15.07.2013 Aufrufe

Dat, wat mir schwätzen, kënne mer och schreiwen. - mySchool!

Dat, wat mir schwätzen, kënne mer och schreiwen. - mySchool!

Dat, wat mir schwätzen, kënne mer och schreiwen. - mySchool!

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

Dat, wat mir

schwätzen,

kënne mer och

schreiwen.

Lëtzebuerger Texter

VII e secondaire

7 e / 8 e / 9 e secondaire technique

Index

Josy BRAUN

De Pablo an d’Juliette 3

Ons Stad, Nr. 23

Josy BRAUN

Den Tolly a säi Bop 5

Kréiwénkel

Pol GREISCH

Grouss Vakanz (Zeen 5) 9

Grouss Vakanz

Jhemp HOSCHEIT

De Knäipschutz 13

Perl oder Pica

Jhemp HOSCHEIT

Wiem seng Mutz ass et? 18

Wat wette mer?

Jean-Paul JACOBS

D’Téitsch am Auto

De Jean-Paul rifft de Roger un

Josiane KARTHEISER

Et gonnt ee sech jo soss näischt 6

De Marc hätt gär Paangecher

Josiane KARTHEISER

Wie wëllt en Handy? 8

De Marc hätt gär Paangecher

Roger MANDERSCHEID

Schoulliewen am Krich 31

Schacko klak

Claudine MUNO

Lunapark 33

Frigo

Jacques STEFFEN

D’Lisa, e staarkt Meedchen! 38

D'Lisa

Josy BRAUN

Ons Stad, Nr. 3

1998

Säit 188 - 189

3

De Pablo an d’Juliette

D’Juliette hat der aachtanzwanzeg. Säi Buttek louch e wéineg hannerwands,

mä dat mouch näischt. ‘t hat all Zorten Tubak an Zeidongen, a bal all Leit aus

dem Véirel an der Konn. Och dee jonken Auslänner, deen all drëtten Dag bei hatt

säin Tubak siche koum. En heescht Pablo, dat hat et séier raus.

D’Juliette huet sech net beklot. ‘t goung him eigentlech gutt. Hatt war frëndlech

mat de Leit, an d’Leit mat him. An d’Fraen, déi eng Illustréiert kafe koumen, bloufe

gär eng zéng Minutten, fir ze tozen. Di eeler Männer och. Déi méi jonk ware méi

prësséiert, mä se hunn awer heinsdo e Witz verzielt, well d’Juliette sou häerzlech

laache konnt.

Heinsdo hätt et dem Pablo deen neiste Witz gäre weiderverzielt. ‘t war senger

Saach just net sécher, op dat him géing op franséisch geroden. De Pablo huet

him gutt gefall.

‘t war sech och net eens, ob et e Spuenier oder Portugis wier. En huet ni

eng auslännesch Zeidong kaaft, nëmmen Tubak a Bliedercher; all drëtten Dag.

En hat ganz schwaarz Aen an eng ganz brong Haut vun der Sonn.

Wéi enges Daags a Spuenien e Fliger rofgefall ass, huet et e Koup spuenesch

Zeidongen op d’Téik geluegt. A wéi de Pablo koum, huet et mam Fanger op

d’Bild an der Zeidong gewisen. "C’est terrible", sot et. "Oui, c’est terrible, ça!"

sot de Pablo. En huet d’Zeidong awer net kaaft.

Zanter enger Woch weess d’Juliette, wou de Pablo schafft. ‘t hat en hannert der

Godrongsmaschinn am Neiduerf gesinn. En hat keen Hiem un, well ‘t war waarm.

En ass wierklech ganz brong verbrannt. A Muskelen huet deen!

De Mario Soares koum op Besuch, an d’Zeidonge ware voll. Hatt huet der nach

eng Kéier sou vill verkaaft wéi soss: lëtzebuergescher an och portugisescher.

Just de Pablo huet keng kaaft. "Il vous plaît ?", frot hatt de Pablo. Deen huet

e wéineg gelaacht a gesot: "II vient chez nous demain, dans la grande salle au

Limpertsberg."

D’Juliette hat mol e Freier, mä da’ss scho laang hier. Duerno wollt et ni méi een.

Mä fir de Pablo hat et eppes iwreg. En ass just net sou gespréicheg wéi anerer.

Säi klengt Laachen deet dann duebel gutt. Wéi al soll e sinn? Sou al wéi hatt

oder eppes méi? ‘t war schwéier ze soen. Samschdes huet e well ëmmer eng

schmuel Mapp ënnert dem Aarm, wann e kënnt.

"C’était bien, au Limpertsberg, l’autre jour?" frot et hie virun e puer Deeg.

‘t hat deen neie Roman op d’Téik geluegt, deen et am Bicherpak rakritt hat.

"L’amour vint à l’aube" huet e geheescht, an ‘t war eng Koppel drop, déi sech

ëmäerbelt huet. "Ah, c’était formidable", sot de Pablo, "on a joué de la musique

de chez nous jusqu’au soir." D’Buch huet en net bekuckt.

Gëschter huet et rausfond, wou e wunnt: ‘t huet en am Clausener Bierg gesinn,

wéi en an en Haus ragoung. Do wunnen nach méi Portugisen. ‘t ass e ganz

proppert Haischen. En hat nees déi Mapp ënnert dem Aarm. En hat hatt gesinn,

déi aner Säit um Trottoir an huet liicht mat der Hand gewénkt. "Bonjour!" sot en.

"Bonjour, Pablo" sot hatt. Lo weess en, datt hatt weess, wéi hien heescht.

Haut muss e säin Tubak a seng Bliedercher siche kommen. D’Juliette huet

déi fonkelnei Blus ugedon, déi et gëschter an der Stad kaaft huet. Vir ass eng

Margréitchen drop an e Päiperlek.

‘t huet sech gëschter och en neie Parfüm kaaft. Sou en deiren hat et nach ni.

Wann et hannen aus der Kichen an de Buttéck kënnt, richt et eng Grëtz derno.

Op d’Téik huet et eng grouss Vase mat Margréidercher gestallt.

‘t gesäit, wéi de Pablo déisäit um Trottoir steet a riwwer op de Buttek kuckt.

Da kënnt en iwwer d’Strooss. Ganz lues. E bleift virun der Butteksfënster ston

a kuckt. Dat huet en och soss mol gemaach, mä ni sou laang. Hatt ass ganz

opgereegt. E war och nach ni sou flott ugedon. ‘t ass Samschdeg, e geet

bestëmmt op e Bal.

Wéi en rakënnt, laacht en iwwer d’ganz Gesiicht. "Maintenant je sais",

laacht en, "vous vous appelez Juliette, et votre nom de famille c’est Marson,

et la boutique c’est "Au petit kiosque".

"Mais oui!" laacht d’Juliette. ‘t ass lo awer eng Grëtz duercherneen.

De Roman läit nach ëmmer ënnert de Margréidercher.

"A l’aube", ça veut dire quoi?"

"Le matin", laacht d’Juliette, an hien och. "C’est déjà l’après-midi!"

Se laachen allebéid.

"II n’est jamais trop tard", seet hatt dunn, ‘t ass bal erféiert iwwer säin

eegene Courage.

"Ça c’est vrai", seet hien, "je crois que je vais acheter un journal aujourd’hui.

Vous avez en portugais, n’est-ce pas ?"

A wéi d’Juliette net direkt eppes drop seet, fiert hie virun:

"C’est un grand jour pour moi. Maintenant je viens tous les jours.

Maintenant je sais lire..."

D’Juliette denkt herno réischt drun, datt et him d’Hand ginn huet.

‘t huet gesot, "mais c’est formidable ça, toutes mes félicitations !"

Dat Schéinst awer ass, elo kënnt en all Dag.

De Pablo an d’Juliette

Josy BRAUN

Kréiwénkel

Editions Phi

1998

Säit 13 - 19

5

Den Tolly a säi Bop

‘t ass August, ‘t ass Vakanz, an den Tolly soll déi aner Woch mam Roude Kräiz

op d’Mier fueren. Dem Bop seet et net méi vill, fir haut nach duerch d’Weltgeschicht

ze gondelen, mä de Bouf ka jo net gutt zwéi Méint laang heiheem

sëtzen an drop waarden, datt déi aner Bouwen a Meedercher him aus Spuenien

oder Italien eng Kaart schécken. Den Tolly war nach ni fort, mä ‘t muss jo eng

Kéier fir d’éischt sinn.

‘t ass scho schro genuch, denkt den Anatol Weis*: datt dem Tolly säi Papp an

seng Mamm net méi do sinn. Nëmme gutt, datt de Bouf réischt knapps fënnef

Joer hat, wéi de Méchel an d’Rosa am Sauerwäinsgronn bäigaange sinn. Den

Tolly huet dat deemools net richteg matkritt. E weess just dat, wat de Bop him

spéider verzielt huet. An si zwéi verstinn sech gutt. Mä wéi laang geet et nach sou

virun? E Bop lieft och net éiweg!

Sou denkt den Tolly iwwerhaapt net, well hien ass immens frou mam Bop; net

nëmme well dee prima Fritte maache kann, mä en huet vun deem och nach

nimools eng gejauft kritt. Net wéi aner Bouwen a Meedercher aus dem Duerf,

déi doheem fir déi klengsten Dommheet eng hannert d’Ouer kréien, oder op soss

eng topeg Manéier bestrooft ginn. An da kann de Bop him och vill Geschichte

vu fréier verzielen : vum Krich, wéi d’Amerikaner hei waren, vun den éischte Leit

um Mound, mä och Seeërcher vu Gräupert an iwwer ganz gelunge Leit, déi scho

laang dout sinn .

Virun engem Mount huet de Bop eng nei, ganz grouss Televisioun kritt. "Da’ss

elo schonn déi drëtt", sot en, mä hie knoutert och dacks, "‘t ass den Owend awer

och nees guer näischt drop!" Den Tolly kappéiert dat direkt a schleeft aus dem

rietsen Tirang vum Stuffeschaf d’Millchen oder d’Kaartespill erbäi. De Bop zaapt

sech dann eng Carafe Viz am Keller oder en hëlt eng ugebrache Fläsch Wäin aus

dem Frigo, an da geet et lass. De Bop huet den Tolly "Sechsasiechzeg" a "Rammi"

geléiert an och, wéi een eng "Patience" leet. Dann ass et ëmmer néng Auer, ier

een sech ëmsinn huet, an ëm néng dämpt de Bop hien den hëlze Bierg aus. Just

an der Vakanz duerf e méi laang opbleiwen, alt bis eelef; hie kéim jo lo an d’fënneft

Schouljoer, seet de Bop souguer. Sou gären ass de Bop guer net leng, dat huet

den Tolly scho laang spatz kritt.

"Wat wëlls de da ginn, wann s de grouss bass?", huet deen hie gëschter no

der Bouneschlupp gefrot an hie vun der Säit bekuckt. De Bop weess dach,

wat hie wëllt ginn, hien huet him dat dach schonn honnertmol gesot: Fieschter!

"Da muss d’awer an de Lycée goen", sot de Bop, "an duerno bei d’Militär."

* dem Tolly säi Bop

6

Jo an? De Muerzels Fränk war am véierte Schouljoer sëtze bliwwen an ass haut

awer am Lycée. Wat dee kann, kann hien och; an hien ass nach ni sëtze bliwwen.

‘t reent haut dobaussen. De Bop ass an d’Duerf akafen, an den Tolly sëtzt um

Späicher a kroomt an ale verstëbstene Këschten. Nieft him, op engem wackelege

Stull, sëtzt a spënnt de Reno, hire schwaarze Kueder. Deen huet haut och näischt

Besseres ze don.

Dem Bop an dem Tolly hirt Haus, dat eenzegt, dat um ënneschte Béchel steet,

an dat d’Leit "a Blofierwesch" nennen, ass scho méi wéi honnertfofzeg Joer al.

‘t ass en zimlech laang gezugent Häus, a laanscht d’Fassad klamme Wantergréng

a wëlle Wäin duercherneen, bis uewen ënnert de Kulang. D’Haus huet eng kleng

Scheier, e klenge Schapp an e klenge Gaart, mä alles zesummegeholl kënnt et

dem Tolly immens grouss vir. Fréier, dat weess hie vum Bop, hu jo och vill méi

Leit an deem Haus gewunnt; a wat hei alles um Späicher steet an trëllt an hänkt,

dovu kënnen de Jim an déi aner aus dem Duerf bestëmmt nëmmen dreemen.

De Bop huet dem Tolly d’Ramoschteren an deenen ale Schief a Kierf a Këschten

erlaabt, an den Tolly kroomt fir säi Liewe gär dodran. Heinsdo weist en dem Bop,

wat e fonnt huet, an da kann de Bop sech mol net méi erënneren, datt dat alles

nach um Späicher trëllt: eng Uniformskap, en ale Fändel, e blanne Spigel...

souguer mat enger doudeger Eil koum den Tolly schon ugereest. An d’lescht

Woch hunn s’allebéid gelaacht, wéi hie mat sengem Papp senger Zensur d’Trap

rof koum. Hien hat natierlech direkt dra gekuckt, wéivill Punkten säi Papp am

véierte Schouljoer hat, an hien huet dem Bop d’Zensur ënnert d’Nues geriwwen.

"Hei", sot en, "mäi Papp hat nëmme 40 am Franséischen, an ech 45; an am

Rechnen hu mer allebéid 46."

Op eemol hat de Bop eng Tréin am A, mä en huet näischt gesot. Dem Tolly säi

Papp war Eisebunner, dat weess den Tolly och vum Bop. Hie fënnt Fieschter

vill méi flott.

Wat ass dann dat do? Hien ass just amgaang, an engem zimlech verstëbstene

Buch ze bliederen, wou gelunge Biller mat Negeren a komeschen Haiser dra

sinn. "Onkel Toms Hütte" heescht d’Buch, an ‘t ass mat donkelbloem Pabeier

agebonnen; ‘t mengt een alt emol, ‘t wier donkelbloen, deen Abandspabeier ass

esou verblatzt, datt dat nach guer net sou sécher ass. A vir um Buch ass e klengt

Schëldche mat der Nummer 147 dropgepecht. D’Buch mëffelt richteg, wann

een et opschléit oder dra bliedert. Mä lo ass hannen aus dem Buch eng Fatz

Pabeier rausgefall.

‘t ass Haisercherspabeier, an ‘t ass mat engem Bläistëft drop gemoolt a

geschriwwen. “Kréiwénkel” steet drop a "WB" an "HE". Bei HE ass e klengt

Kräiz gemoolt, ënnendrënner steet "10 x 5 x 0,60", a ganz ënnen am Eck

"J.D.". Iwwert d’Blat lafen zwéi kromm Strécher, wéi wann dat Ganzt eng

Landkaart wier. Wat der Däiwel kann dat do sinn?

Den Tolly huet ganz rout Bake kritt an heemelt iwwer de Gedanken de Kueder

tëschent den Oueren. War dat sengem Papp säi Buch? Senger Mamm hiert

bestëmmt net, well vir am Buch ass e Stempel vun der Gräuperter Gemeng dran,

an seng Mamm war vun Iechternach; dat weess hie vum Bop. Vläicht ass et

Den Tolly a säi Bop

7

dem Bop säint. Vun enger "Onkel Toms Hütte" huet deen him awer nach ni eppes

verzielt.

Hie muss dem Bop dat Buch onbedéngt weisen, well vun deem komeschen

Ziedel weess dee bestëmmt och näischt. Hie spréngt sou séier vum Späicherbuedem

op an d’Trapen rof, datt de Reno erféiert a mat engem séiere Saz vum

Stull ass.

Wéi dem Tolly säi Bop nach geschafft huet, war hie Modellschräiner op der

Giewelenger Fabrek. Den Tolly kann sech net sou richteg virsteIlen, wat dat fir

e Beruff ass, mä de Bop huet him verzielt, datt d’Fabrek fréier eng Sandgéisserei

hat, an datt se do grouss hëlze Modelle gebraucht hunn, fir grouss eise Stécker

vu grousse Maschinnen ze géissen. Haut wieren d’Sandgéisser a mat hinnen och

d’Modellschräiner sou gutt wéi ausgestuerwen. Op der Fabrek géifen et jiddefalls

keng méi, do séitzen haut Japaner dran, an déi géife Computere bauen.

Well de Bop op der Giewelenger Fabrek geschafft huet, war hien säi ganzt Liewe

laang zu Gräupert doheem. Wéi e jonk war, ass en zu Fouss op d’Fabrek schaffe

gaangen; vum Béchel aus waren dat op d’mannst dräi Kilometer. Dat muss een

sech haut mol virstellen! An dobäi ass de Bop och nach mëttes heem iesse

komm! Véiermol den Dag huet hien dee Wee zu Fouss gemaach! Méi spéit réischt,

wéi e bestuet war, ass e mam Velo gefuer. Dat huet en du säi ganzt Liewe laang

gemaach, bis en 1967 pensionéiert gouf; en Auto hat en ni. Säi schwéieren ale

Velo steet nach haut am Schapp. ‘t ass scho laang keng Loft méi an de Schläich,

an de Bop tässelt de Velo all Kéier, wann e mol nees am Schapp opraumt, an en

aneren Eck. "Dee kritt de Lompekréimer net, sou laang wéi ech liewen", sot en

emol zum Tolly. Méi spéit stoung och den Auto am Schapp, mat deem dem Tolly

säi Papp an seng Mamm bäigaange sinn. "’t ass alt gutt, datt deng Bomi dat net

méi erlieft huet", sot de Bop och mol.

De Bop sëtzt am Schapp um alen Holzstack an huet dem Tolly säin Ziedel am

Grapp. Hien hat nach ni e Brëll, séng Hänn zidderen nach kee Fatz, an e Frieme

géif deem groussen ale Mann mat de schluetwäissen, mä nach ëmmer ganz

décken Hoer, säin Alter net gin, och wann en eng Grëtz ueweneriwwer geet.

D’Schappendier steet grouss op, well ‘t ass haut e Wieder wéi äus dem

Billerbuch. ‘t sinn um Thermometer, deen niewent der viischter Dier un der Fassad

hänkt, elo schonn 20 Grad, an ‘t ass réischt zéng Auer. De Muere géint siwe sinn

e puer Gräuperter Bauere scho mat hire Méi-Drescher a Gefierer de Béchel rop an

de Karschnatz gerannt. “Wann et alt net nach ze fiicht ass”, duecht de Bop, deen

ëm déi Zäit säi Kaffi drénkt an d’Noriichte lauschtert.

Den Tolly huet sech nieft him flang an deen ale wackelegen Handweenche gesat

a bliedert an "Onkel Toms Hütte". De Bop weess och net richteg, wéi dat Buch

op de Späicher kënnt; hie behaapt, en hätt et nach ni gesinn. Mä wou et

hierkënnt, dat ass kloer: äus där aler Gemengebibliothéik, well dee Gräuperter

Gemengestempel ass bannen op där éischter Saït.

"Deng Bomi ass sech duer ëmmer Bicher siche gaangen, wéi se nach gelieft

huet", sot e gëschter zum Bouf. "D’Buch muss deemools, wéi se dout war,

um Späicher gelannt sinn. ‘t huet och ni ee vun der Gemeng et reklaméiert."

Den Tolly a säi Bop

8

Hie kennt awer d’Geschicht aus deem Buch. "Déi hat ech scho mat siechzeng

Joer gelies", sot en d’éinescht zum Tolly. "Dat Buch ass wonnerschéi

geschriwwen. Wann s d’e puer Joer méi al bass, da verstees d’et besser,

da muss d’et onbedéngt liesen, du gëss bestëmmt net méi domm dervun."

Den Tolly gesäit dem Bop of, datt dee ferm amgaang ass, nozedenken.

Dee kuckt guer net méi op dat verblatztent Stéck Haisercherspabeier,

mä zur Schappendir eraus, wéi wann et ënne beim Bur eppes Extraes géiff.

"Lo spille mer mol Detektiv", seet de Bop op eemol zum Tolly. "Deen, deen

deen Ziedel an dat Buch geluegt huet, deen hat d’Buch och an der Gräuperter

Bibliothéik geléint. Vun der Bomi... wat ass? Firwat laachs de?"

Den Tolly ass richteg rausgeplatzt. "Deen, deen, deen Ziedel, hues de dat

anuecht gehol, Bop?!"

"Mir hun eebe sou eng Sprooch, Dommen do! Also: Vun der Bom ass den Ziedel

bestëmmt net, dee louch méi wéi sécher schonn am Buch, wéi si et geléint huet.

Dat heescht, datt irgendeen den Ziedel drageluegt an duerno einfach vergiess

huet. Dee "J.D." ënnen um Ziedel, dat kënnt deem säin Numm sinn. Wa mer lo

rausfanne géiffen, wien dat Buch virun der Bomi hat, da wiere mer schonn e Krack

méi gescheit; an da wéisst ech och vläicht, wat deen Ziedel mat Kréiwénkel ze

doen huet. Ech muss dem Mill dee mol mathuelen."

"Wien ass dat?", freet den Tolly.

De Bop muss lues laachen. "De Mill? Dat ass dee fréiere Sekretär vun der

Gemeng. Deen huet der haut och scho gutt siwwenzeg um Bockel. En huet dach

dat déckt Buch iwwert d’Gräuperter Gemeng geschriwwen ! Hues de dat nach

ni gesinn? ‘t steet an der Stuff nieft der Televisioun. Alt nach e Buch, dat s de

spéider muss liesen. Ech weess jo muenches iwwer Gräupert, mä de Mill weess

nach vill méi. Muer de Mëtteg gesinn ech en "an Tossen"; da weisen ech him

den Ziedel."

"An dann?"

"Waart mol of! Vläicht stousse mer do op eng bosseg Geschicht, wie weess.

Wann s de vu Blankenberg rëmkënns, da kann ech der se vläicht verzielen.

An du méchs, datt s de mer net ersäifs, héiers de!"

Den Tolly muss haart laachen, "Ech hunn dach an där neier Piscine schwamme

geléiert, Bop! Du weess dat dach!"

"Ech hun ni schwamme geléiert", grommelt de Bop a steet ëmständlech op.

"Zu menger Zäit wousst nach keen, wat eng Piscine wier; héchstens eng

Schwemm, zu Maacher an der Musel... ‘t huet een awer iergendwéi schwamme

geléiert", seet e wéi zu sech selwer an trëppelt an d’oppe Schappepaart.

Den Tolly versteet net, wéi en dat mengt.

Den Tolly a säi Bop

Pol GREISCH

Grouss Vakanz

1980

Säit 247 - 251

9

Grouss Vakanz

(Zeen 5)

De Lucien huet de Papp am Aarm a féiert en nees a seng Fotell.

D’Mamm sëtzt an hirer.

LUCIEN: Wa mer d’Madame Margritt nach hätten, da wäer et net passéiert.

MAMM: Firwat hues de dann deng Pensioun geholl?

LUCIEN: Well s du et gär gehat häss:

Du hues mech gedirängelt, bis ech et gedon hun.

MAMM: Fir net méi op d’Margritt ugewisen ze sinn!

LUCIEN: Ech kann awer net Zalot a Spéin kafe gon an an engems hei sinn fir...

(Hie setzt sech op seng Plaz a wullt nervös an de Prospekter)

Abee, du wäers dech wonneren : Dir sidd nawell grad op d’Madame

Margritt ugewisen; deen elei mécht nämlech elo säi Päckelchen

an da geet en… fir dräi Wochen… an d’Vakanz!

D’Mamm ass paff - laang Paus

MAMM: (zum Papp): E geet an d’Vakanz, eise Lucien, fir dräi Wochen.

LUCIEN: Op Equemauville, wann dat der eppes seet.

MAMM: ‘t géing mir schon eppes son.

LUCIEN: Wann s de weess, wou dat ass, mengen ech.

MAMM: (zum Papp): Rot emol, wou dat ass? (zum Lucien) Wéi has de gesot?

LUCIEN: Equemauville:

MAMM: (zum Papp): Hues de héieren?

(zum Lucien) Wuer bass de dat da siche gaang?

LUCIEN: An d’Normandie.

MAMM: Esou wäit! (Paus - zum Papp) E fiert an d’Normandie, eise Lucien,

hues de héieren? (jéimert) A säi Papp a seng Mamm léisst en eleng!

LUCIEN: Ech muss eraus, ‘t geet net méi... ech muss fort.

- D’Madame Margritt mécht iech de Stot; ech hu mat hir geschwat.

MAMM: Maja, och nach! - A wie bezillt?

LUCIEN: Ech. ‘t muss een sech och emol eppes leeschten am Liewen.

MAMM: (méi fir sech): En aner huet ëmmer all Su dräimol ëmgedréint,

ier een en ewechginn huet... an hie pucht se nëmmen esou

zur Fënster eraus.

LUCIEN: ‘t geet net vun Ärem, an ‘t ass net ewechgehäit.

Laang Paus

MAMM: Ech froe mech, wou s d’op eemol op déi Iddi kënns?

- Huet hatt der déi Flou an d’Ouer gesat?

De Lucien zitt d’Schëlleren - Paus -

10

Bong, ech sinn ës d’accord, mä .. , (changéiert den Toun) ‘t géing

ee wierklech och mol rëm gär vrun eng Dier .. Zënter de Papp

d’Pensioun huet, hate mer keng Vakanz méi ... Wann s d’äis da

mathéils, Lucien?

LUCIEN: (paff, domat hat hien net gerechent): Mä Mamm... ,

Dat geet dach net ! Ech kann dach net... ech... (huet eng Iddi)

Wéi wëllt der da reesen, dir haalt dach knapps nach op de Been

allebéid?

MAMM: Du setz äis an den Auto an da fiers de. Ob s d’äis hei versuergs

oder dohannen, da’ss dach egal.

LUCIEN: Jo mä… wéi kann ech mech dann erblosen, wann ech iech ëmmer

um Läpp hunn?

MAMM: (zum Papp): E wäer eiser gär lass, Papp, hues de héieren?

Da’ss den Dank. (zum Lucien) Si mir dann ugedréckt, wéi s de

de Mumms has... d’Gielzecht... deen éiwege Krazert am Hals

a wat weess ech net nach alles... Mir sinn net gewach, däi Papp

an ech. A wéi s de de bloen Houscht has, du hu mer dech

agepaakt a mir si mat der op Réimech gejabelt fir d’Loft ze

changéieren. Du hu mer och net gesot: Mir mussen äis emol

erblosen ! - Dat man d’Eltere fir hir Kanner. A wann d’Kanner grouss

sinn an en aner ’t ass een al an tierkeleg an ‘t mengt een: sou elo

hues d’emol eppes vun hinnen… da géifen s’een am léifsten...

ech kann net soe wat ech denken… fir nëmmen net geplot ze sinn!

LUCIEN: Du iwwerdreifs.

MAMM: Ech gesi jo déi éiweg Schnësser, déi s de schneids! Alles, wat een

dech ustellt, ass zevill.

LUCIEN: Ech muss dach och emol kënnen u mech denken!

MAMM: Du méchs weider näischt.

Laang Paus

Bong, ‘t ass décidéiert: mir fueren an d’Bretagne.

LUCIEN: (geschloen): d’Normandie.

MAMM: ‘t sief dann. - Du bezills d’Pensioun an d’Ëmgeréits an ech

de Bensinn. Wat mengs du, Papp? Hie schléift, ‘t ass och enges.

(zum Lucien) Ech mengen, da kënns de dech net bekloen.

LUCIEN: A wéini kréien ech de Goethe gelies?

MAMM: Dohanne brauchs de keng Kommissiounen ze man a keng Better.

An ze spulle brauchs d’och net. Da’ss dach awer sécher schéin!

An iwwerhaapt: am Frankräich liest ee kee Preis.

LUCIEN: Abee, dann hätt ech awer och gär, datt duerno d’Madame Margritt

erëmkéim... fir mech e bësschen z’entlaaschten.

MAMM: Z’entlaaschten! Fir Tralala mateneen ze dreiwen! Wat hues de mat

deem Framënsch? (Paus) Gutt. Dat gesi mer. Awer net muerges.

Muerges ass et mer éiweg an de Féiss, wann ech kachen.

D’Auer schléit véier. De Lucien vergläicht mat sénger a réckelt drun.

MAMM: Ech verstin näischt méi. Ëmmer bass d’am Gaang ze réckelen.

Wivill ass et dann elo richteg?

Grouss Vakanz (Zeen 5)

11

LUCIEN: (weist op d’Westminsterauer): Da kuck!

Paus

MAMM : Bass de sécher, datt et eng richteg ass?

LUCIEN: Eng echt wat?

MAMM : Minster. Du hues keen Zertifika.

LUCIEN: Dat héiers de dach um Klank.

PAPP: aaang...

MAMM: Hei, bass du och erëm do?

Du géifs et um Klank héieren, datt et eng echt ass, seet de Lucien.

De Lucien beschäftegt sech nees mat de Prospekter; hie wierkt awer

geschloen.

Wéini gi mer dann?

LUCIEN: Wuer?

MAMM : An d’Bretagne.

LUCIEN: An d’Normandie !

MAMM : ‘t sief dann. Hues de bestallt? Fir däi Papp a mech?

LUCIEN: Si hu Plaz genuch.

MAMM : Mat enger Bidden ?

LUCIEN: Enger Dusch.

MAMM : Ech hätt gär eng Bidden. Dat Gesabbels ënnert enger Dusch

dat geet mir net.

Paus

Wéini fuere mer dann?

LUCIEN: E Méindeg.

MAMM : Firwat net e Samschdeg?

LUCIEN Wéinst dem Trafic.

MAMM: Déi Deeg hätte mer awer gewonn.

LUCIEN: Dat war gutt, wéi ech nach geschafft hunn: wéinst dem Congé.

MAMM : Wien eppes op sech hält, fiert samschdes.

Da bass de dach ënner de Leit!

LUCIEN: Ech muss d’Bremsen nach kontrolléiere loossen.

MAMM: (ongedëlleg): Op wat waards de dann?

Dat soll scho laang geschitt sinn!

De Lucien bliedert nach ëmmer an de Prospekter.

Wat hues d’esou sëllechen an dene Biller do ze sichen?

LUCIEN: Ech muss mer d’Géigend dach eng Grimmel ukucken.

MAMM: ‘t wäert allerhand deier sinn, bei deene liddrege Franzousen?

LUCIEN: Honnertfofzeg franséisch Frang.

MAMM: Den Dag? Ass dann do d’Gedrénks derbäi?

Grouss Vakanz (Zeen 5)

De Lucien zitt d’Schëlleren - Paus

‘t ass jo schreckelech! Dat kasscht dach en Heedegeld!

1

LUCIEN: Dir kënnt nach ëmmer heiheem bleiwen.

MAMM: Wou ech mech esou drop freeën! - De Papp bräicht och eng Bidden.

(zum Papp) Brauchs du eng Bidden an der Bretagne?

(zum Lucien) Fir dat Gepuddels, wat hie féiert.

LUCIEN: Dir kritt eng duebel Kummer! A wann s du gär eng Buedzëmmer

häss! Maja, da muss d’och berappen!

MAMM : Ah nee, Männchen, ‘t war ofgemaach: de Bensinn ass fir mech,

a soss näischt. A wuer kéime mer dann hin?!

Paus

Huel emol en Ziedel an da schreifs d’op... datt mer näischt

vergiesse matzehuelen.

LUCIEN: Elo ginn ech fir d’éischt no de Bremse kucke loossen an nom

Ueleg... an no der Loft. D’Paken huet nach Zäit.

De Lucien mécht sech fäerdeg fir eraus: e leeft hin an hier tëscht

senger Kummer an der Buedzëmmer - iwwert de Gank

MAMM: Schreif op: eng Koppel Kleedercher fir de Papp, mat laangen Äerm,

moltonéierter. (zum Papp) An der Ënnerwäsch bass de net räich...

Well ‘t bléist an der Bretagne. ‘t ass eent an der Wäsch an dat gëtt

net méi dréche bis e Samschdeg. ‘t dréchent jo näischt bei deem

Wieder!

LUCIEN: Mir fueren dach eréischt e Méindeg.

MAMM: E Samschdeg fuere mer, hunn ech gesot.

LUCIEN: Ech sinn awer fir e Méindeg ugemellt.

MAMM: Si hu jo Plaz, sees de. Da sinn se net méi wéi frou, wa mer schon

e Samschdeg kommen.

LUCIEN: ‘t ass awer gutt méiglech, datt s’iwwert de Weekend besat hunn.

MAMM: Da schreif hinnen, mir kéime schon e Samschdeg, deng Mamm

hätt gesot.

LUCIEN: Déi kréien dee Bréif net méi: haut ass Donneschdeg.

MAMM: Dann tëlefonéier!

LUCIEN: A wie bezillt?

MAMM: Ma du! Den Tëlefon gehéiert zum Ëmgeréits.

Grouss Vakanz (Zeen 5)

Jhemp HOSCHEIT

Perl oder Pica

Editions Schortgen

Esch-Ulzecht, 1999

Säit 15 - 20

13

De Knäipschutz

Eise Schoulmeeschter, den Här Treines, waart, bis mer all eise Knäipschutz

opgeriicht hunn. Soss fänkt en net mat der Dictée un. Ech weess net,

watfir en Hauli en op déi topeg Iddi bruecht huet. Knäipschutz! Bei de viréchte

Schoulmeeschteren hu mer dat ni bréichten ze maachen.

Op all Schoulbänk muss an der Mëtt e Buch opgestallt ginn. Am beschten,

en Atlas. Datt den Atlas stoe bleift, stellt een e mat de Buchdecklen op der Bänk

a mam Réck no uewe geriicht op, wéi en ëmgedréinte V. Wann d’Decklen zevill

ausernee stinn, rutscht d’Buch an ‘t fällt flaach aneneen. Wann d’Decklen ze no

beienee stin, da kippt et. Dat Schwéierst ass also, den Atlas um Stoen ze behalen.

Déi, déi hiren Atlas als Knäipschutz vergiess hu matzebréngen, kréien e Buch vun

der selwechter Gréisst aus der Klassebibliotéik am Schaf geléint.

"Gerechtigkeit muss sein", seet den Här Treines an hëlleft dem Théo an dem Robi

hir Mauer mat engem frieme Buch opzeriichten.

Hie kuckt eng Kéier duerch d’Reien a fiert sech mat der Hand duerch seng stréieg

Buuschten. E gläicht dem Mecki op de Kaarten, déi mäi Papp verkeeft. En ass

zefridden, datt jidderee gutt vu sengem Noper geschützt ass. Lo kann de

groussen Ugrëff kommen. E schléit d’Bichelchen op där Säit op, wou e schon eng

Zäitchen den Daum drasstiechen hat. Den Här Treines iwwerléisst ni eppes dem

Zoufall. Den Ugrëff kënnt net spontan, mee e gouf virbereet. Ganz bestëmmt huet

en déi schwéierst Dictée erausgesicht, déi am Buch steet, E puer Schüler aus der

Klass ass et souwisou egal, wéi schwéier se gëtt. De Vic, den Tun, den Aloyse

verléiere meeschtens d’Schlappen ënnerwee. An de Bouni, deen souvill Feeler

mécht, wéi e laang ass, dee bléist a keimt iwwrem Schreiwen, a wann e mengt,

e wäer schonn am Minus, an d’Diktat ass eréischt an der Halschent, da gëtt en

op a klaakt alles bei der Däiwel. Ech misst mengem Papp emol soen, e soll hinnen

eng Käerz brennen.

De Bouni ass deen eenzegen, dee kee Knäipschutz brauch. Hie sëtzt aleng.

Déi aner zweeandrësseg Schüler sëtzen zwee an zwee an de Bänken.

Mäin Noper ass de Guy, deen am Franséischen zimlech schwaach ass.

"Dictée!" seet de Mecki.

An wéi en dat seet! Säin hannerlëschtegen Toun verréit, datt e wëlles huet,

äis all mat de schwéiersten Accordën an de komplizéiertste Wierder eranzeleeën.

E kuckt op mech, wéi wann e mer wéilt ze verstoe ginn, "och du kriss et dës Kéier

schwéier!" Wann e mengem Papp eppes vun der Prüfung sot, da brennt net wäit

vun der Dellhéi-Schoul, an engem Eck vun engem Geschäft, eng Käerz. Mäin

heemleche Kompliz, wann et brenzleg gëtt.

1

De Guy ass amgaang ze testen, a watfir enger Positioun en de Kapp hale muss, fir

iwwert den Atlas ewech a mäin Heft ze luussen. Et ass nämlech wichteg, datt de

Kapp net bougéiert, datt een sech keen Zantimeter opriicht - déi geréngste

Bewegung fällt dem Treines op - mä datt een an der richteger Héicht mat den Aen

eriwwer balucke kann, ouni datt de Schoulmeeschter, deen ëmmer stuer vrun der

Klass stoe bleift, eppes anuecht hëlt. E steet ëmmer op enger Plaz, wou en äis am

beschten am A behale kann.

Den Här Treines hemmst eng Kéier. Et geet lass:

"L’attaque des Indiens."

Do! Ouni ‘s’. Schonn e Feeler an der Iwwerschrëft, Ech hunn eriwwer baluckt

a gesinn, datt de Guy mengt, et wäer nëmmen een Indianer. Wéi kann ech dem

Guy ze verstoe ginn, datt en en ‘s’ muss unhänken. Hien ass e bëssche méi kleng

wéi ech, an sou wéi en do sëtzt, gebéckt a verkrampft, kann hien net op mäi Blat

gesinn, a wann en nach esou gutt baluckt.

"Ssss," summen ech ganz lues, wéi wann ech mech vrun den Indianer an Uecht

misst huelen.

"Et gëtt net geflüstert!!!"

Et geet weider. D’Indianer komme geridden. Op geklaute Päerd. Bei den Diktater

passen ech meeschtens net op de Sënn op. Dat heescht, ech kréien en net

mat, well ech mech op déi eenzel Wierder konzentréiere muss, an da geet den

Zesummenhank gär fleeten. Souwisou huet de Mecki keng Ahnung vu leschte

Mohikaner a Sitting Bullen. Lo sinn et net méi d’Indiens, mee "d’Peaux Rouges".

Op kee FaIl zweemol datselwecht Wuert, gell Här Treines! A firwat mussen et dann

"méchants peaux rouges" sinn? Well mer vläicht bei zwéin Adjektiver wéinstens

eemol den ‘s’ vergiessen? Firwat mussen d’Indianer ëmmer béis sinn?

Den "homme blanc" Treines ass och "méchant".

Guy! "Rouge" kritt och en ‘s’.

Et muss eppes geschéien. De Guy kritt net eriwwer gebiischt. Ech beréieren

de Buchdeckel op menger Säit mam Ielebou, datt e soll no bausse rutschen,

an datt déi Barrikad, déi tëscht den Hefter steet, méi niddreg gëtt. Awer neen!

D’Palissad rutscht net no baussen, mee réckelt méi no bannen. D’Palissad ass

gewuess. De Guy kann onméiglech mat den Aen eriwwer klammen. Guy! Riicht

dech op! Hief de Kapp! Den Treines kuckt grad net. Hie muss en anere Schüler

am Viséier hunn. E seet näischt. Ech hiewen de Kapp. Ech weess net, wien den

Treines mat rosene Blécker strooft. E seet näischt. E verhält sech alles. D’Indianer

reide weider.

"Ils traversent un fleuve dont le niveau d’eau n’est pas très haut."

Dat ass keen Text aus engem Buch. Keng Iwwersetzung aus dem "Letzte

Mohikaner". Dat ass eng Créatioun vum Här Treines. Deen huet sech dee Kéis

selwer aus de Fangere gesuckelt. Eng "Hausmaacherdictée".

De Knäipschutz

15

Den Treines sëtzt nuechtelaang doheem an erfënnt Topegkeeten, sicht Wierder

fir äis ze verkuebelen, Kläng fir äis ze pisaken. De groe "Wäisse Mann" mécht sech

e Spaass draus, äis, déi friddlech, brav, onschëIleg Männercher, ze péngegen.

Géif dach eng Routhaut deem säi Stoppelfeld vun der Kopp erof skalpéieren.

Ich habe gesprochen!

Ech muss pësperen. "Guy! Et ass ‘dont le niveau’, net ‘dans le niveau’". Eng Fal,

eng dreckeg Fal matzen am Floss. Firwat hues de se net gesinn? Maach dem

Feind dach net dee Gefalen! Ech muss eppes maachen. Ech stoussen eng Kéier

fest widdert de Buchdeckel. Palissad, zu wiem häls de? Lo rutscht d’Buch ze

séier. Ech muss et mam Ielebou bremsen, soss geet et ganz an d’Getten. Den Här

Treines mierkt näischt. E steet op där anerer Säit vum Floss a gesäit net, wéi ech

mam Ielebou eis Palissad stäipen. Ech loosse lass. D’Palissad hält. Si steet méi

niddreg wéi virdrun. Guy! Lo ass et un dir! Trau dech. Baluck! Ech weess, am

Ufank gesäis d’alles ganz verschwomm, du erblécks nëmmen dréif Buschtawen,

wéi wa Waasser d’Tënt verriwwen hätt; du gesäis och nach d’Nuesspëtzt ganz

onschaarf, awer wann deng Pupillen sech bis un déi ongewinnte Positioun am Eck

vum A gewinnt hunn, da gëtt erëm alles gestache schaarf. D’Indianer waarden op

där aner Säit vum Floss.

"Leurs chevaux, ils les ont cachés derrière un talu."

E knasschtege "Participe passé", op deen ech net erafalen, awer e Wuert,

dat ech net kennen. Talu? De Guy mécht en "s" un den "talu". Lo sträicht

en den "s" duerch. Dat heescht, datt en eriwwer gesäit. Mir si gerett. Dem Guy

säi "Falkenauge" gesäit op mäi Blat. Mee... wéi kann ech him ze verstoe ginn,

datt ech mer net sécher sinn, wat den ‘talu’ ugeet. Et gi Wierder, déi kréien

och an der Einzahl en "s". Ass ‘talu’ eent vun deenen?

Lo stellen d’Indianer den "hommes blancs"... e wat? E gétapen. Ah neen! Mecki!

Dat geet ze wäit. Wou gees de nëmmen déi Wierder sichen? Mengs de wierklech,

fir äis op den Opnahmexamen ze trimmen, misst d’an den décksten Dictionnairen

no den ausgefalenste Wierder wullen? Guy! Wannechgelifft! Schreif "gétapen"

net sou wéi ech. Du weess, wat ons blitt, wa mer déiselwecht Feeler hunn.

Schreif "gétapen" wéi s de wëlls, awer schreif et anescht!

D'"hommes blancs" trauen sech iwwert de Floss. "Ils croient qu’il n’y a pas de

danger."

Dem Mecki seng Stëmm klénkt, wéi wann et lo endlech fir déi knaschteg Indianer

geschitt wäer. E liest, wéi wann e matzen an der Geschicht wäer. E reit mat.

Duggedug. Duggedug. D’Cowboyen hun d’Indianer gesinn. Et gëtt geschoss.

De Floss ass net breet. Den éischten Indianer fällt vum Päerd, "Touché par une

balle meurtrière."

E schéine "Féminin". De Bouni keimt an der leschter Bänk.

D’Dictée ass nach net an der Halschent, an hien ass um Enn.

"Ech gi mech geschlon!" rifft e vun hannen.

De Knäipschutz

16

D’ganz Klass muss laachen. D’Befreiung! Mir schloe mat de Fäischt op d’Bänk,

fachen äis op d’Knéien. Mir profitéiere vum Bouni sénger Bemierkung, fir äis aus

eiser ugestrengter, gebéckter Kierperhaltung ze befreien a fir déi doudeg Rou

z’ënnerbriechen. Mir laache wéi d’Haalwerweis.

"Hackerdjës!" brëllt den Här Treines, dee beleidegt ass, datt grad an deem

spannendste Moment vum Diktat der Däiwel lass ass, an datt seng Geschicht

dorënner leit.

"Un autre Indien est touché au genou!"

Hoffentlech mécht de Guy keen x un de Knéi. Dat ass nëmme bei "de genoux"

de Fall. Denk un d’Ieselsbréck. De Moment geet et net ëm Ieselen, mee ëm Päerd.

"Ils appellent leurs chevaux."

Et ass nach ëmmer net roueg. Den Här Treines wëllt weider liesen, en huet

de Fuedem verluer. E flucht op Lëtzebuergesch. Dat gëtt mer d’Geleeënheet,

d’Palissad nach een Zantimeter erofzeloossen, fir dem Guy "Falkenauge" senge

Pupillen e bessere Wénkel op mäin Terrain ze bidden. Et gëtt nach geschoss

aus méi wéi "cent fusils". "Cent" kritt ni en "s". Dat wëssen se schon am drëtte

Schouljoer.

«Le sang coule».

Typesch Mecki! Selwechte Klank, aner Schreifweis! De Guy huet "Le cent coule"

geschriwwen. Wann ech lo näischt ënnerhuelen, dann ass de Guy k.o. De Mecki

ermëlzt een, wann et am Diktat vu Feeler nëmmen sou wimmelt. De Guy gesäit

elo besser eriwwer. Ee Gléck! Ech gesinn, wéi e "cent" verbessert. Do kënnt den

Treines mat energesche Schrëtt bei eis Bänk an dréckt mat der flaacher Hand

dem Guy säi Kapp bal sou déif bis erof op d’Blat, datt d’Nues de Pabeier beréiert.

"A gare la Box, du bougéiers!" seet en.

"Mussen si dat schreiwen?" freet de Bouni.

Nach ier mer de Mond kënnen oprappen, fir ze laachen, bläert den Här Treines

wéi e Waldiesel:

"Deen éischten, deen de Bak opdeet, flitt vrun d’Dir. An Null am Diktat!"

Kee muckst. Ech bäissen op d’Zänn.

"Ech gi fräiwëlleg!" seet de Bouni an trëppelt aus dem Sall. Den Treines seet

näischt. De Guy ass hannert der Palissad verschwonnen. Ech gesinn nëmme säi

schwaarze Widderbuuscht. Lo ass hien op sech gestallt, "allein auf weiter Flur",

an néirens e Lach an den zwou Hemisphèren um Atlasdeckel fir derduerch ze

luussen. Wann dat alt riicht ausgeet.

De Knäipschutz

17

Et ass mer elo och egal, wéivill Indianer gekillt ginn. Gewier géint Feil a Bou.

Typesch Treines! Eng "Pelikano" schreift. Meng Hand follegt. Um Blat vermëscht

sech Tënt mat Blutt. Riets niewent der Bänk wibbelt d’Klensch e puermol.

Dat ass de Bouni. Jiddereen, dee virun d’Dier flitt, muss d’Dier fest widder zéien

an dobäi d’Klensch erofgedréckt unhalen. Ier den Här Treines äis gezwongen hat,

op déi Manéier bei der Dier stoen ze bleiwen, si mer ëmmer am Gank op an of

spadséiert, hunn mol deen een oder anere Schüler begéint, si bis op d’Toilette

getrëppelt, mä lo geet dat net méi.

"Tous les Indiens ont été tués."

Den Treines widderhëlt säi Kabes vu vir un. Ech fanne kee Feeler méi. Et ass mer

wurscht. E seet, am Lycée géingen aner Säiten opgezu ginn. Dofir hätt e méi séier

gelies an nëmmen eemol widerholl. E mécht äis ëmmer gär Angscht.

"Nach dräi Minutten, da gitt der of!"

Ech maachen eng Course um Pabeier. Mir mussen eis "Pelikano" nidderleeën.

De Mecki léiert äis d’Spillregelen an der grousser Schoul. Et schellt. Den Här

Treines hieft eis Hefter op. A séier an d’frësch Loft. Dobaussen huet et geschneit.

De Knäipschutz

Jhemp HOSCHEIT

Wat wette mer?

Editions Le Phare

2. Oplo

2003

Säit 7 - 12

18

Wiem seng Mutz

ass et?

De Claude kënnt heem. D’Schoul ass aus. En ass am 3. Schouljoer. En ass mat

sech an der Welt zefridden. Net nëmme well d’Schoul aus ass. Et gëtt Saachen,

déi maachen een sou glécklech, datt d’Gléck eng Woch dauert.

"Wéi war et haut an der Schoul?" freet säi Papp. "Flott!", äntwert de Claude.

"Ou? Wat war dann haut sou flott?"

"Ech hunn dierfen trëppelen!", seet de Claude. Sengem Papp seng Ae blënzelen.

"Waaaat?", jäizt en. "Du bass vrun d’Dier geflunn? Duuuuu!"

"Beroueg dech!", tréischt de Claude hien. "Ech sinn net geflunn.

Ech konnt trëpple gon."

Säi Papp mécht eng Schëpp. En huet nach ëmmer net verstanen. An dofir muss

de Claude him alles erklären. Säi Papp ass schwéier vu Begrëff. Besonnesch wa

vun der Schoul rieds geet. E versteet déi einfachst Saachen net.

"Papp!", seet de Claude, "lauschter mol no!" En hëlt déif Loft, well e weess,

datt en e laange Saz ouni Paus muss maachen. Da ka säi Papp hien net

ënnerbriechen. Dat ass eng Taktik, déi de Claude dacks benotzt.

"Et hat een an der Paus seng Mutz am Haff verluer, a well ech de Mutzebesëtzer

net fonnt hunn, verstees de, de Kapp, deem d’Mutz gehéiert huet, deen huet

sech net gemellt an do hunn ech d’Mutz mat an de Schoulsall geholl an zum

Schoulmeeschter gesot, et hätt e Schüler seng Mutz am Haff verluer, awer ech

wéisst net wien, an do huet den Här Schmeichel gesot, da sollt ech an déi aner

Klasse froe goen, wiem d’Mutz gehéiert, awer well den Här Schmeichel Angscht

hat, datt ech misst un drësseg Diere klappe goen, huet hien d’Mutz gekuckt

a gemengt, datt d’Mutz kengem klenge Kand géif gehéieren, an dofir kéint ech

d’Spillschoulsklassen an d’éischt Schouljoer ewechloossen, an do huet en am

Kapp gerechent a gesot, dat wäeren dann nëmmen nach uechzéng Klassen,

an da sollt ech mech awer tommelen a mam sechste Schouljoer ufänken, well

hie géif mengen, datt d’Mutz éischter engem Schüler aus dem 6. Schouljoer

géif gehéiere wéi engem aus dem zweeten, obwuel een dat awer bei de Mutzen

och ni sou sécher behaapte kéint, well et ginn och Kanner, deenen hir Mutze

si méi grouss wéi hire Kapp, an ech sollt dach elo endlech goen, an en huet

gefrot, firwat ech dann nach net fort wär."

"An do bass du getrëppelt?" freet de Papp. Ganz kuerz.

"Jo!", seet de Claude. Nach méi kuerz.

19

"Dann hues du jo an där Zäit näischt geléiert!" seet de Papp ganz entsat.

"Ma dach! An de Gäng kann een och eppes bäiléieren! Et ass zum Beispill ganz

wichteg, datt een sech organiséiert! Du seess dach ëmmer: "Et geet näischt iwwer

d’Organioun!" -,

"D’Organisatioun!" verbessert säi Papp.

"Du sees Organioun!", seet de Claude zu sengem Papp, deen net nëmmen

en Ënnerbriecher ass, mee och nach Ofkierzert. "Et muss een sech e System

ausdenken. Et muss een sech e Plang am Kapp ausdenken. Et muss ee fir

d’éischt bei déi Klass froe goen, an där méi Meedercher wéi Jonge sinn. Et war

neemlech eng Jongemutz. A wann een an déi Klass, wou méi Meedercher sinn,

froe geet, da sinn d’Chancë méi grouss, datt d’Mutz kengem an där Klass

gehéiert."

De Papp rëselt de Kapp. E versteet de System net.

"Ma da muss d’an eng Klass goen, an där méi Jonge sinn." seet en.

"A neen!" seet de Claude. "Et däerf een net schon an der éischter Klass

de Mutzebesëtzer fannen! "

"A sou!" seet de Papp. E léiert séier bäi.

"Et kënnt drops un", son ech, "d’Mutz esou laang wéi méiglech ze halen!"

"Majo dann!" knoutert de Papp.

Endlech! Et ass dach kloer, datt all Mënsch dat versteet. D’Trëpplen ass dat

Schéinst, dat et an der Schoul gëtt. An et léiert een eppes bäi. Zum Beispill léiert

een d’Nimm an d’Virnimm vun de Léierinnen an de Schoul-meeschtere kennen. Et

kann een d’Träppleker zielen. Et kann ee bei all Mantelbriet d’Kreep zielen an sech

d’Zuel verhalen, a wann een nees laanscht kënnt, kann een testen, ob een sech

un d’Zuel erënnert. Dat ass e gudde Gediechtnesträning. Et kann een d’Biller,

d’Posteren an d’Zeechnungen am Gank kucken. Esou stimuléiert ee säi kulturellen

Intressi. Et kann een zu der grousser Fënster erof an den Haff kucken a vun der

nächster Paus dreemen. Phantasie huet nach ni eppes geschuet. Et kënnt een

mol an d’Gespréich, wann een engem anere Schüler am Gank begéint (- Moien! -

Salü! - Wuer gees de? – Op d’Toilette! – An du? – Et huet ee seng Mutz verluer...)

Et kann ee bei den Dieren nolauschteren. Do léiert ee seng Ouere spëtzen a säin

auditivt Sënnesorgan schäerfen. Et kann een - wann ee Loscht huet - déi futtis

Plättercher um Buedem zielen. Et kann een och sportlech aktiv ginn, wann een

zum Beispill um 3. Stack bei d’6. Schouljoer froe geet, dann um 1. Stack bei dat

3., dann nees erop op den 3. Stack bei dat 5., dann nees erof op den 2. Stack bei

dat 4. an dann nees erop bei en anert 6. Wéi gesot, wien trëppelen däerf, huet méi

vun der Schoul.

"Papp!" seet de Claude, "d’Trëpplen trimmt de Geescht an de Kierper, et deet

d’Gehierzelle schaffen an ass gutt fir d’Kommunikatioun. Et léiert ee Leit kennen.

Du sees dach och, datt s du am Guichet op denger Bank all Dag komesch Leit

kenne léiers!"

Wiem seng Mutz ass et?

0

"Du léiers awer keng komesch Leit kennen!" seet de Papp.

"Ma dach! De Portier!" äntwert de Claude. "Dat ass och e Komeschen.

Hien hätt gär d’Mutz gehat, obwuel se ze kleng fir säi Kapp war."

"A wéi laang wars d’ënnerwee?" freet de Papp. "Nëmmen eng hallef Stonn!"

"Nëmmen! Nëmmen!!"

"Ma jo!", seet de Claude, "beim néngte Versuch huet de Laurent sech gemellt,

de Laurent aus dem 5. Schouljoer. Et war seng Mutz. Schued! Ech hat mer et

geduecht, wou ech un der néngter Dier geklappt hunn, datt ech eng Dommheet

gemaach hätt. Mee do war et ze spéit.

"Hues de dann net zevill verpasst?", freet säi Papp a kuckt säi Bouf mat

groussen Aen.

"Ma Papp! Déi aner hunn eppes verpasst. Wat mengs de, wat déi sech gelangweilt

hunn. Awer bei mär do war et spannend! Soubal ech un enger Dier geklappt

hat, ass d’Spannung gewuess. Wie kënnt opmaachen? Ginn ech der Mutz lass

oder net? Wiem seng Mutz ass et? Esou spannend Momenter gëtt et net an

enger Schoulstonn. Et ass wéi am Kino. An engem spannende Film. Du weess

net, wat dech an der nächster Zeen erwaart. Tock Tock Tock... Waarden...

Bummbummbummbumm... Spannung... Vläicht ass keen am Sall?...

Re-Tocktocktock... Re-Waarden... Re-Spannung! Re-Bummbumm...

Da méchs de d’Dier lues op... krkrkruiiiiiiiiiii... an da luuss d’eran... an da kënnt

op eemol- schhhhhhhh- de Kräidgeescht op dech gesprongen... oder - wuiiiiiiiiiiii -

de Schwampmonster ... “

"Pack dech!" seet säi Papp.

"Bei dir op der Bank verléiert keen seng Mutz! Ha! Du bass jo nëmmen neidesch!

An du däerfs net trëpple goen."

"Eent steet fest!", seet säi Papp. "Du hues eppes am Unterrecht verpasst!

Un point c’est tout!"

De Papp ass net nëmmen en Ennerbriecher an en Ofkierzert, mee och nach

e Friemsproochert. En dréint dem Claude rosen de Réck a geet d’Trap aus.

E bleift stoen a freet: "Hues de keng Aufgab fir muer?"

"Dach! Mir hunn am Lëtzebuergeschen en Thema kritt: «Wéi stellen ech mer

d’Schoul vun der Zukunft vir?»"

"Ma da schreif iwwert eng Schoul, wou et e Fach gëtt, dat ‘Trëpplen’ heescht!"

"Eng gutt Iddi! Merci!", seet de Claude an iwwerleet schonn, wat e schreiwe soll.

An der Schoul vu muer gëtt hie gär eescht geholl. Hien hätt gär, datt een him

eppes zoutraut. Eng Trëppelstonn muss um Stonneplang stoen. Eng Laachstonn.

Eng Pësperstonn. Et däerf een mol kreativ liddreg sinn. Et däerf ee pädagogeschsënnvoll

flemmssen. Well och d’Flemm ka sënnvoll sinn, wann een s’aktiv,

produktiv a kreativ benotzt.

Wiem seng Mutz ass et?

1

"So! Nach eppes!", freet säi Papp. "Wat huet de Schoulmeeschter da gesot,

wou s du no enger halwer Stonn erëmkomm bass?"

"Hie sot, e géif e Schiefchen am Gank ophänke loossen, e Schiefche mat enger

gliesen Dier, fir "Objets perdus".

Wiem seng Mutz ass et?

Jean-Paul JACOBS

De Jean-Paul

rifft de Roger un

Editions Phi

1993

Säit 85 - 91

D’Téitsch am Auto

D’Marianne: Müller...

De Jean-Paul: Marianne! Wéi geet et?

D’Marianne: O net gutt...

De Jean-Paul: Net gutt?

D’Marianne: Nee, Jean-Paul...

De Jean-Paul: Ass de Raym do?

D’Marianne: Jo, mä e kënnt bestëmmt net op den Tëlefon...

De Jean-Paul: Wat ass da lass?

D’Marianne: O, en ass rosen...

De Jean-Paul: Ass e rosen? Ma firwat dann?

D’Marianne: Jean-Paul, en ass rosen. Dat ass eng laang Geschicht...

De Jean-Paul: Watfir eng laang Geschicht?

D’Marianne: ‘T ass keng schéin...

De Jean-Paul: Ma da so mer dach eppes!

D’Marianne: Wat soll ech der dann do soen? De Raym ass rosen...

De Jean-Paul: Ass en da scho laang rosen?

D’Marianne: Scho ganz laang... zanter enger Woch...

De Jean-Paul: Wat huet en dann?

D’Marianne: Ma heen huet näischt! Awer eisen Auto!

De Jean-Paul: Wat ass mat ärem Auto?

D’Marianne: Eisen Auto huet eng Téitsch!

De Jean-Paul: Eng Téitsch am Auto, dat ass dach net schlëmm!

D’Marianne: Ma dach...

De Jean-Paul: Awer dach net eng Téitsch am Auto!

D’Marianne: Ma du hues keen Auto!

De Jean-Paul: Ma dat huet dach näischt...

D’Marianne: Du hues keen Auto, Jean-Paul!

De Jean-Paul: An dofir ass de Raym esou rosen?

D’Marianne: Majo ...

De Jean-Paul: Do wäer ech awer net rosen!

D’Marianne: Ma de Raym awer! Du weess jo, wéi en ass...

De Jean-Paul: Ma da gëff mer en emol!

D’Marianne: E kënnt net op den Tëlefon, dat hunn ech der jo gesot!

De Jean-Paul: Geet e wéinst där Téitsch net op den Tëlefon?

D’Marianne: Ech hunn der jo gesot, en ass rosen...

De Jean-Paul: Ma da ruff en dach!

D’Marianne: Jean-Paul, dat huet guer kee Wäert... e kënnt net!

De Jean-Paul: Wéinst enger Téitsch!? Ma dat gëtt et dach net!

D’Marianne: Ma firwat dann net? Du hues keen Auto!

De Jean-Paul: Marianne, dat weess ech!

D’Marianne: Dat ass eben esou...

De Jean-Paul: War dat da seng Schold?

3

D’Marianne: Ma ‘t war gewëss seng Schold!

De Jean-Paul: Ass di Téitsch grouss?

D’Marianne: Ganz grouss...

De Jean-Paul: Dat deet mer leed...

D’Marianne: Hie wëllt net méi mat deem Auto fueren...

De Jean-Paul: Ma den Auto fiert dach nach, oder net?

D’Marianne: Den Auto géif nach fueren, de Raym wëllt awer net méi...

De Jean-Paul: Ma da kaaft iech en neien!

D’Marianne: Ma du hues gutt schwätzen! A wee gëtt äis dann d’Suen?

De Jean-Paul: Ech...

D’Marianne: Wat sees de? Lo muss ech awer laachen!

Du gëss äis d’Suën fir en neien Auto!? Ma déi ass gutt!

De Jean-Paul: Ech ginn iech déi Suen...

D’Marianne: Ma du hues dach kee Su hannen a kee Su vir!

De Jean-Paul: Ma hal op! Ech hu vill Suen! Ech hun eng ganz räich Fra...

D’Marianne: Dat gleewen ech net!

De Jean-Paul: Firwat soll ech da keng räich Fra hunn?

Häls de mech fir en Iesel?

D’Marianne: Du bass keen Iesel, du hues awer och keng räich Fra!

De Jean-Paul: Ma dach!

D’Marianne: Ass dat wierklech wouer Jean-Paul?

De Jean-Paul: Jo! Ma da ruft emol de Raym!

D’Marianne: E kënnt net !

De Jean-Paul: Ech kafen iech e Mercedes a fäerdeg!

D’Marianne: E Mercedes?

De Jean-Paul: Ass deen net gutt?

D’Marianne: Ma dach! E Mercedes ass awer deier!

De Jean-Paul: Dat spillt guer keng Roll...

D’Marianne: Sérieux? Spillt dat keng Roll?

De Jean-Paul: Ma neen. Ech kommen op Lëtzebuerg,

an da kafe mer e Mercedes...

D’Marianne: O, ma dat wäer léif!

De Jean-Paul: Majo sécher!

D’Marianne: Ma dat wäer ganz léif!

De Jean-Paul: Ech kommen op Lëtzebuerg.

Kann ech da bei iech schlofen?

D’Marianne: Mengs de bei äis? Jean-Paul, waard emol...

Raym, de Jean-Paul géif gär bei äis schlofen...

Raym, lauschter emol, de Jean-Paul kënnt op Lëtzebuerg

fir äis en neie Mercedes ze kafen, an e géif gär bei äis

schlofen. ..........................................................................

Jean-Paul, lauschter emol, de Raym seet,

‘t wär wéinst eisen Honn...

De Jean-Paul: Hutt der se nach?

D’Marianne: Mer hunn der elo zeng...

De Jean-Paul: Zéng Honn? Sinn dat elauter esou grousser?

D’Marianne: Si sinn alleguer zimlech grouss, jo...

De Jean-Paul: Déi grouss, wëll Honn do...

D’Marianne: Du hues se net gär!?

De Jean-Paul: Ech wees et net...

D’Marianne: Hues de nach ëmmer Angscht?

D’Téitsch am Auto

De Jean-Paul: Firwat hutt dir dann esou vill grouss Honn?

D’Marianne: Majo, Jean-Paul...

De Jean-Paul: Déi billen dach de ganzen Dag!

D’Marianne: Ma looss se dach billen!

De Jean-Paul: Ech hunn dat awer net gär...

D’Marianne: Majo, da muss d’an den Hôtel goen.

De Jean-Paul: An den Hôtel? Dat gëtt erëm esou deier!

D’Marianne: Majo, Jean-Paul ... du weess dach, wéi deier d’Hôtellen

zu Lëtzebuerg sinn!

De Jean-Paul: So, lauschter emol Marianne, wat mécht är Country-Musek?

D’Marianne: Ech maache keng méi, de Raym mécht der nach...

De Jean-Paul: An du?

D’Marianne: Ech sangen elo Schubert-Lidder...

De Jean-Paul: Du séngs gewëss Schubert!

D’Marianne: A firwat dann net? De Raym seet, dat wär ganz flott... .

De Jean-Paul: Du séngs dach kee Schubert!

D’Marianne: Ma sécher sangen ech Schubert!

De Jean-Paul: A wat soen dann déng Honn?

D’Marianne: Ma du net de Spott mat mengen Honn!

De Jean-Paul: Zeng Honn! Wéi geet dat? Ech ka mer dat net virstellen...

D’Marianne: Ma du hues keen!

De Jean-Paul: Ech wëll och keen! Net emol e klengen!

D’Marianne: Hues du da wéinstens eng Kaz?

De Jean-Paul: Eng Kaz? Bass du geckeg?

D’Marianne: Mir hunn der elo dräiandrësseg...

De Jean-Paul: Dräiandrësseg Kazen? Ma dir hutt se net méi all!

Dräiandrësseg Kazen! Ma dat sténkt dach!

D’Marianne: Dat sténkt guer net!

De Jean-Paul: Ma du kanns mer dach net soen,

datt dräiandrësseg Kazen net sténken!

D’Marianne: Ma du hues Problemer! Du hues d’Kazen och net gär,

dat ass alles! Wéini kënns de dann erof?

De Jean-Paul: Ech muss emol kucken...

D’Marianne: Kréie mer dann de Mercedes?

De Jean-Paul: Majo sécher... .

D’Marianne: Da gees de awer an den Hôtel!

De Jean-Paul: Majo, da ginn ech an den Hôtel...

D’Marianne: Raym, de Jean-Paul kënnt erof, an da geet en an den Hôtel...

De Raym: Geet en an den Hôtel?

D’Marianne: En huet dat gesot...

De Raym: Ass dat wéinst eisen Honn?

D’Marianne: An och wéinst de Kazen!

De Raym: Ma da muss en an den Hôtel goen! Oder sollen eis Honn

an d’Kazen an den Hôtel goen? Fro en dat emol!

D’Marianne: De Raym seet, du misst leider an den Hôtel goen...

De Jean-Paul: Ech muss ëmmer an den Hôtel goen!

D’Marianne: Majo Jean-Paul, dat ass esou!

De Jean-Paul: Kann de Raym mech da wéinstens um Flughafen ofhuelen?

D’Marianne: Raym, kanns du de Jean-Paul um Findel ofhuelen?

De Raym: Ech fueren net méi mat deem Auto!

D’Marianne: De Raym seet, e fiert net méi mat deem Auto.

Dat ass wéinst der Téitsch! En ass terribel rosen...

D’Téitsch am Auto

5

De Jean-Paul: Ma da so him, ech géif net kommen!

D’Marianne: Raym, da kënnt de Jean-Paul net!

De Raym: Ma da soll en zu Berlin bleiwen! Do ass e gutt!

D’Marianne: De Raym seet, da solls de zu Berlin bleiwen, do wärs de gutt...

Firwat hues de dann iwwerhaapt ugeruff?

De Jean-Paul: Ech wollt froen, wéi et iech geet...

D’Marianne: Ma du gesäis jo, wéi et äis geet...

De Jean-Paul leet op…

D’Téitsch am Auto

Josiane KARTHEISER

De Marc hätt gär

Paangecher

Editions Carrière

Luxembourg, 2005

Säit 107 - 109

6

Et gonnt ee sech

jo soss näischt

Mir Lëtzebuerger sinn, wéi all Mënsch weess, einfach net kleng ze kréien.

Och Joerhonnerte vu friemen Herrscher hunn et net fäerdegbruecht, äis an

d’Knéien ze zwéngen, an egal wat d’E.U., déi modern Form vu Friemherrschaft,

sech esou u Schikanen, neie Gesetzer a Reglementer afale léisst, mir fannen

ëmmer erëm kleng Nischen, déi mer zu eisem Virdeel ausbauen. Wa mer haut zu

deene räichste Länner vun der Welt gehéieren, ass dat ganz sécher keen Zoufall!

Wat net bedeit, datt mer net dach e grousse Schwaachpunkt hunn: eise leidenschaftlechen

Hank zum Konsum. Mir sinn einfach net sat ze kréien, egal wéivill

onnëtz Saache mer a wéi ville Variantë besëtzen, egal wéivill Zoossissen oder

Béchse mer an der Spënnchen hänken oder stoen hunn, déi scho laang hire

Verfallsdatum iwwerschratt hunn, well mer der méi kafen, wéi mer der iesse

kënnen. Mä mir kafe jo och net fir z’iessen; mir kafen, fir net z’erhéngeren;

mir kafen, fir zu all Moment genuch Reserven ze hunn, fir e Cattenoms-Gau

z’iwwerliewen an trotzdem nach eppes iwwreg ze hunn; mir kafen, well mir

einfach kafe mussen, wa méiglech all Dag vun der Woch, a sonndes fuere mer

op d’Tankstatiounen an an déi kleng Epicerien, déi mueres op hunn, fir datt

mer och dann eis frësch Croissantën an eis frësch konservéiert MëIlech kréien,

an eist frëscht Uebst a Geméis, och wann dat ausgesäit, wéi wann et schonn

eng hallef Woch do leie géiff, op äis ze waarden.

Fir äis Lëtzebuerger kleng ze kréien, géiff et also duergoen, einfach eng Kéier

matzen an der Woch dräi Deeg hannereneen d’Geschäfter zouzemaachen,

selbstverständlech och an der Groussregioun. Stellt Iech dat emol vir: laang

Schlaange vu Lëtzebuerger Autoe vrun zouene Supermarchéën zu Arel, zu Metz

a wou ëmmer, an duerno d’Invasioun vun de lokale Restaurantën, déi mer eidel

friesse géifen, fir äis vun deem Schock ze erhuelen, éier mer um Heemwee

vun Honger an Duuscht stierwe géifen.

Wéi schlëmm dat fir äis wier, mierkt ee schonn, wann nëmmen en normale

Feierdag an d’Woch fält. Mir schleefen heem, wat d’Caddyën - wat heescht

hei d’Caddyën, eis Luxuslimousinnen - nëmmen esou packen: Zocker, Salz,

Miel a Kaffi fir déi nächst siwe Méint; Biffdecker, Kotletten, Schwéngsbrot, Dindën,

Pouletën, Träipen a Wirschtercher fir dräi ‘Tiefkühleren’ ze fëllen; Wäschpolver,

fir 132 Dëscheldicher a 527 Zervéiten ze wäschen; Wäin, Béier a Schampes

fir zwee Spideeler mat Liewerzirrhosen ze beliwweren; a genuch Toilettëpabeier,

fir aIl déi Spuren, déi dat Gefréiss do hannerléisst, schéi propper a renglech

erëm ewech ze wëschen; Shampoing a Seef, fir d’ ganz drëtt Welt ze wäschen;

Neellack, Zännseef, Gebeess, Heftploschteren, Nuddelen, Gebuertsdaagskaarten,

Schongstréckelen a Kierbiischte fir zwou Generatiounen; an dann hu mer nach

d’Halschent vergiess a mussen op de leschte Stëppel nach eng Kéier zréckrennen

an nach e puer Caddyë fëllen.

7

Et ass e Stress sonnergläichen, an dat alles nëmmen, well mer eng Kéier offiziell

fräi kréien, fir doheem ze kachen a ronderëm en Dësch mat der ganzer Famill

ze streiden. Dat heescht, wa mer net grad am leschte Moment fannen, datt mer

awer net genuch am Haus hunn, a mat Sak a Pak an de Restaurant ginn, an da

vun 12 bis 3 erafachen, wéi wann et eis lescht Moolzecht wier.

Déi Deeg duerno musse mer natierlech op Regime goen, mir si stänneg op

Regime, 435.000 Leit hei am Land, Dag fir Dag, wat een am beschten un eise

Pâtisserië mierkt: mueres si se gerammelt voll Kichelcher, Kuchen an Taarten.

A wa mer owes mat eisem Regime fäerdeg sinn, si se genee esou gerammelt

eidel, mä kee vun äis kennt och nëmmen een eenzege Mënsch, dee Pâtisserieskichelcher

ësst, dat mussen déi Frontalierë sinn... déi äis jo och nach Joer an Dag

eng Renommée als Alkoholiker an Ëmweltverschmotzer zwaffen; ondankbaart

Vollek! Wa mir net wieren, krite s’iwwerhaapt näischt op den Dësch! Se solle frou

sinn, datt mer se mat duerchfidderen, si mat hire groussen, dichtege Länner,

do gesäit een erëm eng Kéier.

Dobäi si mir emol nach net déi, deenen hir Caddyën am vollste sinn, dat sinn

d’Portugisen, déi organiséieren och nach all Weekend eng Familljefriess, mä déi

schaffe jo och kierperlech, dat kann een nach verstoen. Dofir gi mir jo awer och

nom Iessen eng hallef Stënnchen trëppelen, schéin ee Fouss vrun deen aneren,

nëmmen net ze séier ; et wëllt ee jo net alles direkt matenee verdauen, schliisslech

gëtt et eréischt um fënnef erëm Kaffi a Kuch, fir datt dee bäihält, bis d’Famill erëm

doheem ass a gemittlech ze Nuecht iesse kann, éier se de Rescht vum Owend

vrun der Tëlee sëtzt, Chipsen ze knabbelen. An da wonnert d’Welt sech, datt eis

Wirtschaft esou floréiert!

Et gonnt ee sech jo soss näischt

Josiane KARTHEISER

De Marc hätt gär

Paangecher

Editions Carrière

Luxembourg, 2005

Säit 103 - 106

8

Wie wëllt en Handy?

Si hu sech beim Mike getraff, fir den éischte Bilan ze zéien. De Mike hat eng flott

Bud, zimlech grouss, mat engem eegene Buedzëmmer an Toilette a mat allen

elektronesche "Gadgeten", déi Jugendlecher an hirem Alter sech nëmme wënsche

konnten. Iwwerhaapt koume s’alle fënnef aus gutt situéierte Familljen, d’Mamm

an de Papp Carrièresmënschen, zwéin Autoen, en Akommes vu ronn 7.500

de Mount. An zanter véierzéng Deeg waren och si am Geschäft.

"Wéivill Handyen hu mer dann?", huet de Luca gefrot.

"Uechtzéng", sot de Mike. "An zéng Poschen."

De Steve, dee schonn amgaang war, an där éischter Posch ze wuIlen, huet misse

grinsen: dee Schreck vun de Bomen, wéi se hinnen d’Posch vun der Schëller

gerappt hunn. Einfach genial!

"Kuckt fir d’éischt, ob der keng Adressen an de Posche fannt", sot de Mike,

sechs Méint méi al wéi déi aner an domat de Chef. An zwou dovun hu s’effektiv

där klenger Visitëkaarte fonnt.

"Okay", sot de Mike. "Gitt mer d’Adressen an d’Schlësselen, doraus léisst sech

eppes maachen."

De Raoul huet grouss gekuckt.

"Mäi Brudder huet do Relatiounen", huet de Mike gemengt.

"Hie kennt zwéin Typen, déi ganz staark un esou Saachen intresséiert sinn.

Mä et muss séier goen, soss sinn d’Schlässer ausgewiesselt."

Déi aner ware schockéiert.

"Mä dat ass dach kriminell", sot de Luca.

"Dat, wat mir maachen och", sot de Mike.

"Och wann äis näischt geschéie kann, weIl mer nach mannerjäereg sinn."

"Jo, mä... dat ass awer net datselwecht", huet de Pol gemault.

"Ou", sot de Mike, "an dat mam Messer?"

Effektiv hate s’e puer Mol deenen zwielef-dräizéng Joer ale Bouwe mat engem

Messer gedreet, wéi se hinnen den Handy ofgeholl hunn. Just fir hir Angscht

ze gesinn a sech herno vreckt driwwer ze laachen.

9

De Mike huet also déi zwéi Schlëssele mat den Adressë kritt, déi aner Schlëssele

sinn op e Koup geluegt ginn, fir herno vum Luca ‘entsuergt’ ze ginn. Dat war

deem seng Charge, hie sollt d’Schlësselen an d’Posche verschwannen doen.

De Steve huet sech missen ëm d’Béierfläsche bekëmmeren, well bei esou engem

wichtege "Businnessmeeting" konnte se jo wuel keng Cola drénken, mä dem Mike

seng Elteren hunn d’Béierfläschen net däerfe fannen. Iwwerhaapt hunn déi fënnef

sech beméit, doheem net méi lëmmelzeg ze sinn, wéi dat vun hinnen erwaart

gouf. Hir Eltere sollte si roueg weider fir relativ sérieux halen an net op d’Iddi

kommen, se méi genee ze kontrolléieren.

"Bon", sot de Steve, "a wat maache mer dann elo mat den Handyën?"

"Ma mer verkafe se", huet de Raoul gemengt.

"A wiem dann?", huet de Pol gefrot. "Et huet dach jiddereen een."

Dorun hat natierlech kee geduecht, wéi se mat hirer Entreprise ugefaangen hunn.

"Deene Klengen aus der Primäschoul", sot de Mike.

"Déi eng hu schonn een", sot de Steve, "an déi aner hu keng Suen."

"Gewass", huet de Mike geäntwert. "Déi schwammen dach am Täschegeld."

"Jo", sot de Steve, "vläicht geet et jo duer, fir een ze kafen, awer net fir de Rescht.

A wéi solle se hiren Elteren erklären, datt s’op eemol en Handy hunn?

Ee vun deene klengen Haulie géif ganz sécher de Bak opdoen. An dann... ?"

Doropshin hu si e Schotz missen huelen.

"Jo, a wat maache mer dann elo? Elo hu mer d’Wuer a keng Clientën",

huet de Raoul gemengt. "Et geet jo awer drëm, fir Fric ze maachen."

De Pol huet d’ Stir a Fale geluecht: "So, an déi Typen, déi däi Brudder... ?"

"Vergiess et", sot de Mike. "Déi hunn eng ganz Këscht voll. A souwisou

kënne se bei hirer Aarbecht kee gebrauchen. Stell der mol vir, du bass amgaang,

d’Bijouën auszeraumen, iwwerdeems déi zwéin Aler do leien ze ronken,

an op eemol spillt däin Handy: Come sing a song of joy..."

Si hu gegrinst a fënnef Minutte laang intensiv nogeduecht, mä et ass näischt

dobäi erauskomm.

Just de Steve hat op eemol eng Iddi: "A wa mer da Robin Hood spille géifen?"

Déi aner ware paff.

"Am Fong hu mer jo alleguerten Täschegeld genuch", sot hien.

"Dofir kéinte mer jo deenen anere Leit, deenen, déi tatsächlech nach keen

Handy hunn, einfach ee schenken."

Wie wëllt en Handy?

30

De Mond ass hinnen opstoe bliwwen.

"A wéi stells de der dat da vir?", huet de Mike gefrot.

"Mir setzen äis einfach anzwousch hin a froen déi Leit, déi laanscht kommen,

ob s’en Handy hunn, a wann net, da schenke mer hinnen een. Als e gesellschaftlecht

Experiment sou ze soen. Et wier dach intressant ze gesinn, wéi se

reagéieren."

"Ma sécher," sot de Mike, "solle mer net direkt d’Televisioun bestellen!?"

Wéi op Kammando hu s’all nach eng Kéier d’Fläsch ugesat. Wéi se zwou Stonne

méi spéit fäerdeg ware mat hirer Reunioun, hate s’e bëssen eng iwwert den

Duuscht gedronk a si sech wéi sozial Helde virkomm.

Dem Mike seng Eltere waren entsat, wéi zwéin Deeg drop d’Police vrun der Dier

stoung.

"Wat?", sot dem Mike säi Papp. "Dir hutt eise Mike verhaft, well en ze

mëtschgieweg war? Dat gëtt et dach net! Esou hu mer en awer net gezillt..."

Wie wëllt en Handy?

Roger MANDERSCHEID

Schacko klak

Editions Phi

1988

Säit 207 - 210

31

Schoulliewen

am Krich

an der schoul haten d’kanner nei bicher kritt. am rechebuch huet de bouf misse

mat der ganzer klass gewierkugelen zesummenzielen, ganz divisioune wehrmachtszaldoten

a kompanië verwandelen, hakekräizfändele mat hausgiewele

multiplizéieren oder fliger a geschwader opdeelen. meeschtens stukaën.

hie war elo beim schoulmeeschter an der schoul; dee schoulsall luch gläichens

dem buedem. am liesbuch ass d’hitler-jugend an duebele reie queesch duerch

alpelandschafte marschéiert. ënnerschrëft: "hitler-jugend auf froher fahrt". si wäiss

seegelfliger iwwert d’buchsäite geschwieft, stung de “bingener mäuseturm” wéi e

strengen index aus de welle vum räin. dem bouf ass de schoulmeeschter virkomm

wéi e monument op rieder. well en alles wosst. och aus der vergaangenheet.

op all fro wosst hien eng äntwert. d’kanner net:

- wie heisst die meeresjungfrau auf dem rheinfelsen, die manchmal mit ihrer

schönen stimme die schiffer auf ihren rheinschiffen betört? weiller.

- lilli marleen, herr lehrer.

- und welcher deutsche dichter hat diese jungfrau besungen?

sein name und sein vorname beginnen mit h.

- heinrich, eh, heinrich, eh, heinrich himmler, herr lehrer.

heiantdo war et lëschteg an der schoul.

- wann fand der dreissigjährige krieg statt? weber.

- dass ist schon lange her, herr lehrer.

- setz dich, faulpelz. DER KLEINE JUNGE MIT DEM GROSSEN MUFF.

abschreiben, ganz. für morgen.

- jawohl, herr lehrer.

de bouf huet heiantdo gemengt, hire schoulmeeschter hätt perséinlech mam

napoleon zu waterloo matgekricht. den herr lehrer konnt esouguer an d’zukunft

kucken:

- aus dir wird nichts, weber.

deeselwechte weber ass joren duerno an amerika zu sue komm an huet,

fir eng vu senge fabricken opzeriichten, e gudde batz lëtzebuerger land opkaf.

rechne konnt hien, den herr lehrer, wéi de wand. awer turnen? géint d’turnen hat

hien eppes. all joer gouf vläicht eng hallef stonn laang geturnt. schued. de bouf

war esou drop versiess, ze rennen, ze sprangen, futtball ze spillen, velo ze fueren.

3

an engem anere buch war "unser geliebter Führer Adolf Hitler" amgaang, kleng

kanner ze tätschelen, an him sinn deemools schon déi blénkeg ae vun de

mammen opgefall, déi dragekuckt hun, wéi wa se an aneren ëmstänn wieren.

a sengem brudder sengem décke REALIEN-BUCH war eng photo dra vum hitler,

déi ee mat enger gillette erausgeschnidden, a wéi den oberinspekter an d’schoul

koum, nees séier agepecht hat. hien hat ee moment angscht fir säi brudder.

dowéint. vläicht gouf ee wéint esou engem verbriechen ëmgesidelt? mat de joere

krut dëst hitlerbild ëmmer méi e laange schnurres aus tënt an tusch an ass zu

gudder lescht ganz ënner engem verwuerelte gekritzels verschwonnen. an

deemselwechte buch, oder war dat an engem aneren? gouf et och opreegend

biller: dee männlechen an dee weibleche kierper mat allem drëm an drun.

Mat deene biller ass en dacks an déi gutt stuff gehéisst, fir se do am detail

ze stodéieren. faarweg photoë vun der wëller a friemer tundra, vun der wüste

gobi, vun der stad tunis, vun ni gekuckten déieren, wéi mamuther, dinosaurier,

echtosaurier, hunn him seng virstellung vun der äerd erweidert, technesch

zeechnunge vu maschinnen, vu komplizéierte motoren, vun eenzelen deeler vun

enger damplokomotiv hunn an hirer geneeër "sachlechkeet", sou ging een haut

soen, bei him dobannen eng begeeschterung ausgeléist, déi e bis elo nach net

kannt hat. sou sutz en op eemol viru wäisse blieder, déi onméiglechst maschinnen

an apparater ze entwerfen, meeschtens deeër, fir ze fléien. déi zäit krouch en och

e meccano. en huet deeglaang geschrauft a gebaut domadder. war dat eng freed,

mat dir zesummen, weess de nach julliett, e kran ze bauen?

an dann eréischt: zeechnen? eng stonn pro trimester ass gezeechent ginn:

allerseelenstimmung, de kleessen, ouschtereeër, de "gestiefelte kater",

hierschtblieder. hire schoulmeeschter war am zeechnen eng null. en huet dat

selwer zouginn. him war dat sympatesch. hien hat hie gär, well en esou riteraus

war. munnechmol sinn et der ginn: net dax, awer wann, dann huet et ageschloen.

da konnt e brutal mam lineal an d’käpp haen, mat der fauscht an d’gesiichter.

en huet d’kanner aus der bänk gerappt a widder d’heizungskierpere gehäit.

eng minutt drop huet et him leed gedinn. dann huet e witze verzielt. an direkt

nees mat deem geschwat, deen der elo just erwëscht hat. déi kathoulesch art

a weis, oder?

en huet haart an däitlech geschwat. ass tëschent de bänken op- an of spadséiert,

fir seng wierder am mond mat der zong ze skulptéieren. seng schrëft huet

ausgesinn, wéi gedréckt, all bustof gouf net op d’tafel geschriwwen, mä gemoolt.

däitsch a rechnen sinn d’kanner geléiert ginn an och "Wie der fleissige Landmann

seinen Acker bestellt". d’schoul luch matzen am duerf, an engem haff mat

lannebäm, am schiet vun der kierch, déi vun uewen erof dominéiert huet. wann

de schoulmeeschter amgaang war, eppes ze explizéieren, huet de bouf vun der

strooss dobaussen de kamméidi héiere vun de baueren, déi mat teimere voller

mëscht ënnerwee waren, huet iwrem rand vun der mauer vum schoulhaff d’käpp

vun de bauere gesi wéitschen, am rhythmus vum päerdsgetrapps, huet de päerd

hir ouerespëtze gesinn no de mécke fachen. ‘t war streng verbueden, op d’strooss

ze kucken. hien huet ëmmer nees dohinner balluckt. de schoulmeeschter huet

geruff:

- aufpassen. wass hab ich jetzt eben erklärt?

an de bouf huet him, flang, an d’ae gekuckt an hat awer nëmmen ouere

fir déi kréckeleg rieder vun de karen, déi dobaussen, muerjes em zéng auer,

voller loscht, ënnerwee waren. dobausse war d’liewen, dat richtegt.

Schoulliewen am Krich

Claudine MUNO

Frigo

Op der Lay

Esch/Sauer, 2003

Säit 9 - 19

33

Lunapark

Am Joer 1963, war d’ Madame Lützelmann, déi deemools nach einfach Thea

geheescht huet, mat hirer Tata an hirem Monni op Nieuwport an d’Belsch an

d’Vakanz.

D’Omi, wéi dem Thea Lützelmann seng Mamm genannt gouff, ass ni an d’Vakanz

gaang, just heiansdo mam Zuch op Lonkech op de Maart, fir sténkege Kéis ze

kafen. Well den Opi näischt Anescht wéi en Duuschti war, huet si sech net getraut,

wäit mat him ze fueren, op eng Plaz zum Beispill, wou d’Leit hien net kannt hunn,

a wou se hie fir d’éischt mol hätte misste kenne léieren. "Wat manner Leit den

Opi kannt hunn, wat besser", duecht sech d’Omi deemools. An der Noperschaft

waren déi meeschte Männer Duuschtien an e puer Fraleit och; wou sollt een net?

"Mee wou sollt een net", sot de Premier an huet seng Paraph gemaach. Deemools

ass et jo schonn ugaang: d’Sonn koum nëmmen nach muttwëlleg eraus, d’Haiser

hunn d’Läpper hänke gelooss. D’Plaffonge si gerass. Zich koumen op eemol ze

spéit, et war alles net méi d’selwecht wei virdrun, wou et nach ganz anescht war.

D’Enn huet deemools scho ganz lues ugefaang.

D’Aarbechter si beim Stromenger Drëppen hannert hir Colië geheie gaang, d’Omi

huet moies an owes do ausgehollef an däischter dragekuckt. "Et muss een dat net

och nach encouragéieren", sot d’Omi. Si war der Meenung, dass et besser wäer,

wann si de Ruppjange mat hire verschweesstene Mutzen direkt kéinnt de Krätz un

den Hals wënschen an den Opi net doheem misst mam Rimm un e Stull strécken.

Wéi gesot, si ass nach ni an d’Vakanz gefuer, och net eleng, obwuel si sech

net genéiert hätt; mee si huet haaptsächlech gefaart, si géing sech net selwer

iwwerriet kréien, fir zréckzekommen.

D’Thea Lützelmann stung also 1963 virum Lunapark op der Digue zu Nieuwport

an der Belsch an huet d’Aen zougemaach. De Monnihubert wollt eng Foto huelen.

Mat gebockeltem Réck ass hie ronderëm geschlach an ëmmer erëm ofgerutscht

mat senge gewichstene Mocassinën mat de gro-bronge Strëmp dran, déi déiselwecht

Faarf hate wéi d’Schung. Dowéinst huet et ausgesinn, wéi wann hie Reid-

Stiwwelen unhätt oder immens knaschteg Been. D’Thea Lützelmann war der

Meenung, wann hatt geng d’Aen zoupëtzen, da géing een hatt herno och net

op der Foto gesinn. Da war d’Foto eben einfach net geholl ginn. Zu Nieuwport op

der Digue huet d’Thea Lützelmann erausfonnt, dass d’Aen-zoumaache géint bal

alles geng hëllefen.

D’Tataugeni, der Omi hir Schwëster, hat him en neit puer Schong kaaft an engem

Buttek, wou se d’Féiss geröntgt hunn, fir déi genee Schonggréisst ze kucken.

3

D’Thea Lützelmann hat op der blechener Këscht gestanen; hatt hat sech esou

schwéier gemaach wéi hatt konnt, fir d’Suele fest opzeleeën; hatt hat d’Balleren

op deenen zwou Säite widdert de Plasstik gedréckt, hat d’Aen zougemaach

an op de Blëtz gewaart.

De Rimmche vun de blénkegen turquoise Sandalen hat d’Tataugeni him mat

enger Versicherungsspéngel festgemaach, well net genuch Lächer dra waren,

an am Hôtelszëmmer ënnendrënner hunn d’Leit sech beschwéiert, well d’Talleke

bei all Schréck op de Parquet opgeschloe si wéi Arméisstiwwelen. "Da schlapp

net an denge Schong", sot Tataugeni, "de Mann vun ënnendrënner dreemt

de ganzen Dag vun der Gestapo"; an d’Thea Lützelmann huet gegrommelt.

"Si sinn ze grouss". D’Tataugeni huet de Kapp gerëselt: "Dat kann net sinn",

an de Monnihubert sot: "D’Kand huet Plattféiss". "Vläicht war den Apparat futti",

sot d’Thea Lützelmann. De Monnihubert sot: "E war fuschnei, wat huet dee

geglënnert vun alle Säiten!" D’Tataugeni huet mam Kapp genéckt: "Wann hien

et scho seet… an hie kennt jo awer alt eppes vun deenen Apparater fir d’Féiss

ze röntgen".

Iert se op Nieuwport an d’Belsch gefuer sinn, war d’Tataugeni doheem

mam Thea Lützelmann bei de Coiffeur gaang. "Lo maacht där Jëfferchen eng

Permanente". Et war, wéi wann ee sech fir d’éischt eng Zigrett ufänkt oder

sech fir d’éischte Kéier selwer e Knuutschfleck op den Aarm mécht, e Versprieche

vun eppes, wat ënner Emstänn méi grouss konnt gi wéi ee selwer. Wéinstens

mol eng Kéier den Ufank vun eppes.

D’Coiffeuse hat laang blond Hoer, wéi ee vun deenen arroganten Hënn. An

d’Thea Lützelmann huet sech geduecht, dass een, deen esou agebilten Hoer

hätt, iwwerhaapt näischt kéinnt falsch maachen, op d’mannst net als Coiffeur.

Bis dohin hat d’Omi him ëmmer d’Hoer geschnidden, riicht of, mat der Kicheschéier,

an dann an eng Trëtz gedréint. Herno huet hatt vun hannen ausgesi wéi

dem Opi säi gudde Pinsel fir d’Kichestill ze lackéieren. Heiansdo huet d’Thea

Lützelman sech gefrot, firwat dass net méi dacks an der Schoul en Handwierker

hatt erwëscht hat, fir mat him d’Heizungsréier frësch unzesträichen. Well seng

Spëtzen esou assymetresch ofgeschnidde wieren, sot d’Coiffeuse, huet si e bësse

méi misse garrele wéi se geduecht hat; Herno sinn d’Hoer esou just nach ëm

d’Bigoudië gang, a wou se d’Hauf opgehuewen huet, do huet d’Tataugeni an

d’Hänn geklappt: "Lo gesäis de aus wéi d’Marilyn Monroe".

"D’Marilyn Monroe" stung mat ze grousse Sandalen zu Nieuwport an der Belsch

op der Digue an huet drop gewaart, dass de Monnihubert endlech geng seng

schäiss Foto maachen, fir dass hatt kéinnt an de Lunapark goen. Do gengen de

Monnihubert an d’Tataugeni him Partiën um Flipper spendéieren, an da kéinnt hatt

fir ee Moment laang net drun denken, dass hatt Hoer hätt wéi eng doudeg Fra.

D’Leit am Hôtel hunn hatt gekuckt an dann de Monni an dann d’Tata an sech

selwer eng Geschicht verzielt. D’Thea Lützelmann huet an där Vakanz vill d’Aen

zougemaach, fir dass keen hatt sollt gesinn. Op de Säiten huet hatt d’Krausele

misse mat Spéngele festmaachen, well se him wéi besoff vun der Stier stungen.

De Monnihubert huet him säi Kappkëssen an eng Wurscht gerullt an him et an

d’Akaul gedréckt, fir dass hatt sech d’Hoer net geng verwurrelen. "Wann s de

wëlls eng Joffer sinn…" Dee Saz war esou al, datt en et net méi vum Ufank bis

bei de Punkt gepackt huet.

Lunapark

35

D’Tataugeni hat dem Thea Lützelmann verbueden, de Kapp ze wäschen, well se

keng Bigoudiën derbäi hat, an ouni Bigoudiën, sou hat d’Coiffeuse gesot, géing

eng Permanente ausgesi wéi e gepatschtent Ee. De Sand, deen zu Nieuwport

bestänneg am Wand hung, huet sech un dem Thea Lützelmann seng Krausele

gepecht, de Kapp huet ugefaang ze bäissen, an d’Tataugeni huet him en owes

mat "Eau précieuse" masséiert.

Ënnen op der Plage hunn e Koup fett Kanner ganz eleng gespillt, a knätschfaarwege

Schwammkostümer, wéi Kamellen, déi een aus enger Täsch verluer hätt.

Keng där gudder, wéi se am Zeitungsbuttek hannert der Téik stungen, mee

där eekeleger verpechtener, déi déi al Tataen an hire Poschen haten, tëscht

dem "Klosterfrau Melissengeist" an enger Kondolenzkäertchen. Eng vun de

"Kamellen" huet e Lach an de Sand gegruewen, déi aner huet e Bierg aus Sand

opgeschëppt, an d’Thea Lützelmann huet de Kapp gerëselt iwwert d’Dommheet

vun de Kanner. Nach eng aner huet sech am Krees gedréint wéi eng Méck,

déi an engem Glass Gebeess hänkt. Vun der Digue aus huet d’Thea Lützelmann

gesinn, wéi dat Kand d’Äerm an d’Luucht gestreckt huet, probéiert huet, sech

op d’Zéiwen ze stellen, an ëmmer erëm am Sand ageknéckst ass. "Dann hal dach

op ze probéieren, du domm Toz!" Wéi konnt een nëmmen esou schäissdomm

sinn? "Herno gi mer erof, da kanns de mat de Kanner spillen!" - "Dat häss du

gär esou - duecht d’Thea Lützelmann - dass dir iech nëmmen net braucht mat

engem ofzeginn!" Hatt war amgaang, de "Kamelle" vun der Plage a sengem

Kapp Frechheeten ze maachen, do huet et geklickst. De Monnihubert hat seng

Foto gemaach. Am Fong wollt hatt granzen a soen, et kéinnt een dach net esou

einfach eng Foto maachen, wann hatt amgaang wäer, aner Leit a sengem

Kapp ze versäckelen. Mä hatt huet un de Lunapark geduecht an un de Flipper:

"Mat e bësse Chance, vläicht sinn ech jo guer net op der Foto".

Am Lunapark dobanne war et waarm a stéckseg, an d’Flippere waren all

besat. "Du kanns jo dat heite spillen", sot de Monnihubert, an hien huet d’Thea

Lützelmann virun eng Plack bugséiert, op där een huet missten eng Scheif

mat enger anerer widdert eng Maierchen drécken. Woufir soll dat gutt sinn?

"Weis emol, wéivill Frang hues de nach?", huet de Monihubert, gefrot a mam

Domm duerch dem Thea Lützelmann säi Portemonni gebliedert. "Ma so mol,

du stees dech besser wéi mir. Da spendéiers de der Tata a mir dono och eng

Partie, häh?" Hatt huet e puer Mol déi sëlwereg Scheif mat där anerer Scheif

widdert d’Maierche geknuppt an ëmmer de Flipper aus dem Eck am A behalen.

Wéi hatt gesinn huet, dass ee fräi gouff, ass him kuerz de Verstand stoe bliwwen,

d’Scheif koum erëm vun hirer Rees bei d’Maierchen an ass dem Thea Lützelmann

flang widdert d’Fanger geklaakt. "Oi, dat do gëtt e bloen Nol", sot de Monnihubert

an huet him d’Scheif aus dem Grapp geholl: "Mäin Tour!"

Moies fréi, wann d’Thea Lützelmann opgestanen ass, dann huet hatt missen

eng Kazewäsch beim Lavabo maachen, well beim Zëmmer kee Buedzëmmer

derbäi war. De Monnihubert louch meeschtens nach am Bett ze schnaarchen,

an hatt huet probéiert, sech ze fläissen. Hatt huet d’Seef eng Kéier séier widdert

de Läppche getuppt an ass duerch säi Gesiicht, iwwert säi Réck a säi Bauch

gefuer, sou dass dat kaalt Waasser sou mann wéi meiglech widdert hatt kéim.

Wann hatt Chance hat, dann hat Tataugeni hire Brëll nach net op oder war bis

op d’Toilett. Mee wann si hir kriddeleg Staut hat, dann ass si méi genee kucke

komm an huet de Kapp gerëselt. Lo gëtt sech emol eng Kéier richteg geschruppt.

Lunapark

36

Si huet d’Fënster grouss opgemaach, e Fong Waasser an de Lavabo lafe gelooss,

an de Läppche konnt sech e puer Sekonne laang vollsuckelen. Dono huet d’Seef

geschaimt wéi geckeg, an dem Thea Lützelmann ass et meeschtens weech ginn.

Dat war datselwecht Stéck Seef, mat deem de Monnihubert sech ëmmer ënnert

den Äerm gewäsch huet, just dass hee kee Läppche geholl huet ("Ech brauch kee

Läppchen, well ech si kee Läppchen, hohoho" an esou weider). Hien huet sech

léiwer direkt mat der Seef ënnert den Aerm geschruppt. Wann d’Fënster bis op

war an d’Drëpse Waasser vum Läppchen wechgefuer si wéi d’Fonken, dann ass

de Monnihubert meeschtens och waakreg ginn. Wat gesinn ech dann do, sot

heen, e schwaarze Kicki. D’Thea Lützelmann huet d’Aen zougepëtzt a probéiert,

näischt ze soen, wéi d’Marilyn Monroe, an d’Show einfach iwwert sech ergoen

ze loossen. Wéi "d’Grandüchess", wann ee sot, si hätt jo mam Roosevelt Golf

gespillt, während se sech doheem hätte misste Marzipan aus Grompere

brutschen. E gaaaaanz schwaarze Kicki! An da war et awer méi staark an hatt

huet gebläert: "Ech hu kee schwaarze Kicki, ech hu kee schwaarze Kicki, ech

hu kee schwaarze Kicki", wéi wann dat immens wichteg wäer, dass hatt kee

schwaarze Kicki hätt, esou wéi hatt do stung, mat de Féiss op engem Stull,

der Tataugeni hiren Aarm ëm de Bauch wéi d’Staang vum Sessellift zu Veianen,

an d’Hoer zu Bierg stoen.

Wann d’Thea Lützelmann aus der Vakanz heemkoum, dann huet d’Tataugeni

hatt ëmmer mat engem schwéiere "Poufdech" aus dem Auto gelooss an de

Monnihubert huet nach eng Kéier vun hannert dem Steierrad erausgereecht

an dem Thea Lützelmann e klenge Ku op den Hënner ginn. Da mëss de, dass

de de Kicki och ëmmer gutt wäschs bis déi nächste Kéier. D’Omi stung an der

Dier sech d’Hänn um Schiertech ze reiwen. Sou laang d’Thea Lützelmann sech

erënnere konnt, huet ëmmer Iessen un der Omi hiren Hänn gehaangen, an esou

laang hatt sech erënnere konnt, war si ëmmer eng Omi gewiescht, wieleg an

emol net vermessen doriwwer. Si huet sech net gewiert géint déi brong Flecken,

déi hir scho fréi einfach esou op d’Hänn geflu koumen, oder géint déi reng mauve

Oderen, déi hir an hir Bee gefuer sinn, déi Been, déi sech mat der Zäit gebéit

hu wéi dem Uri Geller seng Läffelen. Mee d’Tataugeni huet sech dogéint ëmmer

gutt genat, fir dass si och net geng verdréchnen.

D’Omi huet dem Thea Lützelmann eng Taass waarme ‘Schocki’ gemaach, him

eng Kéier iwwert d’Hoer gestréilt. "Bass de frou, dass de rëm hei bass", kee

Fragezeichen, dann huet se d’Jardinière mat den Tomatestäck vum Fënsterbriet

geholl an ugefaang, d’Planzen ëmzedëppen. Déi schwaarz Grimmele sinn hir

ënnert d’Fangerneel gekroch an d’Thea Lützelmann huet sech geschuddert. Wann

ech se kéinnt ofbäissen, da géif ech drop knaen an drop knae wéi op

Knätschgumm, sou laang bis ech se vreckt hätt.

Deeselwechten Owend huet hatt d’Mapp mam Bréifpabeier ënnert sengem Bett

erausgeholl an huet geschriwwen: Liebe Tante, ich danke Dir für den schönen

Urlaub. Ich hoffe, wir verreisen nächstes Jahr auch wieder zusammen. Bitte sage

auch Deinem Gatten noch einmal vielen Dank. Deine Theodora. Dee Bréif hat

hatt aus der Omi hirem Knigge ofgeschriwwen an et war all Joers deeselwechten.

E Mount méi spéit hunn d’Tataugeni an de Monnihubert wéi ëmmer e puer Fotoe

geschéckt, an d’Thea Lützelmann huet d’Enveloppe nach méi haseleg opgerappt

wéi soss. Hatt konnt déi Art a Weis net ausstoen, wéi d’Omi Bréiwer opgemaach

huet.

Lunapark

37

Fir d’éischt gouf ëmständlech no engem Knäipche gesicht, dann huet se

d’Enveloppe mat der Hand platt gedréckt, fir dass se och nëmmen net geng

fatzen. D’Thea Lützelmann wollt schassgeckeg ginn. Hatt huet nervös mat

den Talleke vu sengen zevill grousse Sandale geklabbert an sech u sengen

Hoerspéngele getriwwelt. "Firwat dees de déi Schung net aus, sot d’Omi,

déi sinn der vill ze grouss!" D’Thea Lützelmann huet de Kapp gerëselt:

"Dat ass nëmmen, well ech Plattféiss hunn." – "Du hues gewëss Plattféiss."

– "Wéini gi mer erëm bei de Coiffeur", huet hatt gefrot. D’Omi huet him

iwwert d’Hoer gestréilt: "Looss se dach erëm wuessen, du bass esou schéin,

wann s de eng Trëtz hues."

D’Foto vum Marylin Monroe op der Digue louch ganz ënnen. D’Omi huet de

Kapp schif geluecht: "Dat ass awer keng schéin, wat kucks du do esou granzeg."

Mä d’Thea Lützelmann huet d’Bild virsiichteg op seng Hänn geluecht, fir dass

nëmmen näischt sollt drukommen, an hatt ass domat a seng Kummer gaang.

Um Schreifdësch bei der Luucht huet hatt d’Foto nach eng Kéier méi genee

gekuckt. Hatt stung poulriicht an der Mëtt, d’Féiss beieneen, d’Bee riicht, d’Hänn

viru sech anenee verkräizt an huet op d’Mier gekuckt, wéi wann hatt grad een

dran ersoff hätt. De Wand hat him d’Krauselen no hanne geblosen, esou dass

ee seng Spéngele guer net gesinn huet. "Ech si schéin op där Foto duecht d’Thea

Lützelmann, net schéi wéi déi aner Leit - wéi d’Martine vun niewendru mat de

rosaë Plüsch-Lastiker an den Hoer- mä méi intressant wéi déi aner Leit. Wéi wann

ech e Problem hätt oder e grousse Misär. En Trauma hannert der Stir."

Hatt huet d’Bild a seng Mapp bei de Bréifpabeier geluecht an ënnert dem

Bett verstoppt. Wann ee gutt gekuckt huet, dann huet een op der Foto am

Hannergrond, just nieft dem Rimmche vu senge Sandalen, eng déck Kamell

gesinn, déi op den Zéiwespëtze stung, d’Hänn riicht an den Himmel gestreckt.

Lunapark

Jacques STEFFEN

D’Lisa

Editions Saint-Paul

Luxembourg, 2006

Säit 7 - 9

38

D’Lisa,

e staarkt Meedchen!

Wéi d’Lisa d’lescht Woch bei seng Bridder an hir heemlech Stopp am Bësch

gaangen ass, dunn ass him eppes Aussergewéinleches geschitt.

D’Lisa mat senge laangen, blonden Hoer, senger Stuppsnues a sengem Laachen,

dat esou ustiechend ass, blouf op eemol stoen. Beim ale Bierkebam hat dat

klengt Meedchen eppes gesinn, dat säi Liewen an dat vu villen anere Leit ännere

sollt.

Et war him, wéi wann am Gras eppes giff blénken a fénkelen. D’Lisa huet sech

gebéckt an e Bengelche gesinn, deen op engem Wupp getrëtzt war. Wéi sou

en holzene Bengel blénke kann a firwat e just deen Dag dem Lisa opgefall ass,

dat war u sech net ze verstoen. D’Lisa war bestëmmt schonn dausendmol dëse

Wee gaangen, fir an hir Stopp ze kommen.

Datt een de Bengel verluer hätt, dat war onwahrscheinlech, well kee Frieme kennt

hir Stopp oder och nëmmen de Wee dohinner. Ma vläicht hat en Déier de Bengel

heihinner geschleeft, oder e war engem Vugel aus dem Schniewel gefall. D’Lisa

hat och keng Zäit, fir sech laang Gedanken ze maachen, et wollt mat senge

Bridder Kauzekäpp fänke goen.

Wéi d’Lisa de Bengel ophieft, hat et direkt eppes ewéi Spruddelen a Faarwen

am Kapp. Alles war liicht a kribbeleg, an esouvill Iddien op eng Kéier hat hatt

nach ni mateneen. Et ware genuch Iddien, fir zéng Hefter voll ze schreiwen.

D’Lisa frot sech: "A wat ass dat do?"

Eng Stëmm, déif bannen a sengem Kapp, huet geäntwert: "Endlech, ech hu

geduecht, du giffs mech ni gesinn. Dausendmol bass du bis elo laanscht

mech gaangen, an haut, endlech, hues de mech fonnt."

D’Lisa war e bëssen erféiert. Sou eppes wéi dat do gëtt et soss nëmmen a Bicher,

mee net a Wierklechkeet, an d’Lisa wollt de Bengel schonn ewechgeheien.

Do huet et eng Stëmm héieren, déi him sot:

"Nee waart, soss kann ech dir jo net hëllefen..."

"... Mir hëIlefen?", frot d’Lisa, dat guer net gewinnt ass, dass een him muss

hëllefen, an et huet iwwert d’ganzt Gesiicht gelaacht. Nees ware Spruddelen,

Faarwen an dës Kéier och Musek am Kapp ze spieren.

39

"Jo, ech kann dir hëllefen, dass deng schéinste Wënsch an Erfëllung ginn!

Just eent muss de wëssen: Ech kann dir net hëllefen, dass du méi räich oder

méi staark gëss, mee dat fënns de scho selwer eraus. Stiech de Bengel an deng

Boxentäsch! Wann s de mech brauchs, ech sinn ëmmer fir dech do. Wann s du

op d’Trëtz vum Bengel drécks a mir däi Wonsch sees, da probéieren ech,

fir dir ze hëllefen. Du mierks och gläich an dengem Kapp, datt ech bei dir sinn..."

"Ah, du mengs dat mat de Spruddelen!"

"Jo, sou kanns du dat och nennen", sot d’Stëmm, an op eemol war et roueg.

Well et scho spéit war, huet d’Lisa de Bengelchen an d’Boxentäsch gestach an

ass séier bei d’Stopp gelaf, wou seng Bridder schonn ongedëlleg gewaart hunn.

D’Lisa, e staarkt Meedchen!

De Ministère vun der Éducation nationale

an der Beruffsformatioun seet merci:

den Dammen an Hären Auteuren;

dem Här Roger Manderscheid fir d’Deckelbild;

dem Här Lex Roth fir d’Kontroll vun der offizieller Orthographie;

Interpub’ fir de Layout an d’Realisatioun.

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!