Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
dass d’Leit froe wourëmmer dass

eigentlech déi Leit ënnerdaach sinn.

Wann een hinnen dann erkläert, dass dat

Containere sinn déi zu der Entrée am

Schlassgaart eraginn, da wësse se och

wourëmmer dass dat läit an eis Fro war

an deem Zesummenhang och, wéi et

mat deene festen Infrastrukturen ausgesäit,

well een och weess, dass um

Niveau vu Containeren dat ëmmer

nëmmen eng temporär Léisung ass an

déi och, wat vill Aspekter ubelaangt,

haaptsächlech och den Aspekt vun der

Ambiance an deen ëmweltpoliteschen

zum Beispill, well jo och mat Elektresch

gehëtzt gëtt ënnerhalb vun deem Container,

net grad dat ass wat een de Leit soll

ubidden.

D’Motive wéi d’Leit an déi prekär Situatioun

erakommen, ech mengen déi si

bekannt. Dat ass oft Kaméidi mat der

Famill, d’Scheedung, d’Scholden, keng

fest Aarbechtsplaz, also am Chômage,

perséinlech Problemer a keng Wunnengen

déi ee ka bezuelen. Et sinn dat vill

Aufgabefelder déi also a Fro kommen an

déi déi prekär Situatioun virweisen.

Wou kënne mir als Gemeng den Hiewel

usetze fir de Leit ze hëllefen? Dat ass eis

sozial Erausfuerderung. Mir ënnerstëtze si

domatter andeem mir da versichen dat

Noutwennegst ze maachen, dat eis och

noutwenneg erschéngt. Maache mir dat

gutt? Maache mir genuch? Dat si Froen

déi mir eis solle stellen. Ass et och eng

vun eise Prioritéiten déi mer hunn um

Niveau vun eisem Budget? A wann een

dat gesäit, kann ech nëmme soen, dass

vill investéiert gëtt an an deem Sënn och

villes fir déi Leit gemaach gëtt. Alles déi

Froe sinn net liicht ze beäntweren. Déi

finanziell Mëttelen déi mir asetzen, gi se,

wéi ech schonn eng Kéier gesot hunn,

richteg agesat? Ech mengen do soll een

eng Kéier dat op de Leescht huele fir ze

kucken ob een dat net nach méi breet ka

verstreeën.

Déi Sozialfro vun der Kohäsioun beinhalt

virun allem och e ganz grousse Spektrum

vun Ënnerstëtzungen an och vun

Ëmsetzungen. Déi sollten optimal agesat

ginn. D’Aarbecht ass a bleift e Schlësselelement

an all Beméiunge fir net an d’Aarmut

eranzefalen. Huet een eng Aarbecht,

dann ass ee mol finanziell ofgeséchert.

Déi gesetzlech Instrumenter vum Mindestloun

bis hin zu alle soziale geregelten

unerkannte Kaderbedingungen déi mir

als Regierung an och als politesch Partei

garantéieren, brauch ee fir kënnen eng

Zukunft opzebauen. Hei fanne mir als

CSV eng grondsätzlech Viraussetzung.

Déi ass fir d’Liewen ze meeschteren dass

een eng Aarbecht huet. D’lescht Joer

hunn ech schonn hei gesot, datt et en

5. Foyer de Nuit Abrisud

Niveau vu Garantië muss ginn, och beim

Patronat. Haaptsächlech am privaten,

well och do muss reagéiert gi wann et

dorëms geet fir d’sozial Ausgrenzung

esou kleng wéi méiglech ze halen. Déi

sozial Ausgrenzung, déi sozial Gewëssenhaftegkeet,

sozial Responsabilitéit soll de

feste Bestand si vun enger moderner Culture

d’entreprise. Wann eng Culture

d’entreprise Bestand soll hunn, da muss

se och am soziale Beräich do sinn. Ass dat

hei am Land de Fall? E puer kleng Usätz

ginn et. Et fënnt een Entreprisen erëm déi

dat maachen, mä am Prinzip ass u sech

nach kee richtege Volet vun der sozialer

Ausgrenzung an en Débat eragefouert

ginn. Mir sinn der Meenung, dass een

dat mol um nationale Plang roueg kéint

maachen, wou een d’Betriber a senger

Responsabilitéit mol eng Kéier zur

Rechenschaft zitt.

D’Departementer vun der Ressource

humaine am privaten, wann et där da

ginn, feelt ganz oft déi sozial Komponent

dran. Ech hu laang an der Siderurgie

geschafft. Dir wësst dass ech 40 Joer do

täteg war. Ech kann nëmmen do zréckbehalen,

dass am Ufank wéi ech do war,

eleng nëmme fir de Belval, et um Niveau

vum Belval 5 Assistantes sociales gi sinn.

Mir hunn haut e Bestand wat Arcelor Mittal

ubelaangt, dee 4.300 Leit beinhalt,

eleng nëmmen an der Siderurgie, et sinn

der am ganze 6.000. Do muss ee sech da

kënne virstellen, dass dee Volet vum

Sozialen, op d’mannst vum Service social

erofgaangen ass bis op eng hallef Tâche.

Do natierlech stelle mir eis Froen, an dofir

si mir och der Meenung, dass de Privaten

a senger Responsabilitéit muss aneschters

ugeholl ginn a sollt och en Débat ginn

um nationale Plang, um Niveau vun der

Chamber, dass och déi privat Entreprise

sech sollen dorunner winne fir eng

Sozialkohäsioun mat ze droen.

Deen zweeten Aspekt ass dee vum Wunnen.

Ech menge Wunnen ass e grousse

Problem dee sech vill Leit hautesdaags

unhuelen. Et gi Moossname geholl. Et

gëtt versicht de soziale Wunnengsbau ze

maachen. Mir hunn um Niveau vun der

Regierung de Pacte Logement, de Paquet

de Logement an adequat Äntweren déi

mer versichen ëmzesetzen. Wat awer

d’Problematik net richteg erausschielt.

Wann een an déi Spekulativen erageet,

do muss een oppassen an ech sinn och

do der Meenung, dass de Legislateur

iergendwou eng Kéier muss soen, dass

et duer geet, well wann ee vun engem

Akommes gläich méi wéi een Drëttel

muss erausgi fir kënnen ze wunnen, da

gëtt et selbstverständlech prekär an da

sinn et och laangfristeg Problemer déi

net ausbleiwen, zemools well mir haapt-

Escher Gemengerot vum Freideg 10. Februar 2012

14

sächlech um Niveau vun eiser demographescher

Entwécklung net méi nokomme

mat adequate Wunnengen a mam

bezuelbarem Wunnraum scho guer net

ze schwätzen, an dat ass och eng Erausfuerderung

fir déi politesch Mandatairen

dofir ze suergen, dass do mol e Rigel

ageworft gëtt.

Ech mengen déi aner Motiver, et kéint

een nach villes doriwwer soen. Si sinn hei

ugeklongen. Mir sinn awer der Meenung,

dass de Privatberäich esou wéi och hei de

Kolleg Weidig scho gesot huet, fir eis als

CSV ganz schwiereg ass, eng Diskussioun

driwwer ze féieren, well dat am Prinzip

eis näischt ugeet an all Mënsch fräi ass fir

sech kënnen ze beweegen an deem wat

hie wëll maachen an domatter dann och

muss vun der Konsequenz deelweis

liewen.

Als Gemengeresponsabele sollte mir Solidaritéit

mat deene Leit beweisen, wat

mer och ëmmer gemaach hunn an hinnen

hëllefen, dass d’Liewen an déi

Beméiungen déi se hu fir erëm eng Kéier

op de richtege Wee ze kommen, mussen

ënnerstëtzt bleiwen.

Wat d’Foyeren ubelaangt, um Niveau vun

de Strukturen, wäerte mir selbstverständlech

als CSV weider dëst hei

ënnerstëtzen. Et ass vum Logement encadré

geschwat ginn. D’lescht Joer hu mir

als CSV schonn hei gesot, dass dat en

zweete Step ass fir deene Leit ze hëllefen.

Mir sinn der Meenung, dass zousätzlech

nach en drëtte Step nach muss gemaach

ginn. Dat ass den Encadrement ciblé

deen et dann och fäerdeg bréngt fir e

Wee fir déi Leit ze fannen, datt se mam

Liewen eens ginn, an domatter verbonnen

dann och erëm Plaz maache fir anerer

déi Problemer am Liewe fannen.

Ech wollt awer nach kuerz op dat agoe

wat och an anere Foyere sinn, well dat

och mengen ech sollt hei gesot ginn. Um

Niveau vum Foyer Ulysse an der Stad, do

gëtt et eng Kapazitéit vu 64 Better. Do

sinn 2010 20.377 Iwwernuechtungen déi

do waren. Mir leie quasi proportional an

der selwechter Richtung wéi déi déi een

an der Stad erëmfënnt. Ech wëll awer hei

soen, a mir hunn all Joer schonn zënter

laangem ëmmer erëm déi Diskussioun

wann et dorëms geet d’Solidaritéit am

Süden erëmzefannen. Ech fannen et

wierklech revoltant, dass mer all Kéiers

déiselwecht Sätz gebrauchen, wa mer et

net fäerdeg bréngen och déi Kollegen

aus deenen anere Gemengen dozou ze

féieren, och op Grond vun der Erliichterung

déi mer kritt hunn op den 1. Januar

2011, well do jo finanziell Mëttelen zur

Verfügung gestallt ginn, dass se sech net

beméie fir eis an deem Problem do ze

hëllefen. Ech sinn der Meenung, ech