HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
München am Mee 2007

Nodeems de CK schon oft vum berühmt-berüchtegten

Münchener Amateurderby geschwärmt huet, huet et

mech scho gereizt, do eemol matzefueren. De Match

war am legendäre Grünwalder Stadion. Freides, de

25.Mee goung et fir de Batty, den CK a mech um Véirel

op néng op der Stater Gare lass. Via Tréier a Koblenz si

mer op München gefuer, wou mer moies géint halwer 8

ukomm sinn, nodeems mer zwou bis dräi Stonnen am

Zuch geschlof hunn. Fir d'éischt hu mer zu München eis

Jugendherberg gesicht, duerno bëssen Tourist gespillt -

viru sou engem dekadenten Derby schued e bësse Kultur och näischt. Mir waren um

Marienplatz a bei der Frauenkirche, ier mer den Hard Rock Café gesicht hunn. De

Fanshop vun 1860 an der Orlandostraße

louch ganz no bai, wou mer ënner anerem

Schaler kaaft hunn fir mëttes beim Match

kloer Faarw ze bekennen. Suwuel de

Fanshop wi och den HRC hu réicht um 10

Auer opgemaach, soudass mer nach e

bëssen hu missen waarden. Mir si

gemittlech op eng Terrass eppes drénke

gaangen. Duerno am Fanshop hu mer kuerz

mam Verkeefer geschwat, engem

sympatheschen Léiwefan (wuel gemierkt di

blo), hien huet eis suguer ugebueden, eis

eng Staang fir de Fändel mam roude Léiw, dee mer mat op de Mätch geholl hunn, ze

léinen. Géint 11 Auer si mer dun op Giesing gefuer. Ticketkontrollen an der U-Bahn

sinn de Weekend zu München éischter onwahrscheinlech, deemno ass U-Bahn fueren

fir eis gratis gewiecht. Spéitstens zu Giesing war et du mam Tourismus eriwwer a mir

goufen zu dekadente Fußballfans. Mir wollten eppes iesse goen, mee d'Pilgersheimer

Burg an d'Haus Mielich waren allebéid nach zou, soudass mer an de Wiener Wald

gaang sinn, wou scho vill Sechzgerfans waren. "Wie ein großes Familientreffen, nur viel

geiler", sou den CK. D'Stëmmung war herrlech. Leider war et wéinst de summerlëchen

Temperaturen net mi méiglech baussen eng Plaz ze kréien, a mir hu missen bannenan

eppes iessen. Hei huet de CK dem Batty a mir och schon eng Rei Sechzgerfans

virgestallt. Spontan hunn de Batty an ech den Ultras vun 1860 nach e bloen T-Shirt

mat der Opschrëft "München - Das sind wir" ofkaaft. De CK wollt sech eigentlech och

nach ee kafen, soubal e säi Béier ausgedronk huet, leider hunn eis gréng Kollegen de

Stand bis dohin zougemaach, well d'Ultras keng Handelsermächtegung haten. Am

Wiener Wald goufen Suen gesammelt fir Eer kafen ze goen.