HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Testmätch gengt den 1.FCK 5.9.2007 2-2

No der Aarbecht sinn ech mam Lou

zesummen mam Bus op Hesper

gefuer. Virum Match waren mer als

éischt emol e puer Miniën an e Café

drénken an hun e bessi zesummen

gepotert, ei et dunn gutgelaunt iwert

e Fousswee durch de Bësch bei de

Stade Alphonse Theis eropgaangen

ass.

Am heitegen Testmatch duerften eis

roud Léiwen um Terrain vum FC Swift

géint den 1.FC Kaiserslautern

untrieden. Den 1.FCK, een vun de

bekanntesten an virun allem

beléiwsten däitschen Klibb hei am

Land, spillt jo mëttlerweil schons séng

zweet Saison an der zweeter däitscher

Liga, ass ower do och alt erem

zimmlech schlecht gestart an waert

wuel och dës Saison kaum em den Opstig matspillen.

Haut géint Lëtzebuerg sinn se

mat enger Equipe ugetrieden,

déi zudem mat villen Oberligaspiller vun der

Amateuréquipe gefellt war.

Virun offiziell 1035 Spectateuren hun als éischt d’ Pfälzer Gas gin. Schons no 9

Minutten huet de Beda no engem Corner vum Bugera den 1-0 fir séng Farwen

markéiert. Duerno awer ass Lëtzebuerg besser an d’ Spill komm. An der 16ter Minutt

konnt den Dan Huss den erausstiermenden Keeper Sippel iwwerwannen: 1-1!

Duerno war Lautern konsternéiert, an se kennen vun Chance schwëtzen, datt weider

gudd Chancen vun de Lëtzebuerger ongenotzt blouwen.

No der Paus, an daer Lëtzebuerg glaich 7 Mol, an Kaiserslautern emmerhin 3 Mol

gewiesselt huet, koumen dunn awer d’ Gäscht erëm besser an de Match, an haten

zwou grouss Chancen, déi awer kläglech versemmelt gouwen. Eis Léiwen hun tapfer

gekontert. An der 66ter Minutt ass de Rémy hallef lénks no fir gestouss, huet an de

Réck vun der Lauterer Oofwier geflankt, an de Chris Sagramola huet eiskaal zum 2-1

eragesaat. E Siieg loung an der Loft, mee et huet alt erëm net dierften sin...

An der 86ter Minutt huet de Stachnik eng Onopmierksamkeet an eiser Oofwier

ausgenëtzt an zumindest en 2-2 fir den véierfachen däitschen Champioun gerett.

Esou goung en passablen Testmatch zu Enn an ech sin dunn mam Flyer am Auto

zesummen op Bieles zeréck gefuer.

CK