Oktober November 2005 - Pétange
Oktober November 2005 - Pétange
Oktober November 2005 - Pétange
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
6 Péiteng – Meng Gemeng

Wann

d'Vergaangenheet

nees opbléit

Et war den 31. März 2004, wéi

am Kulturzenter „A Rousen“ zu

Péiteng op Initiativ vun der Gemeng

en Opruff un d'Bierger gemaach

gouf, fir di Péitenger Geschichtsfrënn

an d'Liewen ze ruffen.

En Opruff, deen net ouni

Äntwert blouf a vill Uklang fonnt

huet. Zënter 30 Joer oder och

scho méi laang gëtt et nämlech

an aner Gemengen esou ähnlech

Strukturen. Wann een dann iwwer

d'Grenze kuckt, da gesäit

een, datt am Ausland – Beispill

Frankräich – Archive virgeschriwwe

sinn. Esou Archiven erméiglechen

et, d'Vergaangenheet lieweg

ze halen a gëtt och de Bierger

d'Méiglechkeet fir Informatiounen

iwwer „di gutt al Zäit“ ze

kréien. Doriwwer eraus kënnen

och eis Nokommen op dës

Manéier gesinn, wat zu eiser Zäit

lass war.

Wat gëtt gesammelt?

De Marc Stoffel, President vun

de Péitenger Geschichtsfrënn,

huet gemengt, datt alles, wat iergendwéi

e Bezuch op eis Gemeng

huet, vun Interesse fir de Veräin

ass. Ugefaang mat Fotoen a Postkaarten,

op deenen déi dräi Uertschaften,

Galerien, Schmelzen,

d'Eisebunn, Fester, Konveniaten,

Gebaier a Persounen duergestallt

sinn. Bei den Dokumenter gëlt

deeselwechte Prinzip. Videoen a

Filmer sinn ëmmer wëllkomm,

mee och Saachen, déi fréier am

alldeegleche Liewe benotzt goufen,

fanne bei de Geschichtsfrënn

vill Zousproch. Si sammelen

och Géigestänn, déi vläicht

elo nach net al sinn. Mee an dëser

moderner Zäit, wou alles

séier ass a vun Dag zu Dag

changéiert, kann eng modern

Saach vun haut scho mar zum

alen Eise gehéieren.

Vu weem kritt de Veräin

d'Sammelstécker?

D'Péitenger Geschichtsfrënn gräifen,

fir hir Sammlung ëmmer

weider ze komplettéieren, ganz

gären op Privatleit, op d'Gemengen,

di verschidde Verwaltungen

hei am Land, awer och op Veräiner,

déi heiansdo di eenzeg Quell

sinn, fir u Saache vu fréier ze

kommen, zeréck. Op Wonsch

kënnen d'Geschichtsfrënn esouguer

den Dépôt fir e Veräi maachen,

wann dëse keng Plaz huet

fir en Archiv unzeleeën.

Natierlech maachen d'Membere

vun de Geschichtsfrënn och selwer

Recherchen an den Archiven

fir esou op Material ze stoussen,

dat vläicht net onbedingt doheem

um Späicher, am Schaf oder am

Keller läit. Dozou gehéieren zum

Beispill offiziell Pabeieren oder

Zeitungsartikelen, déi nëmmen

op bestëmmte Plaze gelagert

ginn.

All Mathëllef ass gefrot

Fir d’Aweiung vun der Annexe vum Stadhaus haten d’Geschichtsfrënn eng interessant Ausstellung zum

Thema Gemengewalen op d’Bee gestallt

Fir datt am Laf vun der Zäit ganz

vill zesummekënnt, kënnen

d'Leit – aus der Gemeng awer

och vun auswäerts, wann se interessant

Material hunn iwwer

eis Gemeng – de Geschichtsfrënn

hir Saache léinen. Natierlech

stellen d'Geschichtsfrënn

dofir och eng Quittung aus. An

alles, wat geléint gëtt, kréien

d'Leit och nees zeréck. Am Zäitalter

vum technologesche Fortschrëtt

ass et eis och méiglech,

mam Computer bei d'Leit heem

ze goen an Dokumenter ze „scannen“,

esou datt si och gesinn,

wat mat hirem Material geschitt.

Och en Don vun interessanten