07.10.2013 Views

Dezember 2012 - web ctrl

Dezember 2012 - web ctrl

Dezember 2012 - web ctrl

SHOW MORE
SHOW LESS

You also want an ePaper? Increase the reach of your titles

YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.

Léif Elteren,

EVM

Am Ufank vun dësem Schouljoer huet eis Ministesch fir d’Education traditionell hir Pressekonferenz ofgehalen.

Dëst Schouljoer steet ennert dem Motto „Zesummen fir eis Schüler“.

Dëst Motto get am Communiqué de presse folgendermossen erklärt. «Ensemble pour nos élèves, c’est la devise

que j’ai choisie pour la rentrée scolaire 2012-2013. Elle semble banale et pourtant elle dit bien l’essentiel.

L’École luxembourgeoise a besoin de chacun de nous: enseignants, élèves, parents, directions, éducateurs,

partenaires du monde économique. Personne n’est de trop pour assurer une chance à chaque élève de réussir

et de trouver sa place de citoyen dans notre société.»

Ech géing mech gaeren dësem Motto uschléissen, an ervirsträichen dat och mir als Elteren vun den Schüler

massgeblech zum Erfolleg vun eisen Kanner an der Schoul kënnen bäidroen. D’Léierpersonal kënnt eis Kanner

aus der Schoul, d’Educateuren aus der Maison Relais an DIR kënnt Aert Kand vun Ufank un.

D’Elteren sin den gemeinsamen Nenner tëscht deenen verschidden Rollen vun eisen Kanner an mir mussen dëser

Roll och gerecht gin andeem mir deenen eenzelnen Persounen, déi mat eisen Kanner schaffen och déi aner

Facetten vun eisen Kanner weisen AN andeem mir Informatiounen z.B. vum Léierpersonal uhuelen fir eist Bild vun

eisen Kanner an der Schoul ze komplétéieren.

D’Elteren kënnen awer och op engem ganz aneren Niveau eng Roll an der Schoul spillen. An zwar an deem

d'Eltere sech iwwert hir ‚normal‘ Roll an der Schoul engagéieren, fir d’Meenung vun den Elteren mat an

d’Organisatioun an an d’Entwëcklung vun der Schoul afléissen ze loossen.

Mir Elterenvertrieder vun der Gemeng Monnerech an Member vum Comité vun der EVM siichen Elteren, déi

bereet wieren dës Aufgab matzedroen; well leider as Zäit vun deenen Elteren déi am Moment dës Roll iwwerholl

hunn gläich ofgelaaf, well hir Kanner aus der Grondschoul erauswuesen. Duefir:

AVIS AUX AMMATEURS!!

Wann Dir Interessi hutt,

da mëllt Iech bei eis um

evm@monnerecher-schoulen.lu

VEREINE

DE SCHÄFFEROT AN D'PERSONAL

VUN DER GEMENG MONNERECH

WËNSCHEN ALLE

BIERGERINNEN A BIERGER

SCHÉI FEIERDEEG AN E GUDDE

RUTSCH AN D'JOER 2013

17

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!