02.09.2013 Aufrufe

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

Qualimätch géint Rumänien 17.10.2007 0-2

De 4. Daag noom Auswäertsmätch a Wäissrussland hun eis Roud Léiwen rem missen

op der Aareler Strooss untrieden. Op dësem 17.Oktober hun ech mech géint Véirel op

5 mam CK op der Gare getraff, vu wou aus mir an de Pacha gefuer sinn.

Wei mer ukomm sinn, ware schon eng ganz Rei M-Blocker do, d' Ambiance war nawell

gudd, an op der Tele ass de Qualimätch tëscht Russland an England gelaaf. Beemol sin

dun awer schon dei éischt M-Blocker an de Stadion gefuer, wou sie sech mat Leit vun

RTL getraff hun, dei och ënner anerem en Interview mam Oli gemaach hun. Am Pacha

waren dun vum M-Block just nach de Keup, de Jeff, den CK an ech.

Wei de Mätch Russland-England fäerdeg war, sin de CK an ech dann och Richtung

Aarëler Strooss opgebrach. Zu eiser Enttäuschung gouf am Stadion leider net gegrillt,

mee soit... Mir sin dun an de Block gaang, deen sech lues awer sëcher ëmmer méi

gefëllt huet. Scho virum Match war d' Stëmmung gutt a mir hunn eis "Helde vu Gomel"

gefeiert.

Erwähnenswert ass och, dass den Dan

Huss, dee vum Guy Hellers net

nominéiert gouf, sech de Mätch aus

dem M-Block ugekuckt huet. E schéine

Geste vum Nationalspiller! Um Véirel

op 8 ass de Mätch dun ugepaff ginn. D'

Roud Léiwen hun an der éischter

Halschent gudd gekämpft. D' ganz

Equipe huet eng anstänneg Leeschtung

bruecht, besonnësch erfirhiewen géng

ech awer de Kintziger an de Joubert.

An der 42. Minutt huet et du leider

awer gerabbelt: d' Rumänen hun

gudde Kombinatiounsfussball gespillt, Wagner a Lang (di bis dohinn e wierklech gudde

Mätch gemaach hunn) komme leider allen zwee e Schrëtt ze spéit, de Joubert huet

keng Chance: 0-1 fir Rumänien. Schued, et hätt net vill gefeelt a mir hätten den 0-0 an

d' Paus gerett kritt.

No der Paus hunn d' Rumänen weider Drock gemaach, an et ass de Lëtzebuerger

ëmmer méi schwéier gefall, de Ball aus der eegener Halschent erauszekréien. Sou ass

et och komm dass d' Rumänen op 0-2 erhéige konnten. Noom 0-2 gouf et amfong en

zimmlech langweilege Mätch: d' Rumänen hun e Gang zréckgeschalt, d' Lëtzebuerger

haten d' Kraaft leider net méi fir sech an de Mätch zréckzekämpfen an sou ass et beim

0-2 bliwwen. Alles an allem awer keng schlecht Leeschtung vun eisen "Helde vu

Gomel".

Lou

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!