Februar März 2008 - Pétange
Februar März 2008 - Pétange
Februar März 2008 - Pétange
- TAGS
- februar
- www.petange.lu
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
Péiteng – Meng Gemeng

11.01.2008: Wéi et schonn

eng Traditioun ass, hat och

dëst Joer nees d’Gemeng

eng Neijooschfeier fir

d’Personal am Fräizäitzenter

zu Rolleng organiséiert.

Dëser Invitatioun ware méi

wéi 300 Leit nokomm, déi

sech och dee ganzen

Owend duerch gutt

amëséiert an zesumme mat

de Membere vum Schäffena

Gemengerot op dat neit

Joer ugestouss hunn.

14.12.2007: Nodeems déi lescht Budgetssëtzung eriwwer war hu

sech de Buergermeeschter, d’Memberen aus dem Schäfferot esou

18.01.2008: „Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist“!

Esou huet et och op dësem Freideg geklongen ewéi d’Gecken

d’Gemengeverwaltung gestiermt hunn. De Karnevalsfuendel

gouf opgehaangen a bei esou vill Drock huet de Buergermeeschter

der Prinzessin Tania I de Schlëssel vun der Gemeng iwwerreecht.

Mä ob de Wonsch vun de Gecken, datt an de Leitungen

ewell Wäin a Béier fléisst, an Erfëllung geet, dat muss nach gepréift

ginn!

17

wéi Memberen aus dem Gemengerot et net huele gelooss, fir bei der

Éierung vum Gemengepersonal am Hotel Threeland dobäi ze sinn.

Et goufen déi Leit geéiert, déi

schonn 20 Joer am Déngscht

vun der Gemeng stinn oder

no engem laange Beruffsliewen

an déi wuel verdéngte

Pensioun ginn. Dat waren:

Paul Decker, Marco Driulini,

Patrick Heinen, Bernardin

Gentilhomme, Pascal Meyers,

Patrick Tibor, Fernand Wegener,

Pau Dahm (alleguer fir

20 Joer), Edmond Bettel, Annette

Origer ép. Zimmermann

a Jean-Pierre Weyland

(pensionéiert).

25.01.2008: Fir deenen eelere Leit, déi am Fleegeheem zu Péiteng

wunnen, hir bescht Wënsch fir dat neit Joer ze iwwerbréngen,

hate sech de Buergermeeschter esou wéi Memberen aus

dem Schäfferot op de Wee an d’Kierchestrooss gemaach. Si goufe

schonn erwaart a koumen och net mat eidelen Hänn bei d’Leit.

An ier op dat neit Joer ugestouss gouf krut jiddereen eng schéi

waarm Decke geschenkt, wat bei deenen Temperaturen aus de

leschte Woche jo net vu Muttwëll ass! E puer léif Wierder an e

bësse Gepoters huet natierlech net dierfe feele bei dësem Besuch.