23.08.2013 Aufrufe

Gemengerot Esch - Esch sur Alzette

Gemengerot Esch - Esch sur Alzette

Gemengerot Esch - Esch sur Alzette

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

nëmme fir eng Zort vu Clientèle mä och

fir eng aner. D‘Rockhal hutt Dir ugeschwat,

obwuel ech ëmmer do e bësse

virsiichteg si well ech soen, du hues net

ëmmer déi ideal Co-Habitatioun, et ass

net ëmmer evident an et mussen do

awer wierklech ganz kloer Regele gëllen

herno an et muss ee kucken, dass och do

d‘Zesummeliewe vu verschiddenen Interessegruppen,

dass déi awer méiglech

ass.

D‘Folgekäschten, et ass kloer, dass een als

Conseiller sech do Froe stellt wat kënnt

do op eis duer. Well mir hunn och an

aneren Domainer wéi z.B. de Parking

schlecht Erfahrunge gemaach, dass ee

sech awer do effektiv soll Froe kënne

stellen.

Dann e leschte Punkt deen ech wollt just

kuerz uschneiden. Als Escher weess een,

dass d‘Gare wéi se de Moment benotzt

gëtt, dass do e Phänomen regelméisseg

ze bemierken ass, dee vum Rangéieren.

Dat heescht, dass och d‘CFL, vu dass se

net méi deen Auslaf huet op aner Plazen,

dass ganz oft rangéiert gëtt op der Escher

Gare, an dass een do awer wierklech och

muss Suerg droen, dass ee mat der CFL

do eng Léisung fënnt, dass déi net zu

enger Belästegung vun den Utilisateure

vun der Jugendherberg gëtt. Well, wéi

gesot, d‘Transportwaggonen, wann déi

hin an hir geschubst ginn, dat kéint

laang fristeg e Problem ginn.

Pour le reste fannen ech de Projet esou

wéi ech e presentéiert kritt hunn a wéi

ech och d ‘Geleeënheet hat an dem Dossier

mer en unzekucken, fannen ech et e

ganz flotte Projet an ech kann en nëmme

begréissen. An dofir géif ech och soen,

vu menger Fraktioun aus, wäerte mer déi

Saach do ënnerstëtzen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Maroldt. Den Här Weidig

mellt sech.“

Paul Weidig (LSAP): „Ech wëll elo net

erëm widderhuelen, effektiv ass et e ganz

schéine Bau. Mä ech wëll awer soen, allgemeng,

dass dës Jugendherberg zu Esch

gehéiert wierklech wéi d‘Fauscht op

d‘Aen. Ganz genau op där richteger Plaz,

besonnesch Esch als Stad mat vill Zu kunftspotential,

op Esch als Unisstad an och op

Esch als regional Mobilitéitszentrum. A

virun allem do wou d‘Jugendherberg läit,

kënnt ee praktesch zu Fouss an de gesamten

Zentrum eran. Mam Vëlo ass een op

der Gare a vun do erreescht een dat ganzt

Stadgebitt. An doriwwer eraus, iwwert

déi nei Bréck déi mer geschafen hunn,

och kënnt een an déi Landschaftsgebidder

vum Minett, déi wierklech eemoleg

sinn, eemoleg fir de Süden, eemoleg fir

4. Auberge de Jeunesse

d‘Land an och eemoleg géif ech soe fir

Europa. A vun do aus kann een dann och

an déi Nopeschstied erafueren an och

grenziwwerschreidend sech mam Vëlo an

deene Landschaftsgebidder beweegen,

wat en immense Potential ass deen nach

net genuch genotzt gëtt.

Mä och d‘Bussen treffe sech op där Plaz

do an och mam Bus kënnt ee ganz gutt

bei d‘Jugendherberg, mä och vun do aus

kënnt ee praktesch an d‘ganz Regioun

Süden eran, souguer och iwwert d‘Grenz

ewech wat och e ganz groussen Atout

ass. An dann net zu Lescht ass awer och

déi Jugendherberg iwwert den Zuch

praktesch mam ganz Land an doriwwer

eraus mat der ganzer Groussregioun, mä

virun allem och géif ech soe bal mat ganz

Europa verbonnen. Dat heescht, déi

Jugendherberg läit wierklech op där idealer

Plaz an ass äusserst wäertvoll fir Esch.

Ech mengen 120 Better fir d‘Jugend,

d‘Jugend déi ënnerwee ass, déi Tourismus

mécht, déi Esch besiche kënnt, mä virun

allem och d‘Jugend déi hei op Esch

schaffe kënnt an dat ass gesot ginn, am

Interêt vun eiser Uni.

Wéi gesot, e ganz flotte Projet dee mer

onbedéngt gebraucht hunn an deen op

eis Stad wierklech maassgerecht geschneidert

ass. Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Weidig. Et sinn elo keng weider

agedroe Riedner do, da géing ech

proposéieren, dass den Här Huss op déi

puer Froen äntwert.“

Schäffe Jean Huss (DÉI GRÉNG): „Fir

d‘éischt wéilt ech soen, datt mer vum

Schäfferot hir natierlech begréissen, datt

mer quer duerch d‘politesch Parteien hei

e groussen Accord fanne fir dee Projet do

ze realiséieren. Et waren am Fong just

zwou, dräi, ech mengen dräi méi Detailfroen

do, déi hei vun eenzelne Riedner

opgeworf gi waren. Dat eent, dat war

vum Här Baum, d‘Fro vun de Loyerspräisser

vun deenen Zëmmeren, fir do ze

iwwernuechten. Do ass et esou, datt déi

natierlech fixéiert gi vun eisem Sous-locataire,

well mir als Gemeng verlounen dat

jo un déi national Jugendherbergegesellschaft,

Centrale nationale vun de Jugendherbergen,

an déi fixéieren am Prinzip

déi Locatiounspräisser no Critèren, déi

international ugewannt ginn. Mir selwer

verloune jo u si. Bei deem Verlounen u si

ass et esou ze verstoen, datt mir natierlech

do bei eisem Locatiounspräis u si déi

Subsiden berücksichtegen, déi mer vu

staatlecher Säit kritt hunn. Dat heescht,

mir wëllen do keng kommerziell Beneficer

maachen, mä et sinn awer finalement

si, déi déi Präisser do fixéieren.

Escher Gemengerot vum Freideg 16. Mäerz 2012

8

Da just nach eng aner Detailfro, well jo

insgesamt, wat d‘Energieproblematik

ubelaangt, e groussen Accord hei ronderëm

den Dësch war, datt dat esou

gestallt gëtt, an och wat d‘Ästhetik ubelaangt.

Dat war nach just d’Fro vum Här

Baum iwwert d‘Méiglechkeet vu Reewaassernotzung.

Dat ass eng Fro effektiv, déi

een natierlech ka stellen, wou ech awer

elo net weess, inwiewäit dat bei der Planung

vergiess ginn ass oder net. Ech versichen

dat mat mengem Service nozekucken,

ob dat am Projet nodréiglech

nach méiglech wier ze maachen oder

net. Ech weess dat net, ech kann Iech

doropper net äntweren.

Den Här Maroldt huet hei d‘Fro gestallt

gehat iwwert d’Zich, well do rangéiert

gëtt, ob dat net problematesch wier vum

Kaméidi hier? Natierlech ass et esou, datt

dat sporadesch – ech weess vu wat Dir

schwätzt, well ech selwer net wäit dovunner

wunnen – a wann do rangéiert gëtt,

dann ass do e wéineg Kaméidi. Mä hei

ass jo awer virgesinn, datt wierklech eng

Schalldämpfung an deene Gebaier a vun

de Fënsteren virgesinn ass. Dat heescht,

e groussen Deel vun den Nuisancë wäert

awer do miniméiert ginn, quitt datt een

natierlech net wäert alles 100%teg total

miniméiert kréien. Ech hunn och doheem

duebel Verglasung a menge Fënsteren.

Ech si relativ no och bei deenen Eisebunnsgleiser,

mä ech mengen, duerch

eng gutt Isolatioun a gutt Verglasungsméiglechkeete

léist dee Problem sech

awer an de Grëff ze kréien. Ech mengen

dat sinn d‘Äntwerten op déi puer Froen,

déi do waren. Ech weess elo net ob ech

iergendeppes Wichteges vergiess hunn.

Ech mengen, dat waren dräi Punkten, déi

wéi gesot, déi hei opgeworf gi sinn.

Mä insgesamt soe mir awer Merci vum

Schäfferot fir déi grouss Ënnerstëtzung fir

dee Projet.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci eisem Héichbauschäffen. Da kéinte

mer zur Ofstëmmung kommen iwwert

den Devis. Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – M. Mike

Hansen – Mme Annette Hildgen –

M. Henri Hinterscheid – M. Jean Huss –

M. Théid Johanns – M. Martin Kox –

M. Frunnes Maroldt – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Paul

Weidig – M. Everard Wohlfarth –

M. André Zwally

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité le devis au montant de

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!