De Club des Jeunes ÉiterLoscht op eng flott Zäit mat Jonken andengem Alter?Salut,bass du méi wéi 13 Joer al? Hues du Loscht eng flottZäit mat Jonken an dengem Alter vun Éiter an aus derGemeng ze verbréngen?Majo da bass du genau richteg fir mol eng Kéier an deClub des Jeunes Éiter-Schraasseg kucken ze kommen!Wat mécht de CdJ dann eigentlech sou?Mir organiséieren d’ganzt Joer duerch ëmmer flottAktivitéiten. Dat wären zum Beispill: D’Buergbrennen,Bande-Dessinée-Festival zu Conter, Ouschtereeër verkafen,flott Owenter am Sall, Theater spillen, Vakanzen,Ausflich, sportlech Aktivitéiten, Nuetsrallyen, 1. Mee,Baggerweieren, an nach villes méi.Mir treffen eis regelméisseg an eisem Sall oder siweekends soss iergendwou ze fannen. Selbstverständlechkriss Du all Kéier och Bescheed gesot. EiseClubsall am Keller vum Centre Culturel zu Éiter wäertDir natierlech gutt gefalen.Dat wat bei eis am Club des Jeunes zielt ass de Spaass,Frëndschaft, gewëssen Traditiounen um Liewen ze halenan de Leit am Duerf an an der Gemeng ze weisen,datt och déi Jugendlech flott Saache fäerdeg bréngen.Intresséiert? Majo da komm dach einfach laanschtkucken! Zum Beispill elo deemnächst op eisen Theaterden 2., 3., 8. an 9. November 2013 zu Éiter am CentreCulturel! Hei kriss de e flott Koméidistéck gebueden andu kanns éischt Kontakter knäppen. Wanns de wëllskanns de och roueg deng Kollege matbréngen. Wanns du nach eng Fro hues, dann zéck net eis unzeruffen:621 470 499 (Laurent) oder 691 887 954 (Fränk) odereis eng Email ze schécken op cdjo-s@hotmail.com.Club des Jeunes ÉiterTel: 621 470 499 (Laurent)oder 691 887 954 (Fränk)Email: cdjo-s@hotmail.com24// Thema Jugend /// Dossier jeunesse
D’Jugendkommissiounvun der Gemeng ConterD’Jugendkommissioun vun der Gemeng Conter setztsech zënter Joeren an fir dass eis Gemeng méi jugendfrëndlechgëtt, dass di Jonk méi agebonne ginn an Decisiounendéi och si betreffen, dass d’Kommunikatiountëschent deene Jonke mat de Gemengeresponsabelsoll eng Normalitéit ginn.Wéi mir als Jugendkommissioun deemools 2009 beider Gemeng d’Ausschaffe vun engem Jugendkommunalplanggefrot hunn an deen dunn och accordéiertan op d’Bee gestallt gouf, war dat e ganz wichtegeGrondsteen fir d’Abannen a Matschaffe vun der Jugendun der Zukunft vun eiser Gemeng.Zanterhier ass ganz vill geschitt:• Et sinn 3 Multisportterrainen gebaut ginn zu<strong>Contern</strong>, Mutfert an Eiter• 2 Beachterrainen sinn ugeluegt ginn zu Conterum Event• Et ass eng Grillplaz zu Mutfert installéiert ginn• Da si Busse fir eis Jonk an all di aner agefouertginn déi si sécher op gréisser Manifestatiounena Baler féieren, an och erëm sécher heembréngen.• E Jugendhaus ass gebaut a viru kuerzemageweit ginn.D’Brainstormers ...D’Brainstormers organiséieren zesummen mat derJugendommissioun am Laf vun Joer ëmmer e ganzflotte Jugendprogramm. All Aktivitéiten hunn di Jonkselwer gefrot, proposéiert a matorganiséiert.• Mir fueren am Summer an e Fräizäitpark,• eisen Open-Air Kino ass schonn eng laangTraditioun,• all Joers organiséiere mir e grousse Beachday,• mat engem Kach gëtt e flotte Kachcoursofgehalen deen ëmmer ganz vill Spaass mécht,• Beruffsowenter,• Visite bei der Cargolux,• Musiksfestival mat Lëtzebuerger Museker,• Footballstournoi mat der Police, mat eise Clubdes Jeunes, mam Gemengepersonal, mat eiseJugendheimer, dem Léierpersonal asw.Dat sinn nëmmen e puer Beispiller vun deem wat vundeene Jonke fir di Jonk an eiser Gemeng organiséiertgëtt.Dee flotte Kontakt mam Jugendhaus, wat e groussePLUS fir eis Jonk ass, wäert och dozou bäidroen dassall Jonker sech kennen, a wäerte begéinen a kenneléieren.Nëmmen esou eng flott Zesummenaarbecht tëschentalle jonke Leit kann dozou bäidroen, dass si och Gehéierfannen, an esou och staark genuch si fir hir Iddienan Projeten an hirer Gemeng kennen ëmzesetzen.Mir als Jugendkommissioun sinn dobäi eng flott „Ulafstell“wou all d’Memberen och kënnen hir eegen Iddien,awer och all d’Suggestiounen, Froen a Problemer vundeene Jonken op den „Dësch leeën“, a wou mir dakënnen en effikasse Lien sinn tëschent Jonken ande Gemengeresponsabelen.Och gi mir vum Schäfferot ëm eisen Avis gefrot beiverschiddenen Projeten déi d’Jugend betreffen.Flott ass och, dass Jonker selwer sech and’Jugendkommissioun gemellt hunn, an esou direktkënne matschwätzen a matschaffen.Mir sinn op alle Fall als Jugendkommissioun gutt opgestalltmat motivéierte Leit, déi net midd gi sech ochweiderhin fir eis Jugend anzesetzen.Fir d’Jugendkommissioun,Marion Zovilé- BraquetMemberenvun derJugendkommissiounJacques BERNARDPia DIEDERICHTom JUNGBLUTLaurent LAKAFFSteve MALLERMarco SUMANClaude SCHMITXavier SCHMITFrank ZENNERYves ZOLVERMarion ZOVILÉ-BRAQUET// Thema Jugend /// Dossier jeunesse25