Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Neien, polychroméierten Ambo

an der Bëschdrefer Parkierch

Restauréiert Sakristei zu Bëschdref (riets den Eck

mat der neier Toilette)

• Par Biissen

- Och dëst Joer lancéiert de Parrot Biissen nees eng „Adventsaktioun“. Vum

zweeten Advent un wäert zu Biissen beim Häerz-Jesu-Altoër een Dennebeemchen

stoën. De Parrot verkeeft kleng Kadospäckelcher, déi een un dësen

Dennebeemchen hänke kann. Den Erléis ass bestëmmt fir den MS-Center op der

Bill.

• Par Bruch

- Bedéngt doduerch, dass den Här Gilbert Muller säi Mandat als Member a President

am Kiercherot vu Bruch net méi erneiert huet, war eng Plaz nei ze besetzen. An der

Sitzung vum 5. November huet de Kiercherot den Här Nic Wagner als neie

Member gewielt. A senger Sitzung vum 14. November huet de Kiercherot den Här

Nic Wagner ebenfalls zu sengem neie President gewielt. Mir wënschen deem neie

Kiercherotspresident eng glécklech Hand a vill Freed bei senge Funktiounen, am

Déngscht vun der Bricher Parkierch. Dem Här Muller, dee vun 1991 un als

Member a President während 21 Joer am Kiercherot gewierkt huet, a virdrun och a

senger Fonktioun als Buergermeeschter schons 6 Joer derbäi war, gouf als

Éirepresident ernannt. Mir soën him villmols Merci fir seng Verdéngschter ëm eis

Parkierch an eis Par, a mer hoffen och weiderhinn nach op säi gudde Rot.

• Par Gräisch

Wonnerbar passt deen neien Ambo an den Altoerraum, domat kritt och d’Wuert

vum Härgott eng passend Plaz, sou wéi dat 2. Vatikanescht Konzil

äis et virschreift. Dësen Ambo ass eng Beräicherung fir eis

Parkierch an erënnert äis dorun, dass Gott duerch d’Helleg Schrëft

zu äis schwätzt. All Don ass häerzlech Wëllkomm, fir der

Kierchefabrik bei dëser Ausgab ze hëllefen!

Neien Ambo an

- der Gräischer Parkierch

- 3 -