Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
4. Enseignement

och mol eng Klass oder en Appui oder

eng Morale laïque oder eng Relioun ginn

an ëmgedréint och. Ech mengen an

dësen Zäite wou d’Suen esou knapp sinn,

kann et net sinn, dass en neit Gebai

gebaut gëtt an dann ass dat exclusivement

Maison Relais, well e Ministère de

la Famille dat mat sponsort oder eng

Schoul gebaut gëtt an da ka keng Maison

Relais profitéiere well de Ministère de

l’Education nationale dat esou sponsort.

Op deem Wee si mer schonn zënter e

puer Joer gaangen. Dat war keen einfachen,

well déi Bürokratie tëschent deene

Ministèren ëmmer bestanen huet, mä mir

sinn um gudde Wee an et ass och schonn

am prakteschen absolut esou, dass dat

gehandhaabt gëtt, dass Schoulen an

d’Maisons Relais ginn niewendrun an

ëmgedréint dass d’Maisons Relais vun de

Schoule profitéieren. Mir wollten dat

esou an dat ass och esou duerchgezu

ginn an dat wäert och an den nächste

Joeren nach vill méi intensiv esou virugoen.

Ech kommen dann zur provisorescher

Schoulorganisatioun u sech selwer. Dir

hutt déi Dokumenter verdeelt kritt. Dat

ass nach ëmmer näischt Digestes. Et weist

Iech awer wéi dat gehandhaabt gëtt. Et

geet u mat deenen Déchargen déi

mussen ausgerechent ginn. Dat neit

Gesetz huet dat natierlech net vereinfacht

well et gëtt elo Décharge fir all Zorte vu

Saachen. Déi Stonne mussen ofgezu gi

vum Kader vum Enseignant an da mussen

déi duerno bei deem Enseignant duerch

anerer ersat ginn. Dat ass zum Beispill

wann ee Président d’école ass, wann een

an engem Comité d’école ass, wann ee

Responsabel ass fir d’Bibliothéik. Et gëtt

natierlech och, wat et ëmmer ginn ass,

Décharge fir Anciennetéiten an da kënnt

een op en Total vu Stonnen déi ofgeziehlt

ginn an et muss een da mat deem

berühmte Kontingent muss een dann

zesumme rechnen op wat een do kënnt.

Dir fannt duerno am Dokument all

d’Enseignanten déi den Entitéiten no

opgezielt si mat hire verschiddenen

Déchargen. Dat ass am groussen Dokument

de Punkt Nr 1 wou Dir all op Säiten

a Säiten dat fannt.

Da komme mer am Punkt 2, dat ass

d’Schoulorganisatioun fir eis 8 Schoulentitéiten,

Ale Lycée, Brill, Brouch, Dellhéicht,

Grand-rue, d’Ganzdaagsschoul,

Lalleng an Nonnewisen. An do fannt Dir

dann d’Opdeelung wat all Enseignant vu

Stonnen huet an Dir fannt nach eng Kéier

déi Déchargen an Dir fannt dann de Kontingent

an de Rescht vum Kontingent,

wat iwwereg bleift a wat da gegebenefalls

kann op eng aner Entitéit verdeelt

ginn. Ech kommen herno nach mat enger

Propos doropper zréck wou ech wollt

maachen a wou mer schonn am Schäfferot

driwwer geschwat hunn a wou mer

och an der Schoulkommissioun driwwer

geschwat hunn.

Ech profitéieren hei och fir der Schoulkommissioun

e ganz grousse Merci ze

soen. Mir hunn eng ganz gutt Zesummenaarbecht

an der Schoulkommissioun.

Et gëtt och do ganz vill geschafft.

Et gi ganz vill Propose gemaach a mir

versichen och do am Interêt vun eise

Schoulen, eisen Escher Schoulen an all

eisen Entitéiten do zesummen ze schaffen

an zu engem gudde Resultat ze kommen.

Dann hutt Dir véiertens, dat ass e Relevé

vun all eisen Enseignanten déi mer hunn.

Dat ass mat hiren Adressen – dat muss

net onbedéngt verdeelt ginn – Dir hutt

dat awer alles kritt, mat hiren Anciennetéiten

an dann och hannendru mat der

Ofkierzung a wéi enger Entitéit se sech

befannen. An da kënnt net dat onwichtegst

duerno, d’Opdeelung vun eisen Elèven.

Do ass eng ganz grouss Aarbecht

gemaach ginn. Notamment vun der

Madame Schoettert déi Iech en Tableau

gemaach huet, wou Dir fannt Elèven nom

Genre, wéi vill Jongen, wéi vill Meedercher

an dann och par rapport d’Kanner

déi an d’Maisons Relais ginn, par rapport

Pourcentagë vun de ganze Kanner wou

se an de Schoule sinn. Dir gesitt, dat ass

eng ganz gewalteg Aarbecht an Dir hutt

wierklech do en Dokument wat leider net

fir e Joer gutt ass, well et e ganz grousse

Problem ass, dass mer am allgemengen

am Land eng grouss Volatilitéit hunn, mä

hei zu Esch ass déi extrem héich. An Dir

gesitt déi Chifferen déi mer hunn, déi

sinn all op den 31. Dezember 2012. Si

sinn duerno ëm iwwer 100 Unitéiten an

d’Luucht gaangen a si ännere pro Woch,

kann ee soen, dass en plus ou en moins

praktesch 20 Kanner variéieren. Wat wëll

ech domatter soen? Dass déi Aarbecht

extrem komplex ass, well wat haut gutt

ass fir eng Entitéit, ass scho mar net méi

gutt. Déi Changementer sinn och ganz

grouss an Esch selwer. Et sinn enorm Leit

déi plënneren hei an Esch. Déi bleiwen

an Esch, mä déi plënnere vun enger Plaz

op déi aner, wat da mat sech bréngt,

dass d’Entitéiten u sech och ganz aner

Koeffizienten hunn an och Rescht Kontingente

behalen. Dat ass wat pro Woch

geschitt. Da kënnt Dir Iech jo virstelle wat

och nach an deenen zwee Méint geschitt,

tëschent dem 15. Juli wou d’Schoulen

zou ginn an dem 15. September wou

d’Schoulen erëm op ginn. Ech wollt dat

just soe fir d’Komplexitéit vun deem Dossier

hei e bëssen ze erklären.

De Kontingent, ech muss nach eng Kéier

e Wuert doriwwer soen. Fir 2011 war de

Kontingent 1,827. Deen ass eropgaangen,

fir dëst Schouljoer wat amgaangen

ass, wat elo bal fäerdeg ass, op 1,844. An

d’nächst Schouljoer geet en nach erop, e

geet op 1,8536, esou dass mer e Kontingent

hunn deen nach méi grouss ass wéi

déi Joere virdrun. Wat heescht dat? Dass

mer méi Enseignante kënnen hunn a mer

profitéieren och amplement dovun. Mä

ech wëll awer och nach eng Kéier drun

erënneren, dass dat och fir d’Gemeng en

Effort ass. Well d’Enseignante si vläicht

elo ugestallt vum Ministère de l’Education

nationale, mä et ass awer nach ëmmer

esou, dass d’Gemeng en Drëttel vun de

Peie bezilt, an dass dat also eng ganz

grouss Laascht ass, an dass et net duergeet

ze soen: Ah, de Kontingent geet

erop, mir kréien nach méi Enseignanten.

Mä ech wëll awer och drun erënneren

dass dat och eng finanziell Laascht ass déi

d’Gemeng awer gär bereet ass ze droen.

An net méi spéit wéi de Mëtte geet nach

eng Delegatioun an de Ministère, well

mer froe fir nach e puer Enseignanten, vu

dass mer nach méi Elèven hu wéi mer um

Datum deen initialement zréck gehale

war, haten, an dass mer do dann nach

vläicht e puer Enseignante méi kréien an

ech si sécher dass dat wäert klappen.

D’Populatioun um 21. Juni, also haut

oder loosse mer soe gëschter, hei zu Esch

war 32.234 Awunner. Déi Populatioun

geet stänneg an d’Luucht. Mer haten der

d’lescht Joer wéi d’Schoul ugaangen ass

31.941. Dat heescht, et si bal 300 Awunner

méi. Bei deenen Awunner sinn natierlech

Kanner an natierlech schoulpflichteg

Kanner, esou dass et och evident ass, dass

déi Zuelen an den nächste Joeren och

mat der Uni wou Enseignante wäerte

kommen déi hir Kanner wäerte placéieren.

Mir hunn nach an der Schoulkommissioun

gesot, do komme Studenten déi

Kanner wäerten hunn oder déi Kanner

wäerte kréien, déi eventuell scolariséiert

duerno ginn, esou dass mer och do e

Besoin kréien deen an den nächste Joeren

absolut net wäert erofgoen. Mir hunn an

der Schoulkommissioun dräi nei Membere

kritt. Dat ass den Här Lucas als Président

d’école. D’Madame Burg an

d’Madame Rodrigues, déi sinn nei Memberen.

Ech wollt dat signaléieren. Ech

wollt awer och soen e wichtege Punkt.

Mer hunn de Président d’école verluer,

über Nacht géif ech soen, just virun der

Chrëschtvakanz ass deen Inspekter ginn

an der Stad. Dat ass den Här Ney deen

eng ganz gutt Aarbecht geleescht huet

an ech wollt deem och hei op dësem

Wee nach eng Kéier Merci soen an hien

ass Gott sei Dank och duerch e ganz

Escher Gemengerot vum Freideg 21. Juni 2013

5