A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Positiv Erfahrungen enner den Kollegen:

Als eischt fannen ech et génial an enger Schoul ze schaffen wou Projet’en wie desen

méiglech sin. Et schengt mer nach lang net évident ze sin mat esou enger Band vun

engageierten Leit kennen zesummen ze schaffen. Merci un ierch all!

11

Richard Stephany

Ech empfannen eng gewessen Professionaliseirung an eiser Aerbecht. Wann een den ganzen

Dag nemmen mat Kanner ze din huet fannen ech et immens wichteg datt eng konstruktiv

Zesummenaerbecht ennert eis herrscht. Et mecht mer richteg Spass Recherchen ze machen an

emol ze kucken wat esou an aneren Schoulen leeft.

De Fait datt eisen Projet emmer weider wiisst, ouni dat mer den Iwerbleck verleiren, schengt

mer gudd. Nemmen duerch Kommunikatioun an plus ou moins selwecht Reaktiounen vun

eiser Sait as et méiglech, datt d’Kanner eis net ausspillen an sech à long therme mat hierer

Schoul identifizeiren. D’Kanner wessen datt d’Kommunikatioun tescht eis klappt. Dest huet

ganz secher zum eischten Erfolleg baigedroen.

Ech hun d’Gefill wie wann die allermeescht vun eis dach wieklech vun der Noutwendegkeet

vun der „éducation au civisme“ iwerzeecht sin. Daat gefällt mer besonneg gudd op dem

Niveau vun eiser Zesummenaerbecht. Merci!

Positiv Erfahrungen mat den Kanner:

Et brauch een just duerch de Gang ze goen fier ze mierken datt d’Kanner (die aller meescht op

jiddefall) sech bei eis an der Schoul responsabel verhalen. Et as nach guer net lang hier datt

bei eis um Bridel d’Mentalitéit vun „la loi du plus fort“ gezielt huet. Domat, datt elo een

„klenge Männchen“ aus dem 1. Schouljoer net méi muss färten beim Bus vun engem

„Groussen“ iwert den Droht geworf ze gin ;-) well desen him kierperlech iwerleen as, hun mir

schons vill ereecht. All Zorten vun Gewlt sin stark erof gangen, och well d’Kanner sech

desem Problem richteg bewosst goufen an eppes kennen dogeint machen. Eis Schoulregelen,

déi d’kanner an den respektiven Klassen an dono am Schoulparlament selwer ausgeschafft

hun waren een eischten Schrett an Richtung Demokratiseirung an eiser Schoul.

Mir Fällt op, datt op emol Kanner aus aneren Klassen „friem“ SchoulmeeschterJoffere och als

Usprechpartner ugesinn.

Positiv Erfahrungen bei der Ledung vum Schoulparlament:

Einfach flott matzeerliewen wie Kanner, wann een hinnen d’Meiglechkeet get, sech kennen

ennert eneen austauschen. D’Roll vun den Klassendeligeierten, déi hinnen dach eng gewessen

Responsabiliteit get, as mir och positiv opgefall. Durech des Plattform verschwend menger

Mehnung een gudden Deel vun Agressivitéit well den Dialog gefuerdert get.

Elo wou mer eis Schoulregelen hun, get et Zait datt eist Schoulparlament sech net nemmen

mat Problemer an eiser Schoul befaast mee eng nach mei konstruktive Roll an eise

kommenden Projet’en iwerhellt.

Mol kucken mat wat d’Kanner nach alles kommen an wie mir dorop reageiren. Elo wou mer

hinnen des Plattform gin hun wier et génial wann des och an noer Zukunft keint onofhängech

vun eis funktionneiren. Villaicht keint an ener eischter Phase eis Roll eng puer observative

sin… Flott wier et wann mer am Kader vum Schoulparlament d’Iddi vun enger

regelmeisseger klenger Feier erem géifen opgraifen.

Marc (titulaire, uewergrad)