02.09.2013 Aufrufe

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

Firun engem Irish Pub deen seng Diiren firun eiser Nues zougemaach huet, hun mer

een Holläner an sein ireschen Kolleeg kennengeleiert, dei eis am Cafe niewendrun nach

en Patt zum Bäschten gin hun.

Eng Nuecht dono war den Daag X vum Mätch schon do. Ech fir mein Deel hun nach

vum Moien profiteiert fir mam Batty shoppen ze goen, dei aanner hun sech

ausgeschloof, an den Olli war mam Laurent bei t’FLF eis Ticketen sichen.

D’ Zäit war och seier em, an mir sin inkognito bei de Stadion getreppelt. De Benem an

ech waren nach bis ant Jugendherberge, während de Rescht vun eis am Irish Pub from

Sofia bliwen sin. Wei mir Zwee ukomm sin, konnten mer eisen Aaen net trauen, wei

mer probleemlos an de Stadion rankomm sin, an beemol firum Bus mat de Spiller

stungen. Vun Oofspär keng Spur…

Eis 4 Nachzügler waren puer Minuten dono och present, an kurz drop war och

Delegatioun vum ‚Roude Leiw’ mat eis op der Tribün versammelt.

Et huet net lang gedauert bis mer dei eischt bizarr bulgaresch Sitten gesinn hun.

Während dem ganzen Mätch knabberen se un enger schwarzer Zort Ness an geheien

de Knascht op Still an op de Buedem.

An eisen Schwäizer war och rem do.

De Mätch huet wirklech ganz gudd fir eis

ugefang. Eis Leiwen stungen dei eischt

25 Minuten optimal, an de Berbatov ass

zu deem Zeitpunkt nach Kengem

opgefall. Eischter de Contraire!

Et waren mir Letzebuerger dei die eischt

gudd Goalchance haaten! No enger

Minutt an 30 Sekonnen huet den Dan

Huss een Fräistouss nemmen puer

Zentimenter iwert dei bulgaresch Laat

gesaat…

Die eischt 25 Minuten hun wei gesoot Eis

geheiert, mee an der 27 Minutt huet et

gerabbelt! Deen omineisen Berbatov

huet sech durch eis Oofwier gekämpft,

an de Ball erangekäppt. Sein zweeten Goal fällt direkt die Minutt drop, een Lob deen

menger Meenung no 1 Meter Abseits war! (op manst…)

Elo ass et drems gang net ennerzegoen, an dem Drock vun de Bulgaren ze widerstoen.

Mat desem 2-0 ass et dun och an d’ Paus gang.

An der 53ter Minutt muss den Eric Hoffmann an läschter Instanz de Berbatov firum

Joubert am Stroofraum stoppen, waat zu engem emstriddenen Eelefmeter gefouert

huet… Dozou kennt eng iwerflesseg giel Kaart fir den Hoffmann. De Petrov verwandelt

den Eelefter andeems en labber lenks lanscht de Joubert an de Filet setzt.

An der 84ter Minut war eisen Bluttdrock dann awer rem op 1000! Dei bulgaresch

Defense huet bessen gepennt, an sou war et dem Payal meiglech op den Dan Collette

ze passen, deen op de Goal scheisst, an nemmen e puer Zentimeter riets derlanscht

geet…Drei Minuten drop huet eisen Super Mario de Goal och nemmen em en Hoer

verfeelt.

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!