A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
8

Richard Stephany

deenen Diskussiounen ass net ëmmer eppes Konkretes erauskomm (wat deelweis vläicht en

Zäitproblem dierft gewiescht sinn – wann 18 Kanner wëllen zu engem Thema eppes soen, hëlt dat vill Zäit!),

mä e gudden „Training“ war et ëmmer.

Et ass och, besonnesch am Ufank, net einfach gewiescht, eng richteg Diskussioun un

d’Rullen ze bréngen (wat awer ganz normal ass, well déi meescht Kanner doranner net vill Übung hunn),

well heiansdo Kanner net zum Thema geschwat hunn oder mat ze perséinlechen, net

relevante Saache koumen. Do huet dann entweder de Moderator (normalerweis ee vun

den Delegéierten) oder ech selwer agegraff. Dat ass awer no an no besser ginn, grad

ewéi d’Disziplin fir ze waarde, bis deen anere fäerdeg war mat Schwätzen.

Wat a méngen Aen op jidde Fall erauskomm ass:

- d’Kanner verstinn elo besser, wéi eis „demokratesch Gesellschaft“ funktionéiert,

- si fille sech eescht geholl, well si ëm hir Meenung gefrot ginn an déi och

respektéiert gëtt,

- a si sinn och bereed, Verantwortung ze iwwerhuelen.

- Si hunn awer och geléiert, wéi wichteg et ass, ze diskutéieren an e Problem oder

eng Saach vun e puer Säiten ze beliichten

- an - dat soll een och net vergiessen – si hu geléiert argumentéieren, hir

Meenung esou kloer wéi méiglech auszedrécken a se och ze verteidegen.

E groussen Deel vun dese Punkten, a besonnesch déi läscht, gëlle natiirlech och fir

d’Schoulparlament.

Zum Schoulparlament nach dës Bemierkungen:

Vun zwou Kéieren, wou ech als Responsablen bei enger Sëtzung derbäi war, kann ech

nëmme soen, datt d’Kanner méi seriö bei der Saach ware wéi verschidde vun eisen

Deputéiert an der Chamber!

D’Resultater kënne sech jo och weisen, an ech fanne, datt déi Saache, déi „duerch

d’Schoulparlament“ gaange sinn, bei de Kanner e gewësst „Gewiicht“ hunn a vun

deene meeschten net a Fro gestallt ginn Verbesserung vum allgemenge „Klima“ an

der Schoul.

Ee gewësse Problem gesinn ech doranner, wéi wäit mir an den Oflaf vun den

Diskussiounen sollen agräifen, besonnesch dann, wa Saachen op d’Tapéit kommen, déi

beispillsweis vu vireran net ze realiséiere sinn.

Heiansdo haten eis Delegéiert e klenge Problem, wa si der Klass de Rapport vun der

Sëtzung sollte maachen. Si ware sech hirer Saach net méi ganz sécher, an do war et fir

mech da wichteg, wann ech de schrëftleche Bericht vun deenen zwee Responsabelen

virleien hat, fir virunzehëllefen. (Mä dat war awer meeschtens nëmmen de Fall, wa mer net direkt

dee nexten Dag de Rapport konnte maachen.)

Jean Weiss (titulaire mёttelgrad)