HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Qualimätch géint Bulgarien 11.10.2006 0-1

3 Deeg noom Retour op Lëtzebuerg no

Slowenien, op engem Hierschtowend 2006,

méi genee den 11.Oktober, waren d'Bulgaren

op Besuch an der Areler Strooss. Gréisser

Aktiounen waren net geplangt, soudass et vu

virum Mätch net vill Spektakuläres ze zielen

gëtt. Ech si wi gewinnt mam Tom mam Zuch

op d'Stater Gare gefuer an du mat der Buslinn

7 weider op d'Areler Strooss. Virun der Dir

waar d’Stemmung alles aanescht wei calme.

Eng ronn 200 Bulgaren stungen beemol virun

der Entree vum M-Block wollten an per force

do rann. Den Grond waar seier erkannt – den Ticket fier den M-Block kascht 8 Euro,

den Ticket fier den Bulgaren Block deen fiergesinn waar, dei riets Halschent vun der

Tribune de Face, haet der 15 kascht. 30 Minuten virum Upaff, stungen also lo eng ronn

200 onzefridden Bulgaren virum M-Block an wollten rann. An engem kollektiven

Geistesblitz hun d’Responsabel vun der FLF an vun der Police fier den weissen

Entschluss decideiert d’Keier an der Rue du Stade opzemaan an den nervösen

bulgareschen Mob dohin ze plazeieren. Eng Decisioun wou een wuel keint behaapten

dat se dem Spidol mat dem Urgencenservice wuel vill Aarbecht deen Owend waert

erspuert hun. Um Terrain goung et allerdings mei roueg zou. Bulgarien, bis dohinn mat

5 Punkten aus 3 Mätcher an dëser Quali ongeschlo, huet de bessere Start an de Mätch

erwëscht, an ass no 26 Minutten duerch e schéine Wäitschoss vum Tunchev mat 0-1 a

Féierung gaang. Duerno sinn d'Lëtzebuerger awer erwäscht an haten 2-3 gutt

Chancen, den Ausglaich wier duerchaus dragewiecht. Bulgarien hat awer och nach di

eng oder aner gutt Chance, wou de Gillet am Lëtzebuerger Gol awer näischt ubrenne

gelooss huet. Alles an allem kee schlechte Mätch vu Lëtzebuerg. D’Rou waar duerch

des Victoire och rem agekeiert an sou ass et dann ouni weider Tëschefäll

heemgaangen.

Lou