13.07.2015 Aufrufe

Gemengebuet - Contern

Gemengebuet - Contern

Gemengebuet - Contern

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

Usprooch vum Här Willy de Jong,Generaldirekter vun elisabethéischter vun „oppener Jugendaarbecht“ oder, wann etdrëms geet och an engem Brennpunkt aktiv ze ginn,vu „Streetwork“.2) Service d’InformationDëse Service ass geduecht fir dee Jonken ze berodenan z’informéieren, dat esouwuel bei méi klengen alldeeglecheProblemer, wéi och bei Schoulorientéierungoder Beruffswiel.An dësem Service soll de Jonken ënnerstëtzt gi firsech als zukünftege Bierger erëmzefannen.Hei mécht keen Educateur d’Recherche a senger Plaz,mee hie gëtt awer net eleng gelooss.Et ka sinn, dass hei zesummen eng Demande preparéiertgëtt, oder ee Gespréich trainéiert gëtt, respektiveng Demarche zesumme virbereet gëtt, fir dass deJugendlechen dann an deem Kader beschtméiglechpreparéiert ass.3) Service d‘AnimationNatierlech däerf den Deel Animatioun och net ze kuerzkommen. Hei geet et souwuel ëm eng sënnvoll Fräizäitbeschäftegungfir déi Jonk wéi och Momenter wousi och duerfen näischt maachen an einfach „chillen“wéi dat haut heescht.Et ass awer och déi Plaz wou mer konkret Projetenwäerte mat de Jonken ugoen, wou si hir eege Kompetenzena Fäegkeeten kënnen austesten an ënnerBeweis stellen. Hei ass déi Plaz wou si duerfen üben aFehler maachen. Wann de Projet da bis gutt ass, kënnemir se och ënnerstëtzen domat an d’Ëffentlechkeetze goen.Ganz rezent hate mir elo iwwert de Summer mat eisemJugendhaus vu Munneref an an Zesummenaarbechtmam SNJ (Service National de la Jeunesse) e Projetmat e puer Jugendhaiser zesummen, „Rollin‘overthe river“. Dëse Projet huet Jugendlecher et erlaabtesouwuel am Danz (ënnert der Leedung vum SylviaCamarda) am Gesank, an an der Musek (ënnert derLeedung vum Roger Hamen vum Centre de Ressourcesvun der Rockhal) eng Aart klenge Musical zesummenze stellen. Wichteg war hei, datt si vu Leit gecoachtgi sinn déi hiert Handwierk verstinn, an déi e Virbild firdéi Jugendlech konnte sinn. Duerch hir Professionalitéithate si eng natierlech Autoritéit a vill Jugendlechkonnten do mat vill Disziplin iwwer hir Grenzen erausgoenan niewelaanscht och nach e ganz natierlechenËmgank zwësche Jongen a Meedercher kenneléieren,wou Nähe an Distanz konnten ausgetest ginn.Am November fänkt an eisem anere Jugendhaus amNorden e Kooperatiounsprojet mat Finnland un, wouJugendlecher aus béide Länner sollen d’“Citoyennetéeuropéenne“ kenneléieren am Kader vun engem gemeinsameFilmprojet.Dir gesitt, léif Leit, e Jugendhaus ass eppes ganz Komplizéiertesan eppes ganz Einfaches zugläich.Déi extrem sensibel Zäit vun der Pubertéit kann hei genotztgi fir déi Jonk mat sech selwer eens ze maachenan hinnen ze hëllefen déi grouss Erausfuerderungendéi duerno op se duer kommen ze meeschteren.Mir brauchen op eiser Säit dofir och gutt geschoulteLeit, an eng ganz enk Zesummenaarbecht mat denServicer vun der Gemeng an de staatleche Verwaltungen.An deem Sënn, léif Gäscht, wëlle mir dës Erausfuederunghei zu Mutfert unhuelen. Och wa mir haut bei derErëffnung nach keng grouss Projete kënne virweisen,esou eppes muss wuessen, wollten déi Jugendlechhaut och drun Deel huelen, an si hu sech fir haut anären Déngscht gestallt andeems si sech bei de Visitenelo gläich als Guide ubidden, andeems si fir en Deelvum Catering hei gesuergt hunn oder och nach enDanz elo opféieren.Här Minister, Här Buergermeeschter, ech soe Merci firdat grousst Vertrauen wat dir mat dësem Haus och and’Aarbecht vun elisabeth setzt. Mir wäerte versichenam Sënn vun dëser Erausfuerderung déi Servicer heiunzebidden déi fir är Jugend aus der Gemeng wichtegsinn.Dir Dammen, dir Hären, ech soen iech Merci fird’Nolauschteren.Willy de Jong, Generaldirekter vun elisabeth// Thema Jugend /// Dossier jeunesse19

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!