HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Zürich am Mee 2007

Eigentlech hätt eis Rees op Zürech just eng ganz

harmlos Groundhoppingtour ginn, et gouf eng genial

Party mat den Thuner. Freides Mëttes um Véirel op 2

hunn d'kriztael an ech eis op der Gare getraff, wou mer

mol den Delhaize gestiermt hunn fir Proviant ze kafen.

Um 15.03 ass eisen Zuch gefuer, sou dass mer géint

halwer 9 owes zu Zürech ukomm sinn. De Mike, de

Peixe an de Flat hunn eis op der Gare ofgeholl. De Mike

ass am Moment aus Studiengrënn zu Zürech, de Flat an

de Peixe si schon donnëschdegs ugereest. Mam Tram si

mer am Mike séng WG gefuer, wou mer de Christophe

an de Patrick, di beim Mike wunnen, firgestallt kruten.

Mir hunn zu Owend giess, Poker gespillt a lëtzebuergesche Béier, frësch vum Peixe

exportéiert, gedronk. Niewenteneen an enger Réi hu mer am Mike sénger Kummer

iwwernuecht. "Dat ass eben Groundhopping", sou d'kriztael. Samsdes Moies stoung du

Sightseeing um Programm, ier mer mëttes dun an den Hardturm-Stadion gefuer sinn,

wou de GC Zürech géint den FC Thun gespillt huet. Zesumme mam Patrick aus dem

Mike sénger WG hu mir 5 Lëtzebuerger eis an den Thun Block gestallt. Virum Mätch

gouf den Grasshoppers-Trainer Krassimir Balakov, deen de Veräin no der Saison

verlooss huet, nach mat engem Bouquet Blummen geéiert.

Mir haten d'Trikoten vun eiser Nationalekipp un, zwee Fändele mam Roude Léiw derbäi

an d'kriztael hat suguer en MF95 Schal un, deen et am Laf vum Mätch géint en Thuner

Schal agetosch huet. D'Thuner hunn sech am Ufank bëssen iwwer eis gewonnert, mee

wi mer hinnen dun erkläert hunn, dass mer Lëtzebuerger wieren, genau wi den FCT-

Trainer Jeff Saibene, ware mer ganz schnell an deem Block akzeptéiert an hu während

dem Mätch zesummen di Thuner Ekipp ugefeiert. D'Stëmmung war vun Ufank un ganz

gutt, a wi no 7 Minutten de Julian

Bühler den 0-1 fir Thun geschoss

huet, war de Jubel am Block

natierlech ganz grouss. Et goufe vill

lëschteg an deelweis och e bëssen

dekadent Lidder gesong, an

zwëschenduerch ëmmer rem "Hopp

Thun", an awer och "Jeff Saibene"

gebläert. D'Spiller vum GC sinn nom

0-1 bëssen erwäscht, hir Fans awer

net, soudass een just eis Thuner

héieren huet. No engem

katastrophalen Ofstëmmungsfeler

vum GC-Golkipp an engem

Verteideger vum Grasshoppers Club huet den Dosek op 0-2 fir Thun erhéicht. Eise

Block war an Ekstas, an an der Paus sinn puer Fotoen vun eis, zesumme mat Thuner

Fans entstan.