HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Hollänner näischt waren, an eis Léiwen top gekämpft hun. Nëmmen 7 Minutten drop,

dei neechst grouss Opreegung am Block.

Eng Pass fir op den Rémy, an deen setzt säin Lob nëmmen ganz knapp iwwer d’ Laat.

Mat en bessen méi Gleck hätten mir hei no enger Véirelstonn 2-0 géint den Topfavorit

aus der Grupp kéinten fir leien, well daat waren 2 héichkaräteg Chancen!

Dun koum et leider wei sou oft schon. An der 25ter Minutt no engem Corner, stinn mir

hannen kuerz net richteg an d’ Hollänner maachen hiren Gol bei hirer éischter Chance.

Trotzdem hun eis Léiwen sëch net ënnerkréie gelooss an hun weider gekämpft.

An der 2ter Halschent hun d’ Hollänner méi konzentréiert gespillt an et huet een eisen

Léiwen den Effort vun der eischter Halschent ugesinn. Trotzdem hun sie et mat enger

kämpferëscher Kollektivleeschtung gepackt, d’ Resultat iwwer d’ Zäit ze retten.

Noom Match huet den ganzen Block eisen Jongen fir hir exzellent Leeschtung

gratuléiert an en: „Mir sin sou stolz op eis Jongen“ skandéiert.

No dëser gudder Virstellung vun virun méi wei engem Joer, hoffe mir natierlech, dass

eis Léiwen sëch haut rem sou kämpferësch weisen an en gudden Match spillen. Mir als

M-Blocker an hoffentlech och all d’Lëtzebuerger waerten si op alle Fall mat aller Kraaft

ennerstëtzen.

Tom

Testmatch géint Lettland 6.9.2006 0-0

Nëmmen puer Deeg nom Hollandmätch, wou eis Roud Léiwen iwwerraschend gudd

matgehal hun, stoung rem en Testmätch um Programm: um Hesper Holleschbierg war

Lettland op Besuch. Den Tom an ech sinn zesumme mam Zuch an d' Staat gefuer, wou

mer op de Gare de CK getraff hunn, deen mat eis mam Bus weider op Hesper gefuer

ass. Virum Match si mer nach an d' "Brasserie Uelzechtdall", dei bei Mätcher zu Hesper

schon bal derzougehéiert, deen een oder anere Patt huele gaang. Duerno am Stade

Alphonse Theis war den M-Block relativ gudd vertrueden. No deem gudde Mätch géint

Holland dee Weekend firdrun an mam 3-4 géint Lettland zwee Joer firdrun am

Hannerkapp waren d' Erwaardungen nawell grouss - och wa mer natierlech all wossten

dass den Hollandmätch vill Kraaft kascht huet. Mee eis Roud Léiwen waren awer am

Ufank iwwerlëen. Besonnësch de Bettmer am Mëttelfeld huet e gudde Mätch gemaach.

Och de Lombardelli war ganz aktiv. Schued, dass ausgerechent de Lokalmatador

Kintziger fréi huet missen wéinst enger Verletzung ausgewiesselt ginn. Lëtzebuerg huet

de Match also gemaach, mee d' lettësch Verteidegung stoung gudd, sou dass mir

trotzdem kaum gutt Golchancen haten. Erwähnenswert ass och, dass de Ben Payal säin

éischte Mätch fir d' Roud Léiwen gemaach huet. An der läschter Véierelsstonn haten

dunn d'Letten einfach nach méi Energie wi d'Lëtzebuerger an hunn sech e puer gudd

Chancen erausgespillt - et ass awer beim gerechten 0-0 bliwwen.

Lou