HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Testmätch géint Leverkusen 15.8.2007 1-3

Lëtzebuerg géint Leverkusen, mäi Land géint mäi Veräin, do war et eng

Selbstverständlechkeet fir mech derbäi ze sinn - och wann ech zu deem Zaitpunkt

eigentlech an Holland an der Vakanz war. Egal, moies géint 10 ass dess Rees op

Ettelbréck fir mech lass gaang. No engem Stéck hollännescher Landstrooss, puer

Honnert Kilometer belscher Autobunn an schlussendlech nach e bëssen Gerenns duerch

Lëtzebuerg, ware mäi Papp an ech endlech doheem ukomm. Puer Stonnen drop ware

mir zwee, genau wi nach ronn 1100 aner Spectateuren, an den Deichwisen ukomm.

Den M-Block war leider ganz schwaach vertrueden, mat Ausnahm vum Benem sinn ech

kengem M-Blocker am Stadion begéint.

Schon no 5 Minutten huet et no enger grousser Iwwerraschung ausgesinn: Fräistouss

vum Mutsch an de Strofraum, d' Leverkusener Verteidegung ëm de Sinkiewicz an de

Callsen-Bracker (deen iwweriens Kapitän war) war nach net richteg am Mätch, den da

Mota kritt de Ball op de Kapp: 1-0. Keng Chance fir den Domaschke am Leverkusener

Gol. D'Equipe vum Coach Skibbe huet no dësem Goal bësse geschockt gewierkt. Waat

d' Leeschtung vun de roude Léiwen

an der éischter Halschent ugeet, ass

virun allem wei sou oft de Mario

Mutsch erfier ze hiewen, deen trotz e

puer Fehlpäss eng ganz gudd éischt

Halschent gespillt huet. Et huet eng

Zait gedauert, bis Leverkusen dunn

schlussendlech richteg an de Mätch

fonnt huet. Flank vu lénks vum

Arturo Vidal, Käpper vum Dimitry

Bulykin, keng Chance fir de Joubert,

1-1. De Bulykin war iwregens e

Spiller vun Dinamo Moskau, deen zu

deem Zaitpunkt e Prouftraining zu

Leverkusen gemaach huet. Entre

temps huet hien och e Kontrakt

beim Bundesligist ënnerschriwwen.

Eng lëschteg Szene war och, wei de Rudi Völler sech kuerz beim Terrain blécke gelooss

huet, an direkt huet missen 50-100 Autogrammer schreiwen. An der Paus gouf

besonnësch op Säite vun de Lëtzebuerg ganz vill gewiesselt. Dei zweet Halschent war

Leverkusen dunn awer zimmlech kloer iwwerlëen. No 63 Minutten huet de Vidal eng

gudd Flank eraginn, dei den agewiesselten Atanas Kurdow eragekäppt huet. 6 Minutten

mei spéit huet den Michal Papadopulos mam 1-3 de Mätch definitiv entscheed.

Den agewiesselten Dan Huss hat nach eng grouss Chance, mee aus spatzem Wénkel

huet en de Ball ongeféier 10 bis 15 Meter iwwer den eidele Goal geschoss.

Ech geng résuméieren dass d' Lëtzbuerger dei éischt Halschent net schlecht waren,

mee an der 2.Halschent war einfach kee Rhythmus méi am lëtzebuerger Spill, bedéngt

och duerch di vill Auswiesslungen. Bei Leverkusen huet ee gudd gemierkt, dass eng

ganz Rei Stammspiller net derbai waren... d' Resultat spigelt de Match awer nawell

gudd erem...

Lou