HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Qualimätch géint Holland 2.9.2006 0-1

Wei laang hun mir eis op den Match gefreet! Wei bei der

Auslousung bekannt gouf, dass d’ Hollänner bei eis an

der Grupp wieren, waren mir alleguer aus dem Haischen.

Fir eis war an dem Moment kloer, dass mir fir den Match

eppes Besonnësches missten op d’ Been stellen. Dofir

hun mir eng Tifo gebastelt, dei aus engem groussen

Lëtzebuerger Fändel bestaan huet. Des weideren haten

mer och genuch mat eisem Fanzine ze din, deen wei

ëmmer zum Ufank vun all Qualifikatioun erauskënnt.

Den Daag vum Match hat sëch den haarden Kär aus dem

M-Block schon mëttes op der Schueberfouer Rendez-

Vous gin, bei deem ech leider demols net konnt dobäi

sin.

Voller Erwaardungen sin mir als Supporter an den Match

do erangaangen an trotz eiser klorer Außensäiterroll

waren mir eis sëcher, dass’en eis Jongen giffen mat

vollem Asaaz an den Match eragoen. Ganz grouss enttäuscht goufe mir awer schon

virum Match vun eisen Landsleit, dei zu grousser Zuel an hollänneschen Trikoten an

den Stadion koumen. Als Strof kruten sie dun direkt vun den M-Blocker:

„Landesverréider, dir sidd just Ländesverréider“ un den Kapp gehäit.

Obwuel d’Hollänner eis zueleméisseg wäit iwwerleeën waren (zu engem groussen Deel

och duerch dei grad genannten vill Lëtzebuerger an hollänneschen Trikoten), konnten

sie stëmmungsméisseg dem M-Block an kengem

Moment d’Waasser reechen an mir

waren bestänneg mei haard. Dei eischt Halschent huet zumools an deem Sënn

erausgestach.

Zum Match: Dei eischt Halschent

war genial vun eisen Léiwen. Sie

hun einfach alles, waat se haten,

aus sëch erausgeholl an den

Hollänner entgéint gehäit. No 9

Minutten, et war grad zu engem

klengen Gespréich ënnen beim

Drot komm, wei ech den Pol uewen

héiren blären: „Hei do!“.

Mir hun all gekuckt an den Strasser

mëcht eng wonnerschéin Pass op

den Aurélien Joachim, deen fräi op

den Van der Saar zouleeft, an den

Ball em en halwen Meter laanscht

den lenken Poteau setzt. Esou knapp, awer trotzdem laanscht! Elo war d’ Stëmmung

am Block um Iwwerkachen, mir hun gemierkt, dass do eppes dran war, well d’