Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
10. Commissions consultatives / 11. Enseignement / 12. Transactions immobilières / 13. Contrats de bail

ment déi ech elo presidéiert hunn a wou

mer déi Leit déi mer an der Kommissioun

hunn, ronderëm den Dësch sëtzen hunn,

ass et esou, datt do versicht gëtt no

méiglechst objektive Critèren e Choix,

eng Préselectioun oder herno e Choix ze

maachen an ech mengen déi Vertrieder

vun der Oppositioun déi bis elo do derbäi

waren, ech mengen datt déi och musse

konfirméieren oder misste kënne konfirméieren,

datt do dat Bescht versicht ginn

ass fir esou objektiv wéi méiglech ze sinn.

De Problem ass natierlech, wann Dir

nëmmen e puer Posten ausschreift, Dir

hutt awer immens vill Kandidaturen, da

musst Dir versiche Critèren unzeleeën.

Mir hunn e Critèreraster wéi mer dat

maachen, wéi mer déi Saache maachen.

Ech mengen, datt deen zimlech objektiv

ass, esou datt et effektiv, esou ass, d’Oppositioun

gëtt heimatter vertrueden. Den

Här Baum huet dem Här Bernard geäntwert,

datt hee kee Problem géif dra

gesinn, datt ee kéint eventuell e Roulement

maachen oder mat Suppléante fueren,

dat ass elo net eise Problem. Do

muss d’Oppositioun sech ënnereneen

eens sinn. Wann d’Oppositioun sech do

eens gëtt an eis eng aner Propos mécht

vun den Nimm hier, mat engem Roulement

eventuell, dann hu mir domatter

kee Problem. Mä haut ass elo mol esou,

datt mer dat stëmme wat mer hei ze

stëmmen hunn plus déi Ajoute déi den

Här Codello hei gemaach huet: le président

de la commission consultative du

personel communal ou son délégué, datt

dat mat dobäi kënnt. Et ass dat wat mer

elo hei zum Vote stellen. Wann Dir also

dat mat stëmmt, dann ass dat majoritär

ugeholl. Méi wollt ech virdrun och net

soen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Da maache mer dat. Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – Mme Annette Hildgen –

M. Henri Hinterscheid – M. Jean Huss –

M. Théid Johanns – M. Pierre-Marc

Knaff – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Paul

Weidig – M. André Zwally

Le Conseil Communal décide par 13

voix oui et 1 abstention de modifier le

règlement du 22 février 2008 concernant

l’installation d’un conseil de

recrutement.

Ont voté oui, Madame le bourgmestre

Mutsch, les échevins Hinterscheid, Huss

et Spautz ainsi que les conseillers

Baum, Bofferding, Codello, Hildgen,

Johanns, Knaff, Kox, Weidig et Zwally.

Le conseiller Bernard s’est abstenu.

10. Commissions consultatives:

composition; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Sou, mir géingen da weiderfuere mam

Punkt 10, Commissions consultatives. Dat

ass zum engen eng Matdeelung déi mer

kritt hu vun der LSAP wat d’Commissions

d’hygiène ubelaangt an zum aneren e

Vertrieder vun der Police als Expert an der

Commission des infrastructures, de la

mobilité et de l’accessibilité de la ville an

der Persoun vum Här Massard. An ech

mengen dat wieren och votes secrets a

vläicht kéinte mer en attendant – hien ass

awer net hei – de Punkt 11 huelen.

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – Mme

Annette Hildgen – M. Henri Hinterscheid

– M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Paul

Weidig – M. Everard Wohlfarth – M.

André Zwally

Le Conseil Communal procède par vote

secret et accepte les changements aux

commissions consultatives par 13 voix

oui et 2 bulletins blancs.

11. Enseignement:

Titre de recette; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Titre de recette, da géing ech dat maachen.

Mir hunn do de Punkt vun der

d’Taxe scolaire am Enseignement fondamental

an op Basis vun deene Reglementer

hu mer eng Somme vu 5.100 € déi

mer an eis Keess aféieren. An ech géing

Iech biede fir deem Är Zoustëmmung ze

ginn. Iwwregens huet sech och d’Commission

scolaire an hirer Sëtzung vum

13.01. dofir ausgeschwat. Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – Mme

Annette Hildgen – M. Henri Hinterscheid

– M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Paul

Weidig – M. André Zwally

Escher Gemengerot vum Freideg 10. Februar 2012

22

Le Conseil Communal décide à l’unanimité

d’approuver le titre de recette

au montant de € 5.100,00 présenté

par le service des sports.

12. Transactions immobilières;

décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Mir kéimen dann en attendant, dass

mer d’Ziedelen auswäerten, zu Punkt 12,

Transactions immobilières. Do geet et ëm

en Acte de vente tëscht der Stad Esch a

Privatpersounen, ëm e klengt Stéck, 2 ca

am Buergronn, iwwert e Gesamtpräis vun

1.300 €. An do geet et drëm fir en Alignement

an där Strooss ze regulariséieren.

Dat zweet ass e Contrat de bail tëscht der

Stad Esch an dem Parisotto. De geet et

drëm, dass d’Stad Esch der Entreprise

Parisotto eng Parzell lount déi an der Section

A Esch nord an dat ass och eng relativ

kleng Parzell vu 76,82 ar an dee Bail

ass fir 5 Joer an et ass eng Redevence

mensuelle vun 2.800 €. An dee Contrat

de bail deen ass repertoriéiert an engem

Dokument vum 25. Januar 2012, wat

Iech och asiichteg war, esou dass ech

géing proposéieren deenen zwee, also

zum engen dem Acte de vente an zum

zweeten dem Contrat de bail Är Zoustëmmung

ze ginn. Au Vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – Mme

Annette Hildgen – M. Henri Hinterscheid

– M. Jean Huss – M. Théid

Johanns – M. Martin Kox – Mme Lydia

Mutsch – Mme Vera Spautz – M. Paul

Weidig – M. Everard Wohlfarth –

M. André Zwally

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité les transactions immobilières.

13. Contrats de bail; décision

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„De Vote vu virdrun, also d’Kommissiounen,

Hygiène an de Representant vun der

Police, dat ass 13x Oui an 2 Blanc.

Mir kéimen da bei Punkt 13, Contrats de

bail. Madame Ressortschäffen.“

Schäffin Vera Spautz (LSAP): „Merci,

déi zwee éischt Kontrakter si fir nei Locatairen.

Den drëtten ass en Avenant zu

engem bestehende Kontrakt an ech bieden

Iech deem zouzestëmmen.“