avis au public - web ctrl
avis au public - web ctrl
avis au public - web ctrl
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
14

D'Monnerecher Pompjeeën bestinn aus fille Memberen.

De gréissten Deel dovunner sinn tëscht 16 a

65 Joer al an hëllefen den an Nout gerodene

Matbierger aus der Gemeng. De Corps kann awer

och op d'Veteranen iwwer 65 Joer zeréckgräifen an

se ëm Rot an Dot aus hirer laangjäreger Erfahrung zu

jidder Zäit froen.

Fir dass d'Mannschaft ëmmer jonk an dynamesch

bleiwt, gëtt et och nach eng Jugendequipe. Vun 8

Joer un, a bis zum Alter vu 16 Joer, léieren déi Kléng

wat et heescht e Pompjeeë ze sinn.

Zu den Aufgaben vun de Jugendpompjeeën gehéiert

virun allem, wéi bei deene ‚Groussen', Disziplin. Vun

Ufank un, besti Jugendbetréier drop, dass jidder

Jugendpompjeeësmember séng Aarbecht serieux a

gewëssenhaft léiert an och ëmsetzt. Sou gesi se, dass ee

sech kann op anerer verloossen an dass déi sech och

op si verloosse kënnen. E gudden Equipegeescht ass

d'Grondbasis fir gudd zesummen ze schaffen a spéiderhin

beschtméiglecht Hëllef hire Matbierger ze

leeschten. Dës Erfahrunge kënnen di Jonk och soss an

hirem Liewen sécher gebrauchen.

An den Übungen gëtt duerch en oofwieslungsräiche

Programm d'Material vun de Pompjeeën erklärt an

och domat am praktesche geschafft. Wéi bei den

erwuessene Komeroden, huet och d'Jugend

Uniformen, Helmer an Händschen un, dass hinnen

och näischt geschéie kann. Sou gi se op den Übungen

un den Eeschtfall rugefouert, ouni dass fir se eng

réel Gefor besteet.

Wa se dann mol eegenhänneg e Brand vun engem

klengen, selwer gebaute Holzhäischen läsche mussen,

nodems se selwer d'Virgoensweis iwwerluecht

hunn, gesinn a versti se ganz séier, wéi wichteg et ass

fir sech kënnen een op deen aneren ze verloossen.

Dobäi schaffe se dann sou zesummen, dass di geléi-

VERÄINER

D'JUGENDPOMPJEEËN AUS DER GEMENG

erten Theorie och vun jidderengem kann ëmgesat

ginn. Zu de Ausgäng gehéieren och nach aner

Aktivitéiten. Sou geet d'Jugendmannschaft e puer mol

an d'Schwemm fir sech do auszetoben.

Et ginn awer och Touren rausgesicht, déi d'Kanner

zesumme mam Vëlo ze bewältegen hun. Dobäi hu se

kierperlech Beweegung, kenne frësch Loft aus de

Bëscher anotmen a se hun och nach vill Spaass an Éiergaiz

dobäi, fir sou munnech géie Bierg rop ze pedaléieren.

Aner sportlech Aktivitéiten sinn déi kantonal an

och national Schwamm- a Crossmeeschterschaften,

wou si sech mat anere Jugendpompjeeë moosse kënnen.

Dobäi hu se schonns vill Medaile gewonnen an

sou de Corps an der Ëffentlechkeet représentéiert.