08.12.2012 Aufrufe

Séance publique du 26 novembre 2005 - Pétange

Séance publique du 26 novembre 2005 - Pétange

Séance publique du 26 novembre 2005 - Pétange

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

Clarinette, datt mer de « Meng

Gemeng » profitéiert hätte fir eise

Walprogramm ze publizéieren. De

« Meng Gemeng » ass nëmme

gebraucht gi fir e Bilan vun deenen

Aarbechten aus der vergaangener

Mandatsperiod ze maachen. An dat

war och an der Schäfferotserklärung

aus dem Joer 2000 gesot ginn. Mir

haten zwar an där Erklärung gesot,

datt mer esou ee Bilan all Joer géife

maachen. Mir hunn elo nëmmen e

Bilan no 6 Joer gemaach, an ech ka

mech net drun erënneren datt mer an

deem Bilan sollten d’CSV ervirgestrach

hunn. Et war e Bilan vun der Gemeng

Péiteng. Mir haten eben déi leschte

Kéier eng Situatioun, wou mir alleng

décidéiert hunn, an Dir konnt nëmmen

d’Projete kritiséieren. Déi Conclusioun

déi ech awer zéie kann op Gronn vum

Walresultat vum 9. Oktober ass déi,

datt déi Aarbechten, déi am Bilan

ernimmt gi waren, gutt waren, well

soss hätten d’Wieler sech net esou

entscheet wéi se dat den 9. Oktober

gemaach hunn.

A wann dir eis 100 Deeg gitt fir ze kucke

wat mer realiséiert hunn, dann ass dat

äert gutt Recht. Mir realiséieren – an dat

kann ech iech elo scho soen – net an

100 Deeg eise ganze Walprogramm.

Mir erhoffen eis a sinn iwwerzeegt, datt

eis Bierger esou indulgent sinn an eis 6

Joer Zäit loosse fir eise Walprogramm

ëmzesetzen. No 6 Joer wäerten

d’Bierger driwwer entscheeden op, a

wéi gutt, mer eis Aufgab gemaach

hunn.

Roland Breyer, Schäffen –

16.12.2005 :

Wann ech nach e klengen Zousaz zum

« Meng Gemeng » dierf maachen :

Dee « Meng Gemeng », wou Bilan

presentéiert gi war, hate mer an eisem

Programm annoncéiert. Mir hunn och

elo annoncéiert, datt mer all 2 Joer esou

ee Bilan géife maachen. A wann der

iech kënnt drun erënneren, esou war op

der Deckelsäit vun deem Bilan eng Foto

drop vum ganze Gemengerot.

Guy Brecht (LSAP) – 16.12.2005 :

Dierf ech nach kuerz eppes dozou

soen. Ech war an enger Commissioun,

wou den Här Breyer den zoustännege

Schäffe war. Et ass dat d’Commission

des relations publiques. An all Kéiers

wann en neie « Meng Gemeng »

erauskomm ass, dann ass deen an där

Commissioun virgestallt ginn. An déi

Editioun mam Bilan ass net virgestallt

ginn.

Zu deem wat de Buergermeeschter

gesot huet, esou kann ech iech aus

dem Virwuert vum Bilan zitéieren – an

dir kënnt mech verbessere wann dat

Péiteng Aktuell - n° 67

Budget rectifié 2005 et budget 2006 – Questions, réponses, discussions

keng Propaganda sollt sinn – esou

steet do : « Il subsiste donc des défis à

relever et l’équipe actuelle se tient à

votre disposition pour accompagner

tout développement futur de notre belle

Commune. »

Wann dat awer keng Propaganda ass,

da soen ech näischt méi. An Dir dierft

och net vergiessen, datt net nëmmen

déi lescht Majoritéit hei Projete

gestëmmt huet, mä mir hunn och vill

Projete matgedroen. Also ass et och

eise Mérite, an net nëmmen dee vun

der CSV.

Pierre Mellina, Buergermeeschter -

16.12.2005 :

Dir hutt elo ee Saz aus deem Virwuert

erausgepickt. Ech stellen Iech awer

d’Fro, wie mat « equipe actuelle »

gemengt war ?

Roger Klein a Lily Gansen (LSAP) -

16.12.2005 :

Dat sinn déi 4 Nimm déi do drënner

stinn.

Pierre Mellina, Buergermeeschter –

16.12.2005 :

Do stounge keng 4 Nimm drënner.

Roger Klein a Lily Gansen (LSAP) -

16.12.2005 :

Do stoung « le collège des

bourgmestre et échevins ».

Pierre Mellina, Buergermeeschter –

16.12.2005 :

Dat ass awer net d’CSV.

Roger Klein (LSAP) – 16.12.2005 :

Do stoung « Sans perdre une minute,

l’équipe du CSV ... s’était mise au

travail... ».

Pierre Mellina, Buergermeeschter –

16.12.2005 :

Sécher ass et richteg, datt d’CSV

ugefaangen huet mat schaffen, an et

ass och esou, an dat war dem Wieler

säi Wëllen, datt mir als CSV de

Schäfferot gestallt hunn.

Guy Brecht (LSAP) – 16.12.2005:

Folgend Froe wollt ech nach zum

Budget 2006 stellen:

Zu den uerdentlechen Ausgaben:

Artikel 3.0422.6210.002 – Enseignement

primaire, rémunération des

fonctionnaires PiKo. Wéivill Leit sinn do

agestallt ginn?

Pierre Mellina, Buergermeeschter –

21.12.2005:

D’Gemeng beschäftegt an hiren 3

Schwämmen (PiKo, Péiteng, an

‚Eigent’) am ganzen 10 Schwamm-

meeschteren. Mat Ausnam vun engem

Schwammmeeschter, deen exklusiv just

Schoulschwammen zu Péiteng an an

der Eigent-Schoul gëtt, sinn se all

deelweis am PiKo an zu Péiteng

ugestallt, an zwar zu 77,50% am PiKo

an zu 22,50% zu Péiteng. De

Gemengerot huet 2005 dräi zousätzlech

Schwammmeeschteren agestallt.

D’Verwaltung huet an der Tëschenzäit

de Libellé vun de Budgetsartikelen un

déi nei Situatioun ugepasst.

Guy Brecht (LSAP) – 16.12.2005:

Artikel 3.0422.6198.001 – PiKo:

classes primaires – facturation interne.

Firwat ass dee Chiffer par rapport zu

2005 an d’Luucht gaangen?

Pierre Mellina, Buergermeeschter –

21.12.2005:

Fir d’Joer 2005 stoungen 20.400 € am

Budget, fir 2006 sinn et der elo 55.800

€. Dat ass doduerch ze erklären, datt

dës Facturatioun fir d’Joer 2005 sech

op d’Zäit vum 15.09.2005 bis den

31.12.2005 bezitt, an de Montant

55.800 € sech op d’ganzt Joer 2006

beleeft. D’Hausse erkläert sech also

doduerch, datt et fir d’Joer 2005

nëmmen 1 Trimester ass, a fir 2006

sinn et déi 3 Trimesteren.

Guy Brecht (LSAP) – 16.12.2005:

Artikel 3.0520.6315 – part déficit

HPMA. Nodeems mer jo awer wësse

wat mer anscheinend virun de

Gemengewalen nach net gewosst

hunn, wollt ech froe firwat op deem

Artikel näischt agesat ginn ass?

Pierre Mellina, Buergermeeschter –

21.12.2005:

Iwwert dëse Punkt hate mer jo schonns

eng länger Diskussioun. Ech wollt awer

nach eng Kéier kuerz drop agoen. Mir

haten uganks der Woch schonns eng

Reunioun, a wann d’Diskussioune méi

wäit fortgeschratt sinn, wäerte mer de

Gemengerot driwwer informéieren an

eng Diskussioun hei am Gemengerot

féieren.

Guy Brecht (LSAP) – 16.12.2005:

Artikel 3.0630.6321 – Subventioun

Péitenger Jugendhaus. Firwat deen

Ënnerscheed par rapport zu 2005?

Raymonde Conter-Klein, Schäffen –

21.12.2005:

Mir hunn 118.000 € am Budget 2006

géint iwwer 109.794 € fir 2005 stoen.

Den Här Hengen vum Familljeministère

huet eis matgedeelt, datt de Stat

111.000 € virgesinn huet. Well mir dat

Selwecht gi wéi de Stat, plus den

Ënnerscheed vun der Pei vum Aidejunior,

komme mer mer op dee Betrag

vun 118.000 €.

- page 61 - www.petange.lu

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!