Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
all Pabeieren do leie fir dat kënnen ze

beleeën an deem wat ass.

Deem gesot, si mer natierlech och frou.

Ech wollt awer just nach eng Remarque

maachen. Well mir déi eenzeg sinn déi

dat heiten eigentlech hunn, wann en

Tour de Lëtzebuerg gemaach gëtt op de

Gemenge fir ze kucke fir déi Fonge

kënnen ze notzen, da stellen ech mer

natierlech och d‘Fro wéi gutt dass et aner

Gemenge geet. Well wann dann hei esou

eppes zur Dispositioun steet vu Millioune

vu Frang an et ass keen dee sech dofir

interesséiert, da sinn ech der Meenung,

wa mer déi Diskussioun vum Soziale

féieren an ëmmer erëm drop hiweisen,

datt mir net ëmmer do si fir dat anert ze

huelen, da muss een nach eng Kéier den

Tour maachen an och kloer soen, dass

dat doten eng Méiglechkeet ass fir si an

anerer Hinsicht da Sue labber ze kréie fir

dee sozialen Deel an hirer Gemeng kënne

weider ze förderen.

Deem gesot, Madame Buergermeeschter,

léif Kollegen, wäerte mir och an Zukunft

wat dat doten ubelaangt, Iech komplett

ënnerstëtzen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Zwally. Ech menge mir hunn

hei d‘Unanimitéit, dass mer eis net just

freeën dass mer hei subsidiéiert ginn an

dass mer dat ugefrot hunn. Mä dass mer

am Gesamtkader all Méiglechkeete sollen

ausnotze fir iwwert déi eenzel Förderprogrammer

eis Projete geltend ze maachen,

well immens vill vun eise Projete kënnen

ënnert dem Gesamtlabel Revalorisatioun

vum Tissu économique an Zukunftsperspektiven

opbauen, geltend gemaach ginn.

D‘Madame Schäffin huet mech elo grad

drun erënnert, dass mer och am Zesummenhang

mat den Diskussiounen déi mer

hei hate ronderëm d‘Universitéit an

d‘Entwécklung vum Quartier Belval, dass

mer do sollen och intervenéiere vis-à-vis

vun de Regierungsinstanzen. Et war eng

deementspriechend Motioun hei unanime

gestëmmt ginn, dass mer och do

sollen intervenéieren, dass déi ganz Amenagementer

souwuel fir eis Gemeng wéi

och fir eis Nopeschgemeng mat ganz

héijen Investitioune verbonnen ass, an

dass mir eis am Fong erwaarden, dass mir

och do eng strukturell Hëllefstellung kréie

wat mer bis elo am Fong bei net ganz

villem festgestallt hunn. Also do sinn

nach ganz vill Steigerungsméiglechkeeten

dran. Also dat hu mer eraus ginn. Dat

vläicht just zu där Informatioun.

An da kéinte mer zur Ofstëmmung komme

fir d‘Konventioun kënnen definitiv ze

ënnerzeechnen an op den Instanzewee

ze goen.“

8. Aménagement de la place de la Résistance / 9. Gestion de stationnement

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – M. Mike

Hansen – Mme Annette Hildgen –

M. Henri Hinterscheid – M. Jean Huss –

M. Théid Johanns – M. Martin Kox –

Mme Lydia Mutsch – Mme Vera Spautz

– M. Paul Weidig – M. Everard Wohlfarth

– M. André Zwally

Le Conseil Communal approuve à

l’una nimité la convention entre la Ville

d’Esch-sur-Alzette et le Ministère de

l’Economie et du Commerce extérieur.

9. Gestion du stationnement

automobile dans l‘espace

public:

a) Information

b) Modification des règlements

en vigueur; décision

c) Règlements de la circulation

routière; confirmation

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir kéimen dann zum Punkt 9, dat

ass eise grousse Punkt iwwert de Parkraum

management an do huet sech preparéiert

eise Mobilitéitsschäffen, den Här

Hinterscheid, deem ech och direkt

d‘Wuert ginn.“

Schäffen Henri Hinterscheid (LSAP):

„Merci, Madame Buergermeeschter. Ech

menge mir hunn an der Schäfferotserklärung

d‘Ausso gemaach, dass mer e

Park raumbewirtschaftung an notamment

de Parking résidentiel géingen enger

Analys ënnerwerfen. De Moment si mer

an enger Situatioun wou mer mat där

Analys ugefaangen hunn. Mer hu festgestallt,

dass op verschiddenen Niveaue

Muenches klemmt. D‘Parkraumbewirtschaftung

ass e wichtegt Element vun der

Mobilitéit. Et ass och e wichtegt Element

fir d‘Organisatioun vun enger Stad ze

steieren. Si huet 2 Finalitéiten. Déi éischt

Finalitéit ass déi fir eng héich urban

Liewensqualitéit fir d‘Résidente vun eiser

Stad sécher ze stellen a si huet als zweet

Finalitéit d‘Sécherstellung vun enger

héijer Attraktivitéit vum Wirtschafts- a

vum Geschäftsstanduert Esch.

D‘Parkraumbewirtschaftung muss also en

dynamescht Element si fir permanent

kënnen ze reagéieren an an deem Sënn

ass dat hei och elo en éischten Astieg an

déi dynamesch Bewirtschaftung vum

Parkraum hei an der Stad. D‘Erausfuerderung

vun enger Parkraumbewirtschaftung

ass eigentlech déi, dass ee vun deenen 2

Finalitéiten déi ech elo genannt hunn, déi

éischt urban Liewensqualitéit fir d‘Residanten

an zweetens déi héich Attrakti-

Escher Gemengerot vum Freideg 16. Mäerz 2012

18

vitéit fir Wirtschafts- a Geschäftsstanduert,

dass een déi versicht mateneen ze

conciliéieren a se idealerweis versicht

gläich berechtegt ze behandelen. D‘Attraktivitéit

vum Geschäftsstanduert muss

sécher gestallt ginn aus Iwwerleeungen

déi generell eis Stad betreffen, generell

eis Recettë vun eiser Stad betreffen, generell

d‘Attraktivitéit och vun der Stad

betreffe fir seng Residanten a gläichzäiteg

musse mer kucken, dass dat net a Kollisioun

geet mat den dédicacéierte Wunnquartieren.

Dat geet hei zu Esch relativ

gutt, well mer eng ganz kompakt Stad

sinn, dass mer eigentlech kënnen do

nuancéiert virgoen.

Parkraumbewirtschaftung ass en Instrument,

hunn ech gesot. Et ass en Instrument

mat deem d‘Gemeng schaffe kann

a wéi all Instrument mat deem mer

schaffe kënnen, huet et den Nodeel, dass

d‘Gesamtparkraumbewirtschaftung finanziell

net neutral ass fir d‘Stad. All Instrument

wat mer eis ginn, kascht iergendwou

Suen. Dat Instrument setzt sech aus

verschiddenen Elementer zesummen,

Re glementer, Agenten déi déi Reglementer

kontrolléieren a mer wësse genuch

vun anere Beräicher, dass wann een net

kontrolléiere geet all Reglement lettre

morte bleift, an dass et de Pabeier mol

net wäert ass op dat et geschriwwe gëtt.

Wat kascht nach? D‘Infrastrukture vun

der Parkraumbewirtschaftung an der

Ober fläch, Parking, d‘Horodateuren, et

kascht eis den Entretien ze maachen,

d‘In frastrukturen ze kafen, se ze ënnerhalen.

An dann en zweet Element wat eis

elo de Moment nach Sue kascht, dat ass

d‘Infrastruktur am Sous-sol an dat sinn

déi Garanties de recettes déi mer musse

sécher stellen, fir dass déi Parkhaiser do

och konnte gebaut ginn.

Also d‘Dépensë kenne mer. Wat sinn

d‘Recetten? Et sinn d‘Tickete vun den

Horodateuren, d‘une très moindre façon

sinn et déi Part vun de Kontraventiounen

déi eis Agente schreiwen an dann nach

vill méi eng bescheide Part sinn déi

Vignetten déi ausgestallt gi fir de Parking

résidentiel. D‘Zil ass, dass dat Null vun

Null opgeet. Dass dat Null vun Null

opgeet. Net, dass mer domat Geld verdéngen,

dat soll keng zousätzlech finanziell

Ressource si fir d‘Gemeng, mä et soll

Null vun Null opgoen, an dass déi zwou

Finalitéiten déi mer sichen, net bremsend

si gegebenefalls fir aner Investitiounen

déi d‘Gemeng muss tätegen am Interêt

vun hire Bierger. Ech hunn elo e bësse

méi wäit ausgeholl fir verschidden Neierungen

ze annoncéieren. Wann ech gesot

hunn et muss Null vun Null opgoen, de

Moment geet et net Null vun Null op,

well déi Garanties de recettes déi mer fir