Escher Gemengerot - Esch sur Alzette
Escher Gemengerot - Esch sur Alzette
Escher Gemengerot - Esch sur Alzette
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
6. Office social:

déi extremistesch Ausschwäifungen déi dann

an deenen Diskussioune virkommen, solle

mer mol op der Säit loossen.

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

Merci, Här Jaerling. Dann äntwert kuerz

d'Madame Spautz.

Schäffin Vera Spautz (LSAP): Merci. Mech

erfreet ëmmer erëm den héijen Niveau op

deem mer kënnen diskutéieren. Dat ass all

Kéier erëm eng Freed.

Ech wollt net jiddwerengem op dat äntwerte

wat e gefrot huet oder gesot huet. Ech wollt

einfach allgemeng soen: Dat Dokument hei,

dat ass keng Bibel. Dat Dokument sinn

Analysen an Aussoe vu Matbierger déi

gemaach gi sinn. Net vum Schäfferot oder

vum Gemengerot. Vu Matbierger déi Froe

gestallt kritt hunn, déi eppes gesot hunn zu

der Notzung vu bestëmmte Servicer, Projeten

an esou weider, wéi ech et am Ufank gesot

hat. An ech mengen et géif eis alleguerte gutt

zu Gesiicht stoen dat an eis weider Iwwerleeungen

afléissen ze loosse fir eis zukënfteg

Politik hei zu Esch ze gestalten. Ech weess net

wéi ech soll op bestëmmten Aussoe reagéieren.

Wann ech awer matkréien oder wa mer

matkréien, datt et eng Diskriminéierung gëtt

zwëschent auslännesche Kanner a lëtzebuerger

Kanner an eise Schoulen, datt et eng

Diskriminéierung gëtt an dann huet dat

nëmmen en Deel mat Geschlecht ze dinn.

Dat huet einfach eppes mat der Nationalitéit a

mam Bildungshannergrond och vun Elteren ze

dinn, mat soziale Kritären huet et ze dinn. Et

huet mat Méiglechkeete wou déi Elteren hunn

ze dinn, da wonnert mech dat net wat hei an

deem Dokument dobäi erauskomm ass. Mir

hunn eng Situatioun a mir kommen op en

nächste Punkt, dat ass de Budget vum Office

social, deen ass wéi et hei zu Esch ass. An

ech denken da sollte mer kucken, Iwwerleeungen

a Suggestiounen déi zum Deel

ugeduecht sinn, an och nach keng Bibel sinn,

mataneisPolitikenafléissen ze loossen, um

Hannergrond vun deenen Informatiounen déi

mer hei hunn an net nëmmen hei. Et gëtt en

Observatoire social deen am Moment amgaangen

ass eng ganz Rei Saachen auszeschaffen.

Et gëtt de Sozialbericht dee

weidergefouert gëtt, an, an, an. Dat heescht,

niewent Geschlecht ginn et hannendrun, an

dofir war et och esou ugeluegt, eng ganz Rei

Diskriminéierungen déi hei zu Esch sinn,

onbewosst, a si sinn zum Deel elo opgedeckt

gi fir datt mer kënnen drop reagéieren. Méi

wollt ech eigentlech net méi dozou soen.

19

6. Office social:

a) Budget rectifié 2009 et budget

2010; décision

b) Allocation de vie chère communal;

avis

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

Gutt. Merci, Madame Spautz an och Merci

deenen déi matdiskutéiert hunn. Mir kéimen

dann zu eisem Office social an do bleift

d'Wuert bei der Sozialschäffin.

Schäffin Vera Spautz (LSAP): Jo, esou wéi et

Traditioun ass, ass de Budget vum Office social

praktesch ee Mount virum normale Budget hei

am Gemengerot a gëtt virgestallt. Ech ginn och

do net an all Detailer eran. Ech wollt awer e

puer Bemierkungen zum Budget maachen.

Am Budget rectifié vum Exercice 2009 fannt Dir

an de Recetten 5.475.294,15 an an den

Dépensen 4.371.703,68. De Budget fir den

Exercice 2010 huet an de Recetten, gesäit e vir

4,458.116 Euro, an Dépensen 4.447.753,68

Euro. Dat sinn Zuele mat deene kënne mer

eigentlech esou näischt ufänken, well se

d'Realitéit net erëm ginn. Dat ass de Budget

vum Office social, wéi mer en opstellen all Joer

a wéi no de Kritäre wéi mer et och gesot kréie

vum Ministère. Ech kann Iech awer elo scho

soen, datt eng Rei Saache sech dran

erëmfanne wou ee muss wëssen. Zum

Beispill sinn innerhalb vun dësem Joer

300.000 Euro manner Avancë fir RMG u Leit

bezuelt ginn, well dat elo majoritaire vun dem

Ministère aus selwer iwwerholl gëtt, respektiv

vum SNAS. A wann een de Budget am Detail

analyséiert, mat den Hannergrondinformatiounen

déi mer och vum Office social hunn a

kréien, da läit en ëm 400.000 Euro méi héich

wéid'leschtJoer.OchwannandeRecettëvun

2009 5.400.000 Milliounen an esou stinn,

huet dat mat enger Tranche u Recetten déi

mer vum Intérieur kritt haten, déi ze spéit

koum, an déi huet du missten an dee Budget

ageschriwwe ginn. Se ass ze spéit komm.

Mir diskutéieren net nëmmen iwwert de

Budget vum Office social, mä och zu deem

wat mer Gromperegeld nennen hei zu Esch. Et

kënnt en neit Reglement, wat ech vläicht direkt

parallel mat abezéien an déi ganz Iwwerleeungen.

Eist Gromperegeld, wat mir hei zu

Esch zënter 2003 agefouert hunn, huet sech

deemools geriicht u Leit, déi natierlech hei zu

Esch um Terrain wunnen, 50 Joer hu missten

hunn an deem Joer wou se et ugefrot hunn,

an hir Revenuen dierfen eng Rei Plafongen net

iwwerschreiden, esou wéi dat hei elo

virgesinn ass bei deem neien Dokument. Am

Laf vum Joer ass dee Kritär iwwerschafft ginn

an et ass gesot ginn, vu que déi trotzdem

zimlech sozial dramatesch Situatioun vu ganz

ville Leit, setze mer den Alter erof op 18 Joer.

Ab 18 Joer ka jiddweree wann hien eng

Demande mécht an de Kritären entsprécht,

selbstverständlech an de Genoss da komme

vun deem sougenanntenen, wéi mir et kannt

hunn oder ëmmer gesot hunn, Gromperegeld,

déi Allocation de vie chère.

Ech wëll Iech zwee Chifferen, dräi Chiffere

soen. Den 31. Dezember 2008 d'lescht Joer,

hate mer hei zu Esch 1.212 Clienten um Office

social. Elo, virun zwee Deeg, hu mer schonn

1.316 Clienten um Office social gehat an d'Joer

ass nach net eriwwer. A vu September op

November dëst Joer hu mer 243 Cliente

bäikritt. 243, dat stellt einfach d'Situatioun duer

andärmersinnheizuEschanandärmereis

befannen a wéi enger Kris datt mer sinn. Bis

elo si ronn 4.500 Visitë vu Clienten, wéi se

genannt ginn, op dem Office social gemaach

ginn. Do si guer net déi Leit dobäi, wou mer

als Office social eng Konventioun hu mat der

Croix Rouge a mat der Liga, déi jo muss

iwwerschafft gi wann dat neit Gesetz 2011

dann eréischt a Kraaft trëtt. Och bei hinnen ass

d'Tendenz natierlech absolut steigend u Leit

déi bei si kommen.

Ech wëll nach e puer Bemierkunge maache

wéi eng Leit kréie bei eis Secoursen. Mir hunn

e grousse Problem bei de Leit déi finanziell

Secourse brauchen. Mir hunn 2.410 Secourse

bis elo u Leit erausginn, dat heescht Bonge fir

Iessen ze goen oder Alimentatioun anzekafen

a Saache wou se hu missten direkt bezuelen.

Mir hunn immens vill Leit, déi mëttlerweil

musse finanziell ënnerstëtzt ginn. De Chômage

ass geklommen. Dir hutt gëschter déi

leschten Zuele matkritt. Mir hu 6% Chômage

am Land. Dat wäerten dann zwëschen 11 an

12 hei zu Esch sinn. Mir hunn e grousse

Problem bei Faillite wou Leit musse Geld

virgestreckt kréien. Faillite vu Betriber hei aus

dem Süden wou Avancë gemaach ginn.

Ëmmer méi Problemer beim Wunnengsraum.

Bis elo hu mer 42 Déguerpissementer hei zu

Esch, vu Leit déi definitiv op d'Strooss gesat gi

sinn. Definitiv. Ech hu schonn oft gesot wat an

de Cafészëmmere lass ass a wéi mëttlerweil

privat Schlofhändler wonnerbar Geschäfter

maachen um Misère vun de Leit. Mir hunn

e Problem beim Jugendchômage hei zu Esch.

Dofir gëtt et Zäit datt séier mer kënnen

d'nächst Joer eise Jugendkommunalplang

ëmänneren. Eise Foyer de nuit ass zou bis

Escher Gemengerot vum Freideg, den 27. November 2009