HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Impressum: Den Huel Se ! ass den offiziellen Fanzine vun den M-Block Fanatics 95.

D’Annahmen dei mier heiduerch maan gin benotzt fier d’Produktionskäschten ze

decken. Eventuell Gewënn fleissen direkt an eis Keess, aus daer mer dann eist

Material fier d’Choregraphien an ähnlech Aktiounen finanzeieren. De Fanzine huet

naischt mat der FLF ze din an ën vertrëtt och net onbedenkt d’Meenung vun all den

Fans vun der Lëtzebuerger Fussballnationaléquipe. All Auteur iwwerhëllt d’voll

Responsabiliteit fir dei vun him geschriwwen Artikelen.

Mier freen eis trotzdeem iwwert all Artikel deen mer rakreien. Leit dei gewollt sinn eis

hiert Material ze iwwerlossen kennen sech op www.mf95.com un eis wenden.

Wei der gesidd ass baal den ganzen Fanzine op Lëtzebuergesch verfaast – waat dann

matsechbrengt dat Fehler opgrond vun feelendem Wëssen iwwer lëtzbuergesch

Grammaire onvermeidbar sinn. Mier hoffen Dier huelt eis daat net zevill iwwel.

Hu geknipst: Tageblatt, Wort, de klenge Roland, Benem, Kriztael, Lou, Flat, Tom

Hu getippt: Kriztael, FlaT, Paul, Ben, Olli, Lou, Tom

Hu gelayout: Kriztael, Flat

Kontakt: fanatics95@hotmail.com / www.mf95.com

Daat ass dran:

Sait

3 Réckbléck op d’Quali 2006-2008

4 Eis Nationaléquipe

6 De Géigner vun Haut

7 D’Hollänesch Nationaléquipe

8 Rotterdam an säi Fussball

10 De Kuip

11 Présentation

13 Biller aus der Vergangenheet ...

14 Testmätch : Türkei

16 Qualifikatioun : Lëtzebuerg - Holland

17 Testmätch : Lettland

18 Qualifikatioun : Slowenien – Lëtzebuerg

21 Qualifikatioun : Lëtzebuerg – Bulgarien

22 Testmätcher : Saarbrecken & St. Gilloise

23 Testmätcher : Togo & Gambia

24 Testmätch : Treier

25 Qualifikatioun : Lëtzebuerg – Wäissrussland

26 Testmätch : Koblenz

27 Testmätch : Metz / Qualifikatioun : Lëtzebuerg – Albanien

31 Testmätch : Leverkusen

32 Testmätch : Georgien

33 Testmätch : 1. FC Kaiserlautern

34 Qualifkatioun : Slowenien – Lëtzebuerg

35 Qualifkatioun : Bulgarien – Lëtzebuerg

38 Testmätch : GB Antwerpen

39 Qualifikatioun : Wäissrussland – Lëtzebuerg

41 Qualifikatioun : Lëtzebuerg – Rumänien

42 Tifopreparatioun gengt Albanien

44 Groundhoppingtouren
Réckbléck op d' Quali 2006-2008

Dess Quali sollt M-Block technesch mol rem eng gudd Organiseiert sin. No enger mei

oder manner gudder Quali 2004-2006 wou et nach puer Problemer guufen sollt dess

dei vun den Innovatiounen gin.

Alleng mat Betounung op AUSWAERTS well ech ufänken. 3 generell Mobilisatiounen fier

Qualimaetcher sen ze erwähnen. Slovenien 1 Bus mat 30 Leit.

Bulgarien mam Fliiger an 6 Leit, an Holland mat iwwer 90 Leit weisen dass emmer mei

Leit ufänken hier Nationalequipe och iwwert d’Grenzen noozefueren.

Wourobber een och sollt weider dropbauen. Mier hun bis elo emmer drop gepucht di

Saachen sou belleg wei meiglech duerchzezeien an probeieren dat natierlech och

weiderzefeieren. (Natierlech woren mier och dei bellegst)

Dei an Slovenien sollt derbai di Kultegst gewiercht sin an mengen Aen. Bulgarien wor

eng mei privat Rees mais all Respekt fier di Leit wou mat op Sofia woren, ausser puer

Ssaachen wor et jo dach amfong schein douewen .......

Ugefaangen haat des Quali schon puer Wochen virum Match geint Holland, wou mer eis

TIFO fier dee Match geplangt hun.

En 40 op 4 Meter groussen Fandel guuf Gebastelt mat roud-bloen Blockstraifen an en

iwwerdimensionalen Letzebuerg drop. 9 leit woren drun bedeelegt dei ongefeier

zesummen op 95 Arbechtstonnen komm sin, an daat op 2 Deeg opgedeelt. Bis elo wuel

di greissten Tifo di vum M-Block produzeiert guuf. D’Produktioun haat sech zu

Uewerkuer an der Haal oofgespillt. D’Resultat kann sech weisen lossen .

Eng aaner Majoritär TIFO gouf geint Albanien produzeiert. Dozou awer mei op enger

aanerer Sait.

Wat mer och opgefall wor ass dass bei all QualiMätch +- emmer di selwecht unzuel vu

Leit doworen. Eng Unzuel vun 150 Leit pro Lännermatch op dei kann een bauen an

hoffen fier d’ Zukunft.

Trainingsmatcher Mettwochsowends bleiwen awer nach en groussen Problem waat

Präsenzen ubelaangen. Mais do lait de Gronn wuel un den onmeiglechen Plaatzen wou

di Mätcher gespillt gin.

Kommen mer elo zur Equipe dei dess Quali dei laang verdengten an onerwaarden 3

Punkten heembruet hun. Et wor rem souwait an daat op engem 13ten Oktober stung

ganz Lëtzebuerg rem Kopp.

Dess Keier woren mier et di op den verschidensten Strossen stungen, Stau veruursacht

hun, an sech dobai gefillt hun wei de Weltmeeschter. Daat eenzegt wat mer net wellen

ass dass mer elo nach eng keier 12 Joer waarden mussen bis soueppes geschitt.

En decken Merci un all dei di sech an den läschten Joeren an den M-Block mat

involveiert hun (flat, lou, chreschtel, batty, paul, ben, an all di aaner di ech vergies

hun). Ouni aerch geif dat Ganzt net goen.

An nach vill spass mat der Lecture vun desem Fanzine.

olli
Eis Nationaléquipe
D’Roud Leiwen

Goal

Jonathan Joubert F91 Diddeleng

Stephane Gillet Jeunesse Esch

Marc Oberweis CS Grevenmacher

Oofwier

Clayton de Sousa Jeunesse Esch

Tim Heinz Etzella Ettelbreck

Eric Hoffmann Etzella Ettelbreck

Kim Kintziger FC Deifferdeng 03

Mario Mutsch FC Aarau

Jacques Plein Etzella Ettelbreck

Claude Reiter Etzella Ettelbreck

Jeremie Peiffer FC Deifferdeng 03

Jean Wagner FC Deifferdeng 03

Jerome Bigard F91 Diddeleng

Benoit Lang Fola Esch

Mettelfeld

Gilles Bettmer SC Freiburg

Dan Collette Jeunesse Esch

Carlos Ferreira Etzella Ettelbreck

Claudio Lombardelli Jeunesse Esch

Ben Payal F91 Diddeleng

Sebastien Remy F91 Diddeleng

Jeff Strasser FC Metz

Daniel Da Mota Etzella Ettelbreck

René Peters Swift Hesper

Stuerm

Dan Huss CS Grevenmacher

Alphonse Leweck Etzella Ettelbreck

Joel Kitenge FC Emmendingen

Chris Sagramola Jeunesse Esch

Staff

Guy Hellers Trainer

Ronny Bonvini Co-Trainer

Arny Kirsch Goalkippstrainer
De Géigner vun haut

D'hollännesch Fussballsnationalekipp, oft just "Oranje" oder "Elftal"

genannt, läit aktuell op Plaatz 7 an der FIFA-Weltranglëscht

(Oktober 2007). An eisem Qualifikatiounsgrupp G fir d'Euro 2008

leien d'Hollänner 2 Mätcher viru Schluss mat 23 Punkten aus 10

Mätcher tëscht Rumänien (26 Punkten) a Bulgarien (19 Punkten)

op der 2.Plaatz. Wann se also géint Lëtzebuerg génge gewannen,

wieren se sëcher fir d'Europameeschterschaft qualifizéiert, wann

net, hätten se awer nach ëmmer gudd Chancen sëch ze

qualifizéieren, wëll se an hirem läschte Qualifikatiounsmätch (den

21.November a Wäissrussland) kloeren Favorit sinn.

Trainer vun der Ekipp ass de Marco van Basten.

Waat d’Mätcher tëscht Lëtzebuerg an Holland ugeet, hunn dës zwou Natiounen bis elo

11 Mol géinteneen gespillt. Den eelere Semester vu lëtzebuerger Fussballfans wärt den

30.Oktober 1963 nach gudd an Errënnerung sinn, wou Lëtzebuerg bis elo fir d'eenzeg

Kéier géint Holland gewonn huet. Am ganzen goufen et an deenen 11 Mätcher 1

Victoire fir Lëtzebuerg, 1 Gläichspill an 9 Victoiren fir Holland, di lescht dovun

bekanntlech den 2.September 2006 op der Areler Strooss.
D’Höllanesch Nationalequipe

Goal

Edwin van der Sar (Manchester United)

Henk Timmer (Feyenoord Rotterdam)

Maarten Stekelenburg (Ajax Amsterdam)

Oofwier

Kew Jaliens (AZ Alkmaar)

Khalid Boulahrouz (FC Sevilla)

Wilfred Bouma (Aston Villa)

Joris Mathijsen (Hamburger SV)

Giovanni van Bronckhorst (Feyenoord Rotterdam)

Mario Melchiot (Wigan Athletic)

André Ooijer (Blackburn Rovers)

Johnny Heitinga (Ajax Amsterdam)

Tim de Cler (Feyenoord Rotterdam)

Urby Emanuelson (Ajax Amsterdam)

Mettelfeld

Ibrahim Afellay (PSV Eindhoven)

Nigel de Jong (Hamburger SV)

Denny Landzaat (Wigan Athletic)

Rafael van der Vaart (Hamburger SV)

Hedwiges Maduro (Ajax Amsterdam)

Wesley Sneijder (Real Madrid)

Clarence Seedorf (AC Mailand)

Demy de Zeeuw (AZ Alkmaar)

Stuerm

Klaas Jan Huntelaar (Ajax Amsterdam)

Dirk Kuyt (FC Liverpool)

Ruud van Nistelrooy (Real Madrid)

Arjen Robben (Real Madrid)

Robin van Persie (FC Arsenal)

Jan Vennegoor of Hesselink (Celtic Glasgow)

Ryan Babel (FC Liverpool)

Lou
Rotterdam

a säi Fussball

Rotterdam ass no Amsterdam di zweetgréisste

Stad aus Holland an huet ronn 600000 Awunner.

D' Staat ass virun allem fir hiren Hafen bekannt:

dëst ass deen gréissten Séihafen aus Europa, deen

drëttgréissten op der Welt. De Gros vun der Staat

läit ënner dem Mieresniveau. Waat d' Geschicht vu

Rotterdam ugeet, well ech mech relativ kuerz

faassen. Trauregen Héichpunkt vun der Geschicht vun der Staat war d'Zerstéierung

duerch eng däitsch Loftattack de 14.Mee 1940. 800 Mënschen koumen doduerch zu

Rotterdam em d' Liewen, 80000 haten duerno keen Daach méi iwwer dem Kapp. 260

Hektar vum Territoire vun der Staat si

komplett zerstéiert ginn. Och duerno

goufen et am Laaf vum zweeten

Weltkrich nach eng Rei Attacken, di

Rotterdam schwéier getraff hun. Noom

Krich huet zu Rotterdam ganz vill missen

nei opgebaut ginn, a sou erkläert et sech

och, dass een zu Rotterdam ganz vill

modern an nëmmen wéineg klassësch

Gebeier fënnt.

Rotterdam ass awer och eng bedeitend Staat waat de Fussball ugeet. An der Eredivisie,

der héichster Spillklass an Holland, spillen 3 Rotterdammer Ekippen: Feyenoord,

Excelsior a Sparta.

Excelsior Rotterdam gouf 1902 gegrënnt a kënnt aus dem

Rotterdammer Quartier Kralingen-Crooswijk. De Stadion

Woudestein, wou Excelsior seng Heemmätcher spillt, huet eng

Kapazitéit vu ronn 3500 Plazen. Vun 1997 bis 2006 war Excelsior

e sougenannt Farm Team vum groussen Noper Feyenoord, dat

heescht dass Feyenoord konsequent jonk Spiller un Excelsior

ausgeléint huet, fir dass déi do kënnen op engem mi niddregen

Niveau Spillpraxis sammelen. De gréissten Erfolleg vun Excelsior

war eng zweet Plaz an der hollännescher Coupe 1930. Doniewt

ass Excelsior dräimol Champion vun der "Eerste Divisie", der 2.Liga an Holland, ginn.

Dëst war an de Joren 1974, 1979 an 2006. An der Saison 2006/2007 huet Excelsior

missen an d'Relegatioun, do hun se sech awer fir d' éischt géint Veendam, duerno

géint den RBC Roosendaal duerchgesat, a spillen sou och 2007/2008 an der éischter

Liga, der Casino Eredivisie.
Den zweetgréisste Verain zu Rotterdam ass Sparta

Rotterdam, wou fréier ënner anerem den Danny Blind an de

Louis van Gaal gespillt hunn. Dëse Veräin gouf 1888 gegrënnt

an hat an der Vergaangenheet eng ganz bedeitend Roll am

hollännesche Fussball gespillt: Sparta gouf 1909, 1911, 1912,

1913, 1915 an 1959 hollännesche Meeschter an huet 1958,

1962 an 1966 d'Coupe gewonn. Finanziell Problemer waren

d'Ursaach, dass Sparta dun op eemol net méi zu deene ganz

groussen Veräiner an Holland gehéiert huet. Trotzdem hunn si

et nach laang gepackt, sëch an der Eredivisie ze halen, bis se dun 2002 awer

ofgestiegen sinn. Sait 2005 spillt Sparta Rotterdam awer rem an der Casino Eredivisie,

wou hinnen 2006/2007 eng 13.Plaz gelong ass. Hire Stadion ass "Het Kasteel", deen

1998 no engem Orkan huet missen renovéiert ginn an am Moment ronn 11000 Plazen

huet.

Dee gréissten a bekannste Club vu Rotterdam ass awer ouni

Zweifel Feyenoord, deen bis an d' 70er Joren Feijenoord

geschriwwen gouf. De Verain gouf 1908 gegrënnt, an ass

zenterhier 14 Mol hollännesche Meeschter ginn, fir d' lescht

1999. D' hollännesch Coupe huet Feyenoord 10mol gewonn. Och

international hat dëse Club grouss Erfollëger: 1970 hunn si als

éischten hollännesche Verain de Landesmeistercup gewonn, am

selwëchte Joer och nach de Weltpokal, duerno nach zweemol

den Uefa-Cup, an zwar an de Joren 1974 an 2002. D' Lëscht vu

bekannte Spiller, di de rout-wäissen Trikot vu Feyenoord unhaten, ass laang: Wim

Rijsbergen, Wim Jansen, Johnny Rep, Ruud Gullit, Henrik Larsson, Pierre van

Hooijdonk fir de just epuer ze nennen. Souguer den Johan Cruijff huet eng Saison fir

Feyenoord gespillt. Eng Minoritéit vun de Feyenoordfans ass gewaltbereed, wat leider

besonnësch bei Mätcher géint Ajax oder am Ausland zu Problemer féiert. Sou huet am

November 2006 den Uefa-Cup-Mätch tëscht Nanzeg a Feyenoord missen fir 30

Minutten ënnerbrach ginn. D' UEFA huet hir Konsequenzen gezunn a Feyenoord aus

dem Uefa-Cup disqualifizéiert. D' Saison 2006/2007 war awer och an der Liga

enttäuschend fir Feyenoord. Nodeems den Dirk Kuyt an de Salomon Kalou de Veräin

am Summer 2006 verlooss hunn, huet Feyenoord eng ganz schwaach Saison gespillt

an waren zum Schluss nëmmen op der 7.Plaz - méi schwaach waren se fir d' lescht

1990/1991. Fir d'Saison 2007/2008 huet Feyenoord sech awer ënner anerem mam

Giovanni van Bronckhorst a mam Roy Makaay verstäerkt an et kann een dervun

ausgoen, dass se rem uewen wierte matspillen.

Lou
De Kuip

De Feijenoord-Stadion aus dem Rotterdammer Quartier Feijenoord,

deen vun de Leit

nëmmen "De Kuip" genannt gëtt, gouf vun

1935 bis 1937 erbaut. "Kuip" ass dat

hollännescht Wuert fir eng Bidden oder eng grouss Schossel ze bezeechnen. De Kuip

ass no der Amsterdam Arena den zweetgréisste

Stadion aus Holland an en huet eng

Kapazitéit vu ronn 52000 Plazen.

Am Kuip sin an der

Vergaangenheet schon vill

wichteg international Mätcher

gespillt ginn, niewt 6 Finallen

am Pokal der Pokalsieger, waren

dat de Réckmätch vun der Uefa-

Cup-Final 1974, d' Uefa-Cup-

Final 2002, wou d' Lokalekipp

Feyenoord iwweriens 3-2 géint

Dortmund gewonn huet,

d'Finalle vum Landesmeistercup

1972 an 1982, a virun allem

d'Final vun der

Europameeschterschaft 2000.

Niewt Fussballsmätcher

sinn och oft Concerten am Stadion. Sou sinn hei ënner anerem

schon d'Rolling Stones, U2, Pink Floyd, d' Madonna, de Bob Dylan an de Michael

Jackson opgetrueden.

Den Agang fir d' Supporter

vun de Visiteuren ass duerch

en Tunnel ze erreechen. Sou

soll verhënnert ginn, dass sech

di verschidden Fangruppen

virum Stadion begéinen. Virun

der Haapttribün goufen no

britëschem Virbild all Zonken

ewesch gemaach.

Charakteristësch ass och den

Daach vum Stadion, deen zwar

relativ schmuel ausgesäit, mee

trotzdem bal all d' Plazen

iwwerdeckt.
Présentatioun

Présentatioun vu verschiddenen M-Block-Memberen

Numm: Olli

Alias: Fanatics, Proziac

Gebuer: 8 Oct 1983

Wunnuert: Deifferdang

Am M-Block säit: Letzebuerg - Tschechien 1995

Lieblingsnationalspiller: Roby Langers

Lieblingsveräin national: FC.Deifferdeng

Lieblingsveräin international: FC.Metz, ARSENAL

Numm: Hartmann

Virnumm: Lou

Gebuer: De 4.12.1989, op onser wonnerschéiner Areler Strooss

Wunnuert: Walfer

Am M-Block sait: Lettlandmätch 2004

Lieblingsnationalspiller: kee bestëmmten

Lieblingsveräin national: Avenir Beggen

Lieblingsveräin international: Bayer 04 Leverkusen

Numm: Hirlimann

Virnumm: Christelle (Chreschtel)

Gebuer: den 1. Juli 1986

Wunnuert: zu Remeljen (nee net Remeleng)

Am M-Block säit: Lettlandmätch 2004

Lieblingsnationalspiller: Dan Collette, Claudio Lombardelli, Dan Huss

Lieblingsveräin national: FC Claravallis Clervaux, Woltz

Lieblingsveräin international: FC Schalke 04, St.Etienne

Numm: Bentz

Virnumm: Batty

Gebuer: den 11.06.91 och ob der Areler Stross

Wunnuert: Stadbredimus

Am M-Block sait: dem Mätch geint Ungarn (U-17 zu Munneref)

Lieblingsnationalspiller: Mario Mutsch

Lieblingsveräin national: Avenir Beggen

Lieblingsveräin international: BVB09
Numm: Wiltzius

Virnumm: Laurent

Gebuer: 15.04.1984

Wunnuert: Vaduz

Am M-Block sait: Portugal 2004, am Stadion seit 1994

Lieblingsnationalspiller: kee bestëmmten

Lieblingsveräin

national: kee bestëmmten

Lieblingsveräin

international: Alemannia Aachen

Numm: Englaro

Virnumm: Tom

Gebuer: den 27. Juni 1990

Wunnuert: Steesel

Am M-Block säit: Liechtensteinmätch 2004

Lieblingsnationalspiller: Mario Mutsch

Lieblingsveräin national: Alisontia Steesel

Lieblingsveräin international: Bayern München

Numm: Klein

Virnumm: Christian

Gebuer: den 27. März 1980

Wunnuert: Bieles

Am M-Block säit: Lettland 2004, fréier an den 90er ower

öfters mam Papp op der Tribune de Face

Lieblingsnationalspiller: eigentlech keen, dat ganzt Team zielt

Lieblingsveräin national: CS Fola Esch, Déifferdeng 03

Lieblingsveräin international: 1860 München

Numm: Olsem

Virnumm: Fabien

Gebuer: 08.03.1982

Wunnuert: Kayl

Am M-Block sait: quali 2000

Lieblingsnationalspiller: momentan den Kitenge;)

Lieblingsveräin national: Union 05 Kayl-Tétange

Lieblingsveräin international: Gunners, Aj Auxerre
E puer Biller aus der Vergangenheet...

Des Foto staamt aus der Rubrik ‚Memories’. Sie ass entstaanen um Triesenbierg zu

Vaduz (Liechtenstein), am Joer 2005, wou mir M-Blocker geint den Ländleblock (Fans

vun der Liechtensteiner Nationaléquipe) een Fanmätch gespillt hun.

Dat hei war och am Joer 2005, des Keier zu Peiteng, wou t’Nationaléquipe géint den FC

Metz gespillt huet

Christelle
Matcher vun der Nationalekipp

Testmätch géint Türkei 16.8.2006 0-1

Kuerz virum Ufank vun der Campagne fir d’ EM 2008 war mat der Tiirkei een Aspirant

op eng Plaatz bei der EM-Endronn zu Besuch op der Areler Strooss. Onvergiess och den

Relegatiounsmatch fir d’ WM 06 géint d’Schwaiz, an deem sëch d’Türken net

duerchsetzen konnten, an sech als schlecht Verléierer erausgestallt hun.

Gudd 3400 Zuschauer waren an den Josy Barthel komm, fir dësen Frëndschaftsmatch

ze kucken, dorenner eng gudd Partie türkesch Supporter: d’ Tribune de Face war bal

ganz an der Hand vun den Gäscht. Den M-Block war relativ schwaach besaat am

Verglach zum Ukraine-Match, trotzdem waren déi meescht M-Blocker awer présent.

Mat engem Banner gouf un déi läscht an eenzeg Victoire géint den Géigner erënnert:

den 22. Oktober 1972 konnten sech eis Léiwen op der Escher Grenz mat 2:0 duerch

Goaler vun Dussier an Braun behaapten.

Och deemols war den Arbitter een Daitschen,

d’Viirzeechen stoungen also gudd.

D’ FLF-Selectioun huet wéi erwart mam Joubert am

Goal an der bewährter Véirerkett Mutsch, Hoffmann,

Reiter, an Kim Kintzinger an der Plaatz vum verletzten

Tom Schnell, gespillt. Do virdrun stougen den Rémy op

lenks, Ferreira an Strasser am defensiven Mëttelfeld,

den Claudio Lombardelli zentral an den René Peters op

rechts, um Terrain.

Als eenzegt Spëtzt kruut den Aurélien Joachim den

Virzug virum Dan Huss.

D’Türkei hat eng Partie Verännerungen am Spill noom Skandalmatch virgeholl. Den

Goal gouf vum Oldie Rüstü Recber propper gehaal, do virdrun Hamit Altintop, Can fir

den gesperrten Alpay, Gökhan an Orhan. Am Mëttelfeld wollt den Yildiray Bastürk

zesummen mam Aurelio, Arda an Tuncay d’ Spill maachen, dozou den Fatih Tekke an

den Nihat am Sturm.

Nodeems den Arbiter Michael Weiner den Match ugepaff haat – Lëtzebuerg mam

Ustouss – konnt et engem well Angscht em d’Roud Léiwen gin: no ca. 10 Sekonnen

war den Ball no enger Fehlpass well beim Géigner. Gottseidank goung et dun awer net

esou virun an d’ Equipe konnt den Ugrëffer gréisstendeels standhaalen. Lëtzebuerg

huet sech am Ufank op d’ Verteidegen beschränkt an huet sëch kaum virun den Goal

vun den Gäscht getraut. Mee och sie konnten net geféierlech virum Joubert optauchen.

Nodeems sech d’ Léiwen dann an der 26. Minutt dach engkéier an der Offensive

probéiert hun, kréien se direkt d’Quittung: no engem Ballverloscht schalten d’ Türken

ganz schnell, d’ Oofwier vun den Léiwen, déi ze wait eropgereckelt war, gëtt mat

engem Ball an d’ Déiwt op den Nihat op rechts ausgespillt an den Tekke brauch seng

Pass an den 16er nëmmen nach eranzesetzen. Den Joubert war zwar nach um Ball,

konnt den Ball leider awer net méi lanscht den Goal degagéieren an et stoung 1:0 fir d’
Gäscht. Dëst war net optimal fir déi souwisou schon relativ roueg Stëmmung am Block.

Och noom Goal waren d’ Tiirken déi bestemmend Mannschaft an hun weider probéiert

mat Konteren zum Erfolleg ze kommen, sin allerdings ëmmer un der Letzebuerger

Défense oder um Abseitsfändel henken bliwwen.

Ontypesch fir d’ Léiwen gouf et keen domme Géigegoal méi kuerz virun der Paus an

mat 1:0 goung et dun op den Téi, net onverdëngt fir d’ Türken, mee och net

iwwerzeegend.

Och direkt no der Paus stoung d’ Resultat nach emmer. D’ Tiirken koumen allerdings

besser aus den Kabinnen an hun eis Equipe ënner Drock gesaat an koumen elo och zu

hiren Chancen, déi si glécklecherweis net notzen konnten, sou z.B. den Aurelio mat

engem Distanzschoss direkt no der Paus, oder den agewiesselten Hakan Sükür.

Elo koumen awer och d’ roud Léiwen rem zu hirem Spill, den Aurélien Joachim kënnt

an der 59. virum Strofraum un den Ball, an den Rüstü kann sai Schoss sou just nach

iwwert d’ Laat lenken. Kuerz drop trëfft den Sükür no engem Fraistouss vum Altintop

just den Poteau, den Noschoss flitt riets iwwert den Goal an d’ Wolleken. Duerno waren

et just nach d’ Léiwen, déi gudd Aktiounen haaten, sou hätt den Reiter no engem

Korner kuerz virun Schluss den zu dësem Zaitpunkt verdengten Ausglaich kënnen

markéieren, sain Kappgall goung allerdengs knapp lanscht den Goal. Kuerz drop waren

sëch dann den C. Leweck an den Huss net eens an hun sou keen Profit aus hirem

Ballbesetz virum türkeschen Goal geschlo.

Och d’ Stëmmung war dementsprechend besser an der zweeter Halschent besser, och

wann ee gemierkt huet, dass den Block nemmen schwach gefëllt war. Trotzdem

menger Meenung no eng ordentlech Leeschtung och vum M-Block.

Den Opwärtstrend vun eiser Nationalequipe geet also virun. An engem Match wou

relativ wéineg Chancen zougeloos goufen konnt d’ Equipe zum Schluss och an der

Offensive Akzenter setzen, an d’ Resultat un sëch ass och daat bäscht sait dem Match

géint Kanada läschten November. Wann mer et lo nach fäerdeg brengen, een Goal

(oder zwee) ze schéissen, dann ass duerchaus eventuell deen een oder aaneren Punkt

an deenen nächsten Matcher dran.

Bäscht Leit waren den Aurélien Joachim an den Mario Mutsch, bei den Türken Bastürk

an Aurelio iwwerzeegen.

LËTZEBUERG: Joubert - Mutsch, Hoffmann, Reiter, Kintzinger – Remy, Lombardelli,

Strasser, Ferreira, Peters (46.' C. Leweck) - Joachim (86.' Huss)

TIIRKEI: Rüstü - Hamit Altintop, Can, Gökhan, Orhan - Aurelio (87.' Huseyin),

Arda (81.' Topuz), Bastürk (71.' Necati), Tuncay (46.' Metin) - Nihat (46.' Sükür),

Fatih (46.' Halil Altintop)

Goal: 0:1 Fatih (26.')

Giel Kaarten: Strasser (58.', Foulspill) - Can (57.', Foulspill), Arda (76.', Foulspill)

Schiedsrichter: Weiner, Glindemann, Scheppe (D)

Zuschauer: 3 353

benem
Qualimätch géint Holland 2.9.2006 0-1

Wei laang hun mir eis op den Match gefreet! Wei bei der

Auslousung bekannt gouf, dass d’ Hollänner bei eis an

der Grupp wieren, waren mir alleguer aus dem Haischen.

Fir eis war an dem Moment kloer, dass mir fir den Match

eppes Besonnësches missten op d’ Been stellen. Dofir

hun mir eng Tifo gebastelt, dei aus engem groussen

Lëtzebuerger Fändel bestaan huet. Des weideren haten

mer och genuch mat eisem Fanzine ze din, deen wei

ëmmer zum Ufank vun all Qualifikatioun erauskënnt.

Den Daag vum Match hat sëch den haarden Kär aus dem

M-Block schon mëttes op der Schueberfouer Rendez-

Vous gin, bei deem ech leider demols net konnt dobäi

sin.

Voller Erwaardungen sin mir als Supporter an den Match

do erangaangen an trotz eiser klorer Außensäiterroll

waren mir eis sëcher, dass’en eis Jongen giffen mat

vollem Asaaz an den Match eragoen. Ganz grouss enttäuscht goufe mir awer schon

virum Match vun eisen Landsleit, dei zu grousser Zuel an hollänneschen Trikoten an

den Stadion koumen. Als Strof kruten sie dun direkt vun den M-Blocker:

„Landesverréider, dir sidd just Ländesverréider“ un den Kapp gehäit.

Obwuel d’Hollänner eis zueleméisseg wäit iwwerleeën waren (zu engem groussen Deel

och duerch dei grad genannten vill Lëtzebuerger an hollänneschen Trikoten), konnten

sie stëmmungsméisseg dem M-Block an kengem

Moment d’Waasser reechen an mir

waren bestänneg mei haard. Dei eischt Halschent huet zumools an deem Sënn

erausgestach.

Zum Match: Dei eischt Halschent

war genial vun eisen Léiwen. Sie

hun einfach alles, waat se haten,

aus sëch erausgeholl an den

Hollänner entgéint gehäit. No 9

Minutten, et war grad zu engem

klengen Gespréich ënnen beim

Drot komm, wei ech den Pol uewen

héiren blären: „Hei do!“.

Mir hun all gekuckt an den Strasser

mëcht eng wonnerschéin Pass op

den Aurélien Joachim, deen fräi op

den Van der Saar zouleeft, an den

Ball em en halwen Meter laanscht

den lenken Poteau setzt. Esou knapp, awer trotzdem laanscht! Elo war d’ Stëmmung

am Block um Iwwerkachen, mir hun gemierkt, dass do eppes dran war, well d’
Hollänner näischt waren, an eis Léiwen top gekämpft hun. Nëmmen 7 Minutten drop,

dei neechst grouss Opreegung am Block.

Eng Pass fir op den Rémy, an deen setzt säin Lob nëmmen ganz knapp iwwer d’ Laat.

Mat en bessen méi Gleck hätten mir hei no enger Véirelstonn 2-0 géint den Topfavorit

aus der Grupp kéinten fir leien, well daat waren 2 héichkaräteg Chancen!

Dun koum et leider wei sou oft schon. An der 25ter Minutt no engem Corner, stinn mir

hannen kuerz net richteg an d’ Hollänner maachen hiren Gol bei hirer éischter Chance.

Trotzdem hun eis Léiwen sëch net ënnerkréie gelooss an hun weider gekämpft.

An der 2ter Halschent hun d’ Hollänner méi konzentréiert gespillt an et huet een eisen

Léiwen den Effort vun der eischter Halschent ugesinn. Trotzdem hun sie et mat enger

kämpferëscher Kollektivleeschtung gepackt, d’ Resultat iwwer d’ Zäit ze retten.

Noom Match huet den ganzen Block eisen Jongen fir hir exzellent Leeschtung

gratuléiert an en: „Mir sin sou stolz op eis Jongen“ skandéiert.

No dëser gudder Virstellung vun virun méi wei engem Joer, hoffe mir natierlech, dass

eis Léiwen sëch haut rem sou kämpferësch weisen an en gudden Match spillen. Mir als

M-Blocker an hoffentlech och all d’Lëtzebuerger waerten si op alle Fall mat aller Kraaft

ennerstëtzen.

Tom

Testmatch géint Lettland 6.9.2006 0-0

Nëmmen puer Deeg nom Hollandmätch, wou eis Roud Léiwen iwwerraschend gudd

matgehal hun, stoung rem en Testmätch um Programm: um Hesper Holleschbierg war

Lettland op Besuch. Den Tom an ech sinn zesumme mam Zuch an d' Staat gefuer, wou

mer op de Gare de CK getraff hunn, deen mat eis mam Bus weider op Hesper gefuer

ass. Virum Match si mer nach an d' "Brasserie Uelzechtdall", dei bei Mätcher zu Hesper

schon bal derzougehéiert, deen een oder anere Patt huele gaang. Duerno am Stade

Alphonse Theis war den M-Block relativ gudd vertrueden. No deem gudde Mätch géint

Holland dee Weekend firdrun an mam 3-4 géint Lettland zwee Joer firdrun am

Hannerkapp waren d' Erwaardungen nawell grouss - och wa mer natierlech all wossten

dass den Hollandmätch vill Kraaft kascht huet. Mee eis Roud Léiwen waren awer am

Ufank iwwerlëen. Besonnësch de Bettmer am Mëttelfeld huet e gudde Mätch gemaach.

Och de Lombardelli war ganz aktiv. Schued, dass ausgerechent de Lokalmatador

Kintziger fréi huet missen wéinst enger Verletzung ausgewiesselt ginn. Lëtzebuerg huet

de Match also gemaach, mee d' lettësch Verteidegung stoung gudd, sou dass mir

trotzdem kaum gutt Golchancen haten. Erwähnenswert ass och, dass de Ben Payal säin

éischte Mätch fir d' Roud Léiwen gemaach huet. An der läschter Véierelsstonn haten

dunn d'Letten einfach nach méi Energie wi d'Lëtzebuerger an hunn sech e puer gudd

Chancen erausgespillt - et ass awer beim gerechten 0-0 bliwwen.

Lou
Auswäertsrees a Slowenien Oktober 2006 2-0

Freides owes war et esouwäit. E Bus vum

Unsen, mat 18 positiv verréckten Fans aus

eisem schéinen Ländchen un Bord, ass Richtung

Slowenien opgebrach. Mat derbäi och meng

Wéinegkeet. Ennerwee gouw et schons genuch

Béier ze drénken, well eisen Wichtel huet séng

29 Lenzen gefeiert, an dorobber huet missten

ugestouss ginn. Fir hard Musék war och

gesuergt, DVDs vun Dreamtheatre an AC/DC

hun d’ Busbesetzung bei beschter Laun

gehaalen.

Géint 7 Auer samsdes Moies sin op enger

Raststätt zwee weider Fans vun de rouden Léiwen agesammelt ginn: Studenten aus

Innsbruck.

Dräi Stonnen méi spéit koumen mir dunn zu Celje un an sinn gläich an eisen Hotel

angecheckt. Als éischt gouw dunn mol d’ Bar gestiermt wou eisen hongregen Mike

direkt mol e Bananasplit commandéiert huet. Majo dann: gudden Appetit!

Duerno sin mir emol e bessi durch d’ Staat gelaf. Op engem Muart gouwen lauter

Souvenirs aus dem Drëtten Räich verkaf. "Déi spannen hei jo, lauter Nazischäiss" huet

de Batty gemengt. Nujee, vläit sammeln munch Slowenen esou Krimskrams jo just aus

historeschem Interessi, wee wees ...

Op enger Terrass gouwen direkt mol e puer Pivoën vertilgt. Duerno goung et zu Fouss

laanscht den Floss Savinja an éischt Fangesäng gouwen ugestëmmt. Celje ass

iwwregens eng éischter kleng, léiw, propper an liit verschlofen Staat mat enger

Awunnerzuel vun ca. 50000.

Géint zwou Auer gouwen zwee aner Lëtzebuerger

op der Gare ofgeholl, déi mam Zuch

aus Llubjana ugereest waren an vun do

Fräikarten vun der FLF matbruecht hun. Duerno

gouw den Mc Donald’ s gestiermt.

Grad deen Weltkonzern war iwwregens déi eenzeg Platz

wou strikt mat sloweneschen Tolars nach

huet missten bezuelt gin, an keng Euros

akzeptéiert gouwen! Verstéi dat ween wëll.

Noom Iessen hun mir eis dunn op Zëmmeren

zeréck gezunn an emol ausgerascht, éier et dun

am Nométten nach eemol an d’ Staat goung.

An engem Bistro an der Foussgängerzone hun

mir dunn eng männlech Reesgrupp aus

Groussbritannien getraf, vun deenen déi

meescht Schotten waren. Een dervunner hat

esouguer e Kilt an en Trikot vun de Bravehearts

un, an sollt spéider am Stadion nach en

Interview fir RTL ginn. Mee der Reih no. Déi

gudd Jongen waren op enger University Tour, an
vun Ljubljana als Groundhopper ugereest. Mat hinnen gouw schons kräfteg zesummen

gesong an och gedronk. Am Saufen gouwen déi allerdéngs Vollgas. Schotten eben!!

Per Telefon gouw dunn mat der FLF

arrangéiert datt sie eis fir eis nei

schottesch Frënn nach giewen Karten

besuergen. Nodeems mir nach an engem

aneren Bistro mat hinnen waren, ass et

dunn endlech ënnert dem Schutz vun

enger Fliqueneskort bei de Bus gaangen,

mat deem mir Richtung Stadioun

opgebrach sinn.

D’ Stëmmung am Auswärtsblock war

wirklech saugeil. Schons virun Unpëff

gouwen muncher vun eis vun RTL

interviewt. De Schott am Kilt huet nach zur Belustegung vun de Journalisten säin

blanken Hënneschten présentéiert, deen dunn Méindes am Tageblatt ze gesinn war.

Mir M-Blocker hun gesong a gefeiert wéi déi Gréisst, an vill bekannten

Vollekslidder

ugestëmmt, e.a. d´Hesper Kutsch, " Kättchen, Kättchen...",

oder "Zu Arel op der Knippchen".

Och YMCA vun Village People gouw gegröhlt. Zudeem

gouw eng Polonaise mat eisen neien Frënn durch de Block gemaach. Absoluten Kult

waren iwwregens déi tellergrouss Hamburger,

déi fir 5 Euro am Stadion verkaf

gouwen. Deck lecker!

Zum Spill: Lëtzebuerg huet eigentlech

gudd ugefangen, mee no 15 Minuten bekoumen

d’ Slowenen ëmmer méi Iwwerwasser an

hun hiren Gascht an d’ Défense gedrängt.

Esou ass den 1-0 fir d´Heeméquipe dunn och no engem schéinen Kappball vum

Novakovic gefall. Nach virun der Pause gouw esouguer op 2-0 erhéicht, wéi de Reiter e

sloweneschen Ball onglécklech ofgefälscht an dermatter en hallewen Selbstgoal

fabrizéiert huet. Esouvill Pech hunn awer och nëmmen eis Léiwen!

An der zweeter Halschent hun eis Jongen sech

dunn e gudd Stéck méi agressiv gewiisen an hun

méi Aktiounen no fir initiéiert. Chancen sin derbäi

ower baal keng erausgesprong. Alleng de Rémy

huet de Goalkeeper vun Slowenien mat engem

Bananenschoss vun lénks mol gepréift. Zu allem

Iwwerdross huet sech de Joubert dun och nach d’

Hand gebrach an den Hoffmann huet séng zweet

giel Kuart kritt, woumat en am nächsten Match

gespuart waert sin.

No Ofpëff hunn mir eis vun de schotteschen Frënn getrennt an sinn mam Bus zreck an

den Hotel gefuer. Eigentlech wollten mer elo nach erausgoën, mee d’ Police huet

probéiert deem e Strëch durch d’ Rechnung ze maan. Esou wollt d’ Serveuse vun

engem Bistro, wou mer mëttes nach virgefeiert haten, eis nët méi eraloosen well d’
Police daat verbueden hat. Dorobbs hin sin mir enttäuscht an eis Zëmmeren

verschwonn, hun ca. 10 Minuten geward an sin dunn erëm erausgaangen. An, siehe

da- Police, déi virdrunner nach all virun eisem

Hotel versammelt war, war an d’ Nuet

entschwonn. Also naischt wéi op an d´Staat an kucken wou nach eppes op ass an mir

erageloos ginn.

Et war nawell nët esou einfach, eppes ze fannen, vu que datt

Celje nuets eng zimmlech

roueg an menscheneidel Staat ass, wou d’ Trottoiren wuel schons um zéng Auer

eropgeklappt ginn. Ech hun e puer Passanten op englesch ëm Tipps gefroot, mee déi

hun mech just ausgelacht, wéi

wann ech eng ähnlech absurd Fro gestellt hätt wéi en

Eskimo am éiwegen Äis no Palmen ze froën. Schlussendlech sinn folgend Leit an enger

Cocktailbar mam Numm "Cantante" geland: Christelle,

Laurent, Batty, Mike, Stéphane,

Kevin an ech. Am Cantante houngen Fotoën vum Fidel Castro an vum Che Guevara un

den Maueren. Déi Kubaner hun mat eis Lëtzebuerger,

déi och nach fläisseg Drénkgeld

gouwen, wuel d’ Geschäft vun hirem Liewen

gemaach. Een Cocktail noom aaneren

gouw bestallt. An, déi gutt kubanesch Jongen wollten hir Bar esoulaang oploossen wéi

mir giewen dobleiwen, an wann dat bis 6 Auer moies wir. Zudeem hun se eis gratis

Tortillas mat verschiddenen Dipsorten op den Dësch gestallt.

Hummerhart! De Batty an ech sin

etwa géint 3 Auer heemgaangen. Zu

dem Zäitpunkt waren just de

Stéphane an den Kevin nach do, déi

wuel och nach fläisseg

weidergebechert hun.

Sonndes moies hun mir natiirlech

glaat verpennt, an ech gouw eréischt

véirel fir aacht waakreg well en

nervösen Wichtel an eist Zëmmer

eragestiermt koum. Irgendeen aneren

Nikki (Mike?) huet mir zudeem

äiskaalt Waasser an d’ Gesiit geschott.

Dat war awer och batter néideg well

mir haten just nach 15 Minuten eier eisen Bus giew fortfueren. Also hun mir eis séier

ungedoën, sinn erofgerannt, hunn eis Rechnung an der Rézeptioun bezuelt an sinn

dunn an de Bus gestiigen. Beim Auschecken hun ech dem Portier nach 550 Tolar

Drénkgeld ginn. Dat waren emgerechent wuel ca. 2 Euro…

D’ Reckrees ass éischter onspektakulär verlaaf. Et gouw déi eng oder aner DVD

gekuckt, d’ Bildzeitung gelies oder och einfach just gepennt an Schloof nogeholl. Déi

zwee Innsbrucker Studenten gouwen erëm op der Raststätt erausgeloos an irgendwann

géint 23 Auer waren mir erëm um Park&Ride um Houwald. Ech sinn dun mam Spaweck

am Auto heemgefuer. Esou goung eng bis op d’ Resultat vum Match richteg genial

Auswärtsfahrt op en Enn, déi mir Appetit op weider Exkursiounen mam M-Block

gemaach huet.

CK
Qualimätch géint Bulgarien 11.10.2006 0-1

3 Deeg noom Retour op Lëtzebuerg no

Slowenien, op engem Hierschtowend 2006,

méi genee den 11.Oktober, waren d'Bulgaren

op Besuch an der Areler Strooss. Gréisser

Aktiounen waren net geplangt, soudass et vu

virum Mätch net vill Spektakuläres ze zielen

gëtt. Ech si wi gewinnt mam Tom mam Zuch

op d'Stater Gare gefuer an du mat der Buslinn

7 weider op d'Areler Strooss. Virun der Dir

waar d’Stemmung alles aanescht wei calme.

Eng ronn 200 Bulgaren stungen beemol virun

der Entree vum M-Block wollten an per force

do rann. Den Grond waar seier erkannt – den Ticket fier den M-Block kascht 8 Euro,

den Ticket fier den Bulgaren Block deen fiergesinn waar, dei riets Halschent vun der

Tribune de Face, haet der 15 kascht. 30 Minuten virum Upaff, stungen also lo eng ronn

200 onzefridden Bulgaren virum M-Block an wollten rann. An engem kollektiven

Geistesblitz hun d’Responsabel vun der FLF an vun der Police fier den weissen

Entschluss decideiert d’Keier an der Rue du Stade opzemaan an den nervösen

bulgareschen Mob dohin ze plazeieren. Eng Decisioun wou een wuel keint behaapten

dat se dem Spidol mat dem Urgencenservice wuel vill Aarbecht deen Owend waert

erspuert hun. Um Terrain goung et allerdings mei roueg zou. Bulgarien, bis dohinn mat

5 Punkten aus 3 Mätcher an dëser Quali ongeschlo, huet de bessere Start an de Mätch

erwëscht, an ass no 26 Minutten duerch e schéine Wäitschoss vum Tunchev mat 0-1 a

Féierung gaang. Duerno sinn d'Lëtzebuerger awer erwäscht an haten 2-3 gutt

Chancen, den Ausglaich wier duerchaus dragewiecht. Bulgarien hat awer och nach di

eng oder aner gutt Chance, wou de Gillet am Lëtzebuerger Gol awer näischt ubrenne

gelooss huet. Alles an allem kee schlechte Mätch vu Lëtzebuerg. D’Rou waar duerch

des Victoire och rem agekeiert an sou ass et dann ouni weider Tëschefäll

heemgaangen.

Lou
Testmätch géint Saarbrécken 25.10.2006 2-1

No engem Fussballs-Championnat-Interclasses am Kolléisch goung et fir den Tom a

mech um Geesseknäppchen Richtung Dräibuer lass. Nee, mir haten keng gestiicht, mir

si just dohinn Fussball kucken gaangen. D' Roud Léiwen hun do géint den 1.FC

Saarbrécken gespillt, waat virun allem fir de Batty e besonnësche Match sollt gin, well

hien niewt der Nationaléquipe och nach Fan vum FCS ass. Wei den Tom an ech ukomm

sin, huet de Match grad ugefaang, an de sympathesch Mann an der Kees huet eis

kuerz gekuckt, an eis du frëndlecherweis gratis eragelooss. Am M-Block gouf, wei sou

oft op Mätcher op mi klengen Terrainen, vill gegeckst a gelaacht. Witzeg war och, wei

sou e Grupp vun extrem coole Jugendlëche laanschtkomm ass, an de Flyer een, deen

en Unterhaching-Trikot un hat, ob säin "schéine Bayerntrikot" ugeschwat huet. De Jong

huet d' Welt net méi verstan, de Flyer eemol domm ugekuckt a "merci" gesot. Waat de

Match ugeet, huet Lëtzebuerg staark ugefaang an ass och nach an der éischter

Halschent mat 1-0 a Féierung gaang: Fräistouss vum Remy, Käpper vum Huss! Eng

Victoire hung an der Loft... No der Paus huet dun den Eric Hoffmann mat engem

schéine Fräistouss op 2-0 erhéicht. Lëtzebuerg huet duerno vill an - an ausgewiesselt,

de Spillfloss war e bëssen aus dem Match eraus. Saarbrécken huet vun där Situatioun

profitéiert fir op 2-1 erunzekommen, mee am Endeffekt huet Lëtzebuerg awer

héichverdengt gewonn.

Lou

Testmätch géint St.Gilloise 8.11.2006 1-2

Op engem Mëttwochowend am November 2006 war rem e Frëndschaftsmätch ugesoot.

De Géigner war d’ Union Saint-Gilloise. Fir dëse belschen Traditiounsveräin huet fréier

iwregens ënner aanerem de Paul Philipp gespillt! De Mätch war zu Péiteng, sou dass

den Tom an ech wei sou oft fir d’ éischt emol an d’Staat op d’ Gare gefuer sin. Op der

Gare hun mir eis bësse missten fläissen, fir den Zuch op Péiteng net ze verpassen. De

Batty an de CK hun schon op eis gewaart an zu 4 ass eis Rees am gudd gefëllten Zuch

op Péiteng weider gaang. De Wee vun der Gare bei de Stadion hun mer net direkt

fonnt, sou dass mer fir d’ éischt bëssen Sightseeing zu Péiteng gemaach hun. Beemol

sin mer dun awer beim Stadion ukomm. Ennerwee goufen nach puer Lidder gesong, et

war also scho ganz lëschteg eier mer iwwerhaapt am Stadion waren. Am Stadion sin

eis direkt dei grouss Hamen opgefall, dei an der Büvette hungen an am Kader vun

enger Lotterie vespillt goufen, leider huet awer keen M-Blocker eng gewonn. Am

Stadion haten sech schon eng ganz Rei M-Blocker versammelt. An der éischter

Halschent hun mer kee sonderlech gudde Mätch gesinn. D’USG war net wesentlech mei

staark wei d’ Lëtzebuerger, mee louch awer beemol mat 0-2 fir. Och d’ Stëmmung am

M-Block war net berauschend, bis de Batty beemol opgestaan ass, an eise Klassiker

„Lëtzebuerger, Lëtzebuerger, Hey, Hey“ ugestëmmt huet. All M-Blocker, dei am

Stadion waren hun natierlech matgemaach a vun dësem Zaitpunkt un war d’

Stemmung wesentlech besser. Irgendwann an der 2.Halschent huet de Mario Mutsch e

Gaol fir Lëtzebuerg geschoss. Zum Schluss hun d’Roud Léiwen nach eemol Drock no fir

gemaach, mee den 2-2 sollt leider net méi gelengen. Sou ass dësen Mätch mat 1-2 fir

d’ USG ausgaang. Lou
Testmätch géint Togo 15.11.2006 0-0

Déi obligatoresch Ooftastphase um Ufank vum Match huet als éischt emol laang

gedauert. An der eischter Halschend ass d’ Spill nemmen virun sech hin geplätschert.

Den Stiermer Adebayor vun Arsenal London hat déi éischt gudd Chance eréischt an der

44ter Minutt, nodeems den Kintziger ze speit erausgelaaf war, an domat eng méiglech

Abseitspositioun opgehuewen huet. Allerdings ass bei sengem Versuch oofzeschleissen

en Been vum Strasser datescht.

Am direkten Géigenzuch dun Letzebuerg: Flank Mutsch, mee den Dan Huss trefft just

d’ Aussennetz. Esou goung an d’ Paus.

An der zweeter Halschent hun eis Léiwen de Ball dunn richteg gudd laafen geloos an

stoungen och kompakt an der Oofwier. Mee Goalchancen gouwen et baal keng, well

och d’ Togolesen hannen gudd stoungen, an all eis Flanken vun hiren

Innenverteedeger einfach aus dem Strofraum erausgekaeppt gouwen. De Strasser

huet dunn nach eng Flank vum Fons Leweck verpasst, e Waitschoss vum Mutsch gouw

ofgeblockt an no engem Zesummenspill teschent dem Rémy an dem Super-Mario

konnt läschteren sain Kappball net richteg plazéieren.

10 Minutten virun Schluss dunn déi Szene schlechthin: Eng Flank vum Rémy setzt den

Joachim just un de Poteau. Durchootmen fir den Ex-Metzer Agassa am Goal, deen

eigentlech schon geschloen war. Esou blouw et bei engem 0-0.

E Siig wir zwar nawell haut dragewiecht, an esou waren esouwuel d’ Spiller wéi och mir

Fans ee bessi traureg no Oofpeff.

Geint éischter enttäuschend Westafrikaner waren mir dei besser Equipe. Virun allem

eisen Mario wosst ze iwwerzeegen. Mee et ass jo emol absolut positiv, dass eis Jongen

wéinstens en zweeten Remis an engem Testmatch noom 0-0 géint Lettland erkämpft

hun. Dat mecht dach Hoffnung fir d’ Zukunft.

CK

Testmätch géint Gambia 7.2.2007 2-1

Op dësem kaalen Wanterowend hat

sëch den M-Block wéi sou oft zur

Occasioun vun Testmatcher um Hesper

Holleschbierg afonnt, fir d’

Nationalekipp bei hirem éischten Match

am neien Joer unzefeieren.

D’Konditiounen fir en flotten Match

waren net wierklech gin, bei

Temperaturen em di 2 Grad a

Schnéireen. Mir haten eigentlech

gehofft, d’Spiller aus dem Gambia

giffen en Keeltschock kréien bei sou

Temperaturen, mee et waren an der éischter Halschent virun allem eis Léiwen, déi wéi

veräist gespillt hun. Et war einfach grugeleg, wat mir do zesummen gespillt hun. Mir
kruten einfach keen Floss an d’Spill an d’Léiwen hun gespillt, wéi wann si net wéilten

gewannen. Dementspriechend huet et och net all ze laang gedauert, bis den Gambia

mat 1-0 a Féirung gaangen ass. Den M-Block huet sech sulues gefrot firwa si sollten an

där Keelt op den Gradins stoen bleiwen, wann si sou en Match gebueden kréien. Dofir

ass an der Paus kuerzerhand décidéiert gin, riwwer op d’Haapttribün ze plënneren.

An der zweeter Halschent hun d’Léiwen en ganz anert Gesiicht gewisen. Kampf an

Asaaz waren lo Tromp an eis Léiwen hun offensiv gespillt. Mir sin och dofir belount gin

an den Joachim huet an der 65ter Minutt den 1-1 markéiert. Mat der tatkräfteger

Ennerstëtzung vum M-Block hun d’Léiwen net opgehaal ze kämpfen an wéi den

Sagramola an der 83ter Minutt den 2-1 geschoss huet, waren d’Lëtzebuerger

Supporter aus dem Haischen

an et gouf nach laang gefeiert.

Och nom Match hun d’M-

Blocker sëch et net huelen

gelooss fir nach laang op hir

Helden ze waarden bis se aus

der Dusch koumen.

Et war en super Owend den

den Lëtzebuerger di éischt

Victoire géint eng

Nationalekipp zanter 11 Joer

an 4 Méint abruecht hat.

Tom

Testmätch géint Tréier 20.3.2007 2-0

Den 20. Mäerz stoung alt rem en Testmatch un, dës Kéier zu Gréivemaacher géint

Tréier. Wei sou oft sinn ech mam Tom mam Zuch dohinn gefuer. De Rambo huet eis

och op dëse Mätch begleed. Mam öffentlëchen Transport op Maacher ze fueren ass

keng vun deene ganz einfachen Übungen, wat virun allem drop zréckzeféieren ass,

dass do leider keng Gare ass. Mee bon, mir sin mam Zuch an d'Staat gefuer, do

emgeklomm fir op Waasserbëlleg ze fueren an dunn mam Bus weider op Maacher. No

dëser laanger Rees, op där schon vill gelaacht gouf, sin mer schlussendlech "op Flohr"

ukomm. Et war e relativ kaalen Fréijorsowend, waat awer näischt drun geännert huet,

dass den "haarde Kär" vum M-Block relativ gudd vertrueden war. Waat de Match

ugeet, kann ee soen dass Lëtzebuerg dei ganz kloer besser Equipe war, an Tréier

eigentlëch zu kengem Zaitpunkt wierklech an d' Spill komm ass. No 38 Minutten huet

den Dan Collette dunn och den 1-0 geschoss. An der zweeter Halschent hat Tréier nach

ëmmer kaum eng Chance, a wei de Claude Reiter dunn vum Elefmeterpunkt op 2-0

erhéicht huet war de Match definitiv gelaaf. E schéint Gefill, (schon erem) e Mätch

gewonn ze hunn...

Lou
Qualimätch géint Wäissrussland 24.3.2007 1-2

De 24. Mäerz 2007 war Wäissrussland op der Aareler Strooss op Besuch. De Mätch war

net wei gewinnt owes, mee schon um fënnef Auer. Mir hun eis géint eng Auer op der

Place d' Armes getraff a sin zu ongeféier zéng M-Blocker an de Pizza Hut iesse gaang.

D' Stëmmung war schon hei mega gudd, a mir hunn eis all super amuséiert. Et war

rem sou e Mätch, wou een alt insgeheim op e Punkt gehofft huet. Noom Iessen sin

mer, wahrschéinlech zur grousser Erliichterung vun allen Leit, dei am Pizza Hut a Rou

wollten iessen, an de Planet Foot weidergezunn. Hei hun mer och puer Fans begéint,

dei aus Wäissrussland ugereest sinn. Duerno sin mer dunn weidergaang an de Stadion,

wou sëch eis awer e ganz schwaache Mätch gebueden huet. Dei éischt Halschent konnt

keng vun beiden Equipen iwerzeegen, an d' Waissrussen, dei net grad sou schwaach

waren wei d' Lëtzebuerger, louchen an der Paus mat 0-1 fir. Fehlpäss a Ballverloschter

goufen et awer an deenen éischte 45 Minutten op beide Säiten am Minuttentakt.

Dei zweet Halschent war dun awer scho besser. D'cWäissrussen konnten zwar op 0-2

erhéigen, mee d' Lëtzebuerger hun et awer lo och endlech verstaan, mei konstruktiv

no fir ze spillen...

Dem Sagramola ass dunn och den Uschlossgol zum 1-2 gelong!! An der Schlussphase

hun d' Roud Léiwen nach eemol alles gin, an den 2-2 houng puer Mol an der Loft,

leider sollt et net méi klappen. Schued, op engem gudden Daag wieren géint deen do

Géigner 1 bis 3 Punkten dragewiecht...

Lou
Testmätch géint Koblenz 24.5.2007 2-0

19.00 Auer, Berbourg, punkto Wieder gesinn einfach Top!

No langer Zeit hun sin eis Jongen mol rem eng Keier am Leiwen-Tricot opgelaaf.

Net derbäi: Bigard, Joubert an de Rémy, dei fräi kritt hun fir hiren Coupe-Mätch en

Samsteg geint UN Kärjeng. De Strasser war

zu Stroosbuerg, och de Bettmer an de

Gillet waren net präsent. De Joachim muss nach eng Keier opreiert gin.

vill hin an hir ass den 1-0 dann och irgendwei

an der 14' gefall, den Da Mota flankt eran, de Peters traut sech an käppt... GOAL! Mir

waren 1-0 fir!!

Zitat CK: Kommt Jongen, lo maachen mer se nidder!!

Et ass dun bis zu der Halschend an dei zwou Richtungen gang, an de Litti huet et och

färdeg krut, sou ongefeier 20 Meter iwert

de geignereschen Goal ze scheissen.

Wann een kuckt, dass dei Koblenzer ab der 37' (Gemauls - Zack - Rout Kaart) nemmen

nach zu 10 waren, hun mir dat net richteg ausgenotzt.

An der zweeter Halschend waren Goalchancen en masse, zu allen Seiten. Ze bemierken

bleiwt eng senstionnell Parade vum Oberweis.

Eng kleng Opreegung ass et gin, well

den Dan Collette den 2-0 um Fouss hat,

mee de Ball awer komescherweis

irgendwei lanscht de Goal geschoss haat.

Irgendwei sin beid Ekippen hannen net

grad effektiv gewiescht.

Den Eleefmeeter-Goal ass an der

zweetläschter Minutt gefall. Et war en ganz

normalen Fräistouss, mee den Kitenge ass

am Stroofraum emgeheit gin, an jo, dun

huet de Peters de Ball just nach mussen

hannert de Strech setzen.

Een Doublé vum René! TOP!

Christelle

D'Opstellung war: Oberweis, Kintzinger (55' Da

Mota), Plein, Hoffmann, Mutsch, Lukic (58'

Lombardelli), Ferreira, Peters, Payal, Da Mota

(79' Kitenge), Collette (64' Sagramola). Dei

zwee Newcomer hun also vun Ufank un

ageiert.

Et huet bal 5 Minuten gedauert, bis eis Jongen

iwerhaapt een Ballkontakt haten, opschon een

net kann soen dass an där Zäit dei Koblenzer

irgendwei gefeierlech gewiescht wären... No
Testmätch géint Metz 30.5.2007 0-0

Nodeems ech zu Berbourg net konnt derbai sin, war ech frou fir no bëssen mei laanger

Zait mol rem eng Kéier kënnen eis Nationaléquipe ze gesinn. Zu Kanech sollt de Galamatch

géint den FC Metz um 19 Auer ugepaff gin. Ongeféier 10 Minutten virum Match

sin den Tom an ech dann och beim Terrain ukomm. Zéng Euro Entrée fir sou en

Testmatch hunn ech nawell ganz gudd bezuelt fonnt, mee bon - den FC Kanech feiert

nëmmen eemol sai 50.Gebuertsdag... Dun ass de Match ugaang. Weeder den FC Metz

nach d' Lëtzebuerger hun wirklech gudde Fussball gespillt, an et huet op beide Saiten

un der leschter Konsequenz gefeelt. D' Metzer haten an der 1.Halschent eng Chance,

wou de Ball awer widder de Poteau gaang ass, an ee Fraistouss aus villverspriechender

Positioun, deen awer net wierklech geféierlech war.

Kuerz virun der Paus haten d' Lëtzebuerger hir beschte Chance aus dem ganze Match.

Eng Flank koum vu lénks, de Kitengé trëfft de Ball mee verfeelt leider knapp de Goal.

Och dei zweet Halschent war op beide Säiten net wierklech dat Gielt vum Ee an ech

kann mech amfong un keng wierklech nennenswert Chance an dëser zweeter

Halschent errënneren. Waat de Support ugeet, war an der éischter Halschent amfong

net vill lass. An der zweeter Halschent ass deen dun besser gin, allerdings huet ausser

deenen 8 M-Blocker sech keen am Stade rue de Lenningen dorun bedeelegt. Ouni

Nospillzait huet den Abitter de Match dun och ganz pünktlech ofgepaff an d'Spiller sin

zimmlech séier an de Kabinne verschwonn - eenzeg den Dan Huss ass bei den M-Block

komm. Alles an allem e relaxen Owend wann och leider kee geniale Match - weder vu

Metz, nach vu Lëtzebuerg.

Lou

Qualimätch géint Albanien 6.6.2007 0-3

Iwwer 4200 Leit waren bei guddem Wierder an

den Josy Barthel komm fir d' Revanche vun der

0:2 - Néierlag 4 Deeg virdrun ze erliewen. Et

waren erstaunlech vill Albaner dorënnert, d'

Tribune de face war zu engem groussen Deel

roud vun Albaner.

Den Guy Hellers huet wéi ze erwaarden drop

verzicht, op 4-4-2 emzestellen, an sou koum déi

selwecht Equipe wéi am Himatch op d'Blaat:

Joubert - Kintzinger, Hoffmann, Strasser,

Mutsch - Bigard, Payal, Peters, Bettmer, Remy -

Collette. Den Otto Baric dogéint huet am Mëttelfeld an am Stuurm emgestallt: Mukaj

fir Duro an Bogdani fir Berisha.
Am Géigesatz

zu läschter Woch war Lëtzebuerg deskéier vun Ufank un am Match. Déi

éischt nennenswert Aktioun gung dann och op den Kont vun den Hausherren: ee

Corner no 2 Minuten,

deen dem Beqaj awer keng Suergen bereet huet.

3 Minuten drop dann déi éischt Opreegung: Fraistouss fir Lëtzebuerg op lénks, ee

klengt Gerangel tescht Collette an Dallku, deen

fällt zu Buedem. Kuerz drop haat sech

awer rem alles berouegt. Den Fraistouss an den 16er vum Remy gouf geklärt an direkt

een Konter ageleed, den Joubert kann een éischten Schoss oofklatschen, den Noschoss

land irgendwéi beim Bushaj, an deen schéisst aus 2m den Eric Hoffmann un, deen sech

sou just nach virun hien konnt werfen an

doduerch den Ball iwert den Goal ooflenkt.

No 7 Minuten dann erem d' Léiwen:

Bettmer scheckt Mutsch eraus, deem seng

Flank land awer um Goalnetz. Zu dësem

Zaitpunkt loosen eis Faarwen den Ball

relativ gudd duerch d' Reihen laafen, d'

Albaner dogéint sin passif.

An der 12. Minut gëtt den Ben Payal dann

30m virum Goal onfair gestoppt, den

Strasser setzt den Fraistouss an

d'Albanemauer, sain Noschoss geet wait

iwwert de Goal.

Eng Minutt drop gett den Payal well erem geluecht, den Skela kritt zurecht giel.

10 Minuten drop dann emol rem eng Szen vun den Albaner, allerdings kennt am 16er

keen un d'Flank. Duerno awer den éischten Géigegoal: den Skela leeft Richtung Goal,

zitt aus 20 Meter oof, Strasser fälscht den Ball géint d'Laafrichtung vum Joubert oof an

sou gëtt aus engem harmlosen Schoss den 0:1.

D' Léiwen hun allerdings duerno och sou weider gemach, wéi se virdurn opgehaal hun,

ouni dass awer eppes zielbares dobai rausgesprong ass. An der 38. Minut zerstéiert

den Kapplani dann awer déi meescht Hoffnungen op ee positiven Spillausgang. Ee Lob

an den 16er iwwert den

Hoffmann, deen net

konsequent genuch

den Kapplani stéiert,

an dee käppt aus

kuerzer Distanz eran.

5 Minuten virum Téi

gëtt den Bogdani dann

an den Strofraum

geschéckt, scheitert

awer glécklecherweis

aus kuerzer Distanz um

Joubert. No 2

ongeféierlechen

Corneren kennt den

Bogdani allerdings nach

2x zu Chancen. Fir d’

eischt
schéisst en no enger Pass an den Laaf vum

Strasser bedrängt den Ball lanscht den

Poteau, bessen drop käppt en no

engem Fraistouss lanscht den Goal.

Dëst war déi läscht Aktioun an dëser

aus lëtzebuerger Siicht méi wéi

onglecklecher 1. Halschent.

Fazit vun der éischter Halschent:

onglecklechen 1:0, onnéidegen 0:2.

Spilleresch awer bis lo vlait déi bescht

Leeschtung vun den Léiwen an deser

Campagne, si loosen den Ball relativ

gudd laafen, an kombinéieren

deelweis ongewinnt sëcher.

Gudd gefällt den Gilles Bettmer, deen

immens laaffreedeg, engagéiert an

mat gudder Iwwersiicht am Match as.

Am zweeten Duerchgang kënnt den Claudio Lombardelli fir den Jerome Bigard eran. No

2 Minuten kritt den Bettmer den Ball um 16er,

zéckt awer ze lang, an d' Albaner

kënnen klären.

Ee Corner vun den Lëtzebuerger, déi haut alleguer

oneffektiv waren, gëtt geklärt.

D' Equipe léisst den Ball awer rem relativ gudd

duerch d' Reihen laafen, ouni allerdings

doraus Kapital kënnen ze schloen.

No 54 Minuten leet den Rémy ee Fraistouss kuerz op den Bettmer, deem sai Schoss

gett awer oofgeblockt, den Ball kënnt bei den Mutsch, deem seng Flank seegelt

allerdengs an d' Äerm vum Keeper.

D' Albaner probéieren elo méi schnell ze spillen an laueren op Konteren. An der 58

Minutt déi bäschten Chance fir Lëtzebuerg: den engagéieren Collette hëllt sech aus 30

Meter en Häerz, sain flaachen Schoss sprëngt am 16er op an brengt sou den Beqaj

liicht un d' Schweesen, en kann an Corner deviéieren.

An der 63. spillen d' Albaner dann ee

laange Ball op riets, den Haxhi flankt

allerdengs hannert de Goal.

Duerno kritt den Remy nach seng 2. giel

Kaart an feelt domat am nächsten Match,

an den Daniel da Mota kënnt fir den Ben

Payal; domat Lëtzebuerg elo mat engem

4-4-2.

Kuerz drop hummert den Cana ee

Fraistouss aus 35m op den Goal, den

Joubert kann den Ball awer nach iwwert

d' Laat drecken.
No 27 Minuten an der

2. Halschent dann awer

den endgültegen K.O.:

ee Goal quasi identesch

zum 1:0 zu Tirana.

Den Berisha spillt op

lénks den Kintzinger

raus, gett den Ball ran

an den 16er an den

Kapplani vollstreckt.

Domat war den Match

gelaaf, Albanien huet

sech op Ball haalen

konzentréiert an dei

Roud laafe geloos.

No 80 Minuten setzt

den Berisha ee

Saitfallzieher no enger

Flank knapp iwwert den

Goal. 5 Minuten viru

Schluss verpasst den Mario Mutsch no engem

Dribbling den Goal just knapps.

Duerno passéiert net méi wierklech vill

an den Match gett mat 0:3 aus Siicht vun

Lëtzebuerg op een Enn.

Fazit: Ee Resultat, daat net wierklech dem Spillverlaaf entsprecht. D' Albaner hun hier

wéineg gudd Chancen erem optimal genotzt, an der 1. Halschent kënnt dann nach déi

onfraiwëlleg Ennerstetzung vun

eiser Oofwier dobai. Daat war eng albanesch Equipe,

déi zu Recht na géint keng vun den aaneren

Equipen aus der Grupp gewonnen huet.

Vun den Kombinatiounen hier hun ech haut gudd Saache gesin, dorop kann een

opbauen. Den 4-4-2 huet bis op den Géigegoal och méi oder wéineger fonctionnéiert,

as awer am Moment nach net ubruecht. Absolut verbesserungsnéideg sin

d'Standardsituatiounen, déi waren

haut alleguer harmlos!

Bescht Spiller op Sait vun

den Lëtzebuerger waren an

mengen Aan Bettmer an

Collette, op albanescher Sait

war den Bogdani am

geféierlechsten.

benem
Testmätch géint Leverkusen 15.8.2007 1-3

Lëtzebuerg géint Leverkusen, mäi Land géint mäi Veräin, do war et eng

Selbstverständlechkeet fir mech derbäi ze sinn - och wann ech zu deem Zaitpunkt

eigentlech an Holland an der Vakanz war. Egal, moies géint 10 ass dess Rees op

Ettelbréck fir mech lass gaang. No engem Stéck hollännescher Landstrooss, puer

Honnert Kilometer belscher Autobunn an schlussendlech nach e bëssen Gerenns duerch

Lëtzebuerg, ware mäi Papp an ech endlech doheem ukomm. Puer Stonnen drop ware

mir zwee, genau wi nach ronn 1100 aner Spectateuren, an den Deichwisen ukomm.

Den M-Block war leider ganz schwaach vertrueden, mat Ausnahm vum Benem sinn ech

kengem M-Blocker am Stadion begéint.

Schon no 5 Minutten huet et no enger grousser Iwwerraschung ausgesinn: Fräistouss

vum Mutsch an de Strofraum, d' Leverkusener Verteidegung ëm de Sinkiewicz an de

Callsen-Bracker (deen iwweriens Kapitän war) war nach net richteg am Mätch, den da

Mota kritt de Ball op de Kapp: 1-0. Keng Chance fir den Domaschke am Leverkusener

Gol. D'Equipe vum Coach Skibbe huet no dësem Goal bësse geschockt gewierkt. Waat

d' Leeschtung vun de roude Léiwen

an der éischter Halschent ugeet, ass

virun allem wei sou oft de Mario

Mutsch erfier ze hiewen, deen trotz e

puer Fehlpäss eng ganz gudd éischt

Halschent gespillt huet. Et huet eng

Zait gedauert, bis Leverkusen dunn

schlussendlech richteg an de Mätch

fonnt huet. Flank vu lénks vum

Arturo Vidal, Käpper vum Dimitry

Bulykin, keng Chance fir de Joubert,

1-1. De Bulykin war iwregens e

Spiller vun Dinamo Moskau, deen zu

deem Zaitpunkt e Prouftraining zu

Leverkusen gemaach huet. Entre

temps huet hien och e Kontrakt

beim Bundesligist ënnerschriwwen.

Eng lëschteg Szene war och, wei de Rudi Völler sech kuerz beim Terrain blécke gelooss

huet, an direkt huet missen 50-100 Autogrammer schreiwen. An der Paus gouf

besonnësch op Säite vun de Lëtzebuerg ganz vill gewiesselt. Dei zweet Halschent war

Leverkusen dunn awer zimmlech kloer iwwerlëen. No 63 Minutten huet de Vidal eng

gudd Flank eraginn, dei den agewiesselten Atanas Kurdow eragekäppt huet. 6 Minutten

mei spéit huet den Michal Papadopulos mam 1-3 de Mätch definitiv entscheed.

Den agewiesselten Dan Huss hat nach eng grouss Chance, mee aus spatzem Wénkel

huet en de Ball ongeféier 10 bis 15 Meter iwwer den eidele Goal geschoss.

Ech geng résuméieren dass d' Lëtzbuerger dei éischt Halschent net schlecht waren,

mee an der 2.Halschent war einfach kee Rhythmus méi am lëtzebuerger Spill, bedéngt

och duerch di vill Auswiesslungen. Bei Leverkusen huet ee gudd gemierkt, dass eng

ganz Rei Stammspiller net derbai waren... d' Resultat spigelt de Match awer nawell

gudd erem...

Lou
Testmätch géint Georgien 22.08.2007 0-0

22. August, den üblechen „Virun-der-neier-Saison-internationalen-Testmätch“. Um

Programm stung den Geigner Georgien deen schon mei laang am Raum stung, et bis

haut awer keen Datum gouf wou mer dann gingen op se treffen. Open Froen woren

natirlech wei sech d’Equipe no deem batteren Oofschloss virun der Summerpaus ging

Presenteieren. Wei och d’läscht Joër gengt d’Tiirkei huet d’FLF och dessen Mätch

genotzt fier den Lëtzebuerger Fussball mei populär ze maan an huet dofier freien

Entree offreiert fier dei nët iwwerdaachten Plaatzen vum Stade, d’Haapttribune huet

dofier allerdings och just 10 Euro kascht. Trotz dessen Mesüren haat d’Wierder sein

deel dazou beigedroen dat um Enn awer just 1123 Leit den Wee an den Stadion fonnt

haaten. Traureg. Insgeheim kann een dann op der aanerer Seit och behaapten dat

d’Wierder eis fier deen Daag

voll an d’Kaarten gespillt

huet. Kuerzfristeg haaten

mer eis dazou decideiert mat

engem „Keen Geld méi fir

een Stadion?“ Banner op

d’Messstänn an d’Mängel vun

eisem baal 20 Joer aalen

Stadion hinzeweisen. Daat

ganzt kombineiert mat gielen

Schutzwesten wei jiddereen

se sollt am Auto dabei hun

an ergänzt mat diversen

Baustellen-Schëlter.

Daat ganzt haat sech dann och den Daag drop an den Zeitungen niddergeschloen wou

enner aanerem d’Tageblatt geschriwwen huet:“Luxembourg, Stade Josy Barthel: „Keen

Geld méi fir een Stadion?“ Der M-Block brachte es gestern mit seinem Transparent auf

den Punkt. Der Fussballverband FLF hatte für das Länderspiel gegen Georgien freien

Eintritt auf den nicht überdachten Rängen ausgelobt, und dennoch blieben die

allermeisten Sitze frei. Kein Wunder, denn auch für lau will niemand im Regen sitzen.

So waren es offiziellen Angaben nach nur 1.123 Unentwegte, die das beachtenswerte

0:0 der Luxemburger Nationalmannschaft miterlebten. Darunter aber immerhin

Sportminister Jeannot Krecké sowie seine Vorgängerin und jetzige Sportschöffin der

Stadt Luxemburg, Anne Brasseur. Die freilich saßen im Trockenen auf der

Ehrentribüne...“ Mol kucken wei et dann lo do weidergeet.

Fussball gouf, wei gesoot, och gespillt an do hun eis Leiwen sech ganz gudd mat

engem 0-0 gengt d’Formatioun vum Klaus Topmöller aus der Affäre gezunn. Beid

Equipen haaten jee hier halschent, d’Georgier dei eischt d’Lëtzebuerger dei 2t, an daat

ganzt och mat 3 gudden Geleegenheeten, sou dat den 0-0 am Endeffekt duerchaus

verdingt war.

Laurent
Testmätch gengt den 1.FCK 5.9.2007 2-2

No der Aarbecht sinn ech mam Lou

zesummen mam Bus op Hesper

gefuer. Virum Match waren mer als

éischt emol e puer Miniën an e Café

drénken an hun e bessi zesummen

gepotert, ei et dunn gutgelaunt iwert

e Fousswee durch de Bësch bei de

Stade Alphonse Theis eropgaangen

ass.

Am heitegen Testmatch duerften eis

roud Léiwen um Terrain vum FC Swift

géint den 1.FC Kaiserslautern

untrieden. Den 1.FCK, een vun de

bekanntesten an virun allem

beléiwsten däitschen Klibb hei am

Land, spillt jo mëttlerweil schons séng

zweet Saison an der zweeter däitscher

Liga, ass ower do och alt erem

zimmlech schlecht gestart an waert

wuel och dës Saison kaum em den Opstig matspillen.

Haut géint Lëtzebuerg sinn se

mat enger Equipe ugetrieden,

déi zudem mat villen Oberligaspiller vun der

Amateuréquipe gefellt war.

Virun offiziell 1035 Spectateuren hun als éischt d’ Pfälzer Gas gin. Schons no 9

Minutten huet de Beda no engem Corner vum Bugera den 1-0 fir séng Farwen

markéiert. Duerno awer ass Lëtzebuerg besser an d’ Spill komm. An der 16ter Minutt

konnt den Dan Huss den erausstiermenden Keeper Sippel iwwerwannen: 1-1!

Duerno war Lautern konsternéiert, an se kennen vun Chance schwëtzen, datt weider

gudd Chancen vun de Lëtzebuerger ongenotzt blouwen.

No der Paus, an daer Lëtzebuerg glaich 7 Mol, an Kaiserslautern emmerhin 3 Mol

gewiesselt huet, koumen dunn awer d’ Gäscht erëm besser an de Match, an haten

zwou grouss Chancen, déi awer kläglech versemmelt gouwen. Eis Léiwen hun tapfer

gekontert. An der 66ter Minutt ass de Rémy hallef lénks no fir gestouss, huet an de

Réck vun der Lauterer Oofwier geflankt, an de Chris Sagramola huet eiskaal zum 2-1

eragesaat. E Siieg loung an der Loft, mee et huet alt erëm net dierften sin...

An der 86ter Minutt huet de Stachnik eng Onopmierksamkeet an eiser Oofwier

ausgenëtzt an zumindest en 2-2 fir den véierfachen däitschen Champioun gerett.

Esou goung en passablen Testmatch zu Enn an ech sin dunn mam Flyer am Auto

zesummen op Bieles zeréck gefuer.

CK
Qualimätch géint Slowenien 8.9.2007 0-3

Endlech, et war souweit, Kirmesmätch 2007.

Nodeems mer eis zu puer op der Fouer getraff haten fir eis op de Mätch ze freen, sin

mer d' Aareler Stroos mat Gegrööls an Gesang roppgepilgert. 3 Punkten waren greifbar

nobei, an et huet no enger Revanche gericht, fir dei Slowenien-Klatsche vum Firjoer

rem gudd ze maachen.

Op der Tabelle waren d' Slowenen dun och nach net ganz weit ewesch mat hiren 4

Punkten Firsprong.

D’ Banneren sin am Stadion

opgehang gin, dorenner och

een: Geld mecht eisen Sport

futti. De Message muss jo net

erklärt gin...

Punkt 5 Auer huet den Arbitter

de Mätch ugepaff.

Mat engem zimlech agressiven

Rythmus ass de Mätch ugang,

an et koum wei et kommen

musst... An der 6'ter Minutt

haaten d' Slowenen schon eng

eischt Goalchance, wou den

Eric Hoffmann klären musst.

Knapps eng Minutt drop, de

Schock!

Goal. Am M-Block Totenstille. Domat hat lo keen gerechent. De Lavric huet d' Bull

irgendwei an de Filet gesaat. Mir hun eis dodurch awer net ennerkreien geloss an hun

weider all Stemmung gemaach. Dat konnt jo net sin dass mer schon rem geifen

verleieren... Dei läscht Testmätcher hun jo gewiesen dass mer Fussball kennten

spillen!!

Eng veirel Stonn dono hat ech schon rem bal am Joubert senger Kescht gerabbelt...

Mee desen Schoss vum Lavric ass vum Peiffer ofgewiert gin.

An der 37ter Minutt war et dun awer rem souweit. Mir hun eis den zweeten Goal

agefaang. Grouss Enttäuschung an Ernüchterung, et sollten wuel net dei geplangten 3

Punkten gin.

0-2. Des Keier war et den Novakovic. Et sin direkt Diskussiounen am M-Block entstaan

op de Joubert deen hätt missten kreien oder net, de Stiermer kennt alleng op heen

duer, an heen kennt nach drun... Allerdengs war keng Zeit fir lang ze diskuteieren, de

Ball war schon rem um Mettelpunkt, an et ass weidergang.

Punkto Stemmung war et bis zu desem Moment wirklech genial, mee deen zweeten

Goal huet awer een klengen Knacks hannerloss.

Bis zur 45ter hun mir eist Bäscht am Block gin.

Paus.
Irgendwei war dei zweet Halschend genee sou schlecht an seier ugang wei dei Eischt.

Des Keier hun d' Slowenen an hiren Lavric just 3 Minutten gebraucht fir de Saack zou

ze maan. Eng gudd plazeiert Flank kennt an de Stroofraum, de Lavric braucht just

nach de Kapp dohinn ze haalen.

0-3.

D' Jongen hun awer net opgin. Zumools dei jonk

Spiller hun probeiert d' Resultat nach

bessen ze beaflossen. D' Slowenen hun dem Spillchen just nach mussen nokucken, an

hun vun de letzebuerger Feeler bei Passen profiteiert.

Richteg Goalchancen fir d' Leiwen waren der net wirklech vill.

Eraus stecht dem Huss sein Schoss an der eischter Halschend, deen och gudd plazeiert

war, mee vum Handanovic gestoppt gin ass.

Ebenfalls hat de Mario Mutsch an der

87ter nach eng Chance, wou de sloweneschen

Keeper grad sou gefroot war...

Positiv opgefall ass ouni Zweifel den Mario

Mutsch, deen trotz Reckstand gekämpft

huet! De Jeremy Peiffer hätt sech wahrscheinlech

och een mei positivt Resultat fir sein

Nationaléquip's-Debut gewescht.

Zeit fir lang ze zweifelen bleiwt allerdengs

net, well Mattwochs drop stung:

BULGARIEN-LETZEBUERG op der Affiche,

an do war och eng Revanche fälleg...

Roude Leiw - Huel se!

Christelle

Auswäertsrees a Bulgarien September 2007 3-0

Mir fleien op Sofia!

No desem Motto ass t’Rees vun 6 aalen Bekannten aus dem M-Block den 11.09.2007

matzen an der Nuecht lassgang.

Ganz ganz frei Moies war den Oli mam YMCA-Laurent de Lou an de Batty sichen, fir

dann geint 5 Auer bei mir am Eisleck opzekräizen. De Benem ass mat sengem Auto bis

op de Schuman komm, vun wou mer dann eis Rees op Köln/Bonn offiziell gestart hun.

Wei mer eis bis opgedeelt haten, sin mer queesch durch d’ Belscht Richtung

Däitschland lassgefuer. Mam Deawoo Lanos

zu 4 am 4ten Gank fir biirgop ze kommen…

D’ Sonn war schon lang op bis mer endlech

um Flughafen ukomm sin, wou mer mol deck

lang mussten no enger Parkplaatz sichen…

Um Guichet fir anzechecken hun mer eis

Kolleegen vum ‚Roude Leiw, Huel Se!’

begeint, dei eis erklärt hun dass se hir Rees

bis Samstes geifen verlängeren. Mir 6 fir

eisen Deel sin Donneschtes schon

zreckkomm.
Fir de Laurent, deen sein eischten Flug op engem 11ten September sollt erliewen, war

dat Ganzt am Ufank net sou berauschend. Knapps gestart war heen sech awer schon

secher wellen Pilot ze gin!

Am Fliiger hun mer een Schwäizer kennegeleiert, deen de Mätch mat senger Frendinn

kucken kommen wollt, nodeems mer em dat proposeiert hun.

Geint der Metteg sin mer zu Sofia ukomm, wou mer firun der Diir schon direkt bal iwert

den Desch gezunn gin sin. Well zu Sofia quasi alles mat Taxi leeft, waren mer

gezwongen der 2 ze huelen, bis bei eis Jugendherberge. Allerdengs sin d’ Preisser „à la

tête du client“ an sou huet deen eischten 30 Lew (bulgaresch Währung) gefroot, deen

dono awer mol net d’ Halschend!

Eis Jugendherberge war de Knüller wann een dat mam Rescht vun der Staat verglach

hat.

Nomettes sin mer bessen durch d’ Staat gezunn, fir eis mol unzekucken wou mer dann

geland wären.

Op enger Terrasse hun eis Jongen Fändelen an Schaaler ausgepackt, fir sech bessen

bemierkbar ze maachen. Eng belleg Kopie vum Santana ass mat senger Gitarre bei eis

spillen komm, an d’ Stemmung war ganz relax. Beemol sin och Leit mat Plakater

lanschtgerannt komm, dei ‚gratis Emärmungen’ verschenkt hun.

Mee dun koum eppes woumat keen vun eis gerechent hätt, den Pol Philipp an dei

offiziell Delegatioun vun der FLF treppelen riicht

op eis duer. Daat hun mer mat engem

haardem ‚Pol Philipp’ ennerstrach! Heen huet eis op den Training vun de Jongen

inviteiert, waat mer eis natiirlech

net wollten entgoen lossen.

Sou sin mer fir halwer 7 bei de Stadion gepilgert.

Firun der Diir huet allerdengs d’

Botzfra eis den Angang versperrt. Et war och

hei de Pol Philipp an Persoun, deen där

Fra huet mussen erklären ween mir wären, an dass mir just den Training weilten

kucken. No heftegen Diskussiounen huet se awer nogin, an mir sin mat op d’ Presse

Tribün gang. Et war och zu deem Zeitpunkt

wou et ganz schlemm ugefang huet mat

reenen, an eis Jongen och kuerz drop de Wee ant Duschen gesicht hun.

Dass mir 6 allerdengs och mat durch dei ennerirdesch

Gäng vum Stadion dierften

goen, haten mer eis och net firgestallt, mee dach, Tatsaach! Dobaussen ass eis Botzfra

dann awer voll ausgeflippt! Mir hun och nach gewaart bis eis Equipe rauskomm ass, fir

hinnen Moien ze soen. An d’ Botzfra hat

bal een Kollaps gemaach…

Dono sin mer nach een U21 Mätch

(Bulgarien-England) an den Stadion

niewendrun kucken gang, wou mer awer

net bis zum Schluss bliwwen sin.

No enger waarmer Dusch an eiser

Jugendherberge, an zoppnaassen Kleeder

weinst grausamen bulgareschem Wieder,

sin mer Pizza iessen gang. Fir eis war et

zimlech ongewinnt fir Knuewelleckszoos ze

kreien fir op d’ Pizza ze schmieren, mee

mir onängstlech M-Blocker hun eis

natiirlech dovun net oofschrecken geloos.
Firun engem Irish Pub deen seng Diiren firun eiser Nues zougemaach huet, hun mer

een Holläner an sein ireschen Kolleeg kennengeleiert, dei eis am Cafe niewendrun nach

en Patt zum Bäschten gin hun.

Eng Nuecht dono war den Daag X vum Mätch schon do. Ech fir mein Deel hun nach

vum Moien profiteiert fir mam Batty shoppen ze goen, dei aanner hun sech

ausgeschloof, an den Olli war mam Laurent bei t’FLF eis Ticketen sichen.

D’ Zäit war och seier em, an mir sin inkognito bei de Stadion getreppelt. De Benem an

ech waren nach bis ant Jugendherberge, während de Rescht vun eis am Irish Pub from

Sofia bliwen sin. Wei mir Zwee ukomm sin, konnten mer eisen Aaen net trauen, wei

mer probleemlos an de Stadion rankomm sin, an beemol firum Bus mat de Spiller

stungen. Vun Oofspär keng Spur…

Eis 4 Nachzügler waren puer Minuten dono och present, an kurz drop war och

Delegatioun vum ‚Roude Leiw’ mat eis op der Tribün versammelt.

Et huet net lang gedauert bis mer dei eischt bizarr bulgaresch Sitten gesinn hun.

Während dem ganzen Mätch knabberen se un enger schwarzer Zort Ness an geheien

de Knascht op Still an op de Buedem.

An eisen Schwäizer war och rem do.

De Mätch huet wirklech ganz gudd fir eis

ugefang. Eis Leiwen stungen dei eischt

25 Minuten optimal, an de Berbatov ass

zu deem Zeitpunkt nach Kengem

opgefall. Eischter de Contraire!

Et waren mir Letzebuerger dei die eischt

gudd Goalchance haaten! No enger

Minutt an 30 Sekonnen huet den Dan

Huss een Fräistouss nemmen puer

Zentimenter iwert dei bulgaresch Laat

gesaat…

Die eischt 25 Minuten hun wei gesoot Eis

geheiert, mee an der 27 Minutt huet et

gerabbelt! Deen omineisen Berbatov

huet sech durch eis Oofwier gekämpft,

an de Ball erangekäppt. Sein zweeten Goal fällt direkt die Minutt drop, een Lob deen

menger Meenung no 1 Meter Abseits war! (op manst…)

Elo ass et drems gang net ennerzegoen, an dem Drock vun de Bulgaren ze widerstoen.

Mat desem 2-0 ass et dun och an d’ Paus gang.

An der 53ter Minutt muss den Eric Hoffmann an läschter Instanz de Berbatov firum

Joubert am Stroofraum stoppen, waat zu engem emstriddenen Eelefmeter gefouert

huet… Dozou kennt eng iwerflesseg giel Kaart fir den Hoffmann. De Petrov verwandelt

den Eelefter andeems en labber lenks lanscht de Joubert an de Filet setzt.

An der 84ter Minut war eisen Bluttdrock dann awer rem op 1000! Dei bulgaresch

Defense huet bessen gepennt, an sou war et dem Payal meiglech op den Dan Collette

ze passen, deen op de Goal scheisst, an nemmen e puer Zentimeter riets derlanscht

geet…Drei Minuten drop huet eisen Super Mario de Goal och nemmen em en Hoer

verfeelt.
Eis Jongen hun gekämpft, mee et ass dem Berbatov gelongen sech perfekt an Szene ze

setzen. Dem Strasser sein Zitat seet do och wuel alles aus: ‚Huet dir schon een

Letzebuerger Champions Leage spillen gesinn?’

Eis Leiwen: Joubert – Bigard – Kintziger – Hoffmann – Peiffer – Peters - Mutsch –

Strasser – Bettmer – Remy – Huss – Da Mota – Payal – Collette

Den M-Block ass zesummen mat dem Roude Leiw an den Hilton getreppelt, wou noom

Mätch nach c’ Rezeptioun war. Mir hun eppes guddes do giess, an sin mat villen neien

Tricot’en zreck an eis Jugendherberge gezunn!

Natiirlech war eisen Owend nach net eriwwer, an am Irish Pub hun mer eis et nach

gudd goen geloss.

Donneschtes moies war nemei vill Zeit ze verleieren, an mir mussten zreck op de

Flughafen. Drei Stonnen dono, rem op däitschem Buedem, war eis eischt Decisioun,

een bekannten Fast Food Restaurant opzesichen, fir gestärkt heemzefueren. Des Keier

zu 5 am Deawoo, well de Benem opt Uni gefuer ass. Mir hun an engem Daag 5 Länner

gemaach: Bulgarien, Däitschland, Holland (well mer eis verfuer hun), Belscht an

endlech doheem an Letzebuerg!

Jongen, et war wei emmer derwärt!

Christelle

Testmätch géint GB Antwerpen 3.10.2007 2-1

Mëttwochs, den 3.Oktober 2007 stoung e Frëndschaftsmätch um Programm: zu Kärch

war de Géigner vun eiser Nationalekipp Germinal Beerschot Antwerpen aus der

éischter belscher Liga.

Dat naas-kaalt Wierder huet sech als wéineg virdeelhaft erausgestallt, an ronderëm

den Terrain, do wou d'Spectateure stoungen, war iwwerall Wiss. Egal, "duerch Reen a

Schnéi si mir gaang" steet op eise Schaler, da wärt eng naass Wiss zu Kärch eis och

bestëmmt net ophale kënnen.

Nennenswert waat dëse Mätch ugeet, ass definitiv d' Tatsaach, dass et dem 37jährege

Jang Wagner säin éischte Lännermätch war. Et huet ugefaang wei an der schlechter

aaler Zait: eng Onopmierksamkeet an der Verteidegung, a schon louche mer 0-1

hannen. Zu dësem Zaitpunkt waren nach keng 2 Minutten gespillt. Dat war awer och

schon alles, wat d' Equipe aus der belscher Hafestat an der éischter Halschent

gebueden huet.

Vun de Roude Léiwen huet een och scho besser Phasen gesinn wei dëss éischt

Halschent, an ech war wuel net deen eenzegen, dee frou war wei den Abitter dëss

éischt Halschent ofgepaff huet. Zwee Mini mei spéit goung de Mätch du weider, a lues

awer sëcher ass d' lëtzebuerger Nationalequipe mei staark ginn. An der Schlussphase

krute mer d' Spill dun awer nach gedréit: Goaler vun da Mota a Lombardelli: 2-1 fir

Lëtzebuerg! D'Generalprouw virum Waissrusslandmatch war also gelong...

Lou
Qualimätch géint Wäissrussland 13.10.2007 0-1

ET WAR PHÄNOMENAL!!

Ech hun de Mätch via Livestream um Internet gekuckt, an war gläichzäiteg mam

Benem an Mike (deen am Ausland op der Uni setzt) op MSN. Während dem ganzen

Mätch hun met mateneen geschwaat, an konnten et net gleewen dass et tatsächlech

no engem Punkt ausgesinn huet. Di schlemmsten Wieder sin gefall, well den Arbitter

einfach net wollt ofpäifen...
An dun... ONBESCHREIWLECH! De Fons käppt die Bull an der 95ter Minutt an de Goal!

Et gin einfach keng Wieder dei daat kennen beschreiwen!

Domat haten mer allen dräi net gerechent, an wann et geschitt, dann ass et zwar

einfach nemmen genial!

Mir hun allen dräi während 10 Minuten keen Wuert rauskritt.

Leider ass et fir mech näischt gin fir dono op de Findel ze fueren... Do wär ech wirklech

och gär gewiescht!

Christelle

dass ech net doheem wier fir de

Mätch ze kucken a wollte mech

sou séier wi méiglech iwwer eis

dräi Punkten informéieren.

Lou

Den 13.Oktober hat ech mëttes op de Gare

e Basketsmätch, sou war ech wéinstens an

engem Quartier, wou e bëssen

Wäissrusslandfeeling opkënnt.

Nom Mätch huet mai Papp mëch an nach e

Kolleg mam Auto heemgefouert, an

ënnerwee hu mer natierlech Radio

gelauschtert.

Et waren eppes iwwer 80 Minutten gespillt,

et stoung 0-0 a mir hunn natierlech och

gehofft, eis Léiwen kinnten hire Punkt halen.

Beemol, mir waren grad op der Beggener

Strooss, zielen se um Radio vum Leweck

sengem Gol. Mäi Papp huet spontan am

Auto puermol getuut, ech war natierlech och

ganz frou, konnt et awer am Ufank net sou

wierklech gleewen.

An deenen 3-4 Kilometer, di et vun do aus

nach bis bei mech heem waren, huet

zweemol main Handy geschellt. Et waren

den Tom an de Mike, si wossten allen zwee
Qualimätch géint Rumänien 17.10.2007 0-2

De 4. Daag noom Auswäertsmätch a Wäissrussland hun eis Roud Léiwen rem missen

op der Aareler Strooss untrieden. Op dësem 17.Oktober hun ech mech géint Véirel op

5 mam CK op der Gare getraff, vu wou aus mir an de Pacha gefuer sinn.

Wei mer ukomm sinn, ware schon eng ganz Rei M-Blocker do, d' Ambiance war nawell

gudd, an op der Tele ass de Qualimätch tëscht Russland an England gelaaf. Beemol sin

dun awer schon dei éischt M-Blocker an de Stadion gefuer, wou sie sech mat Leit vun

RTL getraff hun, dei och ënner anerem en Interview mam Oli gemaach hun. Am Pacha

waren dun vum M-Block just nach de Keup, de Jeff, den CK an ech.

Wei de Mätch Russland-England fäerdeg war, sin de CK an ech dann och Richtung

Aarëler Strooss opgebrach. Zu eiser Enttäuschung gouf am Stadion leider net gegrillt,

mee soit... Mir sin dun an de Block gaang, deen sech lues awer sëcher ëmmer méi

gefëllt huet. Scho virum Match war d' Stëmmung gutt a mir hunn eis "Helde vu Gomel"

gefeiert.

Erwähnenswert ass och, dass den Dan

Huss, dee vum Guy Hellers net

nominéiert gouf, sech de Mätch aus

dem M-Block ugekuckt huet. E schéine

Geste vum Nationalspiller! Um Véirel

op 8 ass de Mätch dun ugepaff ginn. D'

Roud Léiwen hun an der éischter

Halschent gudd gekämpft. D' ganz

Equipe huet eng anstänneg Leeschtung

bruecht, besonnësch erfirhiewen géng

ech awer de Kintziger an de Joubert.

An der 42. Minutt huet et du leider

awer gerabbelt: d' Rumänen hun

gudde Kombinatiounsfussball gespillt, Wagner a Lang (di bis dohinn e wierklech gudde

Mätch gemaach hunn) komme leider allen zwee e Schrëtt ze spéit, de Joubert huet

keng Chance: 0-1 fir Rumänien. Schued, et hätt net vill gefeelt a mir hätten den 0-0 an

d' Paus gerett kritt.

No der Paus hunn d' Rumänen weider Drock gemaach, an et ass de Lëtzebuerger

ëmmer méi schwéier gefall, de Ball aus der eegener Halschent erauszekréien. Sou ass

et och komm dass d' Rumänen op 0-2 erhéige konnten. Noom 0-2 gouf et amfong en

zimmlech langweilege Mätch: d' Rumänen hun e Gang zréckgeschalt, d' Lëtzebuerger

haten d' Kraaft leider net méi fir sech an de Mätch zréckzekämpfen an sou ass et beim

0-2 bliwwen. Alles an allem awer keng schlecht Leeschtung vun eisen "Helde vu

Gomel".

Lou
Eis Tifo géint Albanien

‚Eise Stär wärt opgoen’

Fir desen Qualifikatiounsmätch matzen am Summer wollten mir M-Blocker eis eng

speziell afaalen lossen, fir eisen Leiwen ze weisen dass mer nach emmer 100 %

hannert hinnen stinn!

Sou waren den Olli, de FlaT, den Tom, de Lou an ech schon Samstes mat Zäiten op, fir

dat noutwendegt Material an engem bekannten ‚Bau der dein Haus – Selwer –

Geschäft’ ze ergatteren.

Op eiser Shopping Lescht waren ennert

aannerem Stangen fir Doppelhalteren,

reissfesten an stabilen Pabeier, rouden, bloen an

gelldegen Spray, an net ze vergiessen, daat

allerwichtegst Utensil fir all Tifo-Preparatioun:

Tesa-Päsch um laafenden Meter!

Mat deem ganzen Kreppeng irgendwei an zwee

Autoen gebrätscht, sin mer op Deifferdeng

gefuer, fir beim Olli an der Garage mat eiser

Aarbecht lass ze dämpen.

Hei ass och den CK an sengem 60ger Jogging zu

eis gestouss.

Als eischt hun mer dei 50 Staangen mol all an der Mett mussen durchschneiden, waat

dank enger elektrescher See awer seier geschitt war. Op een Meter verkierzt, hun mer

dun t’Moss geholl fir eisen Pabeier ze schneiden. An zwou Gruppen opgedeelt, hun mer

den ganzen Metteg Pabeier gemoost an geschnidden, an zum Schluss mat eisen Super-

Päsch schein Doppelhalteren draus gemaach.

Sou war deen Daag och schon em, an mir

hun eis Rendez-Vous gin, fir den Samsteg

drop den Finish ze realiseieren.

Deen Samsteg war awer keng Zäit ze

verleieren, well den Auswärtsmätch vun eisen

Leiwen an Albanien iwerdroen gin ass. Mat

enger verstärkter Trupp, durch de Batty an

de Fabs, sin mer mat eisen gepäschten an

blanken Doppelhalteren opt Siich no enger

potentieller Plaatz gang, wou mer kennten

sprayen. Endlech sin och dei vill Dousen zum

Aasatz komm!

Mat puer Schablounen (dat huet wuel am meeschten Zäit kascht, Deen perfekten Stär

ze moolen) hun mer blo an rout Stären dropgesprayt. Dozou kennt nach een

Gelldegen. Vermummt an Schaaler an Dicher hun mer eis gudd ameseiert, an natiirlech

huet och een deem aanneren mussen Faarw opt Fanger sprayen...
Een ganz langen Banner mat der Opschreft ‚Eise Stär wärt opgoen!’ verfollstännegt

des Tifo.

An sou hun mer desen Nometteg och seier em

kritt an hun am Deifferdenger Stammlokal den

Mätch vun eisen Jongen mat verfollegt.

Am Stadion, 4 Deeg drop, hun mer des Tifo nach

mat 200 Wonnerkärzen gepimpt. De Banner ass

firun de Block hänken komm, beim Alaaf vun de

Spiller huet quasi jidereen am Block entweeder

Wonnerkärzen oder een Stär am Grapp gehaat.

An de gelldegen Stär ass an der Mett och opgang!

Christelle
Oochen am Mäerz 2007

Groundhoppingtouren

Beemol am Mäerz haten de Flat an d'kriztael

d'Idee, op Oochen ze fueren, fir de Mario Mutsch,

den Aurélien Joachim an awer och de Christian

Pauly, di deemols nach allen dräi fir d'zweet

Ekipp vun der Alemannia gespillt hunn zu

supporten. Si hu mech dun och gefrot fir

matzefueren, an zu dräi si mer sonndes, den

11.Mäerz opgebrach, fir Alemannia II géint 1.FC

Köln II kucken ze goen. Fir mech war den Départ

zu Miersch op der Gare, vu wou aus ech mam

Zuch op Clierf gefuer sinn. Vun do aus ass et,

mat Tëschestopp bei enger Frittebud op der

Wemperhaart, op Oochen gaang. Zu Oochen

ukomm, hu mer leider misse feststellen, dass de

Fanshop zou war. Schued, hätt do gären eemol e Bléck erageworf. Kuerz drop hu mer

dun awer de Münzenbergstadion, net wäit vum Tivoli eweg, fonnt a mir hunn zu eiser

Enttäuschung misse feststellen, dass Joachim a Pauly net spillen. Egal, de Super-Mario

ass opgelaf, et war e schéine, sonnëge Fréijorsnomëtteg an et war Derbytime! Eierlech

gesot hätt ech zwar mat méi Supporter an och méi Stëmmung gerechent, Oochen

géint Köln ass e Klassiker, och wann "nëmmen" zweet Ekippen gespillt hunn. De Mario

ass, fir eis e bëssen ongewinnt, op der rietser Säit am Mëttelfeld opgelaf, an en huet

och ongewinnt offensiv gespillt. An der éischter Halschent war et e wierklech gudde

Mätch, an Oochen war di kloer besser Ekipp.

Beschte Spiller um Terrain war zwar ouni

Zweifel d'Nummer 8 vun Oochen, de

Moosmeyer, deen och den 1-0 geschoss huet,

mee och de Mario huet e ganz gudde Mätch

gemaach. An der 2.Halschent war d'Loft e

bëssen aus dem Mätch eraus, Oochen huet

säin 1-0 Virsprong verwalt, Köln hat net

wierklech eppes dergéint ze sätzen, a sou ass

beim 1-0 bliwwen.

Nom Mätch koumen di 3

Lëtzebuerger um Terrain bei eis e bëssen

schnëssen. Mir hunn nach eppes gedronk a

sinn du rem Richtung Lëtzebuerg gefuer. Am

Auto gouf nach vill gegeckst a gelaacht a sou

ass eng flott Groundhoppingtour op en Enn

gaang.

Lou
Zürich am Mee 2007

Eigentlech hätt eis Rees op Zürech just eng ganz

harmlos Groundhoppingtour ginn, et gouf eng genial

Party mat den Thuner. Freides Mëttes um Véirel op 2

hunn d'kriztael an ech eis op der Gare getraff, wou mer

mol den Delhaize gestiermt hunn fir Proviant ze kafen.

Um 15.03 ass eisen Zuch gefuer, sou dass mer géint

halwer 9 owes zu Zürech ukomm sinn. De Mike, de

Peixe an de Flat hunn eis op der Gare ofgeholl. De Mike

ass am Moment aus Studiengrënn zu Zürech, de Flat an

de Peixe si schon donnëschdegs ugereest. Mam Tram si

mer am Mike séng WG gefuer, wou mer de Christophe

an de Patrick, di beim Mike wunnen, firgestallt kruten.

Mir hunn zu Owend giess, Poker gespillt a lëtzebuergesche Béier, frësch vum Peixe

exportéiert, gedronk. Niewenteneen an enger Réi hu mer am Mike sénger Kummer

iwwernuecht. "Dat ass eben Groundhopping", sou d'kriztael. Samsdes Moies stoung du

Sightseeing um Programm, ier mer mëttes dun an den Hardturm-Stadion gefuer sinn,

wou de GC Zürech géint den FC Thun gespillt huet. Zesumme mam Patrick aus dem

Mike sénger WG hu mir 5 Lëtzebuerger eis an den Thun Block gestallt. Virum Mätch

gouf den Grasshoppers-Trainer Krassimir Balakov, deen de Veräin no der Saison

verlooss huet, nach mat engem Bouquet Blummen geéiert.

Mir haten d'Trikoten vun eiser Nationalekipp un, zwee Fändele mam Roude Léiw derbäi

an d'kriztael hat suguer en MF95 Schal un, deen et am Laf vum Mätch géint en Thuner

Schal agetosch huet. D'Thuner hunn sech am Ufank bëssen iwwer eis gewonnert, mee

wi mer hinnen dun erkläert hunn, dass mer Lëtzebuerger wieren, genau wi den FCT-

Trainer Jeff Saibene, ware mer ganz schnell an deem Block akzeptéiert an hu während

dem Mätch zesummen di Thuner Ekipp ugefeiert. D'Stëmmung war vun Ufank un ganz

gutt, a wi no 7 Minutten de Julian

Bühler den 0-1 fir Thun geschoss

huet, war de Jubel am Block

natierlech ganz grouss. Et goufe vill

lëschteg an deelweis och e bëssen

dekadent Lidder gesong, an

zwëschenduerch ëmmer rem "Hopp

Thun", an awer och "Jeff Saibene"

gebläert. D'Spiller vum GC sinn nom

0-1 bëssen erwäscht, hir Fans awer

net, soudass een just eis Thuner

héieren huet. No engem

katastrophalen Ofstëmmungsfeler

vum GC-Golkipp an engem

Verteideger vum Grasshoppers Club huet den Dosek op 0-2 fir Thun erhéicht. Eise

Block war an Ekstas, an an der Paus sinn puer Fotoen vun eis, zesumme mat Thuner

Fans entstan.
An der

2.Halschent war

de Mätch net

méi spannend,

mee

d'Stëmmung

am Block

emsou méi

genial, et ass

suguer eng

Polonäs duerch

de Block gaang.

An der

67.Minutt huet

de Ferreira dun

mat engem

schéine Schoss

zum 0-3 getraff. D'Polonäs huet sech widderholl, an d'Thuner Fans hu suguer ugefaang

"Luxemburg, Luxemburg" ze bläeren. Wi de Mätch ofgepaff gouf, stoung definitiv fest,

dass Thun net wiert ofsteigen. D'Spiller an de Coach Saibene koumen bei de Block an

hunn sech feiere gelooss. De Jeff Saibene schéngt et genoss ze hunn, wi de ganze

Block "Jeff Saibene" geruff huet. Hien wosst zu dësem Zaitpunkt wuel schon, dass et

säi leschten Auswäertsmätch als Thuner Teamchef gewiecht war. Mir hunn och nach

mat den Thuner "Nie mehr, nie mehr Nati B" gesong, an och mir Lëtzebuerger, di virun

2 Stonnen nach kee Spiller vum FC Thun kannt haten, hunn eis wierklech fir dëse

sympathesche Club aus dem Berner Oberland gefreet. Et gouf nach eng Véirelsstonn

gesong, duerno hu mer den Thuner Fans nach Schaler ofkaaft a si bei de Burger King

eppes iesse gaang.

Owes gouf nach Poker gespillt a mir hunn

dem Peixe Äddi gesot, deen nach owes

zréck op Lëtzebuerg gefuer ass. Sonndës

Moies sinn d'kriztael an ech nach bëssen

Touriste spille gaang, während de Flat an

de Mike ausgeschlof hunn. Mëttes hu mer

vum gudde Wieder profitéiert fir ze grillen

ier mer mam Zuch zréck op Lëtzebuerg

gefuer sinn.

Op dëser Plaz wëll ech dem Mike och nach eng Kéier villmols Merci soen, dass en eis

bei dëser Groundhoppingtour, genau wi och bei der Groundhoppingtour op Thun an

Aarau am Juli 2007, sou frëndlech bei sech opgeholl huet.

Lou
München am Mee 2007

Nodeems de CK schon oft vum berühmt-berüchtegten

Münchener Amateurderby geschwärmt huet, huet et

mech scho gereizt, do eemol matzefueren. De Match

war am legendäre Grünwalder Stadion. Freides, de

25.Mee goung et fir de Batty, den CK a mech um Véirel

op néng op der Stater Gare lass. Via Tréier a Koblenz si

mer op München gefuer, wou mer moies géint halwer 8

ukomm sinn, nodeems mer zwou bis dräi Stonnen am

Zuch geschlof hunn. Fir d'éischt hu mer zu München eis

Jugendherberg gesicht, duerno bëssen Tourist gespillt -

viru sou engem dekadenten Derby schued e bësse Kultur och näischt. Mir waren um

Marienplatz a bei der Frauenkirche, ier mer den Hard Rock Café gesicht hunn. De

Fanshop vun 1860 an der Orlandostraße

louch ganz no bai, wou mer ënner anerem

Schaler kaaft hunn fir mëttes beim Match

kloer Faarw ze bekennen. Suwuel de

Fanshop wi och den HRC hu réicht um 10

Auer opgemaach, soudass mer nach e

bëssen hu missen waarden. Mir si

gemittlech op eng Terrass eppes drénke

gaangen. Duerno am Fanshop hu mer kuerz

mam Verkeefer geschwat, engem

sympatheschen Léiwefan (wuel gemierkt di

blo), hien huet eis suguer ugebueden, eis

eng Staang fir de Fändel mam roude Léiw, dee mer mat op de Mätch geholl hunn, ze

léinen. Géint 11 Auer si mer dun op Giesing gefuer. Ticketkontrollen an der U-Bahn

sinn de Weekend zu München éischter onwahrscheinlech, deemno ass U-Bahn fueren

fir eis gratis gewiecht. Spéitstens zu Giesing war et du mam Tourismus eriwwer a mir

goufen zu dekadente Fußballfans. Mir wollten eppes iesse goen, mee d'Pilgersheimer

Burg an d'Haus Mielich waren allebéid nach zou, soudass mer an de Wiener Wald

gaang sinn, wou scho vill Sechzgerfans waren. "Wie ein großes Familientreffen, nur viel

geiler", sou den CK. D'Stëmmung war herrlech. Leider war et wéinst de summerlëchen

Temperaturen net mi méiglech baussen eng Plaz ze kréien, a mir hu missen bannenan

eppes iessen. Hei huet de CK dem Batty a mir och schon eng Rei Sechzgerfans

virgestallt. Spontan hunn de Batty an ech den Ultras vun 1860 nach e bloen T-Shirt

mat der Opschrëft "München - Das sind wir" ofkaaft. De CK wollt sech eigentlech och

nach ee kafen, soubal e säi Béier ausgedronk huet, leider hunn eis gréng Kollegen de

Stand bis dohin zougemaach, well d'Ultras keng Handelsermächtegung haten. Am

Wiener Wald goufen Suen gesammelt fir Eer kafen ze goen.
Duerno huet sech e Mob vu

schätzungsweis 1500-2000 Léiwefans a

Beweegung gesat fir op d'Säbener Straße

ze goen. Eskortéiert gouf dee Mob vu

ronn 500 grénge Jongen (a Meedercher

mat Handschellen). Di éischt puer Meter

si mer einfach matgaang. Dee Mob, dat

Mier vu bloe Schaler an Trikoten, di vill

Polizisten, di provokant Gesäng,

irgendwéi war et einfach faszinant. Mir

wossten net sou richteg wat géng

geschéien. Hannert eis gouf e Mann

festgeholl, einfach nëmmen well hien en

Eerkarton am Grapp hat. Et war évident

dass hien net wollt spontan nach virum Mätch eng Omlett maachen, mee trotzdem

halen ech dëss Reaktioun vun der Police fir e bëssen iwwerdriwwen, wann och

irgendwéi verständlech. Eng lëschteg Scène war och, wi de Batty e Polizist gefrot huet,

wou dee Mob iwwerhaapt géng higoen. De Polizist schéngt guer net mat sou enger Fro

gerechent ze hunn an sot: "Das sollten Sie aber bessen wissen als ich." De Batty huet

geäntwert, hien wier fir d'éischte Kéier zu München. De Polizist huet du geäntwert: "Ja,

dann folgen Sie nicht der Masse.", wat entre temps zum absoluten Kultzitat gouf. Wi

dun awer och nach Leit vum Unterstützungskommando (USK) mat Gummiknëppele

gelaf komm sinn, hu mer et besser fonnt, bei de Stadion zréckzegoen. Dem CK séng

Iwwerlëeung: "Et ginn zwou Méiglechkeeten: entweder et geschitt guer naischt a mir

verschwänden just Zait, oder et knuppt, an dann ass et besser mir sinn net derbäi", hu

suwuel de Batty wi och ech fir ganz plausibel a richteg gehal. Mir sinn also an de

Grünwalder gaang. Fir ze vermeiden, dass d'Rucksäck komplett duerchwullt ginn, hunn

de Batty an ech se direkt ofginn, de CK huet et virgezunn, säi mat an de Stadion ze

huelen. Mir hunn nach der Organisatioun "Freunde des Sechzgerstadions" gehollef,

Gedrénks ze verkafen, ier mer eis, zwou Minutten nom Upaff, op d'Géigegrad stelle

gaang sinn. Et huet am Stadion verdächteg no Feierwierkskierper oder Rauchbommen

gestonk. Prominenst Spiller um Terrain waren wuel ganz kloer d'Bayern Görlitz, Lell a

Rensing. Wat de Match ugeet, war 1860 am Ufank kloer besser, suwuel wat de Match

wi och wat de Support ugeet. Mee wi sou oft hunn d'Bayern net vill Chancen gebraucht

fir e Gol ze schéissen: 0-1 duerch den Ngwat-Mahop no 12 Minutten. E Gol, deen

d'Stëmmung am Stadion méi aggressiv gemaach huet. Sechzeg war engagéiert, huet

awer kee Mëttel fonnt, wierklech geféierlech ze ginn. An der Hallefzait si mer rëm bei

d'Freunde des Sechzgerstadions an de Kiosk gaang. Ennerwee fir dohin an den Trapen

stounge Polizisten op béide Säiten. Beim Kiosk waren genuch Leit fir ze hëllefen,

soudass mir net gebraucht goufen an amfong direkt rem gaang sinn. Fir aus dem Kiosk

eraus hu mer allerdéngs missen duerch eis Eisenpaart, wou Fans eigentlëch näischt

verluer hunn. Virun der Paart stoungen zwee USK-Leit op eis ze waarden. Fir d'éischt

hunn se gefrot, at mer hannert där Paart ze sichen gehat hätten. Ech weess net op se

eis gegleewt hunn, dass wollten beim Gedrénksverkaf hëllefen. Di folgend Scènen hätt

ech éischter bei Niedrig und Kuhnt wi an der Regionalliga Süd erwaart: mir hu missen

eis Täschen eidel maachen an suguer eis Porte-Monnaien goufen duerchsicht. Duerno

sinn eis Carte d'Identitén gefrot ginn an eis Personalien goufen notéiert. Mir hu missen

waarden bis de Match rem amgaang war, duerno wollt d'USK awer och nach
Personalien vun den Freunde des Sechzgerstadions am Kiosk. An der Trap hun ech se

nach héieren soen: "Den Kiosk müssen wir komplett durchsuchen." An der zweeter

Halschent huet 1860 méi Drock gemaach, d'Bayern koumen nëmmen nach selten aus

der eegener Halschent eraus. No 75 Minutten ass den Andreas Görlitz ausgewiesselt

ginn. Mat vulgären Gesäng an vill Gepäiffs vun den Sechzgerfans huet hien den Terrain

verlooss. Di allermannst hunn him säi Wiessel bei di Rout verziehen. Kuerz drop konnt

de Göktan eng vun de ville 60er Chancen endlech notzen: 1-1. Ausser dem

Bayernblock niewt der Haapttribün huet de ganze Stadion gejubelt. De Support vun de

Bloen gouf dorophin nach besser, mee leider huet et bei de Spiller u Kraaft gefeelt,

nach eemol nozelëen. Wi den Abitter ofgepaff huet, huet de Stadionspriecher

d'Bayernfans gebieden, an hirem Block ze bleiwen, bis d'Police se geng siche kommen.

Beid Ekippen hunn sech duerno vun hire Fans feiere gelooss. Nom Match si mer an

d'Pilgersheimer Burg eppes iesse gaang, duerno goung et weider an

d'Stadionwirtschaft, wou mer divers lëtzebuergesch Lidder ugestëmmt hunn. Duerno

wollte mer irgendwouhin d'DFB-Pokalfinal kucke goen, leider war zu Giesing néirens

méi wierklech eppes lass. Den Andy, e sympathësche Sechzigfan vu München, huet eis

geroden, an de "Stadion an der Schleißheimer Straße" ze fueren, e Lokal, wou bei

Fussballsmätcher ëmmer soll gutt Stëmmung sinn. Zesumme mam Werner, dee mer

an der Stadionwirtschaft kenne geléiert hunn, si mer dohin gefuer, wat sech als genial

Idee erausstellen sollt. Nom Motto: "Hei kennt keen eis - an dat soll sech direkt

änneren", hu mer lëtzebuergesch Lidder gesong, YMCA, 1860-Lidder, de Ligaerhalt vun

den Thuner an der éischter schwäizer Liga nogefeiert an deelweis och, zesumme mat

engem Fortuna Düsseldorf Fan, deen och do war, verschidden Fortuna-Lidder gesong.

Besonnësch beléiwt war hei: "Wir sind Löwen, assoziale Löwen, schlafen unter

Brücken, fressen bei der Bahnhofsmission!". D'Stëmmung war einfach sensationell an

et war onheemlëch schued, dass

de Mätch schon no 120 Minutten

eriwwer war an et net nach

Elefmeter goufen. Duerno si mer

mam Taxi bei eis Jugendherberg an

der Arnulfstraße gefuer. Um halwer

5 Moieshuet de Wecker geschellt a

mir hu missen op de Münchener

Hauptbahnhof goen. Vun do aus

goung et mam ICE op Mannheim,

duerno via Koblenz an Tréier zréck

op Lëtzebuerg, wou mer zimmlech

midd géint eng Auer Mëttes

ukomm sinn.

Lou
Aarau am Juli 2007

Groundhoppingtour duerch d'Schwaiz

Samsdes Moies, den 21.Juli 2007 hunn ech mech mam Batty op der Stater Gare

getraff. Mir si kuerz an den Delhaize Proviant siche gaang ier mer um 7.30 an den

Zuch op Nanzeg geklomm sin. Zu Beetebuerg ass sou e Grupp Fraleit am zarten Alter

tëscht 50 a 65 Joer an den Zuch geklomm, di amfong de Klischee vum

Damenkegelclub gutt erfëllt hun. Irgendwéi war ech frou, wi si zu Metz nees

erausgeklomm sin. Fir de Batty a mech ass d'Zuchfahrt awer weider op Nanzeg gaang.

Et ass scho fréi moies gutt gelaacht, gesong a gegeckst gin. Zu Nanzeg hu mer missen

ëmklammen, fir mat engem aneren Zuch op Basel SNCF ze fueren. Ennerwee hu mer

vill Plazen gesin, di eis e bëssen un Diddeléng errënnert. Zu Basel ukomm hu mer

missen duerch d'Douane goen an haten dun e bëssen Zait fir eppes ze iessen. Mat

engem Steck Pizza gestäerkt si mer du weider op Thun gefuer. D'Stemmung an deem

Zuch war schon wierklech gutt, insbesonnesch wi zu Bern och nach de Mike bei eis

komm ass. Di éischt Bëchsen Dikrecher sin opgemaach gin an et gouf eng ganz Rei

Lidder gesong. Zu Thun op der Gare hu mer eis dun mat enger Studienkollegin vum

Mike getraff, mat där mer nach eppes drenke gaang sin, an déi eis e bëssen iwwer

d'Stad Thun erzielt huet. D'Wierder war zu desem Zaitpunkt nach relativ gutt a mir

souzen gemittlech op enger Terrass.

De Match Thun géint FC Sion war réicht

um 17.45, an deemno hate mer mëttes

nach bëssen Zait. Fir d'éischt si mer

duerch e grousse Shopping Center gelaf

an duerno wollte mer mam Bus bei de

Stadion fueren, mee et huet op eemol

ugefaang zimmlech hefteg ze reenen. Mir

sin eis also nach op eng gedeckten

Terrass sëtze gaang, an der Hoffnung de

Reen géng noloossen - dat war awer

leider net de Fall. Beemol hu mer eis dun

décidéiert awer bei de Stadion ze fueren. Ongeféier 90 Minutte virum Match koume

mer beim Stadion un, an d'Ordner hun nawell komesch gekuckt wi de Batty an ech do

mat vollgepakte Rucksäck mat Schlofsäck etc. ukomm sin. De Batty huet seng

Saachen fräiwëlleg bei den Ordner ofgin, fir sech di Kontrollen ze erspueren, ech wollt

mai Rucksak awer eigentlech léiwer mat an de Stadion huelen. Eng Fra huet de

Rucksack kuerz opgemaach, eemol séier eragekuckt an dun duerft ech awer ouni

Problem mam Rucksak an de Stadion. Ee Gleck fir di puer Supporter, di trotz dem

schlechte Wieder de Wee an de Lachenstadion fonnt hun, dass mir keng Terroriste

waren - well wann ech Handgranaten am Schlofsak verstoppt gehat hätt, di hätten se

mat Secherheet bei där "Kontroll" net fonnt. Am Fanshop huet de Batty sech nach e

Schal kaaft. Ech hu mer e Bic vum FC Thun kaaft an du si mer an de Stadion gaang,

wou mer eng Wurscht a Fritten giess hun. Wi mer dat schon aus dem Hardturm

gewinnt waren, krut een d'Wurscht net an e Bréitchen, mee et huet een d'Wurscht

missen mat de Fanger iessen an et krut e Steck Brout derbai. Duerno hu mer e
sympatheschen Thuner rembegéint, dee mer och am Hardturm zu Zürech am Mee

kennegeléiert hun. Hien huet de Mike a mech direkt ëremerkannt an ass bei eis "Grüezi

miteinand' " soe komm.

Mee et war nach guer net sëcher op de Match sollt

gespillt gin oder net. Divers Leit sinn iwwer den

Terrain getrëppelt an hu sech d'Situatioun ugekuckt.

Beemol koumen d'Spiller op den Terrain, mee sou

wierklech intensiv hun se sech net waarm gemaach.

Ronn 20 Minutte ier de Match hätt sollten ugepaff gin

huet d'Arbitesch, d'Madamm Nicole Petignat mat

enger kloerer Handbeweegung ugewisen, dass de

Match sollt verluecht gin. Eng Décisioun, di ech

wahrscheinlech anescht geholl hätt: den Terrain war

zum groussen Deel problemlos bespillbar, et waren

just puer vereenzelt Stellen, op deenen de Ball net

gesprong ass, well den Terrain eben ze naass war.

Mee et sinn definitiv scho Matcher op Terrainen a vill

méi schlechtem Zoustand ugepaff ginn.

D'Enttäuschung bei de Supporter op beide Saiten war

natierlech grouss, an et goufen Dauergesäng a

Gebläers géint d'Madamm Petignat an d'

"Fussballmafia SFB".

Mäi grousse Respekt gëllt awer dem FC Thun, di de Fans hir Entréesbilleten ouni vill

Blabla rem a Borgeld ëmgetosch hun. D'Stëmmung war natierlech duerno bei eis bësse

gedréckt, mee dat huet net laang ugehal. Fir d'éischt si mer nach op Thun eppes

drénke gaang, wou mer och de Ligapokalmatch Bayern géint Bremen gekuckt hun a

wou beemol e Sion-Mob vun ongeféier 50 bis 100 Leit ukomm ass. Duerno si mer mam

Zuch op Zürech zréckgefuer, wou mer giess a geschlof hunn. Den Inhalt vun eise

Rucksäk ass iwweriens zum groussen Deel an den Trockner geflunn...

Sonndes moies si mer dun bëssen duerch Zürech getrëppelt, a géint Mëtteg si mer op

d'Gare gaang. Do hu mer puer sympathësch Tschechen begéint, di awer als Touristen

an net als Fussballfans ënnerwee waren. Si waren awer offensichtlech begeeschtert

Fussballfans a wi mer hinne gesot hunn, mir wiere vu Lëtzebuerg, konnten se dat

direkt mam Match F91 Diddeléng géint hire slowakëschen Noper vun Zilina

assozéieren. Och un hir Blamage géint eis an der Quali fir d'EM 1996 konnten si sech

nach gutt errënneren. Mir hun eis géigesäiteg vill Gléck fir de Rescht vun der Quali

gewënscht an du si mer an den Zuch op Aarau geklomm. 40 CHF hun ech zimmleche

Wucher fonnt, mee eng wierklech Alternativ zum Zuch gëtt et am öffentlechen

Transport an der Schwäiz kaum.

Am Zuch waren och schon zwee YB Fans. Mir souzen am selwechte Wagon wi si a sou

ass alt schon am Zuch e bëssen "Hopp Aarau" gesong gin. Aus YB Bern ass fir eis

zimmlech schnell "ebay Bern" gin, wëll den "YB" am Bernerëschen sech fir eis

oneidgenössesch Oueren zimmlech ähnlech wi d'Internetauktiounshaus unhéiert.
Zu Aarau huet d'Sonn geschengt a mir si mam Bus

bei de Stadion gefuer, wou mer mat engem

schwäizer FIFA-Délégéierten an d'Gespréich komm

sinn. D'Stat Aarau war op den éischte Bleck net sou

impressionant wi Thun, mee egal, mir ware jo net

als Touristen do. De Stadion huet eis allen drai

zimmlech gutt gefall a mir hun hannert dem Gol,

zwee Fändele mam Roude Léiw opgehaang.

Zu Aarau am Stadion fällt op, dass den haarde Kär

vun de Fans net hanner engem Gol stin an dass

opfälleg vill Famille mat klenge Kanner an de

Stadion komm sin. Kuerz ier mer agetraff sin ass de

Jeff Saibene op den Terrain komm an huet,

nodeems de Batty en zimmlech haart geruff hat, och

gewénkt. Och zu

Aarau sin ech

mer e Bic kafe

gaang. Am Stadion krut een och nawell gutt

Hamburger, allerdings hun ech et zimmlech lästeg

fonnt, dass een, sou wi een dat hei am Land op

mëttelméissege Primärschoulfester gewinnt

ass, fir

d'éischt en Ticket kafe goen, deen een dann op

enger anerer Plaz huet missen géint en Hamburger

antausche goen. Kuerz virum Match hunn d'Aarauer

Fans nach eng Tifo gemaach mat engem

Sprochband: "Totgeglaubte leben länger."

Wat d'Startopstellungen ugeet, war op der Sait vun Aarau de Mario Mutsch bei den

éischten 11 leider net derbai, beim ebay Bern war de schwäizer Nationalspiller Hakan

Yakin wuel dee prominenste Spiller. Op der Haapttribün hu mer ënner anerem eng Fra

mat engem T-Shirt vu Bayer 04 Leverkusen an den Här Latour entdeckt. An der

Ufanksphase war Bern di besser Ekipp, a si sin hierer Favoriteroll gerecht ginn,

andeems se no 14 Minutten duerch den Kamil

Zayatte a Féierung gaange sin. Duerno huet Bern

nëmmen nach dat néidegst gemaach - a kuerz

virun der Paus sin se dofir bestrooft gin: 1-1

duerch e schéine Waitschossgol vum Sandro

Burki. An der Paus ass de Mario Mutsch kuerz bei

eis Moien soe komm. An der zweeter Halschent

huet Bern sai Golkipp ausgewiesselt a mir si mat

engem HSV-Fan an d'Gespréich komm, deen zu

Aarau e Kolleg besicht huet an d'Situatioun fir ze

groundhoppe genotzt huet. Am Laf vun der

zweeter Halschent huet nëmmen nach eng Ekipp

gespillt: den FC Aarau.

Bern hat kaum nach nennenswert Chancen an

Aarau war kloer iwwerlëen. Aarau hat puer gutt

Chancen, wou besonnesch e Schoss vum Carlos
Alberto an der Nospillzeit erfierzehiewen ass, dee leider nëmmen un

d'Lat goung. Di lescht 30 Minutte vum Match huet de Mario Mutsch

sëch waarm gemaach a mir hun duerch dauerhaft "Mario Mutsch"

Jaizen de Saibene a sai Chef opgefuerdert, den eenzegen

Nationalspiller aus dem Kader vun Aarau endlech op den Terrain ze

brengen. De Mario krut dun och sain Asaz, wann och nëmmen an

der Nospillzait. Nom Match ass en nach eemol bei eis komm an huet

eis Merci gesot dass mer do waren. Ech mengen ech ka fir eis allen

dräi schwätzen wann ech soen dass de Mario duerch sain Optrëtt zu

Aarau bei eis nach méi Sympathiepunkten krut wéi en der virdrun

souwisou schon hat.

Nom Match si mer dun mat Berner Fans zesummen

rof op d'Gare getrëppelt. Erwähnenswert ass och,

dass déi sech absolut korrekt verhal hun an dass et

am ganzen Zesummenhang vum Match guer net zu

Ausernanersetzunge komm ass. Mir haten nach

relativ vill Zait bis den Zuch op Zürech gefuer ass

an duerfir si mer nach e Patt huele gaang, wou och

eng Widderhuelung vun der Formel 1 gelaf ass. Am

Zuch fir zréck op Zürech war d'Stëmmung definitiv

besser wi den Dag virdrun: d'Wieder war vill besser

a mir hun e flotte Match gesi gehat. Mir hun eis als

Musiker probéiert an mat méi oder wéineger Succès d'"Lidd vum Lëtzebuerger Mob"

komponéiert, wat am Zuch natierlech duerno och zimmlech oft gesong gouf. Zu Zürech

si mer zréck bei de Mike heemgefuer, wou mer bis Moies halwer 3 Kaarte gespillt hun.

Méindes Moies si mer zesumme mam Mike op d'ETH gefuer, wou mer och Kaffi gedronk

hun. Duerno hu mer dem Mike Äddi gesot an de Batty an ech si mat der Seilbahn zréck

an den Zentrum gefuer. Mir waren zimmlech direkt an d'Gare gaang, wou mer eis

schwäizer Mënzen dropgemaach hunn. De Groussdeel dervun hunn ech an original

schwäizer Bircher-Müsli investéiert. De Batty huet ënner anerem e Steck schwäizer

Kéis kaaft. Mir sin eis dun nach en Ticket kafe gaang fir vun Zürech op Basel SBB ze

fueren. Um 12.02 ass eisen Zuch zu Zürech fort gefuer, géint 1 Auer si mer zu Basel

ëmgeklomm an hunn rem bei deem selwechten indësche Pizzaverkeefer wi fir dohin e

Steck Pizza kaaft. Um 13.09 ass dun um Basel SNCF eisen Zuch fir op Lëtzebuerg

fortgefuer, wou mer um 16.45 ukomm sinn.

Lou
U-17 Qualifikatioun an der Schwäiz

Schon Ufanks März stungen d’Geigner an d’Land vun der U17 - Qualifikatioun fest wou

gespillt ging gin. Eischt Pläng fier dorowwer ze fueren goufen och schon geschmaat, an

well d’Quali vun Freides bis Mettwochs gespillt gouf wier et och meiglech gewierscht 2

Groundpunkten do anzesammelen, daat ganzt natirlech sous condition dat d’Mätcher

net graad am henneschten Eck vun der Schweiz genge gespillt gin.

Ufanks September koum dann dun awer leider d’Gewessheet dat et mat den

Groundpunkten naischt geng gin, d’Schweizer Fussball Federatioun haat d’Mätcher am

Tessin festgesaat, mei genee zu Bodio, Lugano an Ascona.

Am Endeffekt blouwen fier dei Mätcher just nach 2 Legionären iwwereg dei allenbeid do

an der „Geigend“ studeieren. Eischt Pläng goufen och schon kuerz drop ausgeheckt an

wei sech rausgestallt huet dat deen Weekend dann och nach den Tour de Lombardi

waer, wor seier beschloss waat dei 3 Deeg geng gema gin.

Den 19. Oktober mettes goung et dann dun lass. Em veirel fier

Eng hun ech mech an den Bus vun Vaduz op Sargans gesaat fier

do den Zuch op Zürech ze huelen wou den Mike dann och schon

op mech gewaard huet. Weider gung

et mam Zuch op Faido, an

vun do aus mam Bus op Bodio, wou den eischten Mätch gengt

den

Favorit Griechenland um Programm stung.

Bis bei den „Stadion“

waaren et och nach knapps 5 Minuten

zu Fous. An eng geegent

Plaatz haaten mer och seier fonnt, an dei üblech

Prepartiounen

goufen getraff, Fändel opgehaang

an d’Schaaler em den Hals

geweckelt, well et wor nawell en bessen frësch zu Bodio. Et sollt

sech awer schnell rausstellen dat mer net dei eenzeg Lëtzebuerger

Supporter wieren dei den Wee an den Tessin fonnt haaten. Ronn

20 Spillerelteren haaten sech och deplazeiert fier hier Jongen an der

Friemt

unzefeieren.

Pünktlech em halwer

7 huet den Haer

Yusifov (deen am

weideren Verlaaf

vun der Quali

definitif net zu

eisem Kolleg sollt

muteieren) d’Partie

ugepaff.

5 Minuten mei speit

huet en schon rem

fier d’2t ugepaff. Et

stung 0-1 aus

lëtzebuerger Siicht. Mei schlecht haet et net kennen ufänken .. mee d’Jongen hun

Charakter bewissen an sech rem zesummengerappt. Wei jiddereen seng 2-3 Touchen
duerchhaat waar d’Nervositeit fort an se hun besser an d’Spill fonnt. Et gouf properen

Fussball gespillt an et huet een gemierkt dat d’Griechen waat den Mätch mei laang

gedauert huet, och mei onsecher goufen. Dei haaten sech et wuel mei einfach gengt

d’Lëtzebuerger erwaard. D’eng em d’aaner keier sinn mer och bis virun den Griechen

hieren Goal komm, ouni allerdings zu engem verwertbaren Resultat ze kommen, mee

den Griechen ergung et net besser an d’Oofwier em den Kevin Malget stung duerchaus

gudd. No enger gudder halwer Stonn gouf dann du rem eng Fussball Weisheet

bestätegt: „Wannst de fier keng Goaler scheisst, dann krisst de iergendwann een

geschoss!“, ma des Keier stung daat mol eng keier an der Faveur vun eis. Den Bossi

waar an d’Deift gescheckt gin an stung dem griecheschen Keeper aleng geingtiwwer an

huet propper zum 1-1 eragesaat.

D’Griechen waaren no deem Goal wei geschockt, obwuel sie

hierem lëtzebuerger Geigenspiller bestemmt iwwerleen

waaren hun eis Jongen duerch eng mannschaftlech

Geschlossenheet iwwerzeegt an hun d’Griechen mei wei eng

keier stoen domm ausgesinn geloss. Mat dem 1-1 goung et

dann dun an d’Paus, an daat waar no eischten Schock schon

baal eng Sensatioun. Noom Tei hun eis Jongen weider

gekämpft an hun den Androck gema se weilten hei duerchaus

mat 3 Punkten heemgoen. Leidergottes haat do den Haer an

Schwaarz eppes dergeingt. Mei wei eng keier kruuten eis

Leiwen an der 2ter hallschent Fehler gepaff wou keng woren, an den Griechen gouf

alles duerchgoengeloss. 5 oder 6 mol, wann net mei oft huet een Spiller vun eis

missten op der Seit behandelt gin well en Griech iwwerhaard an den Duell gaangen

wor. Den Kombel woor allerdings wei den Linienrichter sech den Schirri op d’Seit rifft

fier a) dem Schirri seng Fehlentscheedung ze korrigeieren, an en b) op den Fehler vum

Griech hiweisst, den Arbitter uschleissend higeet, de Letzebuerger zwa den Freistouss

iwwerleisst, den Griech bei sech tituleiert an deem just ze verstoen get dat en soll mei

lues maan, wou eng giel Kaart mei wei ubruecht gewierscht wier. An der Schlussphase

gouf et dann dun nach eng Keier mei brenzlech an virun allem dei läscht 10 Minuten

gouf hannen just nach probeiert den Ball sou seier wei meiglech rauszeknuppen. 4

Minuten goufen dun och nach vum 4ten Offiziellen drugehaangen, wou den Arbitter

awer mol gemiitlech 6 draus gema huet. D’Meenungsäusserungen iwwert den Arbitter

vun den Räng hier wor schon laang net mei Jugendfrei an jiddereen deen dabei wor

huet just nach gepaff fier dem Haer um Terrain verständlech ze maan wei speid et

wier. No 90 laangen Minuten huet en sech dann dun eiser Erbaarmt an huet endlech

oofgepaff. 1 Punkt gengt d’Griechen, den Topfavorit aus eisem Grupp, domat haat wuel

net mol den Haer Bonvini gerechent. D’Spiller sinn sech an d’Aerm gefall hun sech

beim Trainerstaff bedankt an sinn dono och nach bei d’Zuschauer komm. Zum Mike an

menger Chance woren d’Spillerelteren zu Ascona logeiert an hun eis noom Mätch

oofreiert eis dann bis dohin matzehuelen. Et sollt sech rausstellen dat daat duerchaus

ganz netzlech wor, sou dat mer locker virun 10 an der Jugendherberg zu Locarno

woren an net reischt wei geplangt 1 Stonn mei speit.

No engem kuerzen Briefing fier den Daag dono op Como wor et och zimmlech seier

roueg an der Kummer.
Samsdes, 20. Oktober 2007

Haut wor fussballfreien Daag, dofier stung dann Velo um Programm. Noom Kaffi gouf

den Rucksaack gepaackt an d’gouf sech op den Wee op d’Gare vun Locarno gema fier

den Zuch op Como. Den Giro di Lombardia stung um Programm, daat ganzt mat

lëtzebuerger Partizipatioun, 2 potentiel Kandidaten op d’Victoire, an wei sech zimmlech

seier rausgestallt huet sinn och d’Italiener ganz frou mat den Gebridder Schleck. Am

Fierfeld haaten mer eis schon geplangt wou mer eis gingen histellen, an dank der

italienscher Gaaschtfrendlechkeet haaten mer

eis Plaatz fier den Nomëtteg och seier fonnt.

Direkt ennert dem Scheld vun den läschten

50m, um Ufer vum Comersei. Vill Zuschauer

haaten sech allerdings nach net afonnt sou

dat mer eis gemiitlech konnten Breed maan.

Et huet och net laang gedauert bis dei eischt

eis ugeschwaat hun vun wou mer dann wieren

an sou gouf et en kuerzweilegen Nometteg. Et

haat sech och een vun den Elteren

iwwerzeegen geloos bis roof op Como ze

kommen an deen huet sech bis kuerz op en

klengen Tratsch iwwert den Mätch bei eis

gesellt. Hien waar allerdings aanerer Meenung waat d’Leeschtung vun der Equipe den

Daag virdrun ugeet an huet amfong just gemengt dat daat waat se do gespillt haeten

weit ennert hierem wierklechen Niveau gewierscht wier. Kuerz drop ass dann dun och

den Schleck Fanclub mat enger gudder 30 Mann heich bei eis laanscht komm, hun sech

awer du nach 50m mei no zu der Ziellinn plazeiert. Och den Spillerpapp huet sech dun

mei no un d’Ziellinn gestallt, enner aanerem well een do och besser op d’Leinwand

gesinn huet. Et huet och gudd ausgesinn fier eis. Den Andy huet den Tempo gemaat,

an d’Grupp vun den Favoriten gouf emmer mei kleng. De Frank ass op Sieg gefuer,

mee 9 km virun Schluss haat sech dei Saach nodeems den Frank sech an der Stroos

geluecht haat seier erleedegt. Den Andy huet nach eng keier gehollef den Frank un de

Grupp runzefeieren, ma d’Kraaft sollt net

mei duergoen. Den Andy wollt dofier fier

den Frank an d’Bresch sprangen huet

sech op den läschten Meter awer dem

Damiano Cunego dem Riccardo Ricco an

dem Samuel Sanchez missten geschlo

gin.

No der Arrivee wor et zimmlech seier

rem zimmlech roueg an mer hun eis

nach bis eppes klenges z’iessen gegönnt

iert mer zereck op Locarno gefuer sinn.

En kuerzen Bericht am Forum an en

Versuch bis d’Noorichten op RTL via

Livestream ze kucken wor daat läscht

waat mer deen Owend nach gema hun.
Sonndes, 21. Oktober 2007

De läschten Daag vun eisem Tessin-Tour stung virun der Dier. De Mike war rem bis an

d’deck Zeif motiveiert an wor schon mat Zeiten op den Been, ech hun derweil op den

Kaffi verzicht an nach eng Stonn schloof

drugehaangen. Den Mätch gengt d’Schweiz

stung um Programm. Dei haaten Freides de

Kasachen naischt geschenkt an se mat 4-0

oofgeschoss. En Resultat waat d’Froen opgeworf

huet wei et em d’Stärkt vun den Schweizer ging

stoen, an iwwert d’Verfassung vun eisen Jongen.

Wei hun se den Mätch gengt d’Griechen

verdaut? Sinn d’Been net ze schweier? Kennen

se un d’Leeschtung vun Freides uschleissen? Fier

wien peift den Haer Yusifov haut?

Iert et äntwerten op des Froen sollt gin wollt awer nach eppes gengt den Honger gema

gin an sou sinn mer dann bis op d’Sich gaang fier eppes z’iessen ze fannen. Puer Meter

hannert dem Hotel vun den Lëtzebuerger goufen mer dun och fündeg an et gouf sech

eng läschte Keier um Tessiner Kascht erfreed. Kuerz no 2 hu mer eis dann zereck bei

den Terrain gema wou mer och d’Elteren vun Freides remfonnt hun.

D’Erwaardungshaltung waar duerchwues och wann eng gewessen Euphorie sech dach

breed gema huet. Wei staark waaren d’Schwaizer dei jo schon Freides de Kasachen der

4 ragesaat haaten wierklech? Wei hun eis Jongen deen Kraftakt vun Freides verdaut,

sinn d’Been net ze schweier ? An 80 Minuten sollten mer äntwerten op des Froen hun.

Eng eischt Hiobsbotschaft gouf et schon virum

Upaff wou rem den Arbitter vun Freides d’Partie

leeden sollt. Et huet sech leider seier

rausgestallt dat et nach schlemmer sollt gin wei

Freides. All Klengegkeet gouf gengt eis gepaff

wann eis Jungs awer emgesäbelt goufen an och

mei wei eng Keier hu missten behandelt gin

gouf meeschtens weiderspillen geloss. En

eischten „Uff“ gouf et no 5 Minuten, well et do

nach emmer 0-0 stung. Aus Lëtzebuerger Sicht

vleit och leider well den Bossi do schon 2

heichkaräteg Chancen haat fier den Compteur

opzemaan. Dei eischt Minuten konnt een roueg behaapten dat d’Lëtzebuerger seguer

en bessen Iwwergewiicht haaten waat d’Spill ugeet, allerdings ouni verwertbart

Resultat, an sou koum et dann halt wei et huet missten kommen, an der 20ter Minut

goungen d’Schweizer 1-0 an Feierung. Wei mer an der Halschent gewuer goufen haat

den Linienrichter allerdings den Fändel an der Luucht an haat en Abseits gesinn, huet

awer net weider insisteiert fier dem Arbitter sein Standpunkt matzedeelen, sou dat den

Goal gezielt huet an eis Jongen daat ganzt net sou richteg verkraft hun.

D’Sprëtzegkeet vun den eischten Minuten waar nemmi do an mer goufen lues awer

secher an eiser Halschent festgeneelt. Den Rimm lung roof. Sou waar den 2-0 kuerz

firun der Paus en Beispill fier d’Onsecherheet vun den Lëtzebuerger, en Schweizer
kennt op eisen Goal scheisst eisen Goalie kritt en oofgewiert kann en awer net

festhaalen 3 Mann vun eis kucken no an en 2ten Schweizer kann den Ball rasetzen.

Virun der Paus gouf et dun nach en weideren Opreeger, wou bei engem Freistouss den

Malget am 16ter vun engem Schweizer an bäschter Rugby maneier geluet gouf, waat

awer just an engem Freistouss fier d’Schweizer resulteiert huet. Verstei een d’Welt ...

Sou gung et dann mat 2 Goaler Reckstand an d’Paus. D’Schweizer hun no der Paus net

mei gemaat wei neideg an d’Lëtzebuerger woussten net mei sou richteg wei se et

sollten ugoen. An awer war nach emmer Peffer an der Partie, eisen Masseur an

d’Doktesch sinn wahrscheinlech souvill gelaaf den ganzen Mätch wei d’Spiller um

Terrain, Kaarten sinn et allerdings nach emmer net gin, just ermahnend Wieder vum

Arbitter se sollten sech mol kalmeieren, waat allerdings net vill gehollef huet. An den

Groll op d’Arbitter sollt nach vill mei grouss gin. 53t Minut, Ugrëff vun den Schweizer,

mir kreien net propper geklärt den Ball kennt rem bei d’Schweizer deen get den Ball

ran, wou allerdings 3 Schweizer kloer am Abseits stungen, den Arbitter steet virun eis

praktesch op gleicher Heischt, brengt den Fändel awer net an d’Luut, 3-0.

Dei Ausdreck dei do

gefall sinn stellen all

Killerspill an den Schied.

Den Schlusspunkt hun

d’Schweizer an der 70ter

no engem Freistouss

gesaat. Ausser enger

Gieler Kaart fier en

Schweizer ass dono

allerdings naischt mei

geschitt sou dat den

Mätch mat engem

enttäuschenden 0-4 op

en Enn gouf. Daat ganzt

kombineiert mat vill Opreegung em d’Decisiounen vum Arbitter. D’Nidderlaag wor wuel

net onverdingt, allerdings net d’Art an Weis wei et dazou komm ass. Schoulesch

Verpflichtungen hun eisem Trip an den Tessin hei en Enn gema sou dat mer deen

läschten Mätch Mettwochs net mei konnten kucken goen. Mer hun eis bei den Elteren

nach eng Keier bedankt fier deen frendlechen Geste vun Freides an hun hinnen nach

Bonne Chance fier d’Suite gewenscht. Beim Rausgoen ass den Ronny Bonvini eis och

nach begeingt deem mer dann och nach eng Keier Bonne Chance fier den Kasachen

Mätch ausgedreckt hun. An engem gudd gefelltenen Gleis 7 Zuch goung et dann zereck

heem iwwer Zürech wou den Mike sech verabschied huet an ech sinn weider op

Sargans gefuer an Begleedung vun engem Wagon voller Schweizer Militär.

An eiser Absence hun eis Jongen sech nach eng Keier zesummen gerappt an hun an

der läschter Partie gengt den Kasachstan 3-2 gewonnen, sou dat eis Jongen um Enn

3ten mat 4 Punkten an der Grupp goufen hannert der Schweiz mat 9 Punkten an den

Griechen mat 4 Punkten, an sou onglecklech un engem schlechten Goalverhältniss un

der Qualifikatioun gescheitert sinn.

Laurent
Liechtenstein – Island 17.11.2007 3-0

Aus studenteschen Grënn huet et mech fier dest

Semester an den Liechtenstein gezunn. Aus Fan-

Frendschaftlëcher Sicht waar et natirlech kloer dat ech

mer den läschten Heemmätch vun den Liechten net

konnt entgoen lossen, wann ech deen läschten vun

eisen Leiwen doheem schon net kann kucken goen. De Mike huet sech

och hei affonnt gehaat an sou gung et dann dun zesummen mat 2

Komilitonen Mëttwochs Owes an den Rheinpark Stadion op Vaduz. Et waar net

firteischt dat ech deen mat sengen 2 neien Tribunen gesinn hun, ma et wor firteischt

wou ech konnt bis rann kucken goen. Ronn 3.500 Leit haaten sech och affonnt, ech

hun allerdings missten feststellen dat dei 2 Tribunen hannert den Goaler fier den Public

gespaart waaren sou dat just d’Seiten Tribunen op woren, dei allerdings woren

praktesch ausverkaaft. Erennerungen un den 7ten September 2005 koumen heich,

allerdings waaren Firgaben fir desse Mätch halt eng aaner, haut gung et drem dei Blo-

Roud ze ennerstëtzen. Dat daat ganzt nët aussichtlos waar ennerstreicht dem Emstand

dat d’Liechten an desser Quali enner aanerem schon gengt d’Letten gewonn hun an an

Island een Punkt matgeholl hun. Am blanken Optimismus waar meng Prognose dann

eng 2-0 Victoire vun den Rheinländer. Aal Bekannter stungen och um Terrain,

Burgmeier, Stocklasa, Frick an Fischer, woren an den eischten Eelef, dei 2 Beck Bridder

soutzen mol nach op der Bänk. Op Islännescher Seit ass wuel den Eidur Gudjohnsen

den Star schlechthin deen des Saison vun Chelsea op Barca gewiesselt ass.

Um Terrain goung et och direkt Fex zur Saach, d’Liechten wollten sech nach eng keier

beweissen, d’Islänner wollten d’Schmaach vun Reykjavik rem gudd maachen. Et gung

sou dann monter op an oof an beid Equipen haaten hier Chancen. Et waaren allerdings

d’Liechten dei en Liicht iwwergewiicht haaten an sou war et och an der 28ter. Den

Burgmeier geet iwwer lenks raus Richtung Cornerfändel, an der Mëtt steet den Frick

ongedeckt Pass ran Frick brauch just ranzeknuppen. 1-0 Liechtenstein. WOW! Virun

der Paus haaten d’Rheinländer nach puer gudd Geleegenheeten, an och d’Islänner hun

sech net verstoppt. Virun der Paus ass dun awer naischt mei geschitt sou dat et mat

engem sensationnellen 1-0 an d’Paus gung. Sou wei 2 Joer virdrun gengt Lëtzebuerg

... En Zeechen?

Noom Wiessel waaren et lo d’Islänner dei mei hun missten opmaan. Sie sinn och d’eng

an d’aaner Keier gudd virun den Goal vun den Liechten komm, hun hier Chancen dann

awer Liichtfärdeg vergin. An der 62ter ass dun den Thomas Beck fier den Fischer

rakomm. D’Islänner hun weider gedreckt ouni Erfolleg. Kuerz virun den läschten 10

Minuten, den Jehle schleit den Ball weit raus an d’Feis vum Thomas Beck, deen get

allerdings am 16ter Rabiat gestoppt, kennt awer nach iergendwei dazou den Ball ze

rennen, deen am heigen Bou an den Liechtensteiner Himmel geet, op der Tribune get

schon op 11m skandeiert, den Ball kennt rem an Land am Islänner Goal. 2-0! Waat

Saachen! 2 Minuten drop, Corner fier d’Liechtensteiner, Burgmeier get en flaach ran op

den Eck vum 16m, Thomas Beck zitt oof an knuppt en am kuerzen Eck ennert d’Laat.

3-0! Do gesst de verreckt! 2ten Mätch do am Stadion, fier d’2t wannen d’Liechten 3-0.

Dono goung et nach bis an den „Zwei“ wou nach een mat der Equipe gedronk gouf iert

mer eis dun an der Nuecht vun Vaduz verluer hun.

Laurent