23.08.2013 Aufrufe

Gemengerot Esch - Esch sur Alzette

Gemengerot Esch - Esch sur Alzette

Gemengerot Esch - Esch sur Alzette

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

sicht ginn nei Liewen do eranzebréngen

a virun allem 2005 wéi décidéiert ginn

ass fir d‘Uni dohinner ze bauen, dat war

fir eis wierklech e ganz wichtege

Moment. Alleguerten déi Leit déi do

geschafft hunn, am Sënn vun deem wat

hir Aarbecht ubelaangt huet, wat meng

praktesch a manuell Aarbecht war, huet

een erausfonnt, dass hei eng Equivalenz

geschafe ginn ass déi wäit méi déi ass déi

mer eis virgestallt hunn.

Zu den allgemenge Remarquë wëll ech

hei soen, datt et ëmmer erëm Strategië

gi sinn a mir fannen dass de Wee vun de

Strategien an der Entwécklung zwësche

Stat a Gemengen och ëmmer kloer

waren. Et soll een och an deenen doten

Iwwerleeunge bleiwen, well et ganz einfach

e Projet ass dee kuerzfristeg, mëttelfristeg

an och laangfristeg muss geplangt

bleiwen. An dat virun allem net eleng fir

eis als Stad, mä och virun allem fir de

Süde vum Land. D‘Erausfuerderung vun

enger enker Zesummenaarbecht, esou

wéi se hei mentionéiert ginn ass, dat

heescht dat Liewen an deem neie Quartier

Uni, dat wat mir hei an e puer Sätz jo

hei a positive Wierder soen, ass wierklech

um Terrain eng Sisyphus Aarbecht. Déi

Leit déi all Dag domatter konfrontéiert

sinn, déi staatlech an och déi privat Projete

mussen ëmsetzen, déi sinn all Dag

domatter konfrontéiert an déi sinn all

Dag mat Problemer konfrontéiert déi se

sur place musse léisen an do si mer der

Meenung, dass dat bis elo gutt geklappt

huet a mir kënnen och nëmmen deene

Leit hei felicitéieren déi d‘Chance hunn

an och wierklech hei an d’Bresch gi fir

d‘Südregioun an och fir Esch sech ze

engagéieren.

Wat dat Ganzt nach ubelaangt zu de

Strategien, si mer och der Meenung wat

d‘Entwécklung ubelaangt, dass d’Systematisatioun

muss dra bleiwen. Wann een

esou grouss Projete wéi déi doten huet,

da brauche mer e System bei deene

sämtlechen Acteuren an dee läit op

d‘mannst um lokale Plang bei eis elo mol

um mëttelfristege Beräich. Mëttelfristeg,

mir gesinn dat, dass amgaangen ass

Liewen eranzekommen. Wat mir och als

lokal Matadore mussen dofir suergen,

datt dat ofgedeckt bleift. Mir brauchen

dofir och eng Präsenz als eenzel Acteure

um Site selwer. Déi Präsenz déi do ass,

ass jo och fir eis de Schlëssel vun der Integratioun.

Integratioun ass jo dee wichtegste

Facteur dee mer brauchen, well de

Site, an ech widderhuelen dat gären, 3,5

km vun eis ewech läit. Dat ass ee vun

deene wäitste Quartieren déi et gëllt ze

integréieren an dofir brauche mer och

eng gutt Organisatioun a mir brauchen

och e Programm wou mer eis dann

4. Etat d‘avancement du développement du quartier Belval

doropper verloossen, dass déi Integratioun

geléngt. Dat kann iwwerall sinn.

Dat kann um Niveau vun der Mobilitéit

sinn. Dat kann domatter och um administrativen

Deel leien. Och um kulturellen.

Mir sinn der Meenung, dass wa mer

wëlle mëttelfristeg, wann d‘Uni 2014

opgeet, wëll wierklech begleeden, da

brauche mer och dat wat d‘CSV an hirem

Wahlprogramm gesot hunn, een Deel

vun enger Administratioun do. Mir brauchen

um Site eng kleng Antenn, esou wéi

dat och am Privaten oft de Fall ass, wat

d‘Banken ubelaangt, déi maache Filialen

do. Well dat och hëlleft eng praktesch,

eng praktesch Hëllef fir déi Leit déi herno

do wunnen, déi herno do schaffe ginn,

an déi fir och aner Saachen dohinner

kommen, si mir der Meenung, an dat hu

mer och an eisem Wahlprogramm gesot,

dass et wichteg wier, eng Antenn do

opzebauen als Escher Gemeng.

Dat anert ass d‘kulturell Beliewung, déi

och hei schonn zum Deel ugesprach ginn

ass. Virun allem och déi sportlech Fräizäitaktivitéiten

an och dee kulturellen Deel.

Do si mer der Meenung, dass mer roueg

mat der Plaz déi mer do hunn, d‘Place de

l’Académie, eng Méiglechkeet hu fir kënne

méi kulturell Beliewung dran ze maachen,

wou mer d‘Leit hei vum gewuessenen

Esch invitéiere fir doropper ze kommen,

dat da mat ze begleeden.

De Commerce ass ugeschwat ginn. Mir

sinn och der Meenung, dass déi Aktivitéite

vum Commerce enorm wichteg sinn,

an dass virun allem och de Geschäftsverband

sech soll Gedanke maache wéi een

dat ka weider developpéieren. Mir sinn

der Meenung, dass et vläicht och net

schlecht wier, fir eemol am Mount zum

Beispill e Maart do uewen op der Place

de l’Académie kënnen ofzehalen. Dat als

symbolesche Wäert am Moment. An dat

belieft dann och dee ganze Quartier

doduerch dass mer Präsenz weisen. Ech

mengen, eis sollen d‘Ideeën net ausgoe

fir kënnen Präsenz ze weisen a fir och

dem Bierger, deen herno dohinner wunnen

a schaffe kënnt, eppes ze bidden.

Den Här Codello huet déi Affär vun der

Gemengerotssitzung déi mer als CSV

mentionéiert hunn, ugedeit. Mir sinn der

Meenung, dass dat eng gutt Saach wier

wa mer dat kéinte maachen, ëffentlech

maachen. Och mat deenen Administratiounen

déi do sinn. Et soll ee se alleguerten

invitéieren, fir dass se wëssen, dass se

net eleng do sinn an der Diskussioun, mä

virun allem och vun eis als lokal Responsabel

mat begleet ginn.

D‘Ubannung ass hei ugeschwat ginn.

Ëffentleche Verkéier. Ech mengen d‘Trace

Micheville ass vun enormer Bedeitung a

wat déi méi séier kënnt, wat et fir eis méi

Escher Gemengerot vum Freideg 11. Mee 2012

9

einfach ass, well mer ganz einfach d‘Entlaaschtung

brauchen, intern, also an der

gewuessener Struktur an och herno an

deem neien Deel deen do entsteet um

Niveau vum Quartier Uni/Belval.

Kuerz Weeër, jo kloer. Kuerz Weeër huet

een ni genuch. Ech mengen, dass et

wichteg ass fir déi kuerz Weeër esou séier

wéi méiglech ze realiséieren an ech weess

net wéi wäit dass Är Diskussioune lafe

mat ArcelorMittal fir kënnen dee kuerze

Wee ze kréien, dee vun der Bessemer

Strooss aus méiglech ass. Mir erënneren

nach eng Kéier drun, dass et och vun der

CSV mentionéiert ginn ass, huelt nach

Kontakt mat hinnen op oder vläicht

kréien ech och herno eng Äntwert op

Grond vun deem wat mer gemaach

hunn, ob et machbar ass oder net.

Dir hutt dat administratiivt Gebai ugeschwat.

Et ass d‘Dezentralisatioun vum

Stat deen hei ugefaange ginn ass. Hei

wäerte mer och erausstellen ob d‘Akzeptanz

vun eisen Iwwerleeunge mat der

gudder Form vun der Mixitéit déi mer

gesicht hunn, dat zesumme liewen, och

akzeptéiert gëtt. Mir hate jo hei eng

Haaptiwwerleeung andeem mer gesot

hunn, dass, vu dass do jo lauter Residenten,

lëtzebuergesch Residenten, mengen

ech mol, doranner schaffe kommen, et

ass jo eng lëtzebuergesch Administratioun

déi dohinner kënnt, op d‘mannst

déi vum Stat, ass et wichteg fir dat Konzept

wou mir gesot hunn, no bei der Aarbecht

wunnen, op dat och akzeptéiert

gëtt. An ech menge mir sollten dat am

Ae behalen an och do promouvéieren

dass mer soen, dass eise Wunnengsbau

och qualitativ gutt ass an dass d‘Leit déi

dohinner schaffe kommen, déi Iwwerleeung

sollte maache fir och hei bei eis

wunnen ze kommen, well dat och en

Deel vun eisem Konzept ass wat mer vun

Ufank un ugestrieft hunn.

Da mengen ech den historesche Moment

vun 2014, dat ass net méi laang,

Madame Buergermeeschter, dat ass ganz

fréi. D‘Weiche si gestallt. Dir hutt dovunner

geschwat, dass d‘Studente wa se hei

sinn, villes musse gebuede kréien. Dir

hutt vun de Sportinfrastrukture geschwat

déi mer zu Esch hunn. Déi nei déi mer

kréien op Grond vun deenen Iwwerleeungen

déi gemaach gi sinn och um Niveau

vum neie Lycée. Ech mengen, dass mir

ëmmer hei gesot hunn als CSV, dass et

wichteg ass dat nach eng Kéier op de

Leescht ze huelen, eng Kéier e Konzept

opzestellen an da spéitstens da wann

d‘Studenten hei froe wou se kënne Sport

maachen, da wäerte mer an Uecht huelen,

dass eis Sportinfrastrukturen net méi

an deem Zoustand sinn, respektiv och

net dat sinn déi déi dote sech erwaarden.

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!