Séance publique du 26 novembre 2005 - Pétange
Séance publique du 26 novembre 2005 - Pétange
Séance publique du 26 novembre 2005 - Pétange
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
diskutéiert ginn. Et ass kee Problem,

wann där dat intern an der Partei

diskutéiert wann et wichteg ass. Dofir

steet dat do dran.

Romain Becker (Déi Gréng):

Ech hunn nach eng Fro zu den Zäiten,

wou de Gemengerot zesummekënnt.

Mer schwätzen dovunner, eng

biergerno Politik ze maachen, da sollte

mer awer och de Gemengerot zu

enger Zäit maachen, wou et deene

meeschten bzw. ville Leit méiglech ass

drun deel ze huelen. Wa mär moies

um halwer 9 Sëtzunge maachen, dann

ass et deene mannsten erlaabt, fir

dorunner deel ze huelen. An ech ka

mer virstellen, datt awer vill Leit wéilten

hei am Sall si fir d'Sëtzungen „live"

nozelauschteren. Well et ass de Leit

dobaussen net egal wat mär hei

„verzapen".

Pierre Mellina, Buergermeeschter:

Dozou ginn et zwou Saachen ze soen.

Éischtens muss een eng gewëssen

Zuel vun administrativem Personal

ronderëm hunn, an dat huet och e

Recht drop fir owes heem ze goen.

Dobäi kann ee soen, datt d'Bierger méi

wéi je informéiert gi well se kréien alles

an d'Haus geliwwert. Dat wat mär hei

diskutéiere kënnen si an aller Rou

doheem noliesen. Et ass sécherlech e

Konflikt fir d'Gemengerotssëtzunge

propper iwwer d'Bühn ze kréien, esou

datt d'Entscheedungen och séier

ëmgesat kënne ginn. Dat bedéngt, datt

mer et während der Aarbechtszäit

maachen. Oder wëlle mer eis Bierger

esou informéieren, datt se alleguer

mussen heihinner kommen – an dat ass

souwisou net dran, datt all Bierger hei

ka sinn. Dofir hu mer eis entscheed, de

Bierger d'Informatiounen aus dem

Gemengerot heem ze liwweren an

engem gewëssen Délai. A mer sinn elo

gutt bäi, mer hunn och eis Servicer

opgestockt, esou datt d'Leit net eréischt

sechs Méint duerno eppes gewuer ginn.

Bis ewell hu mer all Gemengerotssëtzung

bis virun der grousser

Vakanz eraus, an déi nächst kënnt och

elo eraus.

Mer hunn dee Wee gesicht, well mer

einfach déi ganz Struktur brauche fir

déi Entscheedungen, déi hei getraff

ginn, esou séier wéi méiglech

ëmzesetzen. An dofir ass et wichteg,

datt d'Sëtzunge während der

Aarbechtszäit sinn, esou datt dat do

kann iwwer d'Bühn goen.

Roland Breyer, Schäffen:

Dee Kompromiss, deen de

Buergermeeschter ugeschwat huet,

musse mer mat de Beamte maachen

an och mat Leit, déi vu baussen

erakommen, zum Beispill Architekten,

Leit aus Ingenieursbureauen, vum

Staat asw. déi heihinner musse

kommen. An dofir musse mer scho

kucke fir dat an däer doter Zäitspann

ze maachen.

Wat den Analyteschen ugeet, an dat

ass jo och schonn ugeklongen, do si

mer bäi a versichen am nächste Joer

de „Péiteng Aktuell" zwee Méint no der

Gemengerotssëtzung erauszebréngen.

Dat ass den Objektiv, dee mer eis

gesat hunn, an dee misste mer kënne

realiséieren.

Dernieft hu mer och nach den Info-

Kanal mat ganz neien technesche

Méiglechkeeten, esou datt et och

denkbar ass, eng Sëtzung 'live' iwwer

d'Kollektivantenn an d'Haiser ze

iwwerdroen. Et ass of alle Fall

méiglech a mer wäerte kucken, e

klengt Experiment ze maachen an déi

Richtung. Do gëtt natierlech net all

Mënsch kontaktéiert, ongeféier 85 %

vun de Leit sinn ugeschloss un

d'Kollektivantenn. Mee et ass méiglech

dat 'live' oder 'en différé' an den

Owesstonnen heem ze bréngen iwwer

de Fernseh. An da kënn ee kucken.

Duerno kann een eng Zäit fanne fir

d'Gemengerotssëtzungen. Dat muss

net onbedingt moies um halwer ning

sinn, et waren der och schonn

nomëttes. Do musse mer kucken, wéi

alleguer déi Partner, déi hei um Dësch

sëtzen, kënnen hei sinn.

Accord à l'unanimité.

2.4.

Administration générale.

Conseil communal: formation du

tableau de préséance des membres

– décision.

Pierre Mellina, Buergermeeschter:

Et ass näischt Komplizéiertes. Do gëtt

eben no der Anciennetéit vun deenen

eenzelne Leit, déi heibanne sëtzen, en

Tableau opgesat. Ech gesinn och, datt

de Camille Bosseler eisen Doyen ass.

Accord à l'unanimité.

2.5.

Administration générale.

Composition de la commission

locale scolaire – décision de

principe.

Pierre Mellina, Buergermeeschter:

Do war et esou, datt zwee Vertrieder

mat „voix consultative" derbäi waren. Ee

vun der Elterevereenegung vun de

Primärschoulen aus der Gemeng

Péiteng an deen aneren fir d'„citoyens à

Péiteng Aktuell - n° 67

Séance publique du 26 novembre 2005

nationalité étrangère" well mer gemengt

hunn, datt et wichteg wier esou e

Vertrieder an der Schoulkommissioun

ze hu well an eisem Schoulwiese bal 50

% net Lëtzebuerger sinn. Déi Persoun

kann op Problemer hiweisen, déi déi

Kanner hunn. Mär géife virschloe fir dat,

wat och schonn déi zwou lescht

Mandatsperioden de Fall war, virun ze

féieren. An dat an der Zäit, wou mer jo

och op dat neit Schoulgesetz waarden,

wou Ännerunge wäerten antrieden. Dat

kann an dëser Mandatsperiod

antrieden.

Accord à l'unanimité.

2.6.

Administration générale.

Composition de la commission

locale scolaire – décision de

principe.

Pierre Mellina, Buergermeeschter:

Och hei wëlle mer dat bäibehalen, wat

mer bis ewell haten, nämlech 4

Lëtzebuerger a 4 Net-Lëtzebuerger als

„membres effectifs" respektiv och als

„membres suppléants. Well eng nei

Partei am Gemengerot ass hu mer och

versicht, fir all Partei an dëser

Kommissioun vertrueden ze hunn. Mer

hunn eech hei e Virschlag op den

Dësch geluecht, wéi dat tëscht deenen

eenzelne Parteie kéint ausgesinn, an

dat no der Gewiichtung vun de

Parteien hei am Gemengerot.

Accord à l'unanimité.

2.7.1.

Administration générale.

Syndicat de l'Hôpital Intercommunal

de Differdange-Pétange-Bascharage:

nomination de deux délégués -

décisions.

Pierre Mellina, Buergermeeschter:

Da kéime mer zu eppes méi laangem,

well et geet ëm d'Bestëmmung vun eise

Kandidaten, déi eis Gemeng an deene

verschiddene Syndikater vertrieden.

Mer hunn eng ganz Rei Syndikater a

mer wäerten och am nächste

Gemengerot nach eng Kéier mat e puer

Saache kommen, déi mer elo guer net

derbäi hunn. Mee mer wëllen awer

maachen, datt mer an Zukunft an dëse

Syndikater handlungsfäheg sinn an et

net un der Péitenger Gemeng wäert

hänken fir Entscheedung ze treffen.

De Schäfferot huet virschléi gemaach,

wee soll an déi Syndikater goen, a

huet och – menges Wëssens no –

keng aner Propositiounen erakrut.

- page 7 - www.petange.lu