Brochure - Esch sur Alzette
Brochure - Esch sur Alzette
Brochure - Esch sur Alzette
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
VIRWUERT

„GAYMAT“ ZESUMME BIS UN D‘ZIEL

Hunn mir d‘lescht Joer probéiert,

d‘Politiker bessi opotmen ze loossen a

sech vun de leschte Joeren ze erhuelen,

esou soll de GayMat 2012 nees ganz am

Zeeche vun eise Fuerderunge stoen.

Mir wëllen eis Politiker wakreg rësëllen,

fir se un hir Verspriechen ze erënneren

an se no der Halschent vun der Legislaturperioden

un hire Koalitiounsaccord

erënneren.

Zwee Joer ass et elo hir, datt den Här Biltgen,

als Justizminister, eis de Mariage fir

gläichgeschlechtlech Koppelen an Aussiicht

gestallt huet.

Ausser e Projet de loi, deen eis leider net

zefridde gestallt huet, ass leider net vill

passéiert. Och de Staatsrot, dem seng

Neutraliteit ech natierlech kengesfalls

wëll a Fro stellen, an deem ech och keng

Pie qui chante 4 Juli-September 2012

EDITORIAL

ze konservativ Approchen ënnerstelle

wëll, huet den Dossier mat der Nummer

6172 scheinbar an den ënneschten Tirang

getässelt.

Muss wierklech d‘Chancëgläichheet, déi

bis elo nach ni en AAA verdéngt huet,

wierklech nach emol erof gestuft ginn?

Oder entscheed sech eis Regierung am

Dossier Mariage an Adoptioun endlech

Gas ze ginn?

Mir hoffen, datt eis Fuerderung no de

selwechten Rechter bei där ganzer Wirtschaftskris

net an de Vergiess geroden,

an datt och mir gläich d‘Méiglechkeet

hunn, „JO“ soen ze kënnen, datt och eis

Léift eng legal Basis kritt, dei iwwer finanziel

Avantagen, déi de Pacs eis gëtt, eraus

geet.

„JO“ soen, net am Kader vun enger Partnerschaft,

déi hirer Zäit als Kompromëss

geduecht war, mee „JO“ soen ze kënnen

zum Zesummeliewen, well eis Léift keng

zweet-Klassen-Léift ass.

Déi Sportintresséiert ënnert eis, deenen

ass et villäicht opgefall, eist Plakat huet

sech e bëssen um Design vun der Olymipad

orientéiert. Och dëst huet e ganze

Koup mat eise Fuerderunge gemeinsam:

Nierwt dem Ziel, datt mir, wéi scho gesot,

net aus den Ae verléiere wëllen: och de

Fairplay...

E Faiplay an eng Toleranz dee mir net

nëmme vun eiser Regierung an op legislativem

Niveau verlaangen, mais vu

jidderengem dobaussen, eise Frënn an

Noperen, eisen Employeuren an Aarbechter,

de Geschäftsleit an Iech alleguer

déi dës Zeile liesen

Mir invitéiren jiddwer Eenzele vun Iech,

fir um GayMat deel ze huelen, dobäi ze

sinn, well jiddweree vun eis bréngt eis e

Stéck um Wee méi no. Zesumme komme

mer un d‘Ziel!

Laurent Boquet

Vize President RosabLetzebuerg asbl.

Koordinateur GayMat