HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
schéisst en no enger Pass an den Laaf vum

Strasser bedrängt den Ball lanscht den

Poteau, bessen drop käppt en no

engem Fraistouss lanscht den Goal.

Dëst war déi läscht Aktioun an dëser

aus lëtzebuerger Siicht méi wéi

onglecklecher 1. Halschent.

Fazit vun der éischter Halschent:

onglecklechen 1:0, onnéidegen 0:2.

Spilleresch awer bis lo vlait déi bescht

Leeschtung vun den Léiwen an deser

Campagne, si loosen den Ball relativ

gudd laafen, an kombinéieren

deelweis ongewinnt sëcher.

Gudd gefällt den Gilles Bettmer, deen

immens laaffreedeg, engagéiert an

mat gudder Iwwersiicht am Match as.

Am zweeten Duerchgang kënnt den Claudio Lombardelli fir den Jerome Bigard eran. No

2 Minuten kritt den Bettmer den Ball um 16er,

zéckt awer ze lang, an d' Albaner

kënnen klären.

Ee Corner vun den Lëtzebuerger, déi haut alleguer

oneffektiv waren, gëtt geklärt.

D' Equipe léisst den Ball awer rem relativ gudd

duerch d' Reihen laafen, ouni allerdings

doraus Kapital kënnen ze schloen.

No 54 Minuten leet den Rémy ee Fraistouss kuerz op den Bettmer, deem sai Schoss

gett awer oofgeblockt, den Ball kënnt bei den Mutsch, deem seng Flank seegelt

allerdengs an d' Äerm vum Keeper.

D' Albaner probéieren elo méi schnell ze spillen an laueren op Konteren. An der 58

Minutt déi bäschten Chance fir Lëtzebuerg: den engagéieren Collette hëllt sech aus 30

Meter en Häerz, sain flaachen Schoss sprëngt am 16er op an brengt sou den Beqaj

liicht un d' Schweesen, en kann an Corner deviéieren.

An der 63. spillen d' Albaner dann ee

laange Ball op riets, den Haxhi flankt

allerdengs hannert de Goal.

Duerno kritt den Remy nach seng 2. giel

Kaart an feelt domat am nächsten Match,

an den Daniel da Mota kënnt fir den Ben

Payal; domat Lëtzebuerg elo mat engem

4-4-2.

Kuerz drop hummert den Cana ee

Fraistouss aus 35m op den Goal, den

Joubert kann den Ball awer nach iwwert

d' Laat drecken.