du 16 juin 2009 - Colmar-berg.lu
du 16 juin 2009 - Colmar-berg.lu
du 16 juin 2009 - Colmar-berg.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Reportagen

24 - De Gemengebuet N° 1/2009

Bëschfest fir d’Kanner vum Cycle 2

aus der Colmer Schoul

Mëttwochs de 25. November hat d’Léierpersonal zesumme mat de Fierschtere Servais Schaack a Christian Engeldinger

e Bëschfest fir d’ Kanner vum Cycle 2 organiséiert. Scho moies fréi goufen d’Kanner mat Bussen op d’Geessemillen

an de Bësch gefouert. Do hunn d’Fierschteren an hir Bëschaarbechter si begréisst an dun ass et endlech lassgaang.

Vun engem zentrale Punkt am Bësch aus, sinn d’Kanner zesumme mat hirem Léierpersonal op 6 verschidde Statioune

gaangen, fir do dem Fierschter bei der Aarbecht nozekucken, Spiller ze maachen an awer och selwer aktiv ze

ginn. Sou konnte si zum Beispill materliewen, wéi ee Bam gefällt gouf, deem si virdrun an engem klenge Rollespill

allerlee Froe gestallt hunn. Ganz spektakulär an impressionant war d’Renconter mam „Harvester“ enger grousser,

moderner Maschinn fir d’Bamfällung an hir Veraarbechtung. Brennholz war de Sujet vun enger Statioun, bei där

d’Kanner mat enger spezieller Virrichtung selwer Holz hae konnten an duerno eng Kouert schéi getässelt hunn.

An der Mëttespaus hunn

d’Fierschtere Gegrilltes am

gehëtzten Zelt zerwéiert. Frësch

gestäerkt ass et du weider gaangen

am Infomobil vun de Jeeër,

wou d’Kanner déi verschidde

Bëschdéiere konnte kenneléieren.

Op enger weiderer Statioun hunn

d’Kanner erfueren, wat een alles

aus Holz baue kann, ier si selwer

mat voller Begeeschterung eng

Hütt am Bësch opgeriicht hunn.

Ganz beandrockt waren d’Kanner

vum „Robi“, engem Ardennerpäerd,

deem si beim Bamschleefen

nogekuckt hunn. Duerno goung

et bei enger Competitioun drëm,

fir erauszefannen, wie méi staark

wier - d’Päerd oder d’Kanner.

(… D’Päerd hat gewonnen !)

Zum Ofschloss hunn mir eis all

nach emol rondrëm d’Lagerfeier

versammelt a jidder Klass krut

als Souvenir vum Fierschter ee

geschnëtzte Stull iwwerreecht.

D’Kanner aus dem Cycle 2 an hiert Léierpersonal hunn zesummen, trotz Bulli, e ganz flotten Dag bei guddem Wie

der am Bësch verbruecht.

Mir wëllen duerfir vun dëser Plaz aus nach eemol eise Gemengeresponsabel, de Fierschteren, hire Bëschaarbechter

an eise Gemengenaarbechter e ganz grousse Merci soen.