A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
A) Projekt „ Schülerparlament “ - Kopstal
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
14

Richard Stephany

datt et einfach immens wichteg ass, datt si wëssen, datt si op mannst eemol an der Woch,

d’Méiglechkeet kréien, iwwert daat waat si beschäftegt ze schwätzen. An deem Kader

hunn ech dunn och eng sougenannten „Méckerkëscht“ an d’Klass gesaat, wou d’Kanner hir

Uleiëssen (Probleemer, Erwaardungen, Iddien,...) kennen drageheien. Dës Ziedelen kënnen

anonym sinn oder och net. Op Grond vun deenen leien dann d’Themen vum Klasseparlament

fest. E President an e Sekretaire (all puer Kéieren sinn daat 2 aaner Kanner) iwwerhuelen

d’Leedung vum Parlament.

Am Ufank war et sécherlech net sou einfach, wéi d’Kanner esou e „Parlament“ sëlwer

leeden sollten. Mee mat Hëllef vun e puer klenge Reegelen ass daat awer zimmlech séier

gaanz flott gerullt. Am Verlaaf vun der Zäit trauen sech och emmer méi Kanner hiren

Pefferkär bäizeleeën. Mettlerweil ass et bei mir an der Klass erfreelecherweis esou wäit,

datt och déi Kanner, déi normalerweis nemmen gaanz seelen eppes soen, well se ze vill schei

sinn, sech gaanz aktiv um Klasseparlament bedeelegen an och mol soen, wann hinnen eppes

net geet, oder wann si eng Iddi hunn, wéi een dëst oder daat kéint besser /aanescht/ méi

flott maachen. An daat eleng freed mech schonn emmer a weist mir, datt een aus esou

engem Klasseparlament immens vill Notzen zéien kann. Esou gesinn nämlech och di schei

Kanner, datt et net verbueden ass, zu senger eegener Meenung ze stoen, an déi och mol

roueg eng Kéier haart ze soen.

Wéi firun engem Joer d’Iddi opkomm ass, d’Klasseparlament an alle Klassen ofzehaalen,

sou wi och e Schoulparlament anzeberuffen, war ech direkt begeeschtert dovunn! Daat

Gaanzt verbonnen mam „Anti-Gewalt-Projet“ fannen ech eng super Saach. Och wann bei

eis an der Schoul de Probleem „Gewalt“ net esou akut vleit war, wéi an aaneren

Schoulen, sou waren awer di kleng Stëpplereien emmer un der Daagesuerdnung. Zenter

datt eis Schoulparlament reegelméisseg stattfënnt an mir eis och schoulintern Regelen

ginn hunn, klappt eist Zesummeliewen an der Schoul besser wéi firdrunn. Et ginn der

natiirlech nach emmer, déi mengen, d’Regelen wieren net fir si. Dest ass allerdings e

Probleem, deen een ni wäert komplett aus der Welt geschaaf kréien. Dëst sollt een

allerdéngs net drunn hënneren fir e Projet an di Riichtung ze lancéieren. Ech hunn an

dësem Zesummenhang och scho méi wéi eng Kéier matkritt, datt ee Kand en aanert drop

opmierksam gemaach huet, wann et sech net un eng Regel gehaalen huet. Schonn esou e

Beispill weist, datt eis Aarbecht scho Friichten gedroen huet!

D’Vertriedung am Schoulparlament duerch 2 Delegéierter aus deenen eenzelnen Klassen,

fannen ech eng weider gutt Saach. Esou léieren d’Kanner d’Interessien vun engem

gaanzen Grupp (an dësem Fall: vun hirer Klass) ze vertrieden. Besonnesch fir déi aus

dem 6. Schouljoer ass dëst interessant, well ab nächstem Joer si si am Lycée, an do

kann et sinn, datt si och eng Kéier zum Klassendelegéierte gewielt ginn, an esou hir Klass

vertrieden mussen. Duerch eist Schoulparlament kennen si an deer Riichtung schonn e

puer Erfahrungen sammelen.

D’Kanner froen och emmer, wéini dann daat näischt Schoulparlament stattfënnt. Ech

denken, datt d’Reegelméissechkeet bei de Schoul- a Klasseparlamenter einfach immens

wichteg ass, datt d’Kanner gesinn, datt mir bereed sinn mat hinnen zesummen eppes ze

änneren an / oder ze beweegen. Daat gëtt hinnen och eng immens Sécherheet. Si wëssen,

datt wann se e Probleem hunn, datt se deen kennen am Parlament zur Sprooch bréngen, an

datt dann no Léisungen gesiicht gëtt. Et ass außerdeem och fir si eng grouss Genugtuung,

wa si gesinn, datt mir och wiirklech probéieren hir Iddien sou wäit wi méiglech opzegräifen

an hir Pläng an d’Réalitéit emzesëtzen. Sou, wéi mir et jo lo am Moment mat dem Projet

„Streitschlichter“ an „Grün mach Schule“ laafen hunn.