HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Personalien vun den Freunde des Sechzgerstadions am Kiosk. An der Trap hun ech se

nach héieren soen: "Den Kiosk müssen wir komplett durchsuchen." An der zweeter

Halschent huet 1860 méi Drock gemaach, d'Bayern koumen nëmmen nach selten aus

der eegener Halschent eraus. No 75 Minutten ass den Andreas Görlitz ausgewiesselt

ginn. Mat vulgären Gesäng an vill Gepäiffs vun den Sechzgerfans huet hien den Terrain

verlooss. Di allermannst hunn him säi Wiessel bei di Rout verziehen. Kuerz drop konnt

de Göktan eng vun de ville 60er Chancen endlech notzen: 1-1. Ausser dem

Bayernblock niewt der Haapttribün huet de ganze Stadion gejubelt. De Support vun de

Bloen gouf dorophin nach besser, mee leider huet et bei de Spiller u Kraaft gefeelt,

nach eemol nozelëen. Wi den Abitter ofgepaff huet, huet de Stadionspriecher

d'Bayernfans gebieden, an hirem Block ze bleiwen, bis d'Police se geng siche kommen.

Beid Ekippen hunn sech duerno vun hire Fans feiere gelooss. Nom Match si mer an

d'Pilgersheimer Burg eppes iesse gaang, duerno goung et weider an

d'Stadionwirtschaft, wou mer divers lëtzebuergesch Lidder ugestëmmt hunn. Duerno

wollte mer irgendwouhin d'DFB-Pokalfinal kucke goen, leider war zu Giesing néirens

méi wierklech eppes lass. Den Andy, e sympathësche Sechzigfan vu München, huet eis

geroden, an de "Stadion an der Schleißheimer Straße" ze fueren, e Lokal, wou bei

Fussballsmätcher ëmmer soll gutt Stëmmung sinn. Zesumme mam Werner, dee mer

an der Stadionwirtschaft kenne geléiert hunn, si mer dohin gefuer, wat sech als genial

Idee erausstellen sollt. Nom Motto: "Hei kennt keen eis - an dat soll sech direkt

änneren", hu mer lëtzebuergesch Lidder gesong, YMCA, 1860-Lidder, de Ligaerhalt vun

den Thuner an der éischter schwäizer Liga nogefeiert an deelweis och, zesumme mat

engem Fortuna Düsseldorf Fan, deen och do war, verschidden Fortuna-Lidder gesong.

Besonnësch beléiwt war hei: "Wir sind Löwen, assoziale Löwen, schlafen unter

Brücken, fressen bei der Bahnhofsmission!". D'Stëmmung war einfach sensationell an

et war onheemlëch schued, dass

de Mätch schon no 120 Minutten

eriwwer war an et net nach

Elefmeter goufen. Duerno si mer

mam Taxi bei eis Jugendherberg an

der Arnulfstraße gefuer. Um halwer

5 Moieshuet de Wecker geschellt a

mir hu missen op de Münchener

Hauptbahnhof goen. Vun do aus

goung et mam ICE op Mannheim,

duerno via Koblenz an Tréier zréck

op Lëtzebuerg, wou mer zimmlech

midd géint eng Auer Mëttes

ukomm sinn.

Lou