16.01.2013 Aufrufe

Abb Jol Santer - Saeul

Abb Jol Santer - Saeul

Abb Jol Santer - Saeul

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

114 Engelen…

An der Helleger Nuecht feiere mer op der ganzer Welt dem Jesus seng

Gebuert. Den Evangelist beschreift, wéi d’Engelen déi frou Noriicht den

erstaunten Hierden um Feld verkënnegen: „Da trat der Engel des Herrn zu

ihnen und der glanz des Herrn umstrahlte sie. Sie fürchteten sich sehr, der

Engel aber sagte zu ihnen: Fürchtet euch nicht, denn ich verkünde euch eine

große Freude, die dem ganzen Volk zuteil werden soll: Heute ist euch in der

Stadt Davids der Retter geboren; er ist der Messias, der Herr. Und das soll

euch als Zeichen dienen: Ihr werdet ein Kind finden, das, in Windeln gewickelt,

in einer Krippe liegt. Und plötzlich war bei dem Engel ein großes himmlisches

Heer, das Gott lobte und sprach: Verherrlicht ist Gott in der Höhe und auf

Erden ist Friede bei den Menschen seiner Gnade.“ (Lk 2,9-14).

Schons am Wuert „Engel“ fanne mer eng wichteg Aufgab vun hinnen

ëmschriwwen: Si sinn an der Bibel „Boten Gottes“ (lat. „Angelus“, vum

aalgriecheschen γγελος“ (der Bote op däitsch). Si vermëttelen de Mënschen

déi göttlech Botschaft, maachen dem Härgott seng Präsenz an eisem Liewen

däitlech. Si si spirituell Weebegleeder a Botschafter vun enger anerer, méi

déiwer Wierklechkeet. Si weisen de Mënschen, datt d’Liewe méi ass, wéi just

dat, wat ee gesäit. Den Anselm Grün schreift: „Die Vorstellungen, die wir mit

ihnen (den Engeln) verbinden, sind kostbare Bilder, Imaginatioun einer

Sehnsucht nach einer anderen Welt der Geborgenheit und Leichtigkeit, der

Schönheit und Hoffnung.“ (Anselm Grün, Engel für das Leben, Freiburg 2001,

10).

Eng aner Aufgab vun den Engelen ass, datt si vum Härgott geschéckt

sinn, fir eis Mënschen ze schützen. De Psalm 91 seet: „Er befiehlt seinen

Engelen dich zu behüten auf all deinen Wegen.“ D’Kierch an déi kathoulesch

Traditioun nennt dat de „Schutzengel“. An der Bibel fanne mer den Engel och

als Weebegleeder, z .B. wéi den Engel Rafael, deen de jonken Tobias sécher un

d’Zil bréngt (Tobit 5 ff.). A schliesslech si si déi Weesen, déi dem Härgott

déngen an hien „von Angesicht zu Angesicht schauen“.

An der Weltliteratur, grad wéi an der Konscht, fanne mer onendlech vill

Duerstellungen. E wonnerbaart Beispill sinn zwee Engelen iwwert dem

Tabernakel um Héichaltoër vun der Parkierch zu Gräisch. Dës zwee Engelen

bewaachen an ëmginn dat Allerhellegst. Zu Téinten si wonnerbar Engelen ze

gesinn an der Grofekapell a bewaachen ee Grafsteen. Mir fannen Engelen an

allen Haltungen a Variatiounen, wéi wa se äis soë wéilten: Egal wou’s du och

an dengem Liewen dru bass, egal wou’s du hierkënns oder higees, denk drunn:

Den Härgott ass do! Hië wëll dir no sinn, du gehéiers zu him. Du bass ëmgi vu

senger Präsenz, déi Léift an Heelung schenkt.

D’Engelen erënneren äis un dat, wat mer gären an der Hektik vum Alldag

vergiessen oder vernoléissegen: Gott ass Mënsch ginn, fir äis de Wee zu

engem erfëlltene Liewen ze weisen. Si erënneren äis drunn, datt a Christus

- 1 -

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!