Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Gemengerot Esch - Esch sur Alzette
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
komm, mä et sinn der am Endeffekt ganz

wéineg Jonker gewiescht déi hir Bongen

ageléist hunn. Also zum Verständnis, kritt

een esou Carnete mat Bongen an déi

Bonge kann een da géint Entréestickete

fir divers kulturell Manifestatiounen

antauschen. De gréissten Deel vun deene

Carneten denken ech awer, wäert

iergendwou an engem Tirang amgaange

sinn ze verstëbsen, well ebe kee Suivi

gemaach ginn ass, well een iwwerhaapt

net weess ween iwwerhaapt am End effekt

esou e Carnet kritt huet. Dat ass hei zu

Esch awer aneschters. Hei bleiwen déi

Beschenkte vun där Carte culture jeunes

net anonyme. Au contraire, hei kritt een

och d’Geleeënheet eben d’Donnéeë vun

deene Jonken opzehuelen an och den

neie Public kënnen esou gezielt duerch

eng Newsletter unzeschwätzen an och

regelméisseg iwwert d’Offre culturelle ze

informéieren.

Da wëll ech awer elo zum Schluss nach

op eppes e bësse méi Wesentleches

hiweisen a fir dat elo e bësse méi kloer ze

maachen, géif ech Iech mol einfach e Beispill

ginn. Stellt Iech vir Dir hutt eng

Famill déi gäre wëll an de wonnerbaren

Theater oder de Conservatoire e Museksstéck

lauschtere goen. An der Famill hutt

Dir zum Beispill e Jonke vun 16 Joer, deen

huet dann déi flott Jugendkulturkaart an

dee bezilt dann an engem Stéck vum

Conservatoire, also den Tarif jeune ass 14

€, mat senger Jugendkulturkaart bezilt

hien dann nëmme 7 €, well hie jo 50%

op den Tarif kritt. Gi mer dovun aus, dass

déi Famill nach en zweet Kand huet, zum

Beispill nach ee Kand vu 7, 8 Joer, dat net

an de Genoss vun där Kaart kënnt an

deementspriechend och net do eng

Reduktioun kritt an esou awer misst de

vollen Tarif jeune bezuelen. Dat heescht

am Endeffekt hätt een d’Situatioun, dass

de Jugendleche vun, wat sot ech, 16 Joer,

7 € bezilt an de Jonke vun 8 Joer awer 14

€ misst bezuelen. Ech perséinlech fannen

dat eng immens onglécklech Situatioun.

Ech weess net ob dat kengem am Virfeld

opgefall ass, dofir huelen ech mer elo

mol einfach hei d’Recht dorop hinzeweisen

an ech fuerderen, also ech hoffen

dass Dir dat genau esou hei gesitt, dass

dat net ganz, wéi gesot, ganz glécklech a

ganz gerecht ass an ech hoffen, dass mer

hei d’Responsabilitéit huelen, respektiv

de Schäfferot opfuerderen eben déi Präisser

fir déi Jonk ënner 12 Joer ze adaptéieren.

Et kéint ee sech virstellen, dass ee

vläicht déi Jugendkulturkaart carrément

fir déi ganz Jonk och zu deem Präis oder

vläicht souguer gratis giff offréieren. Wéi

gesot dat ass elo mol eng Propos déi ech

mat op de Wee ginn an ech hoffen, dass

mer hei e Konsens fannen.“

6. Convention concernant la „Carte Culture Jeunes“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Madame Bofferding. Et wier dann

elo um Här Baum an dann um Här Kox.“

Marc Baum (DÉI LÉNK): „Ech ënnerstëtzen

déi lescht Remarque vun der

Madame Bofferding a wéi ech jo schonn

um Kappnicke vum Schäfferot gesinn

hunn, schéngt dat jo wahrscheinlech och

op dee Wee ze goen.

Mir hunn d’Diskussioun iwwert d’Kulturkaart

déi hu mer scho gefouert, duerfir

wéilt ech net méi op den eigentlechen

Inhalt agoen. Ech wéilt awer op eppes

agoe wat mech awer gestéiert huet wéi

ech virun 2 Wochen d’Zeitung gelies

hunn a gesinn hunn, datt do eng Pressekonferenz

war wou déi Kaart virgestallt

ginn ass, obwuel mir als Gemengerot am

Fong nach guer kee Vote doriwwer geholl

hunn an och guer keng Diskussioun

doriwwer haten. An dat stéiert mech an

et stéiert mech awer och déi Selbstverständlechkeet

mat där am Fong och hei

d’Majoritéitsvertrieder domatter ëmginn.

Ech mengen, datt et wichteg ass, datt

een demokratesch Prozesser och wierklech

serieux hëlt an datt ee fir d’éischt

mat esou Saachen an de Gemengerot

kënnt, hei d’Diskussioun féiert, hei de

Vote hëlt an d’Deliberatioun an dann

domatter un d’Press geet. Deen anere

Wee ass falsch a geféierlech.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Bon, den Här Tonnar äntwert och

doropper. Den Här Fox. Nee, net den Här

Fox, den Här Kox.

(Gelaachs)

Den Här Muck an den Här Fox.”

Martin Kox (DÉI GRÉNG): „Ech si ganz

kuerz. Ech kommen op Caramba zréck,

ech begréissen natierlech déi Initiativ vun

deem Privatunternehmer, den Här Massard,

dass hien effektiv zu där Carte culture

jeunes och elo mat mécht. Ech géif

awer ganz kuerz e grousse Merci an e

Luef zollen un den Här Massard, deen e

grousse Mérite fir Esch an och fir Belval

huet, mat senger Privatinitiativ de Kino

opliewen ze loossen. Hie mécht eng formidabel

Aarbecht, gleeft u säi Projet,

woubäi mir him weider Erfolleg wënschen

an d’Daumen drécken.

Ech wëll awer da säin Noper halt,

trotzdem datt et d’lescht Joer schonn am

Gemengerot schonn ugesprach ginn,

säin Noper awer och dann nach eng

Kéier och u seng quasi Flichten erënneren,

dat ass d’Rockhal. Si gëtt elo e puer

gratis Kaarte wéi et elo scho gesot ginn

ass, et stoung an der Zeitung virun e

Escher Gemengerot vum Freideg 10. Februar 2012

19

puer Deeg, dass se se zur Verfügung

stellt, mä et soll een awer och hien elo

nach eng Kéier an den Direkter halt nach

eng Kéier nofroend usprieche fir awer

eventuell awer méi matzemaachen a méi

matzemaache wéi dat wat hien elo

duerch seng dräi gratis Kaarte mécht. Ech

soen Iech Merci.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Merci, Här Kox. Ech gesinn elo keng

weider Wuertmeldungen, da kann den

Här Tonnar op déi Froen äntweren.“

Schäffe Jean Tonnar (LSAP): „Éischtens,

dat Kopfnicken huet den Här Baum

richteg gesinn. Et ka jo net sinn, dass

kleng Kanner méi deier misste bezuele

wéi grousser a wéi Studenten an déi déi

schonn am Aarbechtsmilieu sinn. Dat

huele mer nach eng Kéier mat a mer

änneren dat, le cas échéant.

An zweetens sinn ech awer net mam Här

Baum d’accord, well den 1. Juli 2011 do

war dir jo awer schonn am Gemengerot,

mengen ech.

(Ënnerbriechung)

Nee, awer d’Carte culture jeunes déi mer

presentéiert hunn. D’Konventioun hu

mer eréischt gemaach an déi hu mer

natierlech mat virgestallt wéi mer d’Kaart

offiziell virgestallt hunn elo virun 2

Wochen, Freides moies, hei an dësem

Sall. Mä selbstverständlech hu mer déi

elo eréischt zum Vote. Awer dat anert war

eng ganz grouss a laang Diskussioun den

1. Juli 2011 wéi meng lieweg Archiv hei

nieft mer dat mam Dokument iwwerreecht

hunn.

Voilà, mir kënne mengen ech, zum Vote

goen.“

Buergermeeschter Lydia Mutsch (LSAP):

„Au vote.“

Conseillers présents:

M. Marc Baum – M. Zénon Bernard –

Mme Taina Bofferding – M. Daniel

Codello – M. Marco Goetz – M. Mike

Hansen – Mme Annette Hildgen –

M. Jean Huss – M. Théid Johanns –

M. Pierre-Marc Knaff – M. Martin Kox

– Mme Lydia Mutsch – Mme Vera

Spautz – M. Jean Tonnar – M. Paul

Weidig – M. Everard Wohlfarth –

M. André Zwally

Le Conseil Communal approuve à

l’unanimité la convention entre la Ville

d’Esch-sur-Alzette et les sociétés

Caramba sàrl et Caramba Sud sàrl.