Oktober November 2005 - Pétange
Oktober November 2005 - Pétange
Oktober November 2005 - Pétange
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Péiteng – Meng Gemeng

17

07.09.2005: Rollitour – Mam Rollstull duerch Lëtzebuerg …

… a mat dëser Aktioun d’Solidaritéit tëscht de Leit stäerken an

d'Ëffentlechkeet op déi dacks net esou einfach Situatioun vu Leit

mat enger Behënnerung an eiser Gesellschaft opmierksam maachen.

Dat war d’Zil, dat sech eng ganz Rei Matbierger am Rollstull

gesat haten, wéi se sech op de Wee duerch verschidde Lëtzebuerger

Gemenge gemaach hunn. Eng Tëschenetapp war dann

och an der Péitenger Gemeng, wou déi ganz Equipe e klenge

Maufel vum Schäfferot offréiert krut. Bei dëser Geleeënheet gouf

och festgehalen, datt d’Gemeng Péiteng um Gebitt vun der Accessibilitéit

eng ganz Rei vu Moossname getraff huet, déi begréissenwäert

sinn.

26.09.2005: D’Ëmweltwoch mécht hir Dieren op.

Déi 10. Ëmweltwoch, déi ënner dem Motto „Méi Natur ëm

d'Haus“ steet, gouf zu Rodange am Kulturzenter offiziell opgemaach.

Ween sech Gedanke mécht iwwer méi Natur doheem a

ronderëm säin Haus, dee fënnt net nëmmen an der Ausstellung,

déi d'Gemeng an Zesummenaarbecht mat dem „Haus vun der

Natur“ op d'Bee gestallt huet, Ureegungen an Äntwerten op seng

Froen. Och d'Naturfrënn Kordall an d'AAT (Garten- und Teichfreunde

ASBL) gi gären Informatiounen op hirem Stand.

10. an 11.9.2005: Dampfestival am Fond-de-Gras