaft, déi dës Mënschebehënnert, well een net de richtege Wee fonnt hätt virmat hinnen ze kommunizéieren, seet d’Lisa Tregale. Si assResponsabel beim Orchester vir alles, wat sech baussentde Mauere vun de Concertssäll ofspillt.Inclusioun am OrchesterDe Resound Ensemble war eng Initiativ, déi opgrondvun engem nationale Fërderprogramm vir d’Inclusioun vuMinoritéiten am Konschtberäich an d’Liewe geruff gouf.Aus enger klenger Iddi ass e Projet entstanen, deend’Mentalitéit am Betrib geännert huet. All d’Memberevum Resound Ensemble spille mëttlerweil am groussenOrchester. De BSO Resound bei de BBC Proms.D’Inclusioun wier zimlech einfach gewiescht, seet d’LisaTregale. D’Musekerinnen a Museker hätten en Trainingmatgemaach, vir d’Gläichberechtegung vu Mënsche matBehënnerung. «Eis Flüttistin [déi blann ass] sëtzt niewentdem éischte Flüttist, an déi schwätze ganz einfach driwwer,wéi si mussen zesummeschaffen.D’Leit ware ganz oppen, an och d’Membere vu Resoundwaren oppen. Si hunn erkläert, wat hir spezifeschBesoine sinn, a wéi déi aner Museker sech hinne vis-à-vissolle verhalen, vir datt si hirer Roll am Orchester kënnegerecht ginn.»Behënnerung als Virdeel gesinnBannent dem Resound Ensemble gesinn d’Musekerinnena Museker hire Kolleegen hiren Handicap net als Nodeel,mee als Virdeel. De Perkussionist Philippe Howells hättduerch säin Autismus zum Beispill eng enorm Fäegkeetvir einfach alles kënnen ze spillen, sou d’Lisa Tregale.“Eiser Flüttistin Kate Risdon hire musikalesch Verhalt anhiert musikalescht Ouer ass onglaublech. Well si mat Brailleléiert, an net gesäit, muss alles mam Ouer geschéien.Si verhält komplett symphonesch Orchesterconcerten.Si huet fënnef oder sechs Programma gläichzäiteg amKapp. An hiert Ouer vir Detailer ass enorm. Si ënnerstëtztde Rescht vum Ensembel beim Stëmmen, bei den Asätzoder beim Ootmen.”D’Musekstherapeutin Martine Wallenborn hat zuLëtzebuerg mam Ensembel Taka Tuka en ähnleche Projetan d’Liewe geruff. Och déi Initiativ war e grousse Succès.Si ënnersträicht, datt an deene leschten 23 Joer, an deenesi mat Mënsche mat Behënnerung schafft, zu Lëtzebuergvill geschitt ass.Et misst ee sech op d’Ressourcë vun engem Mënschfokusséieren, a manner op seng Defiziter, oder op dat,wat een net sou gutt kann. “D’Integratioun an Inclusiounvu Leit mat engem sougenannten Handicap iwwer deKonschtberäich, do ass villes geschitt.”Partenaire media / MedienpartnerEME_brochure2019-20_EXE 2.indd 66 21/11/2019 13:28
14·10·2019 67Philharmonie LuxembourgEME_brochure2019-20_EXE 2.indd 67 21/11/2019 13:28