HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
HOLLAND – LETZEBUERG, 17/11/2007 zu Rotterdam - internet.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Den zweetgréisste Verain zu Rotterdam ass Sparta

Rotterdam, wou fréier ënner anerem den Danny Blind an de

Louis van Gaal gespillt hunn. Dëse Veräin gouf 1888 gegrënnt

an hat an der Vergaangenheet eng ganz bedeitend Roll am

hollännesche Fussball gespillt: Sparta gouf 1909, 1911, 1912,

1913, 1915 an 1959 hollännesche Meeschter an huet 1958,

1962 an 1966 d'Coupe gewonn. Finanziell Problemer waren

d'Ursaach, dass Sparta dun op eemol net méi zu deene ganz

groussen Veräiner an Holland gehéiert huet. Trotzdem hunn si

et nach laang gepackt, sëch an der Eredivisie ze halen, bis se dun 2002 awer

ofgestiegen sinn. Sait 2005 spillt Sparta Rotterdam awer rem an der Casino Eredivisie,

wou hinnen 2006/2007 eng 13.Plaz gelong ass. Hire Stadion ass "Het Kasteel", deen

1998 no engem Orkan huet missen renovéiert ginn an am Moment ronn 11000 Plazen

huet.

Dee gréissten a bekannste Club vu Rotterdam ass awer ouni

Zweifel Feyenoord, deen bis an d' 70er Joren Feijenoord

geschriwwen gouf. De Verain gouf 1908 gegrënnt, an ass

zenterhier 14 Mol hollännesche Meeschter ginn, fir d' lescht

1999. D' hollännesch Coupe huet Feyenoord 10mol gewonn. Och

international hat dëse Club grouss Erfollëger: 1970 hunn si als

éischten hollännesche Verain de Landesmeistercup gewonn, am

selwëchte Joer och nach de Weltpokal, duerno nach zweemol

den Uefa-Cup, an zwar an de Joren 1974 an 2002. D' Lëscht vu

bekannte Spiller, di de rout-wäissen Trikot vu Feyenoord unhaten, ass laang: Wim

Rijsbergen, Wim Jansen, Johnny Rep, Ruud Gullit, Henrik Larsson, Pierre van

Hooijdonk fir de just epuer ze nennen. Souguer den Johan Cruijff huet eng Saison fir

Feyenoord gespillt. Eng Minoritéit vun de Feyenoordfans ass gewaltbereed, wat leider

besonnësch bei Mätcher géint Ajax oder am Ausland zu Problemer féiert. Sou huet am

November 2006 den Uefa-Cup-Mätch tëscht Nanzeg a Feyenoord missen fir 30

Minutten ënnerbrach ginn. D' UEFA huet hir Konsequenzen gezunn a Feyenoord aus

dem Uefa-Cup disqualifizéiert. D' Saison 2006/2007 war awer och an der Liga

enttäuschend fir Feyenoord. Nodeems den Dirk Kuyt an de Salomon Kalou de Veräin

am Summer 2006 verlooss hunn, huet Feyenoord eng ganz schwaach Saison gespillt

an waren zum Schluss nëmmen op der 7.Plaz - méi schwaach waren se fir d' lescht

1990/1991. Fir d'Saison 2007/2008 huet Feyenoord sech awer ënner anerem mam

Giovanni van Bronckhorst a mam Roy Makaay verstäerkt an et kann een dervun

ausgoen, dass se rem uewen wierte matspillen.

Lou