02.09.2013 Aufrufe

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

sympatheschen Thuner rembegéint, dee mer och am Hardturm zu Zürech am Mee

kennegeléiert hun. Hien huet de Mike a mech direkt ëremerkannt an ass bei eis "Grüezi

miteinand' " soe komm.

Mee et war nach guer net sëcher op de Match sollt

gespillt gin oder net. Divers Leit sinn iwwer den

Terrain getrëppelt an hu sech d'Situatioun ugekuckt.

Beemol koumen d'Spiller op den Terrain, mee sou

wierklech intensiv hun se sech net waarm gemaach.

Ronn 20 Minutte ier de Match hätt sollten ugepaff gin

huet d'Arbitesch, d'Madamm Nicole Petignat mat

enger kloerer Handbeweegung ugewisen, dass de

Match sollt verluecht gin. Eng Décisioun, di ech

wahrscheinlech anescht geholl hätt: den Terrain war

zum groussen Deel problemlos bespillbar, et waren

just puer vereenzelt Stellen, op deenen de Ball net

gesprong ass, well den Terrain eben ze naass war.

Mee et sinn definitiv scho Matcher op Terrainen a vill

méi schlechtem Zoustand ugepaff ginn.

D'Enttäuschung bei de Supporter op beide Saiten war

natierlech grouss, an et goufen Dauergesäng a

Gebläers géint d'Madamm Petignat an d'

"Fussballmafia SFB".

Mäi grousse Respekt gëllt awer dem FC Thun, di de Fans hir Entréesbilleten ouni vill

Blabla rem a Borgeld ëmgetosch hun. D'Stëmmung war natierlech duerno bei eis bësse

gedréckt, mee dat huet net laang ugehal. Fir d'éischt si mer nach op Thun eppes

drénke gaang, wou mer och de Ligapokalmatch Bayern géint Bremen gekuckt hun a

wou beemol e Sion-Mob vun ongeféier 50 bis 100 Leit ukomm ass. Duerno si mer mam

Zuch op Zürech zréckgefuer, wou mer giess a geschlof hunn. Den Inhalt vun eise

Rucksäk ass iwweriens zum groussen Deel an den Trockner geflunn...

Sonndes moies si mer dun bëssen duerch Zürech getrëppelt, a géint Mëtteg si mer op

d'Gare gaang. Do hu mer puer sympathësch Tschechen begéint, di awer als Touristen

an net als Fussballfans ënnerwee waren. Si waren awer offensichtlech begeeschtert

Fussballfans a wi mer hinne gesot hunn, mir wiere vu Lëtzebuerg, konnten se dat

direkt mam Match F91 Diddeléng géint hire slowakëschen Noper vun Zilina

assozéieren. Och un hir Blamage géint eis an der Quali fir d'EM 1996 konnten si sech

nach gutt errënneren. Mir hun eis géigesäiteg vill Gléck fir de Rescht vun der Quali

gewënscht an du si mer an den Zuch op Aarau geklomm. 40 CHF hun ech zimmleche

Wucher fonnt, mee eng wierklech Alternativ zum Zuch gëtt et am öffentlechen

Transport an der Schwäiz kaum.

Am Zuch waren och schon zwee YB Fans. Mir souzen am selwechte Wagon wi si a sou

ass alt schon am Zuch e bëssen "Hopp Aarau" gesong gin. Aus YB Bern ass fir eis

zimmlech schnell "ebay Bern" gin, wëll den "YB" am Bernerëschen sech fir eis

oneidgenössesch Oueren zimmlech ähnlech wi d'Internetauktiounshaus unhéiert.

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!