HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Testmätch géint Saarbrécken 25.10.2006 2-1

No engem Fussballs-Championnat-Interclasses am Kolléisch goung et fir den Tom a

mech um Geesseknäppchen Richtung Dräibuer lass. Nee, mir haten keng gestiicht, mir

si just dohinn Fussball kucken gaangen. D' Roud Léiwen hun do géint den 1.FC

Saarbrécken gespillt, waat virun allem fir de Batty e besonnësche Match sollt gin, well

hien niewt der Nationaléquipe och nach Fan vum FCS ass. Wei den Tom an ech ukomm

sin, huet de Match grad ugefaang, an de sympathesch Mann an der Kees huet eis

kuerz gekuckt, an eis du frëndlecherweis gratis eragelooss. Am M-Block gouf, wei sou

oft op Mätcher op mi klengen Terrainen, vill gegeckst a gelaacht. Witzeg war och, wei

sou e Grupp vun extrem coole Jugendlëche laanschtkomm ass, an de Flyer een, deen

en Unterhaching-Trikot un hat, ob säin "schéine Bayerntrikot" ugeschwat huet. De Jong

huet d' Welt net méi verstan, de Flyer eemol domm ugekuckt a "merci" gesot. Waat de

Match ugeet, huet Lëtzebuerg staark ugefaang an ass och nach an der éischter

Halschent mat 1-0 a Féierung gaang: Fräistouss vum Remy, Käpper vum Huss! Eng

Victoire hung an der Loft... No der Paus huet dun den Eric Hoffmann mat engem

schéine Fräistouss op 2-0 erhéicht. Lëtzebuerg huet duerno vill an - an ausgewiesselt,

de Spillfloss war e bëssen aus dem Match eraus. Saarbrécken huet vun där Situatioun

profitéiert fir op 2-1 erunzekommen, mee am Endeffekt huet Lëtzebuerg awer

héichverdengt gewonn.

Lou

Testmätch géint St.Gilloise 8.11.2006 1-2

Op engem Mëttwochowend am November 2006 war rem e Frëndschaftsmätch ugesoot.

De Géigner war d’ Union Saint-Gilloise. Fir dëse belschen Traditiounsveräin huet fréier

iwregens ënner aanerem de Paul Philipp gespillt! De Mätch war zu Péiteng, sou dass

den Tom an ech wei sou oft fir d’ éischt emol an d’Staat op d’ Gare gefuer sin. Op der

Gare hun mir eis bësse missten fläissen, fir den Zuch op Péiteng net ze verpassen. De

Batty an de CK hun schon op eis gewaart an zu 4 ass eis Rees am gudd gefëllten Zuch

op Péiteng weider gaang. De Wee vun der Gare bei de Stadion hun mer net direkt

fonnt, sou dass mer fir d’ éischt bëssen Sightseeing zu Péiteng gemaach hun. Beemol

sin mer dun awer beim Stadion ukomm. Ennerwee goufen nach puer Lidder gesong, et

war also scho ganz lëschteg eier mer iwwerhaapt am Stadion waren. Am Stadion sin

eis direkt dei grouss Hamen opgefall, dei an der Büvette hungen an am Kader vun

enger Lotterie vespillt goufen, leider huet awer keen M-Blocker eng gewonn. Am

Stadion haten sech schon eng ganz Rei M-Blocker versammelt. An der éischter

Halschent hun mer kee sonderlech gudde Mätch gesinn. D’USG war net wesentlech mei

staark wei d’ Lëtzebuerger, mee louch awer beemol mat 0-2 fir. Och d’ Stëmmung am

M-Block war net berauschend, bis de Batty beemol opgestaan ass, an eise Klassiker

„Lëtzebuerger, Lëtzebuerger, Hey, Hey“ ugestëmmt huet. All M-Blocker, dei am

Stadion waren hun natierlech matgemaach a vun dësem Zaitpunkt un war d’

Stemmung wesentlech besser. Irgendwann an der 2.Halschent huet de Mario Mutsch e

Gaol fir Lëtzebuerg geschoss. Zum Schluss hun d’Roud Léiwen nach eemol Drock no fir

gemaach, mee den 2-2 sollt leider net méi gelengen. Sou ass dësen Mätch mat 1-2 fir

d’ USG ausgaang. Lou