A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
7.2. Matbestëmmung vun der Kanner an der Schoul

Stullkrees – Klasseparlament – Schoulparlament

9

Richard Stephany

Wéi éch virun gudd enger Dosse Joren a ménger Klass de Stullkrees agefouert hun , hat éch

nët gemengt , dat éch haut iwwert Klasseparlament a besonnesch iwwert Schoulparlament

géif schwätzen .

Virun 12 Joer hu mir eis( 2. Schouljoer) am Stullkrees zesummegesat fir vun eis an iwwert eis

ze verzielen . Séier ass awer doraus esou eng Art Forum gin , wou och emol Problemer , déi

an der Paus waren oder aner Schwieregketen , déi opkomm waren , ze beschwätzen an

gegebenenfalls och ze léisen .

Schon demools huet e gemierkt, wéi positiv d’Kanner drop reagéiert hun, wann een se eescht

geholl huet an hinne versicht huet ze hëllefen aus kuokelechen Situatounen erauszekommen .

Wéi éch viru 6 Joer zesummen mat méngem Frënd Rich eng Klass gedeelt hun , war et fir

hien an och fir méch nëmmen normal eis ëmmer ërem mat de Kanner zesummen ze setzen fir

eist Zesummeliewen an der Klass ze regelen oder ze verbesseren, fir Verhalensregelen

auszeschaffen an eis ( Kanner an Erwuessen)géigesäiteg Respekt ze beweisen.

Dës partizipativ Kommunikatioun huet séch positiv op eis eegen Zesummenaarbécht , op den

Emgank mat de Kanner , op de Kanner hieren Emgank mat eis an op hieren eegenen Emgank

mateneen ausgewierkt. Mir hu vill vun de Kanner geléiert , si besser verstan an hinnen ,

denken éch , a munche Situatiounen och gudd weidergehollef.

D’Kanner hun eis och fir voll geholl an eis ëm Rot gefrot ,eis gewissen , dat si frou waren mat

kënnen ze bestëmmen .

Wéi d’lescht Joer de Rich mat der Iddi komm ass fir an eiser Schoul e Schülerparlament

anzeféieren , war éch natiirléch vun Ufank un déck begeeschtert . Mir zwéin hun och dun eng

vun deenen éischte Sitzungen vum neie Parlament geleet an esou d’ Iddi ënnert den anere

Kollege geholleft méi populär ze man .

Zur Zäit ass eist Schülerparlament eng fest Institutioun an eisem Schoulliewen , wou allerlee

Themen zur Sprooch kommen : Verhalensregelen fir all Kanner an der Schoul , Behuelen an

der Paus , no der Schoul asw.

D’Kanner droen d’Iddien aus dem Schülerparlament an hier Klasseparlamenter a diskütéieren

do zesummen mat hiere Kollegen .

Et kann e wiirkléch soen , dat déi ganz Saach eng Eegendynamik entwéckelt huet , déi éch

schon virun e puer Joer a ménge Klassen festgestallt hun ; d.h. d’Zesummeliewen an der

Schoul ass méi geregelt an och domat e bësse méi einfach gin.D’Kanner hu manner grouss

Konflikter an der Paus an allgemeng leeft alles besser .

Och bei den Enseignanten mierkt een däitléch Verännerungen. Huet een am Ufank nach eng

gewëese Retizenz gegeniwwer dem Projet gespuert , sou ass déi awer elo bei dene meeschten

verflun an si stin allerguer hannert dem Rich séngem Projet .

An deene nächste Wochen a Méint kommen nei Iddien op eis zou (Erneierung vum

Schoulhaff , Vertrauenschüler an esou wieder....) wou mir frou sin op eise Forum mat de

Kanner kënnen zréckzegräifen fir si ëm hier Meenung ze froen .